Nächst Roadshows "Mobilité douce" mam Minister François Bausch den 11., 12., an 19. Mee 2015

Den 11. Mee 2015 ëm 19 Auer fënnt zu Iechternach am Trifololion déi nächst Regionalversammlung fir Gemenge-Conseilleren, technesch Déngschter an all aner Leit, déi sech interesséieren oder wëllen dozou bäidroen, datt Zefoussgoen a Vëlofueren an eisem Land erëm attraktiv ginn, statt.

De Programm:

  • Zefoussgoen a Vëlofueren als essentiell Elementer vun enger effikasser Mobilitéitsplanung.
  • Wéi ënnerstëtzen den MDDI, d’Ponts & Chaussées an de Verkéiersverbond d’Gemenge bei der Planung fir d’Mobilité douce ?
  • Ënnert wéi enge Konditioune kann Tempo 30 elo och op Staatsstroossen envisagéiert ginn?
  • De Point de vue vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ.
  • Diskussioun.

Jiddereen, dee sech interesséiert, ass häerzlech agelueden. Den Entrée ass fräi.

Fir eng Simultan-Iwwersetzung op franséisch ass gesuergt.

Weider Daten:

12. Mee 2015, 19.00 Auer     Tramsschapp Stad Lëtzebuerg

19. Mee 2015, 19.00 Auer     Centre culturel Aalt Stadhaus Déifferdeng

16. Juni 2015, 19.00 Auer      Schlass Beetebuerg

24. Juni 2015, 19.00 Auer      Schlass Klierf

Communiqué par le ministère du Développement durable et des Infrastructures

Dernière mise à jour