Commemoratiounsfeieren zu Hinzert (15.09.2012)

De Comité directeur pour le souvenir de la Résistance an d'Amicale Hinzert lueden all Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen an, sech un de Gedenkfeieren zu Hinzert e Samschdeg, de 15. September 2012, ze bedeelegen, wa méiglech mat hire Fändelen.

Och un d'Famillje vun de Victimen, an doriwwer eraus un all Lëtzebuerger, riicht sech dësen Appell.

De Programm fir dësen Dag ass wéi déi Jore virdrun, d.h.:

  • Um 14.00 Auer ass déi Lëtzebuerger Feier bei der Kapell: D’Mass gëtt gelies vum Här Abbé Patrick Müller, fir de Gesank suergt d’Chorale St-Hubert vu Mierschent ënnert der Direktioun vum Här Gilbert Kohn. Clairon d’honneur: Här Edmond Faber. Bei schlechtem Wieder gëtt d'Feier am Dokumentatiouns-Center ofgehal.
  • Um 15.30 Auer ass déi international Feier am Dokumentatiouns-Center: Dëst Joër gëtt d’Usprooch gehale vum Här Jean-Marie Halsdorf, Inneminister a Minister fir d’Groussregioun.

No der Feier (géint 17.00 Auer) fueren d'Leit mam Bus an de Bësch. Direkt um Wee bei de Gedenksteng kënnen déi Leit, déi dat wëllen, déi néideg Explikatioune kréien a si kënnen och hir Froë stellen. Déi Leit, déi léiwer an aller Rou hire léiwe Verstuerwene wëlle gedenken, kënnen dat ongestéiert bei de Griewer maachen.

Hei de Programm wéi d’Busse fueren a bei wiem Dir Iech umelle kënnt. Ufanks September fannt Dir dëse Programm och nach eng Kéier an ärer Zeitung.

Fir dass Busse mat Zäit zu Hinzert ukommen, mussen d’Zäiten vum Fuerplang genee agehale gin! De Bus fiert pénktlech fort!

D’Horairen vun deene 3 Bussen, déi de 15. September 2012 op Hinzert fueren:

Bus A Stephany:

11.15 Troisvierges / commune
11.50 Ettelbruck / gare
12.00 Diekirch / gare
12.35 Echternach / gare
13.35 Hinzert

Bus B Stephany:

11.30 Merscheid/Putscheid
12.00 Bastendorf
13.35 Hinzert

Umeldunge fir d’Bussen A + B: Autobus Stephany, Tél.: 99 81 32, bis spéitstens e Mëttwoch den 12. September 2012.

Bus C Demy-Cars:

11.35 Eischen / garage Demy Cars
11.45 Hobscheid / école
12.00 Saeul / école
12.05 Brouch / église
12.15 Mersch / centre Marisca
12.45 Luxembourg-Gare (d’Prësidentin Anny Bruck waard mat de Leit déi matgin virun der Entrée vun der Gare)
13.05 Wasserbillig / frontière autoroute (P+R Autobunn Richtung Tréier)
13.25 Hinzert

Umeldunge fir de Bus C: Anne-Marie Toussaint, Tél.: 39 90 58 bis spéitstens e Mëttwoch den 12. September 2012.

Communiqué par le Comité directeur pour le souvenir de la résistance

Organisation

Ministère d'État

Date de l'événement

30.08.2012