Déclaration de Luc Frieden relative au rapport de l'Inspection générale de la police

Le ministre de la Justice, Luc Frieden, a fait le 30 janvier 2008 à la Chambre des députés une déclaration relative au rapport de l’Inspection générale de la police concernant le fonctionnement des unités de la Gendarmerie engagées, au dernier trimestre de l'année 1985, dans l'enquête contre les poseurs de bombes et, plus particulièrement les observations faites dans le cadre de cette enquête et à cette période.


Här President,
Dir Damen an Dir Hären Deputéierten,

No der Interventioun vum Procureur d’État virun der Commission juridique vun dëser Chamber, Uganks Dezember 2007, hunn ech den 10. Dezember bei der Inspection générale de la police, dat ass d’Police vun der Police, en administrative Rapport gefrot iwwer den Déroulement vun enger Observatioun, déi am Oktober 1985 gemaach ginn ass, op den ehemolege Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie, den Här Geiben. Ech hunn d’Inspection générale gefrot en Déroulement vun där Observatioun ze kucken, an ze kucken, ob d’Regelen déi deemools a Kraaft waren, respektéiert gi sinn.

D’Inspection générale de la police huet virun allem Auditioune gemaach vu Leit, déi deemools, dat heescht virun 22 Joer, dobäi waren. D’Inspection générale de la police huet keen Accès zu dem Dossier pénal, deen alleng beim Untersuchungsriichter a beim Procureur ass.

D’Inspection générale de la police huet hire Rapport ofgeschloss, a mir deen iwwermëttelt. Ech géing aus de Conclusiounen an zu deenen Haaptfroe just e puer Conclusiounen virliesen. Fir d’éischt iwwer d’Fro, ob déi Observatioun eng Autorisatioun gebraucht hätt vun den Autorités judiciaires, schreift d’Inspectioun:

"Il y a lieu de répondre que l’observation était une opération de nature policière, ne nécessitant pas d’ordre ou d’autorisation des autorités judiciaires."

Zu der Fro wien déi Observatioun ordonnéiert huet, kënnt d’Inspectioun zur Conclusioun:

"Concernant l’observation nationale - et war nämlech och eng international Observatioun - les choses sont nettement moins claires. La hiérarchie de la Gendarmerie en est sans doute l’initiatrice, mais à quel niveau? Le chef du groupe d’observations et de recherches - dat war eng spezial Observatiounsenheet déi op d’Been gesat gi war, just am Kontext vun der Bommeleeëraffaire - le chef du groupement d’observation l’a mise en route, mais à son niveau, cela lui fut plus que vraisemblablement ordonné par l’un de ses supérieurs. Ce dernier a nié être intervenu dans cette décision, dans sa préparation et dans son exécution."

De Chef vun dem GOR ass den Här Stebens, deem säi Chef ass den Här Reuland.

An der Praxis ass déi Observatioun em déi et geet vun dem Geheimdéngscht exekutéiert ginn. Wien den Uerder ginn huet fir de Geheimdéngscht ze beoptragen, ass net an den Ae vun der Inspektioun eraus ze fannen. An iwwer de Rapport deen no där Observatioun geschriwwe ginn ass, schreift d’Inspectioun:

"Un rapport écrit a été dressé par le Service de renseignements. Sa communication éventuelle à la Gendarmerie demeure incertaine, mais aurait été envisageable dans la mesure où cette dernière était le donneur d’ordre. Il en est de même de la communication orale du résultat de cette observation."

An iwwer d’Kooperatioun Geheimdéngscht a Gendarmerie, schreift d’Inspectioun:

"Le gouvernement au début des années 80 aurait appelé de ses vœux la collaboration entre les forces de l’ordre et le Service de renseignements dans la lutte contre le terrorisme. Il n’existe pas de trace écrite de ces décisions."

