Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2000 (version originale luxembourgeoise)

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech hun elo am Kontext vum Euro déi wirtschaftlech Entwécklung an Amerika an an Europa ernimmt. Dës Erklärung handelt - wéi hiren Numm et seet - iwwert déi wirtschaftlech Situatioun vum Land. Wéi geet et also viru mat eiser Ekonomie a wat fir Konsequenzen ergi sech aus däer Entwécklung? Déi europäesch Wirtschaft ass am Joer 1999 ëm moer 2,3 Prozent gewuess, déi amerikanesch ëm robust 4,2 Prozent an déi lëtzebuergesch saat méi wéi 5 Prozent. Lëtzebuerg huet sech am läschte Joer domat zweemol esou séier entwéckelt wéi d’Europäesch Unioun an der Moyenne a wéi eis dräi Nopeschlänner am besonneschen.

D’Experte vum IMF, der OECD an der Europäescher Kommissioun féieren dat am wiesentlechen op ee richtege Policy-mix tëschent Offer an Demande, Wirtschafts-, Finanz- a Sozialpolitik zréck. Dës guttiwwerluegte Mëschung ass net vun haut an huet scho bal Traditioun: vun 1985 bis 1999 huet eise jährleche Wirtschaftswuestum an der Moyenne 5,5 Prozent bedroen. Dat ass déi beschte Performance an Europa a freit mat der Entwécklung vun der US-amerikanescher neier Ekonomie. Dës Entwécklung - déi keen Zoufall ass, mee d’Resultat vun enger Politik - huet eisem Staat et erlaabt, säin Undeel un der Finanzéierung vun der sozialer Sëcherheet op 50 Prozent vun de lafenden Einnahme vun der sozialer Protektioun erop ze setzen a gläichzäiteg den Undeel vun de Steieren- a Soziallaaschten, déi vun 1970 bis 1983 vun 30 op 50 Prozent vum PIB erop geklomme waren op manner wéi 45 Prozent ofzesenken.

Eis indirekt Aarbechtskäschte sin domat an Europa mat am niddregsten an hun et hirersäits méiglech gemaach, datt d’Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg 1999 ëm 5,4 Prozent, dat heescht ëm iwwer 11.000 Plaze geklomm sinn. Dat ass méi wéi dräimol souvill wéi soss an Europa oder wéi an Amerika. An alle Sekteuren ass den Emploi geklomm: 1,6 Prozent an der Industrie, 4,4 Prozent am Bau, 4,3 Prozent am Handel, 6,5 Prozent am Finanzsekteur a 9 Prozent fir déi aner Servisser. Dës Aarbechtsmaartexpansioun huet hir positiv Effekter: de Chômage - dee schon op engem europäesche Rekorddéif war - ass relativ betruecht kräfteg gefall. 

A virun allem ass déi national Beschäftegung, dat heescht déi vun deene Leit déi hei am Land wunnen, ëm 3 Prozent an d’Luucht gaangen. Den nationale Beschäftegungstaux klëmmt vu 60,1 Prozent am Joer 1998 op 61,6 Prozent am Joer 1999 a kënnt no un den europäeschen Duerchschnëtt vun 61,9 Prozent erun. Den Undeel vun de Frontalieren un den neigeschafenen Aarbechtsplazen fällt: hu si tëscht 1990 an 1997 nach 80 Prozent vun den neien Aarbechtsplaze besat, sou geet de Prozentsaz 1998 an 1999 op 65 Prozent erof. D’Inflatioun, notamment wéinst der Verdräifachung vun den Uelegpräisser, huet een zolidde Spronk an deene läschte Méint gemaach: am Februar/März 2000 ass si ëm 2,7 Prozent géint 0,5 Prozent zwielef Méint méi fréi geklommen.

D’Kärinflatioun awer, dat heescht déi ëm d’Petrolspräisser an ëm aner volatil Fakteure beréngegt Deirecht, ass mat 1,5 Prozent stabil bliwwen. Mir gi vun enger Berouegung vun der Inflatioun am weidere Verlaf vum Joer aus, ënner der doubler Bedingung allerdings datt d’Bruttopetrolspräisser sech tëschent 20 a 25 Dollar apendelen an datt den Euro wéinstens deelweis säin Opwäertungspotential ausnotze wäert. 2,4 Prozent, dat gëtt dee wahrscheinlechen Inflatiounstaux am Joer 2000. Eng Indextranche erfällt domat ëm d’Méint September-Oktober 2000. Déi duerchschnëttlech Lounkäschte sin 1999 dräi Prozent an d’Luut gaang. Dat ass däitlech méi wéi 1998 wou et nëmmen 1,8 Prozent waren. D’Lounkäschte pro Stonn - Dänemark an England ausgeholl - klamme mat 4 Prozent méi séier wéi an deenen aneren europäesche Länner, déi eis Haaptkonkurrente sinn. D’Steigerung vun de Lounkäschten ass virun allem d’Folleg vun däer Indextranche, déi am August 1999 erfall ass.

Ouni Indexéierung wier si nëmmen 2 Prozent, wat am Aklang mat dem Konjunkturzyklus steet. Un der 2prozenteger Steigerung ass d’Augmentatioun vun de Gratifikatiounen an de Primmen zu engem gudden Drëttel bedeelegt. Fir d’Joer 2000 ass dervun auszegoen datt déi europäesch Wirtschaft ëm 3,4 Prozent wuesse wäert, ähnlech wéi déi amerikanesch, däer en ofgebremste Wuestum vun 3,6 Prozent prognostizéiert gëtt. Et ass ze hoffen, datt d’Réckbildung vun dem amerikanesche Wuestum sech duuss mécht, well eng all ze haart Landung hätt negativ Reperkussiounen och an Europa. Der Lëtzebuerger Ekonomie steet fir d’Joer 2000 ee Wuestum vu 5,6 a fir d’Joer 2001 eent vu 5,7 Prozent an d’Haus. Dat wäert erëm eng Kéier däitlech méi si wéi den Duerchschnëtt vun Europa a vun eisen Nopeschlänner.

De Chômage zu Lëtzebuerg wäert an der Moyenne vum Joer weider falen, an d’Beschäftegungsexpansioun viraussiichtlech däitlech iwwer 4 Prozent leien. Här President, Dir Dammen an dir Hären, Déi Situatiounsbeschreiwung déi ech Iech elo a geraffter an dofir onkompletter Form virgeluegt hu géif all Regirungschef an Europa houfreg maachen wann e se kënnt viirleeën. Op kengem Punkt si mer Schlussliicht an Europa an op wiesentleche Punkte leie mer un der europäescher Spëtz. Ech hun dat léiwer esou, wéi wann et ëmgekéiert wäer. Eis Wirtschaft wiisst staark, eisen Aarbechtsmaart wiisst nach méi, eis Bevölkerung wiisst och. Eigentlech wuesse mer iwwert eis eraus. Op deen éischten, och nach op deen zweete Bléck, gesäit et esou aus wéi wa mer net anescht wéi optimistesch an d’Zukunft kënnte kucken.

Dat ëmsou méi wéi eis Finanzsituatioun, sou wéi eis d’EU-Finanzministeren an d’Europäesch Kommissioun attestéiert hunn, “exemplaresch” ass a mer ouni am Geld ze schwammen Virsuerg getraff hu fir d’Finanzéierung vu liewenswichtege staatlechen Engagementer, déi mer an deenen nächste Jore mussen droen. Wann een awer méi wäit kuckt, wann een hannert d’Zuelen, hannert d’Ofleef, hannert d’Prozesser kuckt, da gesäit een datt dee séiere Wuestum eis och viru grouss Erausfuerderungen an zolitt Problemer stellt. Problemer déi mer, wa mer éierlech sinn, net am Grëff hunn an déi mer, wa mer realistesch sinn, och net ouni weideres an de Grëff kréien. Eis Goldmedaillen hunn allerguer zwou Säiten.

Mir kucken am léifsten op déi déi am schéinste blénkt. An däer Säit kann ee sech zwar spigelen, sech selwer bewonneren, sech an anerer mat hier verblenden. Mee déi aner Säit vun der Medaille, déi déi net esou schéi blénkt, däer hire Glanz amgaang ass ofzehuelen, dat ass déi, an déi di Jonk kucke musse wa se méi al sinn. Wa mer d’Politik an d’Saache wëllen op Dauer richteg maachen, wa mer haut och Politik fir mar welle maachen, da musse mer déi Säit vun der Medaille kucken. An da muss sech an eise Bléck eppes Nodenkleches aschläichen an da muss eis Politik méi nohalteg ginn. D’Lëtzebuerger Politik huet keen anere Choix wéi deen, méi nohalteg ze ginn.

D’Entwécklung nohalteg, durabel ze maachen, deen Imperativ ass wäit dervun ewech nëmme sektoriell ekologesch ze sinn, en ass flächendeckend horizontal. All Politik muss iwwerpréifbar nohalteg ausgeriicht ginn. De Wuestum vu Wirtschaft an Aarbechtsmaart mecht grouss Chancen op. Déi musse mer notzen. De Wuestum vu Wirtschaft an Aarbechtsmaart dréit awer och grouss Risiken a sech. Déi musse mer meeschter ginn. Aus dem noutwendegerweis parallelen Ëmgang mat Chancen a Risiken ergëtt sech den Dilemma vun der Lëtzebuerger Politik.

Loosse mer zesummen emol esou ee Spannungsfeld besichen, wou sech Chancen a Risiken begéinen. Wa mer kuerz a mëttelfristeg d’Finanzéierung vun eise Pensiouns- a Renteregimer wëlle sëcherstellen, da musse Wirtschaft an Aarbechtsmaart esou viru boome wéi se an deene läschte Jore geboomt hunn. Wa mer een héije Niveau vun de Renten a Pensiounen halen an deelweis esouguer ausbauen, wa mer eise konfortabel héije Level vu Sozialleeschtungen och fir déi nächst Generatiounen erhale wëllen, da musse mer nach laang Jore stramm wuessen - wirtschaftlech, aarbechtsmaartpolitesch. Wa mer awer wirtschaftlech stramm wuesse mussen, da gi mer op ee Land mat 700.000 Awunner zou - a mir sinn, wéi d’Zuele weisen, um Wee dohinn.

Wa mer ee Land mat ëmmer méi Awunner ginn, wa mer Joer fir Joer 8-, 9-, 10-, 11.000 Aarbechtsplaze schaaffen, schaaffe musse wéinst der Finanzéierung vun ëmmer méi an ëmmer méi héije Renten, da sti mer viru grousse Problemer déi di inkontournabel Konsequenze vun däer Entwécklung sinn: mir brauchen da méi Stroossen, méi Schoulen, méi Wunnéngen, méi kollektiv Infrastrukturen, méi Crèchen, méi Spideler, méi Flegebetter, méi Altersheimer, méi Staats- a Gemengebeamten déi sech ëm all dës Aufgabe bekëmmeren.

