Reaktioun vum François Bausch op dem Claude Wiseler, CSV-Fraktiounspresident, seng Aussoen am Mëttes-Journal op RTL Radio zum globale Konzept vun de Schoulinfrastrukturen an der “Nordstad”

De Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, François Bausch, huet dem Claude Wiseler, CSV- Fraktiounspresident, seng Reaktiounen zum globale Konzept vun de Schoulinfrastrukturen an der “Nordstad”, dat haut virgestallt ginn ass, mat gréisstem Erstaunen zur Kenntnis geholl.

Éischtens misst dem Här Wiseler bekannt sinn, datt d'Gemeng Dikrech e Moratoire dekretéiert hat, dee nach bis de Mäerz 2015 en vigueur ass fir d’Quellesécherheet ze garantéieren.  E Punkt, den di virëscht Regierung anscheinend net wollt zur Kenntnis huelen. Wéi sech nämlech elo erausgestallt huet, mussen do eng Rei Oplage gemaach ginn, fir di wichteg Drénkwaasser-Reserven fir Dikrech ze schützen.

Zweetens sinn d'Demandë fir e Reklassement vun den Terrainen fir de Site Gilsdorf eréischt viru Kuerzem am Département de l’environnement erakomm, dat also elo eréischt am Gaang ass, dës ze traitéieren.

Drëttens hu mir substantiell Ännerungen par rapport zum Projet vun der viireschter Regierung virgeholl, z.  B. hu mir décidéiert, ASTA an d'Internat an Dikrech selwer unzesidelen, wat vill méi Sënn mécht.

Véiertens ass an där Regioun vun der virëschter Regierung net emol den Usaz vun engem Mobilitéitskonzept ausgeschafft ginn; dat ass eréischt ënner dëser Regierung geschitt, fir der ganzer Nordstad a virun allem Dikrech a Punkto Verkéiersproblematik entgéint ze kommen.

Fënneftens huet och eréischt dës Regierung dofir gesuergt, datt di ganz Polemik ëm de Projet Akerbauschoul aus der Welt geschaf ginn an e gudden Terrain d'Entente mat der Gemeng Dikrech fonnt ginn ass. Dat obschonn d'Gemeng Dikrech der virëschter Regierung hir Doléancen schrëftlech matgedeelt hat, déi awer ni beäntwert gi waren. Dee vun dëser Regierung getraffenen Accord erspuert dem Projet Méinte respektiv jorelaang juristesch Streidereien virum Verwaltungsgeriicht, wat sécherlech de Projet net séier weiderbruecht hätt.

A sechstens bleift nach ze soen, datt dës Regierung di Zäit fir di ausstehend Punkten produktiv genotzt an a 6 Méint nogeholl huet, wat an de 5 Joer virdru verpasst ginn ass. Resultat: haut läit eng zefriddestellend Gesamtléisung am Intérêt vun der „Nordstad“ um Dësch.

Communiqué par le ministère du Développement durable et des Infrastructures

Membre du gouvernement

BAUSCH François

Organisation

Ministère du Développement durable et des Infrastructures