Journée nationale de la Résistance

D’Journée nationale de la Résistance, déi viru Joren vum Conseil national de la Résistance agefouert gouw an déi zënter e puer Joer vu sengem Nofolgerorgaan, dem Comité directeur du souvenir de la Résistance organiséiert gët, ass deen Dag, wou déi Lëtzebueger Resistenz an hir Frënn un all déi Leit aus hire Reien erënere wëllen, déi am Krich hiirt Liewen hu misse loossen, well si dem Nazi-Okkupant de Kapp gewisen hunn a mat Courage sech fir hiirt Land agesat hunn.


Le ministre Fernand Boden lors de la cérémonie

Wéi all Jor ass dës Commémoratiounsfeier em deen Dag wou 1944 zu Hinzert 23 Cheffe vun der Lëtzebuerger Resistenz erschoss gouwen. Dëst Joer ass dat den nächste Sonndeg, den 23 Februar.

Mir denken deen Dag awer nët nëmmen un déi Resistenzler, déi zu Hinzert hiert Liewe geloss, siew et datt si do kalbliddeg erschoss gouwen oder dass si do un de Folge vun Honger an onmënschleche Schikane lues a lues an den Dout gaange sinn, mir denken un all déi Leit déi heiheem oder an der Friemd hiert Liewen hu missen hiir ginn.

Mir wëlle speziell dës Kéier och un déi denken, vun deenen nët esou vill geschwaart gët, un d’Passeuren an d’Filiéristen, un déi Leit déi aner verstoppt hun, un déi Resistenzler, déi am Verbuergenen geschafft hunn an do och hiert Liewe gelooss hun. Vill vun hinne sinn onbekannt bliwwen. Bäi hire Komroden, bäi hire Familje bleiwt d’Erënnerong. Dat geet net duer. Datt och aner Leit, och déi, déi am Krich nët an der Resistenz woren, och déi déi ereéischt méi spéit gebuere goufen, winnegstens e Moment un dës anonym Affer vum Nazismus erënnert ginn, datt si e Moment u si denken, dat ass de Sënn vun dësem nationale Commémoratiounsdag. Och dës Leit solle bäi dësr Erënnerongsfeier derbäi sinn.

Dernière mise à jour