Dee stramme Wuestum, deen alles dat zur Folleg huet, generéiert esou just Steiergelder genuch fir seng eege Konsequenze finanzéieren ze kënnen. Wann awer - wat engem ka wënschenswäert erschéngen vu hir Konsequenzen, - de Wirtschaftswuestum an d’Aarbechtsplazschaaffung sech zréckbilden, wa se ofhuelen, wa se op d’europäesch Normalmooss zréckfalen, dann entsteet en aneren zolitte Problem: da kréie mer d’Renten an d’Pensioune vun deenen, déi elo pensionéiert sinn, net méi bezuelt, a scho guer net d’Renten an d’Pensioune vun deenen déi an 10 Joer pensionéiert ginn. Solle mer der Wirtschaft ee Wuestum mat gebremstem Schaum dekretéieren?

Kënne mer iwwerhaapt méi ee luese Wirtschaftswuestum veruerdnen, wa jo, wéi dann? An à supposer et géif eis gelengen de Marsch an de 700.000-Awunner-Staat ze verhënneren, si mer da bereet, bei dem Gestalte vun eise Pensiouns- a Renteleeschtunge mëttel- a laangfristeg Vernunft unzehuelen? Dat hei ass een typesch Lëtzebuerger Polit-Dilemma.

Mir léisen en net doduerch datt mer en net zur Kenntnis huelen. Heiandsdo, meeschtens eigentlech, kënnt et engem esou vir, wéi wa mer hei am Land alles a säi Géigendeel zugläich wëllten: séier wuesse fir eis alles erlaben ze kënnen a gläichzäiteg d’Konsequenzen aus dem séiere Wuessen net ze zéien, méi lues wuessen fir datt et gemittlech bleiwt ouni awer d’Konsequenze aus dem méi luese Wuestum ze zéien! An dësem Magma vu Wonsch a Realitéit ass d’Äntwert net einfach. An ass d’Politik iwwerfuerdert wa s‘aleng gelooss gët. Hei - wéi an esou ville Politikberäicher - kann d’Äntwert nëmmen an däer net mat läschter Sëcherheet festzeleeënder Mëtt leien.

An an der Mëtt vun all Politik muss d’nohalteg Entwécklung stoen. Mir brauchen nohalteg Entwécklung an der Wirtschaft, um Aarbechtsmaart, am Sozialen, um kulturelle Plang, och deem vun der Sëcherheet, vun dem Wunnéngsbau, vun der Landesplanung, an der Awanderungspolitik, de facto iwwerall. Näischt däerf haut decidéiert ginn ouni Bléck op d’Problemer, déi d’Decisioune vun haut riskéiren deenen nächste Generatiounen opz’erleeën. Mir brauchen eng nohalteg Entwécklung vun eiser Ekonomie.

’Ziel vun der europäescher an och vun der lëtzebuerger Politik ass et, eng laang unhalend, net inflationär Croissance méiglech ze maachen. Bis haut ass dat eis zu Lëtzebuerg besser gelonge wéi am Rescht vun Europa. Dee konstanten a bal gläichméisseg héije Wuestum vun 1985 u weist dat. E weist och datt an däer Zäit eis Ekonomie sech vun de Konjunkturzykle vun eisen Nopeschlänner dekonnektéiert huet.

Eng robust Croissance an de Länner ronderëm eis gëtt eisem Wuestum ee kräftege Push, mee eng Konjunkturréckbildung an Däitschland, Frankräich an an der Belsch beréiert eis Ekonomie vill manner, wéi nach viru fofzéng oder zwanzeg Joer. Mir bleiwen als oppen an exportorientéiert Ekonomie zum Deel staark ofhängeg vun der wirtschaftlecher Entwécklung an Europa, mee mir si streckeweis wiesentlech méi autonom gi wéi fréier. Eis Ekonomie muss viru wuessen, mee si brauch net méi egal wéi ze wuessen.

Si muss eben nohalteg wuessen. Mir brauchen net ëm all Präis egal wat fir engem neie Betrib nozelafen. Déi nei Betriber mussen ëmweltschounend a ressourcefrëndlech sinn. Kritär fir zukünfteg Usiedlungen ass net méi an éischter Linn d’Zuel vun de geschaaffenen Aarbechtsplazen, mee de Volume vun dem geschaaffene Mehrwert. Eis Ekonomie schafft vill zousätzlech Aarbechtsplazen aus eegener Kraaft: de Staat soll sech drop konzentréieren, hir Rahmebedingungen esou optimal wéi méiglech ze gestalten. Dofir bereede mer eng Steierreform vir, déi, wa se den 1.1.2002 a Kraaft trëtt, den duerchschnëttleche Besteierungsniveau vun eise Betriber vun haut 37,49 Prozent op manner wéi 35 Prozent dréckt.

Dofir fuere mer viru mam Ofbau vun der administrativer Belästegung, ënner däer besonnesch déi kléng Entreprise leiden. Dofir wäerte mer dëst Joer de 96er Aktiounsprogramm fir de Mëttelstand aktualiséieren, d’Gesetz iwwert d’Etablissementsrecht an den Zougank zu eenzelne Beruffer reforméieren, d’Lëscht vun den Handwierker an hiren Aktiounsradius adaptéieren an d’Ausschaffe vum 7. Fënnefjoresplang fir den Tourimus demarréieren. Dofir wäerte mer ee Gesetz iwwert d’Failliten abréngen dat hir Präventioun an d’Moderniséierung vun der “gestion contrôlée” ustriewt. Déi nei Betriber déi mer an d’Land huele solle net noutwendegerweis vill méi Aarbechtsplaze bréngen - denkt drun: mir wëlle keng Explosioun vun der Aarbechtsmaartdemographie. Si solle besser, héich qualitativ Aarbechtsplaze bréngen.

Mir wëllen d’wirtschaftlech Prospektioun méi zibléieren, d’Ekonomie duerch eng méi sophistikéiert Diversifikatioun zousätzlech kriisefest maachen. Mir brauchen eng TIC-Offensive. High-tech, Informatioun, Kommunikatioun: dat ass de Betribsstoff vun der Zukunft. Hei fänke mer net bei Null un. Mir haten 1999 fënnefhonnertdrësseg Betriber am Beräich vun Informatioun an Informatik schaffen. Si stellen 3100 Aarbechtsplazen duer. Mir musse méi däer Betriber hunn. Mir brauche méi däer Aarbechtsplazen. Fir datt dat eppes gëtt, mussen e puer Begleetbedingunge verbessert ginn.

D’ganz Welt rappt sech ëm déi Betriber an ëm déi Aarbechtsplazen. Si entstinn do wou d’Bedingungen am gëeegenste sinn. D’Globaliséierung bréngt se, d’Globaliséierung ka se och ewech halen oder ewech huelen. Also: kompetitiv Steiere fir Leit a Betriber, niddreg Soziallaaschten, exzellent Infrastrukturen, gutt ausgebilte Leit, eng kommunikatiouns- a informationsfrëndlech Grondatmosphär am Land gi gebraucht, wa mer wëllen an däer neier Ekonomie an der éischter Liga spillen. Si mer ee Land dat op dës global Erausfuerderung virbereet ass?

Ech behaapte jo. An ech behaapten: mir mussen nach besser ginn. Jo, mir sinn op d’Informatiounsgesellschaft virbereet. De Comité Info 2000 huet an der läschter Legislaturperiod wäertvoll Aarbecht geleescht an nëtzlech Rekommandatioune gemaach. Si sinn oder sinn amgaang ëmgesat ze ginn. Innerhalb vun deene läschte fofzéng Joer ass d’Zuel vun de lëtzebuergeschen Haushalter, déi e Computer hunn, vu 7,2 Prozent op 50 Prozent eropgaang. Ee vun 2 Lëtzebuerger telefonéiert mobil. Ee vun dräi Lëtzebuerger verfügt iwwert en Internet-Uschloss. Véierzeg Prozent vun eise Primärschoulen, honnert Prozent vun eise Sekondärschoulen hunn en Internet-Uschloss. An de Primärschoulen kënnt een Ordinateur op 19, an de Sekondärschoulen een op 11 Schüler. Mir leie mat dëse Chiffre ganz gutt am europäesche Vergläich.

Mee mir musse besser a méi séier ginn. D’Regirung leet nom europäesche Rot vu Feira am Juni, deen d’Lissaboner E-Europe-Beschlëss konkretiséiere soll, een nationalen Aktiounsplang zu allen Deelaspekter vir. Den delegéierte Kommunikatiounsminister, den Här François Biltgen, soll aus deem Aktiounsplang een Aktiounsprogramm - E-Lëtzebuerg - maachen an dësen haaptverantwortlech pilotéieren. Hie kritt eng national Kommissioun fir d’Informatiounsgesellschaft zur Säit gestallt, an däer ënner anerem de Staatsministär als Ministär-pilote esou wéi d’Ministäre vun der Ekonomie, der Recherche an dem Enseignement supérieur, der Fonction publique, der Education nationale an der Aarbecht vertruede wäerte sinn.

Schon de Budget fir d’Joer 2001 kritt ee konsiderabel erhéijte Finanzvolume zur Verfügung gestallt, deen eist Weiderkommen an der Informatiounsgesellschaft soll akzeleréieren. En attendant den E-Lëtzebuerg-Plang- a Programm, kënnen awer elo schon e puer Indikatiounen iwwert déi anzeschloend Démarche kloer gemaach ginn. Wann et stëmmt datt mer ee fir haut zefriddestellend héijen technologeschen Equipementstaux hunn, so stëmmt et awer och datt dësen nach weider no uewen tendéiere mussen.

D’Lëtzebuerger surfen, mee et surfen der net genuch a si surfen net esou laang wéi anerer. D’Amerikaner surfen 44mol méi laang wéi d’Lëtzebuerger. Dat ass op d’Tatsaach zréckzeféieren datt deen deen hei zu Lëtzebuerg d’Internet-Servisser intensiv wëllt notzen, sech mat engem Käschtepunkt konfrontéiert gesäit deen am internationale Verglach héich ass. En ass besonnesch héich fir Haushalter mat niddregem Akommes. Fir datt mer méi Internaute kréien, fir datt se méi laang um Surfbriet bleiwen, fir datt och an de Schoule méi bëlleg ka gesurft gin a fir datt mer keen Internet-Proletariat ouni Zougank zu dësem Kommunikatiounsmëttel kréien, mussen d’Präisser falen.

D’Regirung schafft dodrun. Déi Jonk si mat de neien Technologie grouss ginn. Mir an déi déi méi al sinn gi vum Internet matten am Beruffsliewen oder an der Pensioun iwwerholl. D’Regirung wäert dofir Initiativen huelen an Initiativen ënnerstëtzen fir déi déi net méi esou jonk sinn kommunikatiounstechnesch a Schwonk ze bréngen. Computer an Internet mussen an all Haus eng fest Plaz hunn. Mee awer och an den Altersheimer, op alle Plaze wou Leit sech treffen, däerfe se net feelen. Den Internet get ee wichtegt Stéck Alldag. E soll konsequent genotzt gi fir de Leit, net nëmmen awer och deenen déi sech schlecht deplazéiere kënnen, d’Liewen am Alldag z’erliichteren.

Bis un d’Enn vum Joer 2003 muss de gréissten Deel vun der Verwaltung on-line fonktionnéieren. Intern an extern Teleprozeduren zum Beschte vun de Bierger a vun der Verwaltung ginn agefouert. Heizou leet d’Regirung an deenen nächste Méint ee sektoriellen Aktiounsplang vir. Geschwë gin nei Breetbandtechnologien disponibel. Mir wëllen d’Aféierung vu mobile Breetbandreseauen op Basis vun der UMTS-Norm gezielt a séier ugoen.

