Journée de la commémoration nationale – proclamation du gouvernement (version luxembourgeoise)

Viru 70 Joer war Lëtzebuerg en zerstéiert Land. Besonnesch am Norde louche ganz Dierfer am Koup, op Felder a Bëscher, an de Stied an a Wunnquartieren, uechter de ganze Grand-Duché louche Granatsplitter, Munitioun an Iwwerreschter vum Bombardement. Stroosse ware verschwonnen a Brécke gesprengt.

Et war déi däischtersten Zäit an der europäescher Geschicht an eng Period vu Misär, Leed an Trauer fir Lëtzebuerg. Eist Land war haart getraff vun iwwer 4 Joer Occupatioun an haut, 70 Joer méi spéit, sinn d’Wonne geheelt, mä d’Narben net verschwonnen. Et war awer och eng Zäit vu groussem Courage a vu Solidaritéit, eng Zäit, an där vill Lëtzebuerger sech géint Totalitarismus an Onmënschlechkeet gewiert hunn, vill vun hinnen op Käschte vun hirem Liewen an hirer Gesondheet. Eise Merci un d’Affer kann net grouss genuch sinn.

D’Erënnerung un dat Erlieftent, un déi grujeleg Evenementer vun deemools wëlle mir duerfir héichhalen. Mir denken haut och un d’Energie vun enger ganzer Generatioun, déi nom Krich eist Land erëm opgebaut huet. D’Lëtzebuerger Regierung engagéiert sech fir déi kollektiv Erënnerung a rifft all d’Matbierger derzou op, sech haut ze besënnen, all den Affer vum Zweete Weltkrich ze gedenken an all deene Merci ze soen, déi duerch hire Courage an hir Bereetschaft, hiert Liewen ze ginn, eis Zukunft an eis Fräiheet méiglech gemaach hunn.

An dësem Moment, wou mer eis un eis Geschicht erënneren, denke mer awer och un déi haiteg Zäit an un d’Schicksal vun deene Mënschen, déi op anere Plazen op der Welt Affer gi vu Krich, Intoleranz an Extremismus. Mir hunn eng Responsabilitéit ze hëllefen, esou wéi mer och eng Responsabilitéit hunn, eis géint all Forme vun Diskriminatioun, Gewalt an Extremismus ze wieren.

Am Respekt fir d’Krichsgeneratiounen, déi sech zu Lëtzebuerg géint e faschistesche Regime gewiert hunn, rifft d’Regierung d’Bierger derzou op, sech zesumme géint d’Vergiessen anzesetzen, d’Erënnerung ze fleegen a fir Fridden a Fräiheet anzetrieden.

Communiqué par le ministère d'État

Dernière mise à jour