Transcription du briefing du Premier ministre

Veuillez trouver ci-dessous la transcription verbatim du briefing du Premier ministre Xavier bettel suite aux travaux du Conseil de gouvernement du 3 octobre 2014:

Xavier Bettel: E schéine gudde Mëtteg.

Fir d’éischt Merci, datt Dir haut bei eis komm sidd. Dir wësst, datt mir d’nächst Woch de Regierungsrot net Freides hunn, mä Mëttwochs ass.

De Programm vun haut, Dir hutt den Ordre du jour presse kritt, mä mir hunn net de ganzen Ordre du jour evakuéiert kritt.

Mir hu fir d’éischt de ganz grousse Volet iwwer d’international Bezéiungen gekuckt. Ech hunn de Kollegen och de Rapport gemaach, esou wéi de Jean Asselborn an d’Madame Dieschbourg, iwwer déi Sitzungen, déi mir zu New York och haten. Ech muss Iech soen, datt et eng ganz impressionant Experienz ass, mä virun allem och eng ganz wichteg, datt ech immens houfreg sinn als Premier iwwer d’Aarbecht vun eiser Representatioun zu New York. Dir wësst jo, datt mir d’Éier hunn am Conseil de sécurité ze sëtzen, an datt do d’Aarbecht vun enger klenger awer enger qualitativer Equipe wierklech vun alle Borden ënnerstrach ginn ass.

Et war och d’Geleeënheet fir eng Rëtsch vun Homologen ze begéinen, dat hunn déi dräi Ministeren och gemaach, wou se d’Méiglechkeeten haten d’Leit ze gesinn. Et ass rar op enger Plaz am Fong d’Regierungs- an d’Staatschefen aus der ganzer Welt kënnen och ze treffen. Dat heescht, et huet mir erlaabt an e puer Deeg dat ze maache wat ech soss e puer Wochen oder Méint gebraucht hätt fir kënnen ze maachen.

Et war och d’Occasioun fir mat der lëtzebuerger Communautéit dohannen zesummen ze kommen. An ech muss Iech och soen, datt ech mech gefreet hunn iwwer eis Luxembourg-American Associatioun, déi mir do uewen hunn, wou mir Lëtzebuerger hunn déi hir Wuerzelen hei am Land hunn, a mat deene mir och gekuckt hu wéi mir déi do Kollaboratioun kënne verdéiwen tëschent Lëtzebuerg an Amerika.

An, wéi gesot, last but not least, war och d’Méiglechkeet fir mam Ban Ki-moon kënnen ze echangéieren, a mat enger Rëtsch, wéi gesot, vu Staatspresidenten, also eng ganz konstruktiv Woch gewiescht.

Da weider zum Ordre du jour. Mir hunn Associatiounsaccorde ratifizéiert, déi jo op europäeschem Niveau ugeholl gi sinn. Et geet ëm d’Relatioun tëschent der EU an och Moldawien, Ukraine, Georgien, mä awer och Irak, Vietnam a Philippinen an der Mongolei. Dës Accorden hunn awer keng Inzidenz op eis Legislatioun.

Mir hunn och de Point gemaach iwwer d’Direktiven. Dir wësst, datt dat eppes ass, wat eis ganz deier ka kaschten, wa mir dee Point net regelméisseg maachen. Mir mussen up to date sinn. An et ass den Här Asselborn, ech hunn d’Introductioun vum Här Asselborn sengen Interventiounen haut beim Regierungsrot scho virdru gemaach, haut hat den Här Asselborn och eng ganz wichteg Roll fir ebe justement de Point ze maachen och vun den Direktiven.

Mir hunn 12 Direktiven am Moment, déi nach net ëmgesat ginn. Dat entsprécht ongeféier 1% vun den Direktiven, déi schonn op EU-Niveau ugeholl goufen an en Vigueur sinn. Dat entsprécht dem Grenzwäert deen akzeptéiert gëtt, mä dat wëll net heeschen, datt mir domat zefridde sinn.

De Minister Asselborn huet, wéi gesot, och Punkt fir Punkt duerchgeholl. A mir hunn och e grousse Prinzip erënnert, datt mir gären hätten, esoubal eng Kommunikatioun am Journal officiel vun de Communautéiten ass, bannent den éischte 6 Méint soll schonn eng Textvirlag och presentéiert ginn.