Nach dëse Mount decidéiere mer op mer d’Lizenze fir déi drëtt Handy-Generatioun versteeën oder si - wat méi wahrscheinlech ass - iwwert ee sougenannten “Beauty-Contest” géint Redevance verginn. Mir mussen eist aktuellt Reguléierungswierk den neien Technologien upassen. De “projet de loi” iwwert den eletroneschen Handel gëtt den elektroneschen Transaktiounen déi juristesch gesëchert Assise fir datt se sech besser entwéckele kënnen. Mir wiere frou wann dat Gesetz séier kënnt gestëmmt ginn, grad esou wéi dat iwwert d’Postservisser.

De Reglementskader fir Telekommunikatioune gëtt nei ausgeriicht an déi administrativ Prozeduren an de Beräicher Lizenz an Etablissement vereinfacht. D’Regirung wäert gesetzlech a reglementaresch Moossnamen huele fir datt de Verbraucher virun den neien Risike vum elektroneschen Handel geschützt gëtt. D’Informatiounsgesellschaft offréiert nei Expressiouns- a Kommunikatiounsméiglechkeeten an deementspriechend e formidabel vergréisserte Fräiheetsraum. Si brauch dofir een Enkadrement duerch d’Gesetz fir dat d’Chance genotzt an d’Risike verhënnert kënne ginn. An e puer Wochen gëtt e Gesetz iwwert den Dateschutz hei am Haus abruecht dat d’Zirkulatioun vun den Informatiounen erliichtert a gläichzäiteg de Schutz vum Privatliewe garantéiert.

Dat neit Pressegesetz wäert sengersäits den neie Kommunikatiounsformen an notamment dem Internet Rechnung droen. Mir wëllen den Internet-Abuen esouwäit wéi se hiren Ursprung hei zu Lëtzebuerg hunn, d’Waasser ofgruewen. Dat ass net einfach. Den Zougank zu den Informatiounen déi de Staat huet an déi net vertraulech si gëtt erliichtert. D’Informatiounsgesellschaft an d’Schoul sinn eng Koppel ëm déi mer eis viru musse bekëmmeren. Aplaz ee Computer fir 11 Schüler wëlle mer an Zukunft ee Computer fir 8 Schüler zur Verfügung stellen.

D’Investissementer an d’Restena-Réseaue gi verstärkt fir prett ze sinn, wann déi europäesch Programmer ulafen déi zu Lissabon decidéiert gi sinn. D’Equipementer vun de Primärschoule musse méi komplett ginn. Wann et net anescht geet da muss de Staat de Gemenge finanziell bäisprangen. An an der Schoul däerf keen d’Affer vun technologescher Isolatioun ginn. Et ass dofir normal datt ee spezielle Programm fir den differenzéierten Unterricht entwéckelt gëtt.

Dat wichtegst Uleies an der Schoul ass d’Formatioun an d’Weiderbildung vun den Enseignanteën. D’Enseignanteë musse gewëssermoossen en Internet-Führerschäin hu wann s’an Schoul ginn, soss léieren d’Kanner an d’Schüler net fueren. Vill Enseignanten hu sech selwer à niveau bruecht an hir Schüler matgerappt an ëmgedréit. Wat mer elo brauchen ass méi flächendeckend Systematik. Mee mer däerfen net vergiessen, datt d’Schoul niewt der Virbereedung op d’Beruffsliewen nach aner Vokatiounen huet.

D’Schoul ass net do, fir technologesch héich getrimmten Aarbechtsmaartathleten ze liwweren déi sech am Liewen net erëmfannen. Si soll Mënschen a Bierger ausbilden déi sech am Liewe vun der Gemeinschaft auskennen an déi um Aarbechtsmaart gutt eens ginn. Iwwerhaapt solle mer der Informatiounsgesellschaft net méi zoutraue wéi se bidde kann. Mir däerfe se net verpassen, mee se awer och net iwwerschätzen. Déi nei Technologien, virun allem déi nei Informatiounstechnologie schaaffen Aarbechtsplazen a maachen de Wirtschaftswuestum méi nohalteg.

Mee si aleng kënnen eis Aarbechtsmaartproblemer net alleguer léisen. Eng aktiv Aarbechtsmaartpolitik bleiwt néideg besonnesch fir d’Chomeure mat niddreger Qualifikatioun. D’Informatiounstechnologie solle fir jiddferee sinn, mee mir däerfen déi net henke loosse fir déi si eng Mauer sinn iwwer déi se net oder nach net kommen. D’Informatiounsgesellschaft léisst eis méi räich un Informatioune ginn. Mee mir mussen oppassen datt se eis net méi aarm u Gefiller an un Erliewe mecht. Keng nach esou liicht zougänglech Informatioun huet d’Qualitéit vun engem rouege Gespréich ënner Mënschen. Ee Gedicht um Ecran huet manner Musék wéi ee Gedicht dat am Buch steet. Ee Liebesbréif kann ee per e-mail verschécken, mee e seet méi wann e mat der Hand geschriwwe gëtt.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Zu enger nohalteger Entwécklung gehéiere selbstverständlech nach aner Politiken wéi nëmmen déi, déi ronderëm d’Informatiounsgesellschaft dréinen. Un éischter Plaz gëllt et eis Infrastrukturen op Top-Niveau ze halen. Et gëtt keng performant Wirtschaft ouni leeschtungsstaark Infrastrukturen. Lëtzebuerg wëllt dofir och an deenen nächste Joren dat Land bleiwen dat an Europa deen héckste PIB-Undeel un ëffentlechen Investitiounen huet. Dat kann een dorunner erkennen datt “plus-valuen” vum Budgetsexercice 1999 zum Haaptdeel den ëffentlechen Investitiounsfongen - mat Approbatioun vum Parlament - zougefouert solle ginn.

Dat kann een och am Regirungsprogramm ënner de Stëchwierder ëffentlech Aarbechten an ëffentlech Bauten noliesen. Dat gëtt däitlech wann een d’Investissementer am Beräich vun der Kultur bedenkt: Neumünster, Pei-Musée, Rotonden, Concertssall um Kierchbierg a Rockhall op Belval sin nëmme Beispiller. Dat kann een un de geplangte Schoulneibaute gesinn. 4 bis 6 méi Lycéeë gi gebaut.

Mir schloen hire genauen Emplacement geschwë vir. Eng nohalteg Entwécklung vu Land a Wirtschaft verlaangt datt déi aktiv Landwirtschaftspolitik viru gefouert gëtt. De Plang fir déi ländlech Entwécklunge läit vir an e weist: eis Dierfer ginn net vergies. D’ “indemnité compensatoire” gëtt d’nächst Joer opgestockt. Eng nei Ackerbauschoul gëtt gebaut. Wann ee sech wëllt nohalteg entwéckele muss een och mat Nodrock fuerschen. D’Regirung huet sech virgeholl de Budget vun der Recherche an dëser Legislaturperiod op 0,3 Prozent vum PIB eropzesetzen. Si wäert aus deene 40 Rechercheprogrammer déi dem nationale Fuerschungsfong virgeluecht gi sin 3 besonnesch interessant Projeten erauswielen. Insgesamt leie fir iwwer 4 Milliarden Projete vir.

D’Fuerschung kënnt un d’Lafen. Am Ëmweltberäich brauch een d’Noutwendegkeet vun nohalteger Entwécklung net besonnesch ze begrënnen. Den CO2-Ofbauprogramm leeft, d’Strategie ass virun e puer Deeg virgestallt ginn. Deen nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung gëtt an enger Orientéierungsdebatt am Parlement diskutéiert, d’Ëffentlechkeet selwer an d’Virbereedung vun engem Gesetz iwwert den “développement durable” implizéiert.

De Regirungsrot befënnt am spéiden Hierscht iwwer een ofgeännerten Offallwirtschaftsplang. Virum Enn vum Joer gëtt d’Transpositioun vun der “Habitats”-Direktiv op den Instanzewee geschéckt. An der Infrastrukturpolitik spillt d’Transportwiesen eng erfiergehuewe Roll. Zesumme mat de Responsable vun der Haaptstad wäert d’Regirung d’Konklusiounen aus der geschwë fäerdeger BTB-Etude zéien. Ech well hei kloer soen datt d’Alternativ zum BTB net kann doranner bestoen datt de BTB net gebaut gëtt. Wa mer de BTB net wëllen a gläichzäiteg de Verkéiersinfarkt verhënnere wëllen da muss een neit Konzept op den Dësch. Géint de Wëlle vun der Stad Lëtzebuerg gëtt näischt decidéiert. Mee d’Stad muss de moment venu soe wat se wëllt - compte tenu vun hire Problemer an de Problemer vum Rescht vum Land. D’Stad ass vill mee d’Stad ass net d’Land.

Nëmmen am Mateneen an am Firenee komme mer vun der Plaz a bleiwen net am Stau stiechen. Demnächst gëtt de Gesetzesprojet iwwert déi grouss Eisebunnsinfrastrukture finaliséiert. Käschtepunkt 12 Milliarden. But: d’Sëcherheet vum Schinnenetz verbesseren, d’Trafic-Kapazitéite vergréisseren. Et gëtt nach eppes worëms mer eis nohalteg musse bekëmmeren: dat ass den Image vum Land no baussen. Mir sinn net nëmmen eng Finanzplaz. Dat si mer och, mee net nëmmen.

Mir sinn eng Finanzplaz déi eng breet Produktpalette opzeweisen huet: mir musse se no bausse weisen fir datt d’Impressioun verschwënnt eppes anescht wéi private-banking géif et hei net ginn. Mir sinn ee performanten Industrie-, Informatiouns- a Kommunikatiounsstanduert: datt d’SES déi gréisste Satellitebedreiwergesellschaft an Europa an déi drëttgréisst an der Welt, datt d’CLT-UFA dee gréisste Mediekonzern um Kontinent, d’ARBED ee vun de gréisste Playeren am Stolsekteur, d’Cargolux ee vun den erfollegräichste Fret-Transporteuren ass, alles dat an nach vill méi wësse mir. Mir musses et och deenen aneren zum Bewosstsäi bréngen. Dat kascht Suen an dat kascht Leit.

Mee et ass wichteg datt déi aner eis méi richteg gesinn. Lëtzebuerg ass ee Land ouni komplett Universitéit. Eng komplett Universitéit an alle Fächer wier kee Beitrag zur nohalteger Entwécklung. Eist Land entwéckelt sech ëmsou besser wéi d’Lëtzebuerger wa se jonk sinn d’Welt kenneléieren. Sou laang wéi an engem Lëtzebuerger Betrib d’Leit matenee schaffen déi an Däitschland, Frankräich, England, Amerika oder Schwäiz, der Belsch oder Eisterräich studéiert hu si mer besser wéi déi aner well mer méi international wéi si sinn. Am Zäitalter vun der Globaliséierung a vun der Internationaliséierung wier akademesch Betribsblannheet de falsche Wee.

Dat heescht net datt mer net am éischten Zyklus een zweet Joer do unhänke solle wou dat Sënn mécht. Dat heescht net datt mer den drëtten Zyklus net ausbaue solle fir méi Internationalitéit op eis Unisplaz ze bréngen: no dem DESS iwwert den kommunautäre Contentieux an dem DUT iwwert soziale Management heescht et elo, een drëtten Zyklus an de Beräicher Medien, Kommunikatioun, Entreprise-gestioun an Entrepreneursgeescht op d’Been ze stellen.

