Betrëfft Matdeelung vun der ALPA a vun der VSL vum 5. Juli am Zesummenhank mat der Foire agricole zu Ettelbréck

De Landwirtschaftsministère erlaabt sech heimatter kuerz Stellung ze huelen am Zesummenhang mat der Pressematdeelung vum 5. Juli 2015 

De Virworf dass d’Veterinärsinspektioun sech als Komplize vum Agrarsecteur weist, muss energesch zeréck gewise ginn. Tatsaach ass, dass während dem ganzen Weekend eng Équipe vun der Veterinärsinspektioun op der Foire Agricole present war. Si huet dofir gesuergt, dass de Bien-être animal bei dësen extremen Meteo Konditiounen respektéiert gouf an hätt am Fall vun Onregelméissegkeeten direkt kënnen agräifen fir dës mat Rot an Dot ze behiewen.

Eleng de fait datt et zu kengem Zwëschefall op deem Gebitt während dem ganzen Weekend komm ass, beweist dass d’Organisateuren vun der Foire am Virfeld déi richteg präventiv Moossnamen geholl hunn fir de Bien-être ze garantéieren.

Des Weideren huet sech d’Veterinärsinspektioun den ganze Weekend net nëmmen em d’Wuel vun den Déieren gekëmmert, mä si huet och Kontrollen gemaach wat dat leiblecht Wuel vun de Leit betrëfft. All Stänn wou Iesswueren ugebueden goufen, sinn op d’Anhale vun der Liewensmëttelsécherheet iwwerpréift ginn an och do konnten bis op kleng Ausnamen keng Mängel festgestallt ginn.

De Landwirtschaftsministère huet Versteesdemech duerfir, datt Leit aus Iwwerzeegung op eng vegan Ernierung zeréckgräifen. Et muss awer och méiglech sinn, ouni ideologesch Hannergedanken e Minimum un Toleranz fir eng Bevëlkerung op ze bréngen, déi sech souwuel op Basis vu Planzen wéi och op Basis vun Déieren erniert, fir hiren Bedarf un Nährstoffer, Vitaminnen an Mineralstoffer ze decken. De Konsument ka mat rouegem Gewëssen op Liewensmëttel aus dem Déiereberäich zeréckgräifen déi hei am Land produzéiert goufen, well en da net nëmmen d’Garantie huet vun der Liewensmëttelsécherheet, der Qualitéit an der Traçabilitéit, mä och nach d’Gewësshét dass dës Produkter net vun Déieren aus Massendéierenhaltung kommen, mä aus Betriber wou de Bauer grousse Wäert op d’Déieregesondheet an den Déiereschutz leet. 

De Landwirtschaftsministère, zesummen mat senge Verwaltungen (ASTA, SER, Veterinärsinspektioun an dem Service UNICO) suergt dofir dass esouwuel beim Bau vun Ställ wéi och beim Hale vun Déieren op de Betriber de Bien-être animal respektéiert gëtt a bestrooft och an deene Fäll wou d’Regelen net agehale ginn.

Communiqué par le ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs

Dernière mise à jour