Message (Interview) vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse un d´lëtzebuerger Land, bei Geleënheet vu Chreschtdag an Neijoersdag

1. Vanessa : Monseigneur, Dir sidd seit 15 Méint Staatschef. Wat emfant Dir wann Dir op dëss Méint zreckkukt?

Grand-Duc:
Et ass effectiv ganz vill geschitt zanter 15 Méint, souwuel hei am Palais, wéi och dobaussen. Mir hu ganz vill Leit begéint, speziell während de Joyeuses Entrées, déi mir an 8  Kantone gemat hun.

2. Martin: Wat ass Iech dann bei ären Visiten durch d’Land speziell opgefal?

Grand-Duc:
Ech géif soen d’Léift vun de Leit. D’Leit si wirklech op äis zoukomm an hun einfach Bonjour gesot an hun äis begréisst. Et muss een och soen, datt an de Gemenge ganz vill geschitt ass. Dat mierkt een, wann een durch d’Land spazéiere geet, wann een dat esou ka soen. Et geschitt enorm vill. D’Gemengen huele ganz vill Initiativen, an dat ass wirklech exzellent fir den Dynamismus vum Land ze bezeechnen. D’Leit sin och bei äis komm, fir eis ze explizéieren, wat hier Suergen waren, an hier Freed.

3. Martin: Wat waren dat fir Suergen?

Grand-Duc:
Et ware Problemen op der Aarbecht, och Freed op der Aarbecht, mee och Problemen an der Famill, e Kranken doheem, Problemen bei de Kanner, an der Schoul, oder och Suergen ann d’Zefriddenheet insgesamt.

4. Vanessa: Wat huet Dir déene Matbierger gesot, déi sech Gedanken iwwert hir Sécherheet hei am Land maachen?

Grand-Duc:
Ma ech hun hinne gesot, datt am Fong duerch d’Fusioun vu Police a Gendarmerie eng vill besser Kooperatioun geschitt. An dat gesäit ee ganz gutt an de Statistiken, déi elo erauskomm sinn. Mir si besser ginn, du point de vue vun der Opklärung vun der délinquance, zanter e puer Joer. Mee d’Gewalt besteet weider an alle Formen. Si besteet an der Famill, bei de Kanner, an der Schoul, am Schoulhaff, an och op der Strooss. Ech froe mech wierklech wou déi Gewalt hier kënnt. An ech mengen, dass leider d’Televisioun duerch verschidde ganz haart Filmen, Spiller, an den Internet och derzou beidroen, datt d’Kanner kee Gefill méi hunn fir d’Gewalt. A mir si gefuerdert, als Famill, als Regierung an als Chamber, fir do eppes ze maachen an eis Responsabilitéit ze droen.

5. Martin: Den 11. September ass onst Weltbild jo drastesch verännert ginn. Wat sot Dir deene Leit, déi Angscht hu virun den Terroristen, déi jo de Fridden an d’Fräiheet a Fro stellen?

Grand-Duc:
Et war fir äis wéi fir s’alleguer wierklech e ganz grousse Choc. An ech ka mech nach ganz gutt erënneren wou ech war, wéi déi Katastroph geschitt ass. Gottseidank huet d’Weltkoalitioun géint den Terrorismus gespillt, an dat war ganz wichteg. Hei zu Lëtzebuerg huet d’Regierung och Moossname geholl, fir verschidde Siten ze protégéieren, wéi zum Beispill Ambassaden an den Flughafen, oder Dépôts militaires.

6. Martin: An wou gesitt Dir d’Uersache fir dës nei Form vun Terrorismus?

Grand-Duc:
Den Terrorismus muss ee wierklech total condamnéieren. Mee et kann een awer versichen, e puer Uersachen ze fannen, fir dee Phenomän ze explizéieren. Et ass fir t’éischt den Déséquiliber tescht deene räichen an deenen aarme Länner. An d’Differenz tescht de Kulturen. Mir mussen déi besser verstoen. Mir mussen och e Wäert setzen fir d’Educatioun vun den jonke Leit a vun de Kanner an deene Regiounen, sou datt den Terrorismus oder den Extremismus net op déi Kanner kann iwwergräifen. Den Dialog tescht de Kulturen ass wierklech déi wichteg Fro fir de Fridden. An deem Sënn huet d’Grande-Duchesse zanter e puer Joeren elo, als Ambassadeur de Bonne Volonté fir d’UNESCO, sech komplett investéiert fir déi Problematik ze bekämpfen. An d’Grande-Duchesse wäert elo e puer vun deene Froen beäntwerten.

7. Vanessa: Wéi gesäit d’Grande-Duchesse genau Hir Aarbecht an der UNESCO?

Grande-Duchesse:
D’Assemblée Générale vun der UNO huet d’Joerzengt 2001-2010 « Décennie internationale pour une culture de la paix » ausgeruff. Dofir gesinn ech meng Aarbecht ganz an der Ligne vu mengem Mann. Dat heescht, datt ech mech staark engagéieren, fir d’Fraen, fir d’Educatioun an d’Formatioun vu Fraen a Kanner an der Drëtter Welt. Méi Educatioun heescht méi Wëssen, méi Fräiheet, manner Aarmut a manner Misär. An de Länner, déi ech besicht hunn, ass dat eng staark Realitéit. Nodeem de Film „Kandahar“ bei äis am Kino gelaaf war, hunn d’Actrice Niloufar Pazira an de Realisateur Mohsen Makhmalbaf mech gefrot, fir en Appel ze maachen: „30 US Dollar fir 10 Méint Schoul fir en afghanescht Kand“. Ech sinn iwwerzeegt vun der Wichtegkeet vun dësem Appel a vun der Generiositéit vun eise Matbiirger. Dës Initiative leeft Chreschtdag un. Schüler an de Lycéen, Leit an Betriber an d’Gemeng Lëtzebuerg fänken dës Deeg eng Sammelaktioun un. Et läit mir déif um Häerz hinnen e ganz grousse Merci ze soën.