D’Viraarbechte heizou lafen op vollen Touren. Eischt Gespréicher hunn och iwwert d’Implantatioun vun engem drëtten Zyklus an der Statistik stattfond. Nei Institutiounen, sou wéi an der Regirungserklärung ugekënnegt, sollen de Wee op Lëtzebuerg fannen. Zwee konkret Projete solle Lëtzebuerg op eng méi visibel Art a Weis op d’akademisch Landkaart vun Europa setzen.

D’“European University Foundation” viséiert d’Kreatioun vun enger universitärer Fondatioun zu Lëtzebuerg déi d’Universitéiten aus 5 oder 6 europäesche Länner zesummefaasse soll. D’Studente vun dësen Unien mussen obligatoresch an e puer europäesche Länner studéieren. Am Hierscht 2000 soll eng europäesch Ministerkonferenz den Optakt zu dëser innovativer Kooperatiounsform ginn. De Projet Euro-Uni viséiert d’Ariichte vun enger virtueller Uni zu Lëtzebuerg. Den Asaz vu Spëtzentechnologien, notamment dem Satellit, soll de Studenten, besonnesch aus der Groussregioun, et erlaben komplett Uniszyklen iwwert Internet ze suivéieren. Ee Projet-pilote ass fir 2001 virgeplangt.

Den Ausbau vum drëtten Zyklus kann nëmmen dann een Erfolleg gi wann déi déi bei eis kommen, dat heescht Studenten aus ganz Europa, deen néidege Wunnraum zu Lëtzebuerg fannen. Dee musse mer bereet stelle kënnen. Dir Dammen an Dir Hären, Et kann een net iwwert eis wirtschaftlech Entwécklung an hir Konsistenz schwätzen ouni sech d’Evolutioun vun der Finanzplaz vu méi no unzekucken. D’Finanzplaz spillt an der lëtzebuerger Ekonomie eng zentral Roll. Mir sin net esou ofhängeg vun hir, wéi mer et fréier vun der Stolindustrie waren.

Mir sin net esou ofhängeg vun der Finanzplaz, wéi eenzelner vun hiren Akteuren an Animateure mengen. Mee mir si méi ofhängeg vun hir, wéi et gutt ass. Net ganz zu Onrecht gëtt et Stëmmen, déi virun engem neie Monolithismus warnen. Eng kleng Ekonomie verdréit keng Schwéiergewichter, déi alles ze erdrécken drohen. Et ass dofir och net d’Politik vun der lëtzebuerger Regirung d’Finanzplaz à tout prix an d’Onendlecht wuessen ze loossen. Mir hunn eng vun de gréisste Finanzplaze vun der Welt a mir wëlle se behalen.

Wa mer dat fäerdeg bréngen hu mer vill fäerdeg bruecht. Fir dës Finanzplaz ze behale mussen dräi Saache geschéien déi amgaang sin ze geschéien. Eis Finanzplaz muss, wa se sech wëllt behaapten, eng Plaz mat enger breeder Produktpalett sinn. Déi di mengen, eng Iwwerkonzentratioun op d’Privatkonnegeschäft wier den Alpha an Omega vun all Plazepolitik, iere sech fundamental. D’lëtzebuerger Politik sëtzt deem Iertum jiddefalls net op. Si schreiwt sech resolut an d’Logik vun der Konsolidéierung vun der Plaz duerch hir intelligent Diversifizéierung an. D’Gesetzer iwwert d’Pensiounsfongen, de Pfandbréif an deemnächst iwwert den elektroneschen Handel beleeën dat.

D’lëtzebuerger Finanzplaz muss ee Produkt-Leader sinn, dee méi imaginativ, méi séier a méi flexibel ass wéi seng Konkurrenten. Eis Finanzplaz, wa se sech wëllt behaapten, muss eng seriös a propper Finanzplaz sinn. Si ass dat och. Mee mir musse wëssen: lafend gëtt de Versuch ënnerholl, d’Finanzplaz als een Tummelbaséng vu Kriminellen a Wäisswäscher ze diskreditéieren. Mir mussen also op dem Plang vum Kampf géint d’Wirtschafts- an d’Finanzkriminalitéit irreprochabel sinn. Dofir hu mer 1998 d’Gesetz iwwert d’Wäisswäsche verschäerft a seng Uwendungszone op d’Beräicher organiséiert Kriminalitéit, Verstouss géint d’Waffegesetzgebung, Korruptioun a Proxenitismus ausgeweit.

Dofir hu mer 1999 een oplageschwéiert Gesetz iwwert d’Domiziliéierung vu Gesellschafte kritt, dat illegal a fraudulös Aktivitéiten am direkten Ëmfeld vum Finanzsekteur stoppe soll. Dofir huet d’Regirung ee Gesetzesprojet ugeholl deen d’Konventioun vum Europarot vu 1990 iwwert d’Wäisswäschen, d’Depistéieren an d’Konfiskéiere vun de Produkter vum Verbriechen approuvéiert. D’Iddee ass datt déi Kriminell kee wirtschaftlechen Notzen aus hiren illegalen Aktivitéiten zéie kënnen. Dofir hu mer wëlles per Gesetz de Banken d’Finanzéierung vu Waffegeschäfter z’ënnersoen. Anerer déi mam Fanger op eis weise sollen dat och maachen.

Dofir hätte mer gäer datt d’Chamber de Gesetzesprojet iwwert d’ “entraide pénale internationale” stëmmt dat eng méi séier Evakuatioun vun den internationale “commissions rogatoires” erlaabt. Hei sti mer an der Kritik a mir mussen aus däer Kritik Dofir wëlle mer den Zousazprotokoll iwwert d’ “escroquerie fiscale” vun der Europarot-Konventioun iwwert d’“entraide judiciaire pénale” ratifizéieren. Dofir wëlle mer Geriicht a Polizei personalméisseg opstocken, fir datt s’am Asaz géint d’Wirtschafts- an d’Finanzkriminalitéit méi efficace kënne ginn. Um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg kommen esou zum Beispiel zwee Untersuchungsriichter an eng Strofkummer bäi.

Dës an aner Initiative weisen: op eiser Finanzplaz sollen déi Kriminell keng Chance hunn. Eis Finanzplaz, wa se sech wëllt behaapten, muss d’Beméie vun der Regirung zu engem akzeptable Kompromiss a Saachen europäesch Steierharmoniséierung ze kommen aktiv ënnerstëtzen. No der Realiséierung vum Bannemaart an no dem Antrëtt an d’Währungsunioun stellt d’Steierfro sech an Europa ënnert verännerte Virzeechen. Dofir huet déi läscht lëtzebuergesch Regirung 1997 ënnert eegenem Virsëtz ee Steierpak an Europa duerchgesat un deem déi jëtzig Regirung festhält. Mir wäerten net zouloossen datt dee Steierpak ausernee gewéckelt an an zäitlech versate Stécker zerluegt gëtt.

Mir halen op eng iwwerpréifbar Ëmsetzung vum Verhalenskodex géint den onfaire Steierwettbewerb. Mir halen drop, datt bei der Kapitalertragsbesteierung d’Länner de Choix kréien tëscht engem Informatiounsaustausch an enger Quellesteier déi mir am léiwsten ënner Form vun enger Ofgeltungssteier géife gesinn. Dëse sougenannte Koexistenzmodell ass fir eis a fir anerer net vum Dësch. Den englesche Viirschlag, à terme d’Bankgeheimnis ofzeschaafen an aus dem Informatiounstausch den allgeménge Regime an Europa ginn ze loossen lene mer an der virgeschloener Form of. Mir hun 1997 de Koexistenzmodell proposéiert well mer dat sang- a klanglost Ofschaafe vum Bankgeheimnis net wollten.

Et gëtt keng Ursaach fir eis Meenung dräi Joer méi spéit fundamental ënnert engleschem Drock ze änneren. Et gëtt vill gutt Grënn géint d’Bankgeheimnis, dat ass wouer. Wann et nëmmen am Dingscht vun der Steierhannerzéiung a vu kriminelle Machenschafte besteet, schaft et sech vum selwen of. Mee et gëtt och gutt Grënn fir d’Bankgeheimnis bäizebehalen. Mir wëllen et aus gudde Grënn bäibehalen. Mir wëllen et esou laang bäibehale wéi eis Haaptkonkurrenten et och bäibehalen. Fir de Rescht plädéieren ech fir ee méi souveränen Ëmgank mat dëser Fro: mir sollten de Ruff nom Ofschaaffe vum Bankgeheimnis net all Kéier als national Beleidegung ëmfannen. Mir wëllen eng seriös Finanzplaz a mir wëllen ee raisonnabelt Bankgeheimnis. Mee d’Finanzplaz ass méi wéi hiert Bankgeheimnis. A Lëtzebuerg och.

Dir Dammen an dir Hären,

Eis Wirtschaft strotzt vu Kraaft a wiisst robust, eis Staatsfinanzen erfreeë sech enger exemplarescher Gesondheet, mir hunn eng niddreg Staatsschold a kee Budgetsdefizit. De Staat huet net Geld zevill mee Geld genuch, fir déi grouss Investissementer déi an d’Haus sti finanzéieren ze kënnen. Iwwert den Zoustand vu Wirtschaft a Finanze kënne mer frou sinn. Mir solle mat eis selwer zefridde sinn, mee eis net fir d’éischt iwwerschätzen an dann iwwerhuelen. E puer falsch Decisioune ginn duer fir alles op d’Spill ze setzen. Mee kënne mer iwwert de Gesamtzoustand vum Land grad esou zefridde si wéi iwwert dee vu Wirtschaft a Finanzen? Ech mengen net. An ech mengen och datt d’Politik méi ass wéi nëmme Wirtschaft a Finanzen.

Dat Sozialt ass grad esou wichteg. Ouni leeschtungsstaark Wirtschaft an ouni gesond Finanze geet näischt. Mee de Rescht geet net vun eleng. De Wirtschaftswuestum ass a senge Resultater neutral. Et ass d’Politik déi dës Resultater formen a gestalte muss. D’Politik, d’Politik vun der Regirung, vum Parlament, vun de Sozialpartner, vun den Interessegruppen, d’Politik ass zoustänneg fir dat wat ënnert dem Strëch vu Wirtschaft a Finanze fir d’Mënschen erauskënnt. Déi exklusiv Beschäftegung mat Wirtschaft a Finanzen ass eng verkierzte Politik-Opfaassung. Ee Land entwéckelt sech nëmmen da roueg a richteg wann et och sozial nohalteg wiisst. Sozial nohalteg wuessen, dat heescht sozial Defiziter déi et haut gëtt esou behiewen datt mar keng nei sozial oder finanziell Defiziter entstinn.

De Staat mécht seng Aufgab net wann e sozial inaktiv bleiwt. E mécht seng Aufgab falsch wann e sozial hyperaktiv gëtt. E mécht se richteg wann e mat Häerz a Verstand de Sozialkierper a Bewegung hällt, ouni en ze iwwerstrapazéieren. Den aktive Sozialstaat ass op Dauer, op Nohaltegkeet eben ausgeriet. Wann en haut grouss Leeschtunge vollbrénge kann déi e gutt packt well e kräfteg ass, mee déi e nëmmen hale ka wann e sech mar muss iwwerustrengen, da kënnt en op der laanger Distanz ausser Otem a geet iwwermar an d’Getten.