Mir hunn iwwer eng Kollaboratioun mat der asiatescher Investitiounsbank fir Infrastrukturen diskutéiert, wou de Finanzminister eis och méi Erklärunge muss ginn iwwer d’Repercussioune wa Lëtzebuerg do Member wier.

Mir hunn och den europäesche Fong ugeholl fir Asylmigratioun an Integratioun. Et handelt sech ëm de Programm dee bis 2020 op europäeschem Niveau och koordinéiert ginn ass. Den OLAI ass do den Uspriechpartner. An ech hunn d’Madame Cahen gefrot fir d’nächst Woch och mat méi Detailer hei op de Point presse ze kommen. Mä Dir verstitt, pour des raisons d’actualité, datt ech och gefrot hunn, datt den Här Bausch an d’Madame Dieschbourg haut sollten hei dobäi sinn, an nach vläicht elo net ganz vill op den Ordre du jour méi am Detail aginn, well ech mengen, hei sinn Aktualitéitsfroen, wou mir och direkt wollten als Regierung reagéieren, a wou mir och driwwer diskutéiert hunn. Dowéinst wäert d’Madame Cahen dann den nächste Mëttwoch och hei si fir iwwer déi Mise en oeuvre kënnen ze diskutéieren.

Dat do waren déi grouss Punkten, déi mir diskutéiert hunn.

Mir hunn och iwwer den Ist-Zustand an der Politique internationale geschwat.

Mir hunn iwwer d’Zesummenaarbecht mat der zukënfteger Kommissioun diskutéiert, wéi och d’Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg sollt sinn.

A wéi gesot, de Rescht vum Ordre du jour konnte mir net alles evakuéieren, dat heescht – soll ech soe wat mir net duerchgeholl hunn – de Plan hospitalier, de Mëllerdall, an och Règlement grand-ducal concernant le transport de personnes, utilisation des infrastructures sur la Moselle hu mir och net duerchgeholl. Déi Punkte wäerte mir alleguer an den nächste Regierungsréit dann och huelen.

Wéi gesot, den Här Bausch. Mir hunn och den Amendement ugeholl justement, Dir wësst jo, datt mat de Plans sectoriels jo eng grouss Fro opkomm ass, wéi et géif weider goen. Ech wëll och do direkt dem Här Bausch Merci soen, dee rapidement reagéiert huet, deen haut och scho mat engem Amendement an de Regierungsrot komm ass, deen och ugeholl ginn ass, fir datt mir justement tout doute kënnen aus der Welt schafen.

An ech wëll och hei ausdrécklech der Madame Dieschbourg Merci soen, déi déi lescht Zäit net vill Chance hat mat verschiddenen Dossieren. An, wéi gesot, awer dee Krisemanagement, dee si huet, awer gemeeschtert huet, a virun allem och en toute transparence d’Informatioune weiderginn huet. Dofir ass d’Madame Dieschbourg och hei, fir op déi verschidden Aspekter drop anzegoen. An dofir hir wierklech mäi Luef och fir déi ganz Koordinatioun, déi Dir do gemaach hutt.

Här Bausch.

François Bausch: Jo, Dir kënnt Iech vläicht drun erënneren, déi lescht Chamber huet eent vun deene leschte Gesetzer wat se gestëmmt huet nach virun Enn Juli 2013, dat war d’Landesplanungsgesetz.

An d’Landesplanungsgesetz, dat neit Landesplanungsgesetz, dat ass natierlech d’Basis vun de Plans sectoriels. Dat ass de reglementaresche Kader, de gesetzleche Kader vun de Plans sectoriels. Eréischt duerch dat neit Landesplanungsgesetz ass et iwwerhaapt méiglech gewiescht, natierlech an der Suite d’Plans sectoriels och an d’Prozedur ze ginn, well dat wéi gesot de rechtleche Kader ass.

Elo ass et esou, datt an de Plans sectoriels, déi mir elo an d’Prozedur ginn hunn, do gëtt et e ganze Pak vu Prescriptiounen, déi dra festgehale sinn. Dat si Prescriptiounen, verschiddener spillen direkt, dat sinn der ganz wéineg, dat betrëfft zum Beispill d’Servituden déi musse reservéiert gi fir verschidde Projeten. An da sinn et Prescriptiounen, déi sinn nëmme gülteg während der Prozedur. Et sinn der déi gülteg sinn nëmmen no der Prozedur bis d'Gemengen hir PAGen an Aklang bruecht hunn. An et sinn der, déi eréischt gülteg sinn no der ganzer Prozedur, dat heescht no deene 6 Joer.