D’Conclusiounen also vun der Inspectioun, iwweregens sinn déi motivéiert op enger Dose Säite virdrun, gi keng ofschléissend Äntwert op eng Rei vun deene Froen, déi mir der Inspectioun gestallt hunn, no der Interventioun vum Procureur hei an der Chamber. Dat ass mengen ech, 22 Joer no de Faiten, och sécherlech net einfach.

Am Sënn vun enger totaler Transparenz, a well ech wëll, well d’Regierung wëll, datt hei alles opgekläert gëtt, iwwerginn ech, Här President, Iech dee Rapport, dee Rapport deen also déi Conclusioune beinhaltet, vun deenen ech elo grad Extraiten hei virgeliest hunn.

De 24. Januar, also virun e puer Deeg, huet den Här Procureur d’État Robert Biever, mir e Bréif geschriwwen. Den Här Procureur d’État seet an deem Bréif, datt d’Inspection générale de la police net alles kënnt wëssen, well si keen Accès hätt zum strofrechtlechen Dossier.

An deem Bréif kënnt den Här Procureur zeréck op d’Roll, déi den Här Pierre Reuland an den Här Guy Stebens, heitege Generaldirekter, respektiv Generalsekretär vun der Police, bei deenen Observatiounen am Oktober 1985 gehat sollen hunn. Den Här Procureur kënnt zur Conclusioun, datt bei dëser Observatioun d’Regele vun der Strofprozessuerdnung net observéiert gi wieren. An hie seet dann a senge Conclusiounen, och hin op d’Fro, déi gestallt gi war, op den Net-Respekt vun deene Regelen Infractions pénales wieren, an ob et kënnt zu Poursuitë kommen, schreift den Här Procureur a senger Conclusioun Folgendes:

"Est-ce que les comportements critiqués constituent des infractions pénales? On sait qu’en droit luxembourgeois le faux témoignage sur la foi du serment devant le juge d’instruction n’est pas punissable. Il est vrai que le projet de loi sur les droits des victimes prévoit une modification fondamentale sur ce point. L’entrave à la justice qui est donnée en l’espèce n’est pas punissable en droit luxembourgeois, contrairement au droit français. En droit anglo-saxon, on se trouverait en présence d’un des cas des plus classiques de contempt of court. Si les faits énoncés ci-avant étaient des infractions en droit luxembourgeois, les personnes en question auraient maille à partir avec la justice pénale. La justice pénale leur causerait bien des soucis à l’heure actuelle."

Als Justizminister hunn ech keen Accès zum Dossier pénal. Ech kennen näischt vum Dossier Bommeleeër, a war deemools weder Minister, nach Deputéierten, mä Student. Déi déi méi wëssen, duerch hir Fonctiounen, sinn de Procureur an den Untersuchungsriichter.

De Procureur mécht an deem Bréif vum 24. Januar 2008 hei sérieux Reproche vum Net-Anhale vu strofrechtleche Prozeduren. Den Här Reuland, deen ech dorop ugesprach hunn, contestéiert formell bei der Décisioun, bei der Preparatioun a bei der Exekutioun vun där Observatioun dobäi gewiescht ze sinn.

Den Här Guy Stebens seet mir, datt hien eng Erënnerung un esou eng Observatioun huet, an datt hien der Untersuchungsriichterin all Elementer matgedeelt huet, wéi hie viru Kuerzem gehéiert ginn ass, wat hie vun deemools nach weess. Hie contestéiert iergendee Feeler gemaach ze hunn.

Dës Reprochen, déi de Procureur am Bréif mécht, stellen, seet hien, keng Infraction pénale duer. Si sinn och keng disziplinaresch Faiten, well dës nom Disziplinsgesetz an der Force publique dräi Joer no de Faite verjähren.

