Message du Premier ministre Xavier Bettel à l’occasion de la fête nationale 2018

© 2014 SIP / Yves Kortum, tous droits réservés
Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État, ministre des Communications et des Médias, ministre des Cultes, ministre de la Culture

Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Matbierger,

Muer ass dee wichtegsten Dag am Joer fir eis als Natioun, als Land, als Bierger vu Lëtzebuerg. Mir feieren Groussherzogsgebuertsdag an domat eis Onofhängegkeet, eis Souveränitéit an eis Fräiheet. Mir denken un all déi, déi sech fir eist Land agesat hunn, déi eis Geschicht gepräägt an eis Wäerter héich gehalen hunn.

Mir sinn an der Schold vun de Generatiounen, déi virun eis do waren a mir hunn eng Verantwortung vis-à-vis vun deenen, déi sech derfir agesat an déi derfir gekämpft hunn, dass Lëtzebuerg haut eng fest Plaz op der Weltkaart huet, dass mer fräi sinn an dass mer eis eegen Decisiounen kënnen huelen.

Mir hunn awer och eng Verantwortung vis-à-vis vun deenen, déi no eis kommen.

Mir hunn d’Flicht derfir ze suergen, dass och d’Kanner vun haut a vu muer, déi selwecht Sécherheet an déi selwecht Liewensqualitéit dierfe genéissen.

Et ass näischt selbstverständlech an dofir dierfe mer eis net op deem ausrouen, wat mer areecht hunn.

Déi politesch a gesellschaftlech Kräften, déi mat einfache Messagen uechter Europa versichen de Leit Sand an d’Aen ze streeën, si stellen haut erëm eis oppe Gesellschaft a Fro, si wëllen ausgrenzen an déi Maueren nees opriichten, déi mer an de leschten Joerzéngten neier gerappt hunn. D’Geschicht huet eis geléiert, dass dat de falsche Wee ass an dofir musse mir zesummen derfir suergen, dass d’Extremisten kee Gehéier fannen, net heiheem an och net an Europa.

Wa mir muer op Nationalfeierdag eis Onofhängegkeet an eis Fräiheet feieren, dann ass dat och de Moment fir eis zu deem ze bekennen, wat mer sinn: Mir sinn e Land, wat Erfolleg huet, wat et ëmmer nees gepackt huet Krisen ze iwwerstoen a sech nei ze erfannen. Mir sinn en oppent Land, wou Leit mat verschiddenen Biographien an och mat verschiddenen Mammesproochen niefteneen a mateneen liewen an Lëtzebuerg méi räich maachen. Méi räich a senger Diversitéit, méi räich a senger Kultur, méi räich a senger Geschicht an och méi räich a senge Méiglechkeeten. 

Lëtzebuerg huet seng Identitéit. Mir hunn eis Sprooch, eis Traditiounen, an eis Gewunnechten. Doru solle mer festhalen an eis derfir asetzen, dass se bestoen bleiwen. Gläichzäiteg kënne mer eis Chancen weider notzen an eis Villfältegkeet als Virdeel erkennen an unerkennen.

Mir hunn den Ament eng gutt wirtschaftlech Situatioun an eisem Land, d’Staatsfinanzen entwéckelen sech zum Positiven an d’Aarbechtslosegkeet ass an de leschte Joren däitlech zeréckgaangen.  Dat ass d’Resultat vun engem gemeinsamen Effort, et ass d’Resultat vun de Beméiungen, déi mir als Land an als Gesellschaft gemaach hunn an dorop kënne mer och haut houfreg sinn, wa mer zesummen sinn fir eise Nationalfeierdag.

Eist Land ass gutt opgestallt fir déi Erausfuerderungen, déi virun eis leien a mir si preparéiert op international Entwécklungen a Stëmmungen. Eise Finanzsecteur ass haut esou performant, ewéi nach ni, Lëtzebuerg bleift e Land vun der Stolindustrie an et si weider Aktivitéiten am Beräich vun de neien Technologien entstanen. D’Handwierk, de Commerce, de Bausecteur sinn weider Moteuren vun eise Wirtschaft. Duerch eise konstruktive Rôle an der Europäescher Unioun hu mer direkten Afloss op Decisiounen, déi eis Zukunft matbestëmmen an dat maache mer mat vill Energie an Enthusiasmus. Nëmmen am Grupp vun den 28 a muer 27 hu mer dat néidegt Gewiicht fir eis deem ze opposéieren, wat eis soss imposéiert géif.

Am Hierscht gi mer eng nei Chamber wielen. Et ass dat e wichtegen Rendez-Vous an enger Demokratie. D’Bierger sinn opgeruff hir Vertrieder am Parlament ze bestëmmen a mat ze decidéieren, wéi d’Land sech soll weider entwéckelen. D’Aarbecht vun der aktueller Majoritéit gëtt bewäert an d’Proposen fir déi nächst Joren gi niefteneen geluecht. De Wieler decidéiert, wéi d’Kräfteverhältnis fir déi nächst 5 Joer soll sinn. An deenen nächste Méint versichen dofir déi verschidde politesch Parteien hire Proposen Gehéier ze verschafen an d’Leit ze iwwerzeegen. Zu Lëtzebuerg ass de Walkampf bis elo ëmmer e Prozess mat Argumenter gewiescht an d’Ausernanersetzung ass op den Iddien gefouert ginn. Dat soll och dës Kéier net anescht sinn an ech maachen en Appell un Iech, léif Matbierger, un dësem Debat ze bedeelegen, Iech mat deem ze beschäftegen, wat gefuerdert an virgeschloen gëtt.

Cher concitoyens,

En ce jour d’unité et de réflexion nationales je voudrais m’adresser aussi à tous nos concitoyens et à toutes les personnes qui viennent travailler au Luxembourg.

Le Luxembourg est aussi votre pays. Les dernières années, nous avons connu une période plus difficile au niveau économique. Aujourd’hui le sommet de la crise économique et financière est derrière nous et nous connaissons une relance considérable.   C’est aussi grâce à vous, grâce aux efforts communs de tous les citoyens de notre pays que 2018 est une année marquée par une croissance soutenue. Vous contribuez à faire du Luxembourg un des leaders mondiaux en ce qui concerne la qualité de vie, la sécurité et la prospérité. Maintenir ce niveau élevé est un défi permanent. Je suis confiant qu’ensemble, nous réussirons à relever ce défi, voire même à prospérer davantage.

Continuons à créer ensemble un Luxembourg, solidaire, pacifique, humaniste mais aussi inclusif, dynamique, vibrant, énergique, et innovateur.

Ech wënschen Iech a mengem perséinlechen Numm an am Numm vun der Regierung e schéinen Nationalfeierdag a vill schéi Momenter mat deene Mënschen, déi Iech wichteg sinn.

Vive eise Grand-Duc, vive eis Grande-Duchesse an Vive eist Land.

Dernière mise à jour