Dernière modification le
Nationalen Dag vun der Resistenz (26.02.2012): Zum Gedenken un all Affer vu Streik a Resistenz, déi an de Kazetter, Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn
Op dëser Journée nationale, déi vum Comité directeur pour le souvenir de la Résistance organiséiert gëtt, denke si wéi ëmmer un déi 23 Cheffe vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 – viru 68 Joer! – am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen.
Doriwwer eraus ower soll un all déi Doudeg vun der Resistenz erënnert ginn, déi an anere Kazetter oder an de Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe fir d'Heemecht hierginn hunn.
Offizielle Programm
11 Auer: Mass an der Glacis-Kapell, gehale vum Här Erzbëschof Jean-Claude Hollerich. Et séngt d'Chorale des exilés ënnert der Direktioun vum Gérard Schmit an dem Clairon d'honneur Edmond Faber.
11.50 Auer: Formatioun vum Cortège mat, un der Spëtzt, en Détachement vun der Arméi, der Militärmusek an de Fändele vun der Resistenz. De Wee bis op de Kierfecht ass net wäit, sou datt d'Resistenzler an hir Sympathisante sech, wann nëmme méiglech, dem kuerze Cortège uschléisse sollen.
12 Auer: Cérémonie virum Hinzerter Kräiz um Niklooskierfecht, Allée des Résistants et des Déportés:
Dës Feier besteet aus engem Choral, virgedroe vun der Militärmusek, d'Virliese vun engem Choix vun Texter duerch eng Schülergrupp aus der International School of Luxembourg, der Seenong vun de Griewer duerch d'Vertrieder vun den dräi Haaptreliounen zu Lëtzebuerg, dem Néierleeë vu Blummen duerch d'Autoritéiten an d'Resistenzler, dem Ofspille vun der Sonnerie aux morts, der Usprooch vum President vum Comité directeur pour le souvenir de la Résistance, dem Albert Hansen, an dem gemeinsame Sange vun der Heemecht.
Uschléissend ass den traditionelle Rondgang laanscht d'Griewer vun de Victimen.
Communiqué par le Centre de documentation et de recherche sur la résistance