Réponse du Premier ministre à la question parlementaire n° 45 du député Gast Gibéryen

"Als Äntwert op är parlamentaresch Fro vum 06.01.2014 kann ech confirméieren, dass d'Madame Staatssekretärin Francine Closener d'Gefier, wat si vun der Regierung zur Verfügung gestallt krut, privat benotzt an dobäi net géint den Deontologiekodex fir Regierungsmembere verstouss huet"

Äntwert vum Staatsminister op d'parlamentaresch Fro No. 45 vum Deputéierten Gast Gibéryen datéiert op den 06.01.2014.

Als Äntwert op är parlamentaresch Fro vum 06.01.2014 kann ech confirméieren, dass d'Madame Staatssekretärin Francine Closener d'Gefier, wat si vun der Regierung zur Verfügung gestallt krut, privat benotzt an dobäi net géint den Deontologiekodex fir Regierungsmembere verstouss huet. An dësem Kodex, deen den 01.03.2013 vum Regierungsrot ugeholl ginn ass, heescht et am Artikel 6.2 :

"Les voitures mises à disposition des membres du Gouvernement sont des voitures de fonction et peuvent être utilisées à des fins privées tant au Luxembourg qu’à l’étranger."

No Récksprooch mat der Madame Staatssekretärin kann ech dernieft confirméieren, dass Fraisen, déi bei hirem privaten Déplacement ugefall sinn, vun hir selwer iwwerholl goufen.

Dir abordéiert an ärer parlamentarescher Ufro vum 06.01.2014 dernieft de Sujet vun den Immatrikulatiounsplacke fir de "Corps Diplomatique". Dës Placke waren den Ament vum Déplacement vun der Madame Staatssekretärin um Auto, esou, wéi et bis elo gängeg Praxis war bei engem Déplacement vun engem Regierungsmember an d'Ausland. An deem Kontext huet de responsabele Beamte vum Regierungsgarage haut um 06.01.2014 an enger Circulaire ënnerstrach,dass déi speziell Immatrikulatiounsplacken nëmmen nach solle fir offiziell Déplacementer an d'Ausland gebraucht ginn.

Esou wéi nom Regierungsrot vum 5. Dezember 2013 annoncéiert, ass déi nei Regierung dernieft der Meenung, dass den Deontologiekodex fir Regierungsmemberen an déi richteg Direktioun, awer net wäit genuch geet. Aus deem Grond wäert e neit Gesetz ausgeschafft ginn iwwer d'Aufgaben, d'Pflichten an d'Rechter vu Ministeren a Staatssekretären.

Communiqué par le ministère d’État

Dernière mise à jour