Allocution du Premier ministre à l'occasion de la fête nationale

- seule la parole prononcée fait foi-

Usprooch vum Här Staatsminister Jean-Claude Juncker bei Geleënheet vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag

untitled

Dir Dammen an Dir Hären,

Gudden Owend,

Mir sinn, ouni greisser Oprégung, am neie Jorhonnert ukomm. Am neie Jorhonnert jo, awer net ganz, well ronderëm eis an an eis gëtt et nach esou muenches wat aus dem läschte Jorhonnert kënnt, aus dem 20. Jorhonnert. Dat läscht Jorhonnert war ee gewaltegt Jorhonnert, am eigentleche Sënn vum Wuert duerch déi Kricher déi hir Blutspur duerch seng éischt Halschecht gezunn hun, gewalteg awer och a sengen zweete fofzeg Joer duerch de Fortschrëtt vum solidareschen Denken heiheem a vum kooperativen Handelen an Europa. Dat neit Jorhonnert gëtt nëmmen da besser wa mer dat schrecklecht vum läschte Jorhonnert a lieweger Erënnerung behalen a konsequent un deem Gudde viru schaffen.

Op eng éischter selbstverständlech Art a Weis feiere mer am éischte Joer vum neie Jorhonnert eise Nationalfeierdag. Et ass d'Fest vun de Lëtzebuerger - Nationalfeierdag eben. Awer mir feieren net aleng, net op eis selwer zréckgezunn, mee zesumme mat all deenen déi eisen Aldag deelen an déi dësen och méi räich maachen.

Op dësem Dag, op dem Virowend zum Nationalfeierdag, well ech, muss ech zréckkommen op dat Schrecklecht wat mer den 1. Juni zu Waasserbëlleg erliewt hunn. Op deem Dag, den 1. Juni, wou mer d'Sonn dobaussen net richteg gesinn hunn well et an eis selwer ebémol esou däischter gin war hu mer gemierkt datt mer net nemmen eng Natioun sinn well et eis, net jidfer engem grosso modo gutt geet, mee och well mer zesummenhalen wann et eis un d'Liewegt geet. An et ass eis un d'Liewegt gaang an der Nuecht zum 1. Juni an de ganzen Dag iwwer. Ech wëll haut an hei - well et den Dag vum Land ass - den Eltere vun de Kanner, Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger - et gëtt do keen Ënnerscheed schons guer nett wann et ëm esou eppes Wichtiges geet - mäi Respekt soen a mäi Mattgefill dat bleiwt. Ech wëll haut nach eng Kéier deenen dräi dichtege Fraen déi bei de Kanner waren - an no de Kanner net no sech selwer gekuckt hunn - de Merci vum ganze Land soen. An dee Merci gehéiert och deenen déi gehollef hunn, et waren der vill, der Protection Civile, de Pompjeën, an all deenen aneren. An de Merci geet och - ouni Nuance - un eis Polizei déi gewisen huet datt se gutt ass datt se eppes kann, an déi ganz gären op d'Kritike vun deene verzicht hätt - ech muss et esou soen wéi ech et spieren- déi wäit vum Schoss waren.

Mir feieren desen Nationalfeierdag op eng selbstverständlech Art a Weis, ech hun et gesoot. Awer mir wëssen dass et keen Nationalfeierdag wéi déi aner ass. Den 28. September vun desem Joer leet de Grand-Duc Jean d'Staatsgeschäfter néier a mir kréien en neie Grand-Duc. Et ass dat am bewegten Op an Of vum Liewe vum Land ee wichtegen Dag. Den Trounwiessel symboliséiert d'Kontinuitéit vun der Natioun an déi glécklech Permanenz vun der grossherzoglecher Institutioun. Mir hunn haut all Ursaach fir dem Grand-Duc Jean Merci ze soen, Merci fir alles wat E fir eis gemaach huet - roueg, diskret, esou wéi et seng Art a Weis as, ouni Ophiewes ëm Seng Persoun, nobel eben, kinneglech, an am Respekt virun eiser demokratescher Gronduerdnung vun däer Hien esou laang e wesentleche Bestanddeel war an ass. De Respekt deen ech eisem Staatschef soe wier net komplett wann ech en net auswäiten gif op d'Grande-Duchesse Josephine Charlotte déi dem Grand-Duc Seng Aarbecht ënnerstëtzt an eis Suerge emmer matgedroen huet. Deen neie Grand-Duc, déi nei Grande-Duchesse déi sech - ech weess dat - gutt op hir Aufgab virbreet hunn an déi sech och op hier Aufgab freën wäerten eisem Land esou wéi de Grand-Duc Jean an d'Grande-Duchesse Josephine Charlotte no bannen déi Rou ginn déi et brauch an no baussen dee Respekt verschafen deen et verdingt.

A tous ceux qui vivent chez nous, concitoyens venus de loin et de plus loin encore, à tous ceux qui m'écoutent au-delà des frontières de notre pays je voudrais dire que nous voulons rester ce que nous sommes: un pays à juste titre fier de lui-même, un pays ouvert aux autres, à tous ceux qui sont, nos frères, nos amis, nos voisins directs.

Iech alleguer wenschen ech ee schéinen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc Jean!

Vive d'Grande-Duchesse Josephine Charlotte!

Vive den Ierwgroussherzog Henri, eisen zukünftege Staatschef!

Vive d'Ierwgroussherzogin Maria Teresa!

Vive eist Land!

Dernière mise à jour