Dat heescht, et ass am Fong eng Zäitversetzung, déi do dra bruecht ginn ass, déi och Sënn mécht, well déi bréngt éischtens Rechtssécherheet, an et gëtt och eng Saachen, Prescriptiounen, déi kann een net direkt spille loossen, well dat géif eigentlech och an der Praxis net ganz vill Sënn ginn.

Do ass jo eng ëffentlech Diskussioun entstanen déi lescht Wochen, wou gesot gëtt, déi Zäitversetzung déi do drabruecht ginn ass, an déi Prescriptiounen, an d’Règlements grand-ducaux, déi hunn eigentlech keng rechtlech Basis, well déi Zäitversetzung do, an där Form, am Artikel 19 vum Landesplanungsgesetz net virgesinn ass.

Dat ass eng Diskussioun, dat ass eng Fro, déi mir eis natierlech och gestallt hunn an der Regierung, Abrëll-Mee, ier mir an d’Prozedur gaange sinn. Mir hunn eis se deemools gestallt um Hannergrond vun engem Uerteel wat komm ass, net direkt am Zesummenhank heimat, mä am Zesummenhank mat der Fro vun der Expropriatioun. Dir kënnt Iech vläicht drun erënneren, dat ass dat berühmtent Uerteel am Zesummenhank mat engem Projet vu Walfer, wou et ëm Entschiedegunge gaangen ass. A wou mir souwisou du schonn als Regierung an de Pläng eng ganz Rei Saache geännert hunn, fir datt herno Entschiedegungsfuerderunge fir d’Gemengen net kënnen op se duerkommen, duerch d’Fro vun der Expropriatioun.

An deem Kader hu mir eis gesot, mä vu datt déi rechtlech Onsécherheet och do besteet am Artikel 19, maache mir eng Gesetzesännerung am Landesplanungsgesetz. Ech hunn dat also am Juni, iert mir an d’Prozedur gaange sinn, e Projet de loi déposéiert, a mir hunn och mam Staatsrot, iwwer de Premierminister, hu mir d’Urgence invoquéiert, fir datt dat Landesplanungsgesetz direkt soll esou geännert ginn, datt déi rechtlech Onkloerheet, datt déi domat géing ausgebigelt ginn.

Mir hunn eppes do geierft vun der leschter Chamber, muss ee soen. Et ass och esou, datt am Kader vun den Debatten iwwer d’Landesplanungsgesetz, deemools de Staatsrot och drop opmierksam gemaach huet. Esouguer den deemolege Minister Claude Wiseler hat en Amendement abruecht, mä d’Chamber huet dat refuséiert. D’Chamber huet decidéiert, neen, dat brauche mir net, da kënnt Dir regléieren iwwer d’Règlements grand-ducaux. Dat geet och aus den Documents parlementaires, wann een dat alles noliese geet, geet dat ervir. An d’Chamber huet dat Gesetz esou gestëmmt eben am Juli 2013, Ufanks Juli 2013, ouni dee Flou, well et ass net ganz sécher, ob et esou ze interpretéieren ass, do sinn d’Juristen och e bësse gedeelt, mä et ass e gewëssene Risiko do.

Wéi gesot, dat hu mir gemaach.

Bon, entretemps kennt Dir, datt eng gewëssen Diskussioun zousätzlech komm ass. An dat wëll ech och emol eng Kéier kloerstellen, et ass net op d’Basis vun engem Uerteel, well et gëtt de Moment nach keen Uerteel am Zesummenhank mat de Plans sectoriels.

Dat war am Zesummenhank mat Manternach do an der Diskussioun, do ass e Référé gemaach ginn, do gëtt et eng Ordonnance vum Riichter, dee seet, ech hiewen déi Decisioun, déi Baugenehmegung op, an zwar net wéinst de Plans sectoriels, mä well do och nach ganz aner Schwieregkeete bestanen hunn am Zesummenhank mat der Commodos-Genehmegung an de Baugenehmegungen, déi am Widdersproch stoungen. An dunn huet de Buergermeeschter och nach gesot, da géing hien d’Baugenehmegung souwisou zeréckzéien. Dunn huet de Riichter gesot, ech suspendéieren déi ganz Decisioun. Mä en Uerteel gëtt et nach net.