8. Martin: Bei deene Suergen, vun deenen Dir virdru geschwat hutt, do fällt et op, datt keng iwwer déi economesch Entwecklung derbei ass. Heescht dat, datt hei zu Lëtzebuerg alles gutt leeft an och an Zukunft gutt lafe wäert?

Grand-Duc:
Wann een déi lescht 15 Joer kuckt, mat enger Croissance vu 5%, ech mengen da geet et eiser Economie wierklech ganz gutt. Ech hat Geleënheet fir verschidden Entreprisen hei zu Lëtzebuerg ze besichen, an ech muss soen, ech war stolz ze gesinn wat fir Produiten mir hei zu Lëtzebuerg maachen.

9. Vanessa: Vill vun eise Jonke stelle sech jo och d’Fro, wéi et eiser Emwelt geet, op mir net misste vill méi maachen, fir eis Emwelt hautesdags?

Grand-Duc:
Jo, ech mengen do hu mir scho Recht fir den Equiliber ze halen tescht Economie an Ecologie. Lëtzebuerg ass e wonnerbart Land. Mir hun eng prachtvoll Natur a mir musse wierklech déi Natur erhalen fir déi nächst Generatiounen. D’Regierung passt do ganz gutt op, fir déi nei Investissementer, déi hei op Lëtzebuerg kommen, fir déi wierklech ëmweltfrendlech ze maachen.

10. Martin: Déi nächst Woch gëtt jo den Euro ageféiert an 12 europäesche Länner. Get den Afloss vun der Europäescher Unioun net all Joer méi grouss an eise Spillraum als Lëtzebuerg méi kleng?

Grand-Duc:
Ech gleewen dat net. Lëtzebuerg war ëmmer bereet fir mat Europa virun ze goen. Ouni Europa kënnte mir net liéwen. Mir brauchen den Austausch tëscht eisen Nopeschlänner a Lëtzebuerg, fir eisen Export an eisen Import. Duerch den Euro gëtt eist Liewen och vill méi einfach. Mir hun elo eng Zentralbank. Dat wëllt soen, datt mir op deemselwechten Niveau kënne schwätze wéi all déi aner Länner. A mir hun d’Ministeren, déi äis verteidegen, zu Bréissel, wann et ëm Froe geet vun nationaler Souveränetéit.

11. Martin: A wéi gesitt Dir d’Erweiderung vun der Europäescher Unioun?

Grand-Duc:
Ech mengen, d’Erweiderung brauch een op jiddfer Fall net ze fäerten. Et ass eng ganz positiv Entwëcklung vun Europa. Wa mir 50 Joer zreckgin, da gesi mir, datt Europa am Fong gegrënnt gin ass, fir de Fridden, fir de Fridden ze erhalen. Wann déi nei Länner elo erakommen, dat wëllt soen, datt de ganze Kontinent verséchert ass fir de Fridden. Mir gesinn nach a verschiddenen Deeler, am Osten, wou nach Schwieregkeete sinn. Ech denken un Ex-Jugoslawien. Wann déi eng Kéier dobanne sinn, da geet et äis wierklech ganz gutt. Op deer anerer Säit musse mir och eis Interesse gesinn, an do sinn se och ganz grouss. Well duerch déi Erweiderung vun de Mäert kréie mir méi e grousse Marché fir eis Wueren a fir eis Servicer z’entwëckelen.

12. Vanessa: Da gesäit Monseigneur also mat Optimism an d’Zukunft?

Grand-Duc:
Jo, ganz bestëmmt. Esoulaang wéi mir de Mënsch wierklech an de Mëttelpunkt vun eiser Sociétéit setzen.

Ech hat d’Geleënheet, dëst Joer verschidden Institutiounen ze besichen. Notamment hun ech d’Ouverture vun der Chambersessioun gemat, ech war am Staatsrot, ech hun och verschidde Chambres professionelles gesinn, an do gesäit ee wierklech déi verschidde Problemer, déi ët hei am Land gëtt.

En zweete Punkt ass d’Akzeptanz vun den Auslänner hei am Land. Mir musse versichen hei wierklech d’Auslänner ze intégréieren, well si bréngen äis enorm vill, du point de vue culture an du point de vue économique. Ech mengen Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi räich duerch déi Multiplicité culturelle déi ët hei am Land gëtt.

Ech géif iech gären alleguerten, mat der Grande-Duchesse, mat eise Kanner a mengen Elteren, e friddleche Chreschtdag an e glëcklecht neit Joer wënschen.

J’aimerais souhaiter avec la Grande-Duchesse, avec mes enfants et mes parents, à tous les non-luxembourgeois qui vivent et qui travaillent ici au Luxembourg, un Joyeux Noël et une Heureuse et Bonne Année.

Dernière mise à jour