D’Sozialpolitik ass een Dauerlaf wou e seng Kräfte schoune muss. Kee Sprint, keen honnert Meter, wou et engem egal ka si wéi een no zwanzeg Kilometer géif ausgesinn. Well mer de Moment gutt a Form si kënne mer bal all Rentefuerderungen déi um Dësch leie mat generéiser Liichtegkeet erfëllen. Mir kënnten en Tempo viirleeën deen op den éischten honnert Meter fir frenetesch Stëmmung am Sozialstadion géif suergen. Mee wat sinn déi Blumme wäert, déi den Athlet no honnert Meter kritt huet, wann en nach zwanzeg Kilometer weiderlafe muss, wann en ëmmer méi midd an ëmmer méi lues gëtt, sech sëtze muss, d’Publikum heem geet an d’Blummen de Kapp hänke loossen? Wat huet den Athlet a wat huet d’Publikum dervu wann d’Blummen déi et op der sozialer Kuerzstreck gi sinn nëmme bis zu den nächste Walen halen? Näischt.

An dofir bleiwt et am Rentendossier bei deem wat an der Regirungserklärung steet: déi wierklech sozial Defiziter gi kuerzfristig behuewen, finanziell Defiziter gi laangfristeg keng gemaach. D’Renten an d’Pensioune ginn op den 1. Januar 2001 ajustéiert, breet punktuell Verbesserungen no Etude fir den 1. Januar 2002 virgeholl. A wa mer dann am nächste Joer de Rentendossier nach eng Kéier an erëm eng Kéier uginn, da wier et gutt, wa mer dat matt grousser Responsabilitéit an ouni stupid Demagogie genge maachen. Et deet der Politik an der Atmosphär am Land net gutt wann den Androck sech verfestegt mir hätten nëmmen ee grousse Problem: d’Renten. D’Rente werfe Problemer op, mee si sinn net de Problem. De Rentesträit geet queesch duerch d’Gesellschaft, d’Gewerkschaften, déi sozio-professionnell Gruppen.

Et gëtt hei am Land esouvill Rentespezialiste wéi et Leit gëtt. Et gëtt der besonnesch vill an de politesche Parteien, an däer enger méi wéi an der anerer, mee jiddfereen huet der genuch. Mee a praktesch kenger Partei gëtt et zu de Renten eng eestëmmeg Opfaassung. Loosst mer dach éierlech sinn: mir maachen dach nëmmen esou wéi wann an der Rentefro all Mënsch an der CSV op der CSV-Linn, all Mënsch an der LSAP op der LSAP-Linn, all Mënsch an der DP op der DP-Linn, all Gréngen op der Grénge-Linn an all Wieler vum ADR op der ADR-Linn géif leien. Mir wëssen dach datt dat net esou ass. Mee mir streide viru wéi wann dat esou wier. Heiandsdo mengt een de Rentesträit wier méi wichteg wéi d’Äntwert op d’Rentefro.

Mir kënnen esou viru fueren. Mee ech mengen, mir sollten dat net maachen. Ech proposéieren, datt d’Parteie sech ëm ee grousse Rentendësch solle setzen an ee parteieniwwergräifende Rentekonsens siche sollen. Mir sinn als Parteien der Zukunft verflicht a mir mussen dat doduerch beweisen datt mer elo zuenee fanne fir herno net auserneen ze lafen - zum Schlechte vum Land a senge Leit. Déi Gespréicher déi mer solle matenee féieren, déi Analysen déi mer sollen zesumme maachen, déi Léisungen déi mer solle gemeinsam entwerfe musse sech och op Froe bezéien déi an dem direkten Zesummenhank mat de Renten an hirer laangfristeger Finanzéierung stinn, och wann dat op den éischte Bléck net esou ausgesäit.

Eng Fro déi mer mussen ugoen, ass déi vum Zesummenhank tëscht der Rentefinanzéierung an dem “taux d’emploi”, der Beschäftegungsquote. Mir schafe Joer fir Joer vill Aarbechtsplazen. Mee mer hun am eegene Land net Aarbechtskräfte genuch, fir déi geschafen Aarbechtsplazen ze besetzen. Dofir musse mer ëmmer méi Grenzgänger an eiser Ekonomie beschäftegen. Si hunn 1998 33 Prozent an 1999 34,3 Prozent vun eisem Emploi duergestallt. Datt mer iwwer 81.000 Grenzgänger eng Aarbecht bidden, dat ass gutt fir den Aarbechtsmaart an der Groussregioun déi mer jo aktiv wëllen a vun däer mer och profitéieren. Datt awer déi reng national Beschäftegungsquote, dat heescht d’Beschäftegung vun de Landesawunner am aarbechtsfähegen Alter, niddreg ass, dat ass op d’Dauer net gutt fir d’Stabilitéit vun eisem Renteregime.

D’Frontaliere kotiséieren an eis Pensiounskeesen, mee een ëmmer méi groussen Deel vun eise Rente muss an d’Ausland iwwerwise ginn. Si ginn och do, net hei konsomméiert. Dat gëtt een zolitte Problem. Et ass dofir och net verwonnerlech, datt den Europäesche Ministerrot, d’Europäesch Kommissioun an anerer ëmmer erëm eis Opmierksamkeet op dëse Risiko lenken an eis opfuerderen, déi national Beschäftegungsquote unzehiewen an, wéi se soen, déi “incontournabel” Reformen am Pensiouns- a Rentewiese virzehuelen déi souwisou duerch d’Alterung vun der Bevölkerung noutwendig ginn. Eis national Beschäftegungsquote ass mam Bléck op d’Zukunft ze niddreg. Si ass zwar erfreelecherweis vu 60,1 Prozent am Joer 1998 op 61,6 Prozent am Joer 1999 eropgaang, mee si bleiwt ze niddreg. Si ass besonnesch niddreg bei de Männer iwwer fofzeg Joer, déi haut wiesentlech éischter pensionnéiert gi wéi dat fréier de Fall war a soss doruechter de Fall ass. Vereinfacht ausgedréckt: d’Männer déi ëmmer méi al ginn, ginn ëmmer éischter pensionnéiert. Dat musse mer änneren. Dat musse mer änneren, awer mat Fangerspëtzegefill. Et geet net drëm, krank an invalid Aarbechter a Beamten op d’Aarbecht ze forcéieren.

Dat bréngt hinnen näischt, de Betriber näischt, dem Land näischt. Et geet hei drëm, Moossnamen z’ergräife fir datt Männer déi nach schaffe kënnten och nach schaffe ginn. An eiser Gesellschaft grasséiert eng Mentalitéit déi carrément pervers ass. Mir ginn deene keng Chance méi déi net jonk an net méi honnertprozenteg gesond sinn, déi méi lues gi sinn a sech net esou séier de Verännerungen am Betrib ugepasst kréien. Et ass een Hohn datt mer Leid vun 52-53 Joer zum alen Eise geheien esou wéi wa se näischt méi kënnten an näischt méi wäert wieren.

Et ass ee Skandal datt vill Betriber Leit iwwer fofzeg Joer regelrecht erausdrécken, s’an d’Invaliderente forcéiere fir se kënnen duerch frësch a méi bëlleg Aarbechtskräften z’ersetzen. Dëse Skandal féiert zu engem anere Skandal: d’Zuel vun deenen déi mat 52-53 Joer alles maache fir kënne mat schaffen opzehale wiisst bestänneg. Dat kann een heiandsdo novollzéie well d’Betribsliewe geet séier an d’Konditioune sinn dacks Leit déi net méi honnertprozenteg fonktionnéieren net zouzemudden. Trotzdem gëtt een den Androck net lass wéi wa mer et hei mat engem Mentalitéitswandel ze dinn hätten dee vum Béisen ass: de Respekt virun deem deen net méi alles gutt a séier kann geet fleeten a mat him vergeet de Selbstrespekt vun deem deen awer nach vill kann an net méi gelooss gëtt.

Mir sinn um Wee an eng gefillskal Gesellschaft, an eng Gesellschaft wou nach just de Profit an déi honnertprozenteg Leeschtung zielen, deen eenzelne Mënsch awer näischt méi. Dëse Marsch an d’Rücksichtslosegkeet musse mer stoppen. Wéinst de Mënschen ëm déi et geet. Wéinst de Renteproblemer déi dës kuerzsiichteg Verrohung vun de soziale Sitte mat sech bréngt. Dofir musse mer d’Invalidegesetzgebung esou änneren datt dee Kranke kann an d’Pensioun, dee Gesonde ka schaffe goen an deen net méi esou voll Leeschtungsfähegen anescht ka schaffen. Dofir musse mer eis Ustrengungen am Beräich vun der liewenslänglecher Weiderbildung esou ausbauen, datt d’Leit méi laang employabel bleiwen. Vun däer neier Ekonomie gëtt vill geschwat. Vum neien Aarbechtsmaart schwätzt keen.

Op deem neien Aarbechtsmaart si Leit ënnerwee déi léiere musse sech ëmzestellen. D’Zäite wou een an deem Betrib pensionnéiert gëtt wou ee mat schaffen ugefaang huet ginn op een Enn. Op dësem Wee an deen neien Aarbechtsmaart däerfe mer d’Leit net eléng loossen. Déi national Beschäftegungsquote ass net nëmme bei de Männer iwwer 50 Joer ze niddreg. Och déi national Beschäftegungsquote vun de Fraen am aarbechtsfähegen Alter ass net héich genuch. Si huet 1999 48,7 Prozent bedroen a war domat eng vun deenen niddregsten an Europa. Mee och si ass erfreelecherweis staark ugeklomm well si war nach 1996 5,1 Prozent manner héich. D’Steierpolitik, déi aktiv Fraepolitik, besser Infrastrukturen an eng geännert Mentalitéit bei ville Patronen hunn dëst bewierkt. Dës Entwécklung muss virugoe well d’Zukunft vun eise Rentesystemer ass ëmsou méi gesëchert wéi d’Zuel vun deenen déi hei zu Lëtzebuerg kotiséieren an no hirer Pensioun hei zu Lëtzebuerg konsomméieren héich ass.

Op dësem Punkt muss ee mat falschen Andréck opraumen. Et ass net d’Aufgab an och net d’Absicht vun der Politik, d’Fraen an d’Mamme mat aller Gewalt an eis Betriber ze schécken. D’Fraen déi net dobaussen an der Wirtschaft mee doheem schaffen, leeschten och ee Beitrag fir d’Allgemengheet. D’Aarbecht doheem ass keng Fräizäitbeschäftegung, dofir heescht se jo och Hausaarbecht. Misste mer se bezuelen, da wire mer schlecht drun. Et ass onbezuelten Aarbecht, mee si ass dofir net manner wäert wéi déi bezuelten. D’Fro, ob an engem Stod déi zwee Partner allen zwee dobaussen an der Ekonomie schaffen oder ob een doheem schafft ass eng Fro aus däer de Staat sech soll eraushalen. De Stod net de Staat soll decidéieren. Mee dat heescht awer net, datt de Staat sech total Abstinenz kënnt operleeën.