An där Ordonnance steet zwar och dann um Schluss nach ee Saz dran, wou steet, et kéint souwisou och nach sinn, datt, wéinst de Prescriptioune vun den Plans sectoriels, datt dat och nach kéint hei e Problem stellen.

Also, et gëtt also keen Uerteel, mä deen Doute juridique, dee wéi gesot zënter enger Rei Méint steet, dee gëtt am Fong domat bestätegt.

Well mir deen Doute juridique natierlech net wollten, dofir hu mir schonn am Juni, wéi gesot, e Gesetzesprojet erabruecht, wou mir nogebessert hunn, dat wat d’Chamber 2013 verpasst huet.

A well mir dat net wollten hinhuelen, an total Kloerheet wollte schafen, hu mir dat op den Instanzewee bruecht. A mir hunn elo nach esouguer nach eng Kéier nogebessert fir nach méi Kloerheet ze kréien, andeem mir de Projet vum Juni nach eng Kéier remaniéiert hunn, dat geet och direkt haut bei de Staatsrot.

An deem Sënn, datt mir soen, all Baugenehmegungen an all PAPen déi virum 27. Juni 2014 en Cours d’instruction waren, dat heescht, net nëmmen déi déi schonn decidéiert gi waren an de Gemengeréit, datt déi nach all kënne gemaach ginn, esouguer da wa se en Contradictioun si mat de Plans sectoriels.

Da si mir sécher, dann hu mir 99,99%, géing ech soen, vun de Fäll – juristesch 100%eg Sécherheet, dat wësst Dir, kritt ee meeschtens net – mä ech mengen awer, datt hei 99,99% vun de Fäll ofgedeckt sinn.

An dann, dee leschte Punkt, dat ass, natierlech ass et wichteg, datt mir dat do musse gëlle loossen ab dem 27. Juni dëst Joer. Dat heescht, mir hunn eng Retroaktivitéit drageschriwwe, par rapport zu deem Gesetz wat ech deposéiert hunn am Juni, datt dat och scho fir ab dem 27. Juni a Kraaft ass, esoubal et elo gestëmmt ass.

Elo kënnt Dir soen, ass dat méiglech? Elo kréien ech gesot, jo. D’Juriste soen eis, e Gesetz kann ee retroaktiv maache, sous Conditioun datt éischtens natierlech déi Rechter, déi bestanen hu fir d’Leit, net beschnidde ginn. Déi dierfen net beschnidde ginn. An zweetens, am Fall wou méi Rechter geschafe gi fir d’Leit – an dat ass hei de Fall, hei kréien d’Leit jo net manner, mä si kréien zousätzlech Rechter duerch déi Amendementen, déi mir erabruecht hunn.

Dofir ass dat Ganzt elo haut am Conseil de gouvernement an der remaniéierter Form ugeholl ginn. Dat gëtt och bei de Staatsrot direkt haut geschéckt. An de Staatsrot huet eis och versprach, datt e sech d’Urgence dohannert setzt, esou datt mir dovun ausginn, datt mir bis Enn dës Mounts den Avis vum Staatsrot kréien. An esoubal mir den Avis vum Staatsrot hunn, gëtt dat Gesetz am November an der Chamber gestëmmt. An esoubal dat Gesetz gestëmmt ass, da sinn all juristesch Flouen aus der Welt geschaaft.

Ech mengen, dat hei war wichteg, datt mir dat relativ séier gehandelt hunn, datt d’Regierung séier dat nogeholl huet wat an der leschter Legislaturperiod am Landesplanungsgesetz verpasst ginn ass.

Wéi gesot, ech wëll nach eng Kéier drun erënneren, d’Chamber huet dat do esou decidéiert am Juli 2013, just um Schluss vun der Legislaturperiod.

A mir hunn, mengen ech, elo et fäerdeg bruecht an där kuerzer Zäit, op Basis vun all deenen Diskussiounen déi ware mat déi néidegen [ondäitlech] a juristeschen Avisen, fir hei Rechtssécherheet ze schafen, fir datt mir net an eng Situatioun kommen, datt op eemol d’Gemengen ufänken ze zécke mat Baugenehmegungen, respektiv Interpretatiounen ze maachen déi wahrscheinlech net ubruecht sinn; datt alles normal ka lafen am Land, an dofir och bei kengem Projet e Baustopp zu Lëtzebuerg wäert kommen.

 

Dernière mise à jour