Nationalen Dag vun der Resistenz: Sonndeg, de 26.02.2012, an der Glacis-Kapell a virum Hinzerter Kräiz

Muer Sonndeg ass nationalen Dag vun der Resistenz.

Lëtzebuerg erënnert sech op dësem Dag un all Resistenzler, déi an de Kazetter, Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn, a ganz besonnesch un déi 23 Membere vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 – viru 68 Joer – am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen.

1997 hat d'Lëtzebuerger Resistenz fir d'éischte Kéier hir Journée nationale de la Résistance gefeiert. No enger Décisioun vum Conseil national de la Résistance soll dës Cérémonie sech elo all Joer widderhuelen – op deem Dag, op deem soss déi sougenannt "Hinzerter Mass" gefeiert gouf. Organiséiert gëtt den Dag vum Comité directeur pour le souvenir de la Résistance.

Den detailléierte Programm vu muer Sonndeg:

11 Auer: Mass an der Glacis-Kapell, gehale vum Här Erzbëschof Jean-Claude Hollerich. Et séngt d'Chorale des Exilés ënnert der Direktioun vum Här Gérard Schmit an dem Clairon d'honneur Edmond Faber.

11.50 Auer: Formatioun vum Cortège mat, un der Spëtzt, en Détachement vun der Arméi, der Militärmusek an de Fändele vun der Resistenz. De Wee bis op de Kierfecht ass net wäit, sou datt d'Resistenzler an hir Sympathisante sech, wann nëmme méiglech, dem kuerze Cortège uschléisse sollen.

12 Auer: Cérémonie virum Hinzerter Kräiz um Niklooskierfecht, Allée des Résistants et des Déportés:

Dës Feier besteet aus engem Choral, virgedroe vun der Militärmusek, d'Virliese vun engem Choix vun Texter duerch eng Schülergrupp aus der International School of Luxembourg, der Seenong vun de Griewer duerch d'Vertrieder vun den dräi Haaptreliounen zu Lëtzebuerg, dem Néierleeë vu Blummen duerch d'Autoritéiten an d'Resistenzler, dem Ofspille vun der Sonnerie aux morts, der Usprooch vum President vum Comité directeur pour le souvenir de la Résistance, dem Albert Hansen, an dem gemeinsame Sange vun der Heemecht.

Uschléissend ass den traditionelle Rondgang laanscht d'Griewer vun de Victimen.

Communiqué par le Centre de documentation et de recherche sur la résistance

Organisation

Ministère d'État

Date de l'événement

25.02.2012