Dernière modification le
Nationalen Dag vun der Resistenz (23.02.2014)
Lëtzebuerg erënnert sech op dësem Dag un all Resistenzler, déi an de Kazetter, Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn, a ganz besonnesch un déi 23 Membere vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 – viru 68 Joer – am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen.
Den 23. Februar ass nationalen Dag vun der Resistenz.
Lëtzebuerg erënnert sech op dësem Dag un all Resistenzler, déi an de Kazetter, Prisongen an Emsiidlongslager hiert Liewe gelooss hunn, a ganz besonnesch un déi 23 Membere vun der Resistenz, déi de 25. Februar 1944 – viru 68 Joer – am Hinzerter Bësch erschoss goufen, grad ewéi och un d'Streikaffer, déi am September 1942 zu Hinzert ëmbruecht goufen.
1997 hat d'Lëtzebuerger Resistenz fir d'éischte Kéier hir „Journée nationale de la Résistance“ gefeiert. No enger Décisioun vum „Conseil national de la Résistance“ soll dës Cérémonie sech elo all Joer widderhuelen – op deem Dag, op deem soss déi sougenannt „Hinzerter Mass“ gefeiert gouf. Organiséiert gëtt den Dag vum „Comité directeur pour le Souvenir de la Résistance“.
Den detailléierte Programm vum 23. Februar 2014
11 Auer: Mass an der Glacis-Kapell, gehale vum Abbé Patrick Muller. Et séngt d'„Chorale des Exilés“ ënnert der Direktioun vun der Madame Albena Petrovic an dem Clairon d'honneur Edmond Faber, op der Uergel begleet vum Josy Thill.
11.50 Auer: Formatioun vum Cortège mat, un der Spëtzt, en Détachement vun der Arméi, der Militärmusek an de Fändele vun der Resistenz. De Wee bis op de Kierfecht ass net wäit, sou datt d'Resistenzler an hir Sympathisante sech, wann nëmme méiglech, dem kuerze Cortège uschléisse sollen.
12 Auer: Cérémonie virum Hinzerter Kräiz um Niklooskierfecht, Allée des Résistants et des Déportés:
Dës Feier besteet aus engem Choral, virgedroe vun der Militärmusek, d'Virliese vun engem Choix vun Texter duerch eng Schülergrupp aus der „Ackerbauschoul“ vun Ettelbrëck, der Seenong vun de Griewer duerch d'Vertrieder vun den dräi Haaptreliounen zu Lëtzebuerg, dem Néierleeë vu Blummen duerch d'Autoritéiten an d'Resistenzler, dem Ofspille vun der „Sonnerie aux morts“, der Usprooch vum President vum „Comité directeur pour le Souvenir de la Résistance“, dem Albert Hansen, an dem gemeinsame Sange vun der Heemecht.
Uschléissend ass den traditionelle Rondgang laanscht d'Griewer vun de Victimen.
Communiqué par le Centre de documentation et de recherche sur la résistance