Verbatime du briefing du Premier ministre quant au report de la date de l'Avénement au Trône de S.A.R. le Grand-Duc Henri

Dir Dammen an Dir Hären,

An engem laange Gespréich, un deem deelweis och d’Grande-Duchesse an de Grand-Duc héritier deelgeholl hun, huet de Grand-Duc Jean mech e Sonndeg détailléiert iwwert de Gesondheetszoustand vum Prënz Guillaume informéiert.

Zanter e Sonndeg wees ech, dass de Prënz, dee ganz schwéier um Kapp verletzt as an deen och soss ganz uerg Blessueren huet, séch an engem kriteschen Zoustand befënnt.

D’Doktere vum Prënz hu mer matgedeelt, dat geet och aus engem Communiqué vum Palais vun haut erfier, dass d’Dokteren sech iwwert d’Évolutioun vum Zoustand vum Prënz, an deenen nächsten Deeg nët kënnen ausschwetzen.

Vum 24. Dezember d’lescht Joër un wësse mer, dass de Grand-Duc Jean den 28. September ofdanken an d’Geschecker vum Land an d’Hänn vum Ierfgroussherzog Henri wëll leën. Grad an deem Moment, wou Land a Leit sech op dee wichtegen Daag virbereet hun, as de Prënz Guillaume, dee jengste Fils vun der groussgerzoglecher Koppel, de Brudder vun eisem zukünftege Grand-Duc, zesumme mat senger Fra verongleckt.

Zanter deem Daag, liewen de Grand-Duc, d’Grande Duchesse an déi aner Membere vun der groussherzoglecher Famill an deer Angscht, déi een dann erfaasst, wann ee soss näischt ëm sech huet wéi d’Ongewëssheet vun deer een da gefaang geholl gëtt, wann ee mat der Fro vum Liewen a vum Doud konfrontéiert as.

Trotz deer Angscht, déi de Grand-Duc ëm de Prënz Guillaume huet, war e bereet, wéi et geplangt war, den 28. September ofzedanken. Den Trounwiessel wier eng Staatsaffär an den Accident vum Prënz eng Saach vun der Famill. Hie wier zwar Papp, mä virun allem Grand-Duc a fir dee géifen d’Saache vum Land virgoen. Och vill aner Leit missten hier Arbecht an hier Pflicht machen wa schreckleches an hierem Liewe passéiert.

Ech hu mer erlaabt dem Grand-Duc am Numm vun der Regierung ze soën, dass mer géife mengen, d’Leit hei heem géife verstoën, dass een ënnert den Ëmstänn vum Moment, den Trounwiessel géif verleën. Och den Ierfgroussherzog Henri huet décidéiert an déi Richtung plädéiert.

Grad déi Famillen, déi an hierem Liewen dat Steck Wee schon eng Kéier hu missen hannert sech brengen, dat elo virum Grand-Duc a virun der Grande-Duchesse läit, verstin, dass een zwar seng Pflicht muss machen, mee dass een de Kapp an d’Häerz nët fräi huet fir d’Fester ze feieren wéi se faalen.

Well d’Dokteren eis soën, dass de kriteschen Zoustand vum Prënz, d’Präsenz vu sengen Elteren an deenen nächsten 5 bis 10 Deeg, eben och den 28. September, zu Paräis verlaangt, hu mer zesummen – de Grand-Duc, den Ierfgroussherzog an d’Regierung –elo grad an enger Sitzung, den Trounwiessel op Samschdes , den 7. Oktober verluecht.

Deen Dag dankt de Grand-Duc Jean of, gët de Grand-Duc Henri als neie Grand-Duc vereedegt a fënnt eng Zeremonie an der Kathedral statt. Op a wat fir aaner Festivitéiten nach sin, dat deelt d’Regierung d’nächst Woch mat. Déi fir den 23. a 24. September geplangte Manifestatiounen, besonnesch dee gudd virbereeten Défilé vun der UGDA, gin an d’Fréijoër verluecht. Dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse wëlle mer soën, dass mer u se denken an dass se nët alleng sin. Mir hoffen, dass de Prënz Guillaume an d’Prinzessin Sibilla erëm geschwënn bei eis sin.

Dernière mise à jour