Proclamation du gouvernement à l'occasion de la Journée de Commémoration nationale (Luxembourgeois)

Den nationale Kommemoratiounsdag ass fir d’Lëtzebuerger Vollek d’Geleënheet fir all deene Fraen a Männer ze gedenken, déi sech mat vill Courage géint d’Nazi-Tyrannei gewiert hunn, déi ënnert hier gelidden hunn oder déi duerch hiren Asaz fir d’Identitéit an d’Onofhängegkeet vun eiser Heemecht hiert Liewe gelooss hunn.

Déi kollektiv Erënnerung vun enger Natioun brauch eng Rei symbolesch Datumer fir sech regelméisseg u wichteg Momenter vun hirer Geschicht z’erënneren a se den zukünftege Generatioune mat op de Wee ze ginn. D’Erënnerung ass e Stéck vun der Zukunft. Den nationale Kommemoratiounsdag erméiglecht eis dësen néidege Bléck zréck, deen eis garantéiert datt Lëtzebuerg och an Zukunft seng Plaz an der internationaler Kommunautéit kann anhuelen.

D’Evenementer vun deene läschte Wochen hunn däitlech gemaach, datt de Risiko vun internationale Konflikten ni ganz verschwënnt. An dësem Moment huet d’Solidaritéit tëschent den Natiounen eng ganz nei Bedeitung kritt. Déi Solidaritéit ass ganz staark an der Geschicht vum Lëtzebuerger Vollek verankert.

Den nationale Kommemoratiounsdag ënnersträicht de Stellewäert, deen esouwuel d’national an d’international Solidaritéit, awer och déi demokratesch Wäerter wéi de Respekt vun de Mënscherechter, d’Fräiheet, d’Gerechtegkeet an e friddlecht Zesummeliewen tëschent den Natioune mussen hunn. Och d’Toleranz muss hier Plaz bäi dëse fundamentale Wäerter hunn.

An deem mer eis haut un déi Fraen a Männer erënneren déi an de Joren 1940-1945 gekämpft hu fir d’Erhale vun esou essentielle Wäerter, garantéiere mer datt hier Ierfschaft lieweg bleiwt an datt si och weiderhin de Generatioune vun haut a vu mar de Wee weisen.

Lëtzebuerg, de 7. Oktober 2001

D’Membre vun der Regirung

Jean-Claude Juncker, Lydie Polfer, Fernand Boden, Marie-Josée Jacobs,
Erna Hennicot-Schoepges, Michel Wolter, Luc Frieden, Anne Brasseur,
Henri Grethen, Charles Goerens, Carlo Wagner, François Biltgen, Joseph Schaack, Eugène Berger

Dernière mise à jour