E muss d’Realitéite kucke wéi se sinn. Et gëtt Stéid an deenen deen ee Partner wëllt doheem bleiwe well e mengt, nëmmen esou senger Erzéiungsaarbecht optimal kënnen no ze kommen: dës Attitude verlaangt kee laange Kommentar mee einfach Respekt. Et gëtt Stéid do ass déi eng Pei esou gutt datt eng zweet Pei net gebraucht gëtt: déi Stéid ginn eens, si brauchen de Staat net vill. Et gëtt Stéid do ass déi eng Pei esou niddreg datt eng zweet Pei gebraucht gëtt: däer Stéid gëtt et vill an hei muss de Staat aktiv ginn. Et gëtt Stéid do wëllt ee Partner seng berufflech Carrière ënnerbriechen fir bei de Kanner ze sinn an no enger Rei vu Jore seng Aarbecht erëm ophuelen: däer Stéid gëtt et ëmmer méi an hei muss de Staat säint derzou bäidroe fir datt esou eng differenzéiert Liewensgestaltung méiglech gëtt. An da gëtt et ëmmer méi Fraen déi selbststännesch wëlle sinn, déi net wëllen a materieller Ofhängegkeet liewen, déi op hir Autonomie am Beruffsliewen an duerno halen. Dës Optioun, déi sech am Liewen dacks als déi richtig erweist, zwéngt de Staat zu begleedendem Handeln. Dës Liewensweisen déi de Staat net steiere kann an och net steiere soll, maache villfälteg staatlech Aktiounen noutwendeg. Ech gräifen eng eraus déi mer ugefaang hunn, déi mer awer nach méi konsequent musse viruféieren. Famillje mat Kanner wou déi zwee Partner dobausse schaffen hunn dacks den objektive Problem datt se hiert Familljen- a Beruffsliewe schlecht matenee verbonne kréien.

D’Schoulrythmen an d’Beruffsrythmen huele meeschtens keng Rücksicht openeen. Net nëmmen dowéinst mee och dowéinst huet d’Edukatiounsministesch eng Reflexioun iwwert d’Schoulrythmen ugefaang, eng Initiative ugekënnegt an eng Debatte an der Gesellschaft ausgeléist. An dëser Erklärung ass net Plaz genuch fir dës Debatte am Detail ze féieren. D’Edukatiounsministesch huet et gesot: et geet net nëmmen ëm dee fräie Samschdeg. Et geet drëm, d’Schoulrythmen esou z’organiséieren datt se der grousser Majoritéit vun den Elteren entgéint kommen. Et geet och ëm d’Schoulzäit iwwert d’Woch an ëm d’Schoulzäit iwwert d’Joer, dat heescht ëm d’Vakanzenuerdnung. Et geet - an dat geet an der Debatte e bësse verluer - ëm d’Contenuen an d’Qualitéit vum Enseignement: dofir ginn d’Methode vum Liesen- a Schreiweléieren an der Primärschoul iwwerpréift, d’Inhalter an d’Infrastrukture vum “régime préparatoire” der Heterogenitéit vun de Schüler ugepasst, déi administrativ a kommerziell Branche vum “secondaire technique” reforméiert, d’Beruffsausbildung iwwerholl a lafend ugepasst an eng Reform vum ieweschten Zyklus vum “secondaire” an d’Wee geleet. Bei de Schoulrythmen a beim fräie Samschdeg ass awer virun allem eent wichteg: d’Kanner. Mir däerfen d’Gesellschaft net ouni an net géint d’Kanner organiséieren. Mir musse se fir d’Kanner organiséieren. Esou muss et kloer sinn datt d’Schoulrythmen de Familljen an de Kanner et mussen erlaben - wann d’Distanzen dat zouloossen - d’Mëttesstonn zesummen ze verbréngen. D’Schoul däerf sech net tëscht d’Generatioune stellen, net do zu manner Matenee féiere wou d’Famille méi Matenee wëllen. Fir de beruffstätege Famille mat Kanner d’Kombinatioun vum Beruffs- a Familljeliewen z’erméigleche musse mer eis druginn d’Opfankstrukture fir d’Kanner auszebauen wa se net an der Famill kënne sinn.

“D’Opfankstrukturen” ass ee schrecklecht Wuert. D’Kanner sollen net opgefaang ginn. Mir mussen hinne Plazen a Reim schafe wou se liewen an aktiv kënne sinn. D’ “Education nationale” bleiwt eleng zoustänneg fir d’Kantinnen an de Sekondärsschoulen, d’Familljeministesch gëtt eleng zoustänneg fir den “accueil” vun de Kanner ënner dräizéng Joer. Fir déi 28.500 Kanner vun 0-4 Joer stinn haut 3.700 Plazen zur Verfügung. Dat entsprëcht engem Taux vun dräizéng Prozent. Opgrond vun de Waardelëschten a vun eenzelne Verännerungen déi komme gi mer vun engem reschtleche Besoin vun 1.100 Plazen aus. Si mussen an den nächste fënnef Joer geschafe ginn an den Taux wäert da siwwenzéng Prozent bedroen. Dräi Objektiver leeden d’Regirung bei hirem Beméie fir genuch Plaze fir d’Kanner vun 0-4 Joer zur Verfügung ze stellen. Déi bestehend Offer musse mer fir d’alleréischt emol konsolidéieren. Ëmmer méi Gestionäre froen d’Reprise vun hire Crèchen duerch de Staat. Dat muss ee sech gutt iwwerleeën.

Wann een et mecht wier et am sënnvollsten een ëffentleche Betrib oder een esou privatwirtschaftlech wéi méiglech organiséierten “établissement public” mat der Gestioun vun de Crèchen ze beoptragen. Fir akommesschwaache Famillje Plaze kënnen unzebidde proposéiere mer 1/5 vun de Plazen déi an de kommerzielle Crèche bestinn staatlechersäits ze lounen an dëse Famillje weider ze verlounen. Käschtepunkt fir de Staat: 25 Milliounen d’Joer. Ouni d’Mathëllef vun de Gemenge gi mer net eens. Si mussen d’Infrastrukture schafenstspacerun: a bezuelen. De Staat bedeelegt sech un de Funktionnementskäschten. D’Fro op d’Gemengen net mussen obligéiert gi fir Crèchen unzebidde stellt sech. D’Modalitéiten dovu mussen a Rouh beschwat ginn. 1.100 Plaze méi ubidden, dat heescht Investitioune vun 1,1 Milliarden an heescht d’Schafung vun 270 Aarbechtsplazen. Fir d’Kanner tëscht 4 an 13 Joer brauche mer Plaze wou se ausserhalb vun de Schoulstonne liewen a spille kënnen. Fir 3.113 vun de 40.500 Kanner aus däer Altersklass si Plazen do. Dat entsprëcht engem Verhältnis vun 8 Prozent. Geännert Schoulrythme reduzéieren d’Besoinen fir déi Famille wou ee Partner deelzäitbeschäftegt ass. Eis Sondagen an Iwwerleunge féieren awer zum Resultat datt mer nach dräi- bis fënnefdausend Plaze méi brauchen. Och hei hu mer zwee Zieler.

Den Accueil vun de Kanner ausserhalb vun de Schoulzäite gëtt an Zukunft eleng vum Familljeministär en charge geholl. De Kanner hiren Accueil ass net gratis a gëtt der Akommessituatioun vun den Elteren ugepasst. Wann d’Eltere gutt an anstänneg Peien hunn, musse se fir de ganze Käschtepunkt opkommen. Dat ass normal esou. Och fir den Accueil vun de schoulflichtege Kanner brauchen mer eis Gemengen. Hei ass net dru geduecht d’Gemengen eventuell zum Matmaachen z’obligéieren. Et schwieft eis éischter vir d’Gemengen zum Matmaachen z’inzitéieren. Mir wëllen déi Infrastrukturen déi se stellen zu fofzeg Prozent subsidiéieren, woubäi ee maximale Subsid vu 400.000 Frang pro Plaz ausbezuelt géif ginn. Maximale Käschtepunkt fir de Staat: Milliarde Frang. Iwwert de Partage vum Finanzement vun de Funktiounskäschte muss geschwat ginn: wann de Staat fofzeg Prozent dervu géif iwwerhuelen da géing dat sech mat enger halwer Milliard am Staatsbudget néierschloen. Wa 5.000 Plaze kréiert ginn entstinn 770 nei Aarbechtsplazen. Am Résumé: dës Politik fir Kanner ënner 13 Joer kascht, mee si bréngt och. Si bréngt méi Rouh an d’Famill. Si bréngt eng Steigerung vun der nationaler Beschäftegungsquote. A si bréngt 1.040 nei Aarbechtsplazen, dovun der vill am sozio-edukative Beräich.

Dir Dammen an dir Hären,

Mir hunn elo vill iwwer Plaze fir Kanner geschwat. Dofir mecht et vläicht Sënn op dëser Plaz ee Wuert iwwert d’Wunnen an de Wunnengsbau ze verléieren. Och hei ass schliesslech eng nohalteg Entwécklung gefrot well Wunnen ass ee Recht vun all Mënsch. Eis Populatioun wiist an der Moyenne 1,34 Prozent d’Joer. Dat steigert selbstverständlech d’Demande no neie Wunnengen. A mir kommen der Demande zur Zäit net méi no. D’Regirung wëllt dofir hir Efforten am Beräich vum Wunnengsbau bäibehalen a verstäerken. Eleng am Joer 2000 gräift de Wunnengsbauminister de Leit déi bauen, kafen oder hir Wunneng verbessere mat 2,3 Milliarden Frang ënner d’Ärm. Den subventionnable Montant gëtt wat Zënssubventioun ubelaangt vu 4 op 5 a wat Zënsbonifikatioun ubelaangt vu 5 op 6 Milliounen ugehuewen. De 7. Wunnengsbauprogramm gëtt kuerzfristig kompletéiert a wäert wann en ofleeft 213 Projeten ëmfaasst a 5.243 Wunnengen zur Folleg gehat hunn.

D’Subventiounstaue fir den Ukaf vun engem Haus ginn op den Niveau vun den Taue beim Bau vun enger Wunneng ugehuewen. An deenen nächste Woche wäert d’Regirung sech intensiv mat dem Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot zum Wunnengsbau beschäftegen an déi deementspriechend Konklusiounen zéien. Och an den Industriebrochen am Süde wëlle mer Wunnraum schafen. Mir wëllen d’Rekonversioun vun den Industriebrochen, déi eng eemoleg Chance bidden, fir am Süde vum Land der nohalteger Landesplanung ee Push ze ginn, ganzheetlech ugoen. Wa mer d’Industriebroche miwwléieren, da sollen op hinne Plaze fir Betriber, ëffentlech Verwaltungen, privat Dingschtleeschtungen, Wunnengen, Fräizäit a Kultur entstoen a gläichzäiteg d’Ëmwelt an d’Liewensqualitéit berücksichtegt ginn.

