Réponse de François Bausch à la lettre ouverte du Mouvement écologique Nord du 3 décembre 2014

Le 9 décembre 2014, le ministère du Développement durable et des Infrastructures a publié la réponse de son ministre François Bausch à la lettre ouverte du Mouvement écologique Nord du 3 décembre 2014:

Äntwert op den oppene Bréif vum Mouvement Écologique Regional Nordstad vum 3. Dezember 2014

D'Mobilitéit an der Nordstad ass sécherlech  all Dag op en Neits eng Erausfuerderung, wéins de ville Chantieren, feelende Busspueren an dem staarke Verkéier. Dofir hu mir an de leschte Joeren d'RGTR Offer wäitgehend ugepasst fir beschtméiglech op Verspéidungen ze reagéieren. Fir d’Situatioun nohalteg an de Grëff ze kréien, ass am Kader vun der Nordstad e Mobilitéitskonzept ausgeschafft ginn fir de Verkéier a virun allem den ëffentlechen Transport besser z’organiséieren. Deel vun deem Konzept ass net nëmmen en neie Pole d'Échange op der Ettelbrécker Gare ma och eng komplett Reorganisatioun vun der zentraler Achs tëschent Ettelbréck an Dikrech. Déi Moossnam ass virun allem wichteg fir de Buskorridor aus Richtung Osten op d ‘Ettelbrécker Gare méi stabil z’organiséieren. 

Den Zuchhoraire gëtt den 14. Dezember geännert. An deem Kader sinn d’Horairë vum RGTR Réseau natierlech ugepasst ginn. Virun allem ass op d’Korrespondenz mam Zuch an op de Schülertransport vun de Lycéeën an der Nordstad Récksiicht geholl ginn. Do dozou gëtt d’RGTR-Netz an de nächste Joren ganz reorganiséiert. Och ass et wichteg hei ze notéieren, dass d’ Méiglechkeet, de Bushoraire méi flexibel u Stau a Chantieren unzepassen, gepréift ginn ass. Allerdéngs wier dat nëmme mat dem Asaz vu méi Bussen ze realiséieren a wier deemno net, wéi Dir gemengt hutt, käschtenneutral. Doriwwer eraus ass et och wichteg drop hinzeweisen, dass an der Nordstad den Opbau vum Horaire ganz komplex ass, well den Horaire nieft der Zuchubannung och muss déi eenzel Horairen vun de Schoule berücksichtegen.

An enger éischter Phase wäert den Horaire vum RGTR an der Nordstad nees iwwerschafft ginn, wann d'Telematik am Summer 2015 operativ ass an domat de komplette Réseau per GPS iwwerwaacht ka ginn. Dee Moment kann de Client per Smartphone oder Internet seng Konnexioune nokucken an domat op Echtzäitinformatiounen zréck gräifen. Wa bis dohin RGTR Linne regelméisseg ze spéit kommen sollten, kann a soll dat beim RGTR Service am MDDI gemellt ginn. Wéi haut och schonn, kënne mir wann néideg, Horairen och kuerzfristeg upassen. Fir Ärer Demande no enger besserer Upassung vun den Horairen un d’Realitéit gerecht ze ginn, hunn ech meng Servicer chargéiert, d'Entwécklung vun de Verspéidungen an der Nordstad z’iwwerwaachen a bei Bedarf ze reagéieren.

Wichteg ass awer drop hinzeweisen, dass fir ee stabillen Horaire kënnen opzebauen, och um Niveau vun der Busprioriséierung (Busspuren) muss geschafft ginn. Dat ass am Kader vun den Aarbechten ënner anerem op der zentraler Achs tëschent Ettelbréck an Dikrech virgesinn. Dëst ass een Deel vum Mobilitéitskonzept vun der Nordstad. Meng Servicer schaffe mat Héichdrock un der Ëmsetzung vun deem Konzept, fir dem Mobilitéitsusproch vun der Nordstad an hire Bierger gerecht ze ginn.

Dir gesitt, mir schaffen intensiv mat allen Acteuren an der Nordstad zesummen, fir den ëffentlechen Transport méi attraktiv ze gestalten.

 

 

François Bausch

Ministre du Développement durable

et des Infrastructures

 

Communiqué par le ministère du Développement durable et des Infrastructures

Dernière mise à jour