Journée de commémoration nationale: Proklamatioun vun der Regierung

Um nationale Gedenkdag läit der Lëtzebuerger Regierung alles drun, fir Merci ze soen a fir hiren déifste Respekt auszedrécke vis-à-vis vun deenen, déi viru genee 75 Joer Courage gewisen hunn a bei der Personenstandsaufnahme en Zeeche gesat hunn, en Zeechen, wat wesentlech derzou bäigedroen huet, dass mir zu Lëtzebuerg haut eng Eegestännegkeet an en onofhängegt Zesummeliewen dierfe genéissen.

Mat all Joer, dat vergeet, gëtt d’Erënnerung un déi grujeleg Zäit vum Zweete Weltkrich méi schwéier an d’Bild vu Misär, vu Leed a vun Trauer gëtt méi dréif. Et ass fir d’Nokrichsgeneratioune kaum nach virstellbar, wat d’Realitéit an de Krichsjore war a wéi den Alldag zu Lëtzebuerg ënnert dem Drock vum Okkupant ausgesinn huet. Nodeems am Summer 1942 d’Nazien zu Lëtzebuerg ugefaangen hunn d’Jugend ze zwangsrekrutéieren, war de Widderstand an der Populatioun enorm. Dat huet derzou gefouert, dass den Naziokkupant och mat haarder Hand géint d’Lëtzebuerger agéiert huet. Fraen, Kanner, Männer, Aler a Jonker goufe verhaft, deportéiert an dacks zu Doud gefoltert.

D’Lëtzebuerger hunn awer deemools zesummegehalen, se hu sech gestäipt géint eng Muecht, géint déi se am Fong keng Chance haten. D’Lëtzebuerger ware staark, well se sech net auserneendreiwe gelooss hunn a solidaresch waren – solidaresch als Natioun, als Vollek an als einfach Mënschen, déi wossten, wat richteg a wat falsch war. Uechter d’Land ware Männer verstoppt, déi aus der Wehrmacht desertéiert haten. Op Späicheren, a Kelleren, a Scheieren, Hielen an Hütte ware ganz Familljen ënnerbruecht, déi virun de Nazien hate misse fortlafen. Mir waren deemools Flüchtlingen am eegene Land a konnten op Hëllef zielen.

Hëllef gouf et awer och vu baussen. Déi Alliéiert sinn 1944 an der Normandie gelant an hunn der Hoffnung nees eng Chance ginn. De Krich war fir Europa a fir Lëtzebuerg nach laang net eriwwer a mat der Ardennenoffensiv sollt et esouguer nach en trauregen Héichpunkt an eise Géigende ginn. Mat der Hëllef vun den Zaldoten, déi wäit gereest waren, fir sech den Nazien an de Wee ze stellen an der Ënnerdréckung en Enn ze maachen, konnt eist Land am Fréijoer 1945 awer nees Loft huelen an de luesen a schwéiere Wee vum Neesopbau goen.

D’Generatioune vun haut hunn hir Fräiheet, hir Onofhängegkeet, de Fridden an de Wuelstand deenen ze verdanken, déi sech deemools gewiert hunn, deenen, déi hiert eegent Liewen op d’Spill gesat a verluer hunn. D’Affer vum Zweete Weltkrich si fir hiert Land gestuerwen, fir eng fräi Gesellschaft a se si fir d’Generatiounen no hinnen – also fir eis –gestuerwen.

Un dës couragéiert Fraen a Männer erënnere mir haut, mir halen een Ament stëll an denken u si. Mir soe Merci a mir verflichten eis, dat Ierwen, dat si eis hannerlooss hunn, héichzehalen. Mir hunn d’Responsabilitéit an d’Obligatioun, eis och haut fir eng fräi Gesellschaft, fir e solidarescht Europa anzesetzen a fir d’Wäerter vun Humanitéit an Toleranz a fir de Respekt vun de Mënscherechter ze kämpfen.

D'Membere vun der Regierung

Dernière mise à jour