Op d’Industriebroche kommen net wéi fréier emol geplangt nëmmen eng Rockhal a Betriber. Déi och, mee déi aner genannte Funktioune mussen och kënnen adäquat bedingt ginn. Wéi mer de Gesamtkonzept ausriichte wäerten a wat wéini wouhinner kënnt, dat kënnen a wëlle mer haut nach net soen. D’Viraarbechte lafen ënner der Regie vum Innenminister, an dee wäert och doriwwer regelméisseg mat dem regionale Gemengesyndikat a mat de Gemenge schwätzen. De Gemengesyndikat wäert d’Ausschaffen an d’Ëmsetze vum regionalen Entwécklungsplang zu senger Saach maachen. De Staat an d’Arbed grënnen zu gläichen Deeler eng Entwécklungsgesellschaft déi d’Viabiliséierung an den Developpement vun den Industriebrochen an d’Hand hellt. Am Iwwerwaachungsrot vun däer Entwécklungsgesellschaft maachen d’Gemenge mat, am Verwaltungsrot setzen de Staat - dee bezillt - an d’Arbed aleng.

Dëse Verwaltungsrot schafft enk mat de Gestiounscomitéen zesummen déi op all Site gegrënnt ginn a wou d’Gemenge mat berodender Stëmm derbäi sinn, mat berodender Stëmm well se jo hir Autonomie a Fräiheet musse behale wann et ëm d’Autorisatioun vun den Amenagementspläng an de Baugenehmigunge geet. D’Industriebroche ginn am Dialog mat de Gemengen hirer neier Bestëmmung zougefouert. D’Chamber kritt wann dësen Dialog zu Resultater gefouert huet ee komplette Rapport virgeluegt. Well mer bei der Landesplanung sinn: de Spidolsplang muss de landesplanereschen Imperative selbstverständlech och Rechnung droen. De sture Lokalpatriotismus an de blannen “Jiddferee fir sech” féieren eis an d’Sakgaass. An ier mer d’Landesplanung verloossen ee Wuert fir dem Innenminister meng Unerkennung ze soe fir déi roueg Art a Weis wéi en d’Fusioun vu Polizei a Gendarmerie ëmsetzt. D’Sëcherheet kënnt net laanscht de landesplanereschen Usaz, si gëtt verbessert duerch verstäerkte Rekrumenter bei der Polizei an duerch d’Perfektioun vun dëser hirem Equipement. Här President, Dir Dammen an dir Hären, Ech war eigentlech bei der Beschreiwung vun der nohalteger sozialer Entwécklung an ech war do nach net fäerdeg. Mir stieche matzen an enger Tripartitesronn iwwert d’Beschäftegungspolitik.

Mir sinn do zur Konklusioun komm datt de Beschäftigungsplang vun 1998 grosso modo zügeg ëmgesat ginn ass an datt en éischt Resultater bruecht huet. D’PAN-Gesetz vum Februar 1999, dat insgesamt 26 Gesetzer ofgeännert huet, ass wéinst sengem breeden Usproch net ëmmer gutt verstane ginn, et fënnt awer vill Zousproch. Dat Gesetz huet a Saachen Aarbechtszäitorganisatioun de Sozialpartner nei a wichteg Kompetenze ginn an der Regirung se ewech geholl. D’Sozialpartner hu grouss Schwieregkeeten hiren neie Kompetenze gerecht ze gi well se sech an der Fro vun der Applikatioun vun den neie gesetzleche Bestëmmungen iwwert d’Referenzperiod net verstännege kënnen. Well se sech heiranner net ze verstännege wësse komme se net derzou déi aktiv Aarbechtsbeschafungsmoosnahmen ze diskutéieren däer hir kollektivvertraglech Behandlung d’Gesetz hinnen zur Oplo mecht. Mir hunn et am Abrëll 1998, am Februar 1999 an am August 1999 gesot: d’Regirung dréit d’Verantwortung fir den Aarbechtsmaart net eleng.

D’Sozialpartner hun hiren Deel vu Verantwortung op hire Wonsch hin duerch d’Gesetz vun 1999 vergréissert kritt. Si musse se elo och droen. D’Regirung ka sech net an hir Plaz setzen, probéiert awer am Moment a Gespréicher tëschent dem Aarbechtsminister an de Sozialpartner Weër zu enger besserer Verstännegung ze weisen. Mir hoffe bis de 15. Juni eng Eenegung ze hunn. A mir hoffen datt d’Sozialklima sech dann erëm verbessert an de Sozialdialog erëm Fliléke kritt. Ouni gutt funktionéierende Sozialdialog, ouni dynamesch Vertragspolitik, ouni Ofmaachung allgemenger a spezifisch beschäftegungspolitescher Natur gi mer als klengt Land e schwéiere Wee. De Broch vum Sozialdialog oder och nëmme seng qualitativ Korrektur no ënne féieren zu Konfrontatioune bei deene keen eppes ze gewannen huet. Dofir wëllt d’Regirung sech zum Maschinist vum Sozialdialog maachen ouni hir Nues awer ze déif an d’Tarifautonomie ze stiechen. Mee d’Regirung kann den tarifpolitesche Vehikel esou vill uelege wéi se wëllt: fueren a Gas gi mussen d’Sozialpartner. Wa se net fueren a Gas ginn, da muss d’Politik d’Steier iwwerhuelen. Dobäi kënnt munchereen iwwerrullt ginn dee besser hätt d’Gäng selwer anzegeheien.

Mir brauche keen neit Beschäftegungsgesetz. Wat gebraucht gëtt ass en Ëmdenken: Flexibilitéit muss sinn, mee Flexibilitéit muss justifizéierbar an zoumutbar bleiwen. Flexibilitéit muss sinn, mee si muss sech vum Verdacht fräi halen, hir Zielsetzungen ze denaturéieren. Si ass net do fir ënnert dem Virwand vun der Globaliséierung an dem Konkurrenzdrock Rechter opzehiewen. Si ass do fir compte tenu vun der Globaliséierung an dem verschäerftene Konkurrenzdrock Aarbechtsplaze secher, Betriber méi profitabel an d’Chomeure zu Salariéen ze maachen. Déi Beschäftegt sinn net d’Géigner vum Patron, mee seng Mataarbechter. De Patron ass net ee rücksichtslose Sklavendreiwer, mee een dee säi Betrib a seng Leit viru brénge wëllt. Wann déi eng an déi aner sech esou verhalen a sech géigesäiteg och esou gesinn da komme mer virun. Wann net bleiwe mer stoen a mir gi vun deenen iwwerholl déi d’Kraaft zum soziale Konsens hunn - an däer gëtt et ëmmer méi.

D’Tripartite ass a bleiwt déi lëtzebuerger Konsensfabrik. Si gëtt net zougemaach, si ass och net faillite, mee si brauch Filialen an der Kollektivvertragslandschaft déi net probéieren d’Aarbecht anescht ze maachen wéi un der Konzernspëtzt ofgemaach. An un der Konzernspëtzt war - am Respekt vun der Matbestëmmung - och eng kontinuierlech Lounpolitik ofgemaach gin. D’Lounmoderatioun, déi och vun allen europäesche Regirungen an de grousse wirtschaftlechen Orientéierunge fir d’nächst d’Joer ugemahnt gëtt, heescht net Lounstop.

Lounmoderatioun wëllt soen datt d’Léin am Rythmus vun de Produktivitéitsgewënner wuessen. Näischt méi an näischt manner. D’Politik huet déi sou verstanen an esou applizéiert Lounmoderatioun duerch eng gezielte Mannerbesteierung vun der Aarbecht, besonnesch vun der onqualifizéierter Aarbecht, ofgestäipt. Si wëllt dat och bei der ustehender Steierreform nach eng Kéier maachen. Awer nëmme wann d’Lounpolitik gesamtwirtschaftlech a sektoriell responsabel bleiwt. Dat zielt souwuel fir de Privatsekteur wéi och fir den ëffentleche Sekteur wou mer d’Lounverhandlunge bis de Summer wëllen ofgeschloss hunn. D’Akommes vun deenen déi schaffe soll wuessen.

Dofir gëtt de Mindestloun den 1. Januar 2000 der duerchschnëttlecher Lounentwécklung vun de Joren 1998 an 1999 ugepasst. Déi di manner verdingen oder manner Chance am Liewen hu sollen net nokucke musse wann d’Dividende vun der Croissance verdeelt ginn. Dofir ginn och d’nächst Joer 50 weider handikapéiert Mataarbechter beim Staat agestallt.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ouni Wirtschaftswuestum an ouni Wuelstand ass et onméiglech, d’Zoustänn ze änneren an d’Gesellschaft méi gerecht ze maachen. Mee d’Virstellung, d’Croissance an de Wuelstand géifen d’Gerechtegkeet obligatoresch no sech zéien, géife se praktesch automatesch imposéieren, ass eng naiv Virstellung. Gerechtegkeet ass Meesselaarbecht vu politesche Skulpteuren déi gutt gesinn. Datt d’Croissance Ongerechtegkeete bestoe léisst gesi mer dorun, datt an den industrialiséierte Länner 35 Millioune Mënschen all Dag Honger leiden. Eleng an den USA - dat Land dat zanter zéng Joer wirtschaftlech kräfteg boomt - kann eng vun zéng Familljen hire Liewensënnerhalt net eleng bestreiden. Amerika laacht de Finanzmäert, et laacht deenen Aarmen net.

Amerika ass fir eis kee Beispiel op der ganzer Linn. Dofir musse mer och am Zäitalter vun der Globaliséierung a vun de séiere Gewënner un eisem solidaresche Sozialmodell festhalen. Mee och hei zu Lëtzebuerg gëtt et aarm Leit. Mir wëssen dat, hun eis ëm si bekëmmert a bekëmmeren eis virun ëm si. An engem Moment wou déi europäesch Wirtschaft aus dem Lach erauskënnt an déi lëtzebuergesch staark wiisst, wou d’Aarbechtslosegkeet fällt an d’Kafkraaft sech no uewen entwéckelt ass et gutt datt de Wirtschafts- a Sozialrot eis drun erënnert huet datt et zu Lëtzebuerg Männer, Fraen a Kanner gëtt déi de Wuelstand nëmmen aus der Zeitung an de Fernsehnoorichte kennen - wa se iwwerhaapt eng Televisioun hunn an d’Zeitung liesen. Zu Recht leet de Wirtschafts- a Sozialrot de Fanger op eng lëtzebuergesch Wonn: am räiche Lëtzebuerg gëtt et aarm Leit.

Dat as à terme, besonnesch wann d’Aarmut sech nach géif ausweiden, eng eeschtzehuelend Menace fir d’Sozialkohäsioun an domat fir eis nohalteg Sozialentwécklung. Mir fannen awer datt de Wirtschafts- a Sozialrot d’Bild vun der Aarmut zu Lëtzebuerg ze staark zeechent. Déi Aarm zu Lëtzebuerg sinn net esou aarm wéi déi Aarm an der Belsch, Frankräich oder a Portugal. Alles ass relativ, an de Wirtschafts- a Sozialrot léisst d’Relativitéit vun der Situatioun net genuch a seng Analyse mat afléissen. De CEPS, een international unerkanntent lëtzebuergescht Institut a Saachen Aarmuttsfuerschung, stellt am Zesummenhank mat der Akommesentwécklung tëscht 1985 an 1997, virun der Reform vun der RMG-Gesetzgebung also, fest: “L’inégalité ne s’est pas renforcée”.

