Diplom fir 60 Joer verantwortungsvollen Ëmgang am Stroosseverkéier fir den Här Edouard Thimmesch

De Minister François Bausch an de President vun der Sécurité routière, Paul Hammelmann, hunn den 20. Oktober e ganz aussergewéinlechen Diplom un den Här Edouard Thimmesch iwwerreecht: eng Auszeechnung fir 60 Joer verantwortungsvollt Behuelen am Stroosseverkéier.

©MDDI
François Bausch, Edouard Thimmesch, Paul Hammelmann

Den Här Thimmesch huet 2014 zanter 60 Joer säi Führerschäin, ouni jee en Accident oder aneren Tëschefall, wéi eng Téitsch, Opweises gehat ze hunn. Dës Weideren huet hien och seng Kanner vun Ufank u geléiert, wéi se op der Strooss op hir Matbierger oppassen a Récksiicht huele sollen. Dat huet dem François Bausch, deen doriwwer informéiert ginn ass, därmoosse gutt gefall, datt hien, zesumme mam Paul Hammelmann, dem Här Thimmesch stellvertriedend fir all déi aner récksiichtsvoll Fuerer Merci wollt soen.

Communiqué par le ministère du Développement durable et des Infrastructures

Dernière mise à jour