D’Police, Här President, huet mengen ech eng speziell Roll an eiser Gesellschaft. Si ass den Aarm vum Staat, zesumme mat der Justiz, deen duefir suergt, datt d’Gesetzer, déi hei banne gestëmmt ginn, och respektéiert ginn. Si brauch eist Vertrauen. Hir Autoritéit muss natierlech an novollzéibar sinn. Si muss duefir incontestabel sinn.

Duerch déi Reproche vum Procureur, déi ech net aschätze kann, mä déi an deem Bréif stinn, ass déi noutwenneg Sérénitéit vun der Policeaarbecht, déi mir wiesentlech schéngt, a Fro gestallt. Op Grond vun de schrëftleche Reprochen, an aus der Suerg em d’Vertrauen an d’Institutioune vun eisem Land, hu mir duefir décidéiert den Här Pierre Reuland an den Här Guy Stebens vun hiren aktuelle Fonctiounen als Generaldirekter, respektiv Generalsekretär vun der Police ze entbannen.

Et deet mir mënschlech leed, dës Décisioun mussen ze huelen, besonnesch well déi zwee Leit an deene Joeren, wou ech hire politesche Chef war, eng gutt Aarbecht gemaach hunn. Mä dëse Bréif vum 24. Januar vum Procureur Biever huet mir keen anere Choix gelooss, fir d’Autoritéit an d’Vertrauen an d’Police ze halen.

Den Här Pierre Reuland kritt Attributiounen am Beräich vun der internationaler Polizeikooperatioun. Den Här Guy Stebens kritt aner Aufgaben an der Police. Iwwer hir genee Affektatioune fannen an deenen nächsten Deeg Gespréicher mat deene Betraffene statt.

Ech wëll, Här President, ënnersträichen, datt den Här Pierre Reuland an den Här Guy Stebens net am Dossier Bommeleeër beschëllegt gi sinn. Si sinn net inculpéiert. Dat hei ass net d’Opklärung vun den Attentater vun 1984 an 1985. Duefir maachen ech e waarmen Appel un de Parquet an un d’Untersuchungsriichter schnell an intensiv weider ze schaffen, fir datt d’Auteure vun dësen Attentater fonnt ginn. D’Lëtzebuerger hunn e Recht, datt dës Affaire opgekläert gëtt, an dëst ass alleng d’Aufgab vun de Geriichter.

D’Police, ënnert der Autoritéit vun dem Generaldirekter Pierre Reuland huet an deene leschte Joeren eng gutt Aarbecht gemaach, fir déi ech hier an dëse Momenter, déi fir d’Police keng einfach sinn, meng Unerkennung soen. Lëtzebuerg huet duerch déi vill Aarbecht, déi hei gemaach ginn ass, eng besser Sécherheetssituatioun wéi eis Nopeschlänner. Dat ass e wichtegt Stéck Liewensqualitéit.

Ech hätt gären, d’Regierung hätt gären, datt d’Police dës Aarbecht a Rou ka weider maachen. D’Regierung wäert och weider der Police déi néideg Mëttel an Ënnerstëtzung bei dëser wichteger Aufgab ginn.

Iwwer all deem, wat eis heiansdo trennt, wou et gutt ass, datt et en demokrateschen Débat gëtt, gëtt et eppes wat eis vereent, wat eis vereene muss, an dat sinn eis Institutiounen, d’Rumm bannent där mir eis Rechter an eis Flichten ausüben.

Et ass mäi Wonsch, datt mir alles maachen, datt d’Leit an eisem Land spieren, datt eis Institutioune gutt fonctionnéieren, an datt mir hinne kënne vertrauen. Duefir hunn ech dës schwéier Décisioun geholl. An duefir sollte mir all heibannen, mä och dobaussen, responsabel mat eisen Institutiounen a senge Vertrieder ëmgoen.

Net mat Gerüchter a permanentem Mësstraue géintiwwer dem Staat a senge Beamte komme mir virun an eisem Land, mä duerch e fairen demokrateschen Débat vu verschiddenen Iddien.

Merci.

Dernière mise à jour