De Wirtschafts- a Sozialrot zitt aus dem selwechten analytesche Stoff eng konträr Konklusioun. A mir mengen net datt se integral richteg wier. Wéi deem och maach sinn: de Wirtschafts- a Sozialrot, dat heescht d’Patronatsorganisatiounen an d’Gewerkschaften, interpelléieren eis zu Recht zum Thema Aarmut a mir huelen dat Thema och konsequent op de Métier. Awer mir soen: net nëmmen d’Politik muss sech ugesprach spieren. D’Gewerkschaften och: si mussen d’Bekämpfung vun der Aarmut als prioritärt Ziel begräifen a si obligéiere sech duerch den Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot, an de Kollektivvertragsverhandlungen zousätzlech Beschäftegungsméiglechkeete fir defavoriséiert Matbierger ze schafen, fir hinnen esou eng Reinsertiounspiste an d’Aarbechtsgesellschaft opzemaachen. Och d’Patronen huele sech duerch den Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot selwer an d’Flicht: esou wéi d’Gewerkschaften obligéiere si sech duerch dësen Avis an de Kollektivverträg, esou wéi d’PAN-Gesetz vun 1999 et iwwregens virgesäit, Stageplazen a grousser Zuel fir déi vum Liewe Benodeelegt fräi ze maachen. Si obligéiere sech duerch hiren Avis derzou, eng Hand bei der Bekämpfung vun der Aarmut mat unzeleeën. Déi Virstellung, déi am Avis vum CES durchdréngt, wéi wann de Problem vun der Aarmut a vu senger Léisung bei der Regirung kënnt ofgeliwwert ginn, ass falsch.

Grad wéi an der Beschäftegungspolitik si Patronat a Gewerkschaften och hei gefuerdert. Dir Dammen an dir Häre vun de Gewerkschaften: denkt un déi Aarm wann der äer Fuerderunge formuléiert. D’Sechst Congés-Woch an Aarbechtszäitverkierzung hëllefen hinnen net. D’Unhiewe vun de Steigerungssäz bei de Renten och net.

Dir Dammen an dir Häre vum Patronat: denkt un déi Aarm an Ausgeschlosse wann der astellt a Kollektivverträg verhandelt. D’Fuerderung no méi Flexibilitéit bréngt hinnen näischt. D’Politik muss handelen, jo. Awer net aleng. Si wäert och handelen. D’Gesetz iwwert d’Iwwerschëldung soll - amendéiert oder net - séier gestëmmt ginn. Et läit scho jorelaang hei am Haus. D’RMG-Gesetzgebung soll lafend iwwerpréift ginn. Mir stellen eis der Aarmutsdebatt. Mee si betrëfft eis net aleng.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Wou dat Sozialt ufänkt a wou et ophällt, dat weess een net genau. Ech weess just: de Problem vun de Flüchtlingen an d’Äntwerten op dëse Problem hu Sozialkonsequenzen. Si hu Sozialkonsequenzen am ethymologesche Sënn vum Wuert well se d’Form vun eisem Zesummeliewe beréieren. D’Zuele si bekannt. Mir hunn absolut a relativ vill Flüchtlinge bei eis opgeholl. Dat war richteg esou: wa matten an Europa Mënschen aus ethneschen oder anere Grënn verfollegt ginn an hires Liewes net méi sëcher sinn, da musse mer eis Dire fir si opmaachen.

Net jiddferee gesäit dat esou. Mee esou wéi ech Politik maache wäert ech dofir antrieden datt d’Mënschen deenen hir fundamental Rechter bedrot sinn zu Lëtzebuerg een Ënnerdaach, eng Plaz fir ze liewen a fir ze otme fannen. Wann Angscht, Terror a Gewalt am Kosovo oder soss éierens de Mënschen d’Guergel zudréinen da solle si hei Loft fir z’otme fannen. Mënsche si Mënschen a wou gefoltert a vergewaltegt gëtt sinn all Mënschen op eng bestëmmte Fassong Lëtzebuerger. Wat s de net wëlls datt een der undeet, dat do och net deenen aneren un. Mir ware frou datt viru sechzeg Joer keen eis d’Dir zougeschloen huet, wéi mer hu musse fortlafen.

Also mussen eis Diren opbleiwen. Wa mer och an Zukunft op d’Bereetschaft vun de Lëtzebuerger wëllen zielen, verfollegt an tyranniséiert Mënschen heiheem opzehuelen, da muss awer och folgendes gëllen Déi Mënschen déi mer ophuelen, musse sech net an allem esou behuele wéi mir. Dat kann ee vun traumatiséierte a gepéngegte Leit net ëmmer verlaangen. Mee si musse sech un eis Gesetzer an hir Uerdnung halen. Et däerf keng rechtsfräi Reim zu Lëtzebuerg ginn. Wa mer se géifen zouloossen, da kënnt et op Dauer zu Friemenhaass an zum Broch vun der Akzeptanz vun eiser Flüchtlingspolitik.

D’Gesetz ass ze respektéieren, och vun deenen déi bei eis kommen. Dat ass ee Prinzip an dee Prinzip huet keng Nuancen. Déi déi an der Nout bei eis komme si wëllkomm. Mee wann d’Nout eriwwer ass, wann do wou se hierkommen d’Situatioun sech berouegt huet, da mussen déi déi kee politeschen Asyl kritt hunn oder eis Awanderungsgesetzgebung net respektéiert hunn zréck an hir Heemecht goen. Dat ass och ee Prinzip an dee Prinzip huet wéineg Nuancen. Et geet net datt déi eng fräiwëlleg zréck ginn an déi aner, an deem se eis Gesetzer briechen, probéieren hei ze bleiwen. Wann heibannen Deputéierte sinn déi mengen datt all Flüchtlinge sollen heibleiwen da solle se dat soen.

Wa se dat soen da solle se gläichzäiteg soe wéi mer et solle motivéieren datt an Zukunft all Flüchtling deen op Lëtzebuerg kënnt onofhängeg vum Geriichtsbescheed deen op seng Asyldemande erfollegt zu Lëtzebuerg ka bleiwen. Da solle se soen datt eis Gesetzer Makulatur sinn an net gëllen. Déi déi di aussergewéinlech schwiereg Missioun hunn eis Gesetzer z’applizéieren - de Justizminister, d’Polizeibeamten, d’Friemepolizei am besonneschen, anerer - maachen dat no beschtem Wëssen a Kënnen. Si hunn esou vill Häerz wéi dir an ech. Hiert Gewëssen ass esou fein an esou multiform wéi dat vun hire Kritiker. Ech si fir ee mënschlechen Ëmgank mat de Flüchtlingen déi heem geschéckt ginn. Dat ass keng eidel Phrase. Ech mengen dat esou wéi ech et soen. Mee ech soen och: wien ausgewise gëtt an net fräiwëlleg geet dee muss ausgewise ginn - an Dignitéit zu däer hirer Realisatioun si selwer musse bäidroe wëllen. Ween d’Flüchtlingen déi missten heemgoe géint Staat a Gesetz schützt, dee verhënnert dat mer mar fir anerer déi an Nout an an Doudesgefor sinn d’Diren opmaache kënnen. Ween d’Dire fir eraus zouhällt, deen ass verantwortlech dofir, datt mer d’Grenze fir era mussen zoumaachen.

Et ass verdrësslech, datt an der ëffentlecher Debatt d’Problemer vun de Flüchtlingen a vun den Auslänner ouni Pabeieren op een Niveau gestallt ginn. Dat geschitt méi onbewosst wéi bewosst. Een deen illegal op Lëtzebuerg kënnt - also eist Gesetz brécht - ass net an däer selwechter Situatioun wéi een deen Asyl freet. Dat sinn zwee verschidde Puer Schung an et soll een dermat ophale se iwwert een an deeselwechte Leescht ze zéien. D’Problemer vun de “sans-papiers”, de Leit ouni Pabeieren, gi mat aller Seriositéit a Generositéit vun der Regirung iwwerpréift. Mir setzen eis eng zweete Kéier mat de Signataire vun der Initiativ déi hir Regulariséierung wëllt, den 31. Mee zesummen a kucke gemeinsam, wéi mer de Problem meeschtere kënnen. An engem Wuert: fir d’éischt wëlle mer d’Situatioun vun den ofgewisenen Asylante klären. Dann déi vun de “sans-papiers”. Et sinn zwee verschidde Problemer a si brauche wahrscheinlech verschidden Äntwerten.

Et geet zweemol ëmt Mënschen an dofir ass d’Äntwert zweemol komplizéiert. Well dës Froen esou ënner d’Haut ginn - den zoustännege Ministeren esou gutt wéi eis alleguer - ginn ech z’iwwerleeën ob mer net eist Awanderungsgesetz vun 1972 reforméiere sollten. Ech wier frou, wa mer iwwert d’Parteigrenzen ewech doriwwer an d’Gespréich komme kënnten.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech kommen zum Schluss vun enger laanger Ried. Si war esou laang, well och ee klengt Land Problemer huet, déi net méi kleng si wéi d’Problemer bei eise groussen Noperen. Well eis grouss Problemer net méi kleng si wéi déi vun eisen Noperen, ass d’Äntwert op si net an dem Slogan ze sichen deen no manner Staat rifft. Mir brauchen net manner Staat. Mir brauchen ee bessere Staat. Mir brauchen ee bessere Staat, ee Staat deen no bei de Leit ass. Dofir gët emseg un der Weiderféierung vun der Verwaltungsreform geschafft: geschwë kënnt ee Gesetz iwwert d’Reform vun dem Staatsbeamtestatut, hei gi weider administrativ Reformschrëtter ageleet.

Dofir droe mer am Budget 2001 der Noutwendegkeet vun engem verstäerkte Jugendschutz am breede Sënn vum Wuert Rechnung. Dofir leede mer dem Parlament virum nächste Fréijor ee Gesetzesprojet iwwert déi nei Forme vum Zesummeliewen zou. Dofir gëtt an den nächste Méint ee modernt Pressegesetz deponéiert. Dofir brénge mer am Ufank vum nächste Joer ee Gesetzesprojet iwwert den Ombudsman, de Biergerbeoptragten, op de Wee. Dofir maache mer am Laf vum Joer 2001 eescht mat der partizipativer Demokratie, andeem mer den Zougank zum Referendum erliichteren. Mam Referendum hu mer net vill Erfahrunge gemaach, awer nëmme gudder: d’Lëtzebuerger hun eemol Nee gesot wou ee Jo net gutt gewiecht wier, si hun eemol Jo gesot wou een Neen eis net frou gemaach hätt. Si sinn esou wéi se sinn, d’Lëtzebuerger: emol verbruet an tockeg an dann hu se meeschtens Recht. Emol generéis an opgeschloss an dann hu se ëmmer Recht. Sou solle mer alleguer sinn: ferm am Ëmgank mam Zäitgeescht, mee op fir déi nei Zäit an hir Mënschen. Loosst mer Lëtzebuerger do bleiwen wou dat Lëtzebuergescht Sënn mécht, esou wéi nom 10. Mee 1940 wou mer dem Okkupant fënnef Joer laang de Bass gehalen hunn.. Loosst mer Europäer sinn do wou Häerz a Verstand dat vun eis verlaangen, esou wéi nom 9. Mee 1950, wou mer Jo zum Schuman-Plang an domat Jo zu fofzeg Joer Fridde gesot hunn.

Dernière mise à jour