Avènement au trône de S.A.R. le Grand-Duc Henri - Adresse de Jean Spautz, président de la Chambre des députés (version originale luxembourgeoise)

Monseigneur,

Virun e puer Minutten huet de Groussherzog Jean am Palais mat senger Ënnerschrëft Seng konstitutionnel Rechter un de Prënz Henri ofgetrueden. Domatt ass e wichtegt Kapitel vun eiser Geschicht zu Enn gaangen. Am selwechten Abléck sidd Dir, Monseigneur, eisen neie Groussherzog ginn.

110 Joer, nodeem an dësem Kader Ären Ur-Urgrousspapp, den Herzog Adolphe vun Nassau, den Eed als Groussherzog vu Lëtzebuerg geleescht huet -nodeems dräi Generatioune vun hollännesche Kinneken, nom Wiener Kongress, um Troun vum Land waren - kommt Dir haut de Moien zesumme mat der Groussherzogin Maria Teresa, Äre Kanner, Ärer Famill an aneren hège Gäscht an d'Châmber, virun d'gewielte Vertrieder vum Land, fir als neie Staatschef an engem feierlechen Akt deen Eed ze leeschten, deen eis Verfassung virschreiwt.

Et ass net verwonnerlech, dat iwwert d'Medien d'ganzt Lëtzebuerger Land an eng Onmass Leit uéchter d'Welt un Ärem Avènement deel huelen an an desem sou emouvantem Abléck a Gedanken bei Iech sin.

Mir si besonnesch houfreg, datt Är Elteren décidéiert hunn, bei dëser Feierstonn derbäi ze sinn, fir esou d'Stabilitéit an d'Kontinuitéit un der Spëtzt vum Land ganz däitlech ze ënnersträichen.

Monseigneur, Madame,

Ech brauch Iech nët ze soën, wéi frou mir sinn, Iech an Är Kanner haut bei eis ze hunn. Mir wëssen waat mir Iech verdanken a wéi gudd an iwerluegt Dir d'Successioun um Troun virbereed hut. 

Zenter 4 Wochen huet d’ganzt Land an d’Leit weit iwwert seng Grenzen eraus matt Iech, Monseigneur, Madame, an Ärer ganzer Famill gebaangt a gehofft an sech matt Iech grouss Suergen, besonnesch ëm de Prënz Guillaume gemach. Ech brauch Iech net ze soen, wéi frou mir all sinn, datt ët Him a senger Fra besser geet, och wann Hien an d’Prinzessin Sibilla haut leider net kënnen bei eis sinn. Si sinn awer an eisen Häerzer präsent a mir wëssen och, datt Si a Gedanken unn dëser historescher Feier Deel huelen. Ech wëllt Hinnen zwee vun dëser Plaaz aus nach eng Kéier eng schnell a komplett Besserung wënschen an hoffen, dass Si rëm geschwënn bei eis sinn.

Lëtzebuerg ass eent vun de Benelux-Länner am Häerz vun der Europäescher Unioun. Et freet sech duefir och besonnesch, datt d'Statscheffe vun Holland an der Belsch drop gehalen hunn, eis haut Hir Reverenz ze erweisen:

Majestés, Altesse Royale,

Nous sommes flattés et fiers de Vous compter aujourd'hui parmi nous. Au-delà des liens historiques et familiaux entre les Maisons Souveraines de nos trois pays, nous apprécions Votre présence en cette journée historique comme témoignage de respect et de sympathie envers un pays qui, malgré sa petite taille est fier, comme les Pays-Bas et la Belgique, de son engagement communautaire inébranlable et n'a cessé de se faire fort, ensemble avec ses partenaires du Benelux, pour que progresse l'Union européenne.

Soyez remerciées de tout cœur de l'insigne d'honneur que Vous nous faites!

Monseigneur,

Dir gitt haut de sechste Statschef vu Lëtzebuerg vun där Dynastie, mat däer eist Land zënter dem Enn vum 19. Jorhonnert enk verbonnen ass an déi beim Referendum vun 1919 regelrecht plébiszitéiert gouf.

Är Virfahren um Troun si mat eisem Vollek an all deenen, déi zu Lëtzebuerg eng nei Heemecht fonnt hunn an eist Liéwen deelen, duerch gutt a schwéier Zäite gaangen, hu mat him fir Fräiheet, Onofhängegkeet a Wuelstand gekämpft, geschafft a gelidden.

Är Elteren, de Groussherzog Jean, Deen während baal 36 Joer, ënnerstëtzt vun der Groussherzogin Joséphine-Charlotte, un der Spëtzt vum Land stoung, hunn d'Lëtzebuerger an hirt Häerz geschloss. Si hunn Iech de Wee gewisen, grad wéi Är Grousselteren, d'Grande-Duchesse Charlotte an de Prënz Félix, déi Dir nach gutt kannt hutt an Deenen Hir Plaz an der Lëtzebuerger Geschicht net méi ewech ze denken ass.

Ech ënnersträichen dat besonnech, well Si als Symbolfigur a moralesch Autoritéit un der Spëtzt vum Land, et fäerdeg bruecht hunn, mat dene successive Regirungen a Chamberen, aus engem klénge Land, dat an der Vergaangenheet oft op wacklege Bee stong a fir deem seng Fräiheet Si matt eis gekämpft a gelidden hunn, eng stabill a weltwäit respektéiert Natioun ze maachen, déi bei alle wichtegen Décisiounsprozesser op europäeschem a ganz oft och op internationalem Plang hiirt Wuert ze soën huet.

Mir sinn iwwerzeegt, datt Dir, Monseigneur, vun haut un an demselwechte Geescht weiderfuert, well Dir vu kléngem un wësst, wat et bedeit, an enger parlamentarescher Demokratie zesummen a mateneen ze liewen an een opent Ouer huet fir d'Uleies vun de Leit. Dir gitt dobäi vun eiser neier Groussherzogin mat groussem Engagement ënnerstëtzt.

Madame,

Mir wëssen, wéi Dir Iech onermittlech fir all déi asetzt, deenen et manner gutt geet, bei eis an dobaussen an der Welt, a wéi grouss Ären Interessi fir d'Erzéiung an d'Problemer vun eiser Jugend ass. Dir gitt dofir héich respektéiert, besonnech och well Dir an a mat Ärer Famill mam gudde Beispill vir gitt.

Monseigneur,

Mat de Vertrieder vun der Chamber, der Regirung an denen aneren Institutiounen vum Land wäert Dir, wéi Är Virgänger, an enker Zesummenaarbecht an a permanenter Konsultatioun, d'Gesetzer zum Droë bréngen an d'Statsgeschäfter féieren, zum Wuel vun engem modernen, sozialen, fortschrëttlechen an no baussen oppene Land, dat sech a séngem iewechte Représentant erëmfënnt an daat sech och weiderhin mat sengen europäeschen Partner fir de Fridden an der Welt asetze wäerd.

Wéi ech et schons ënnerstrach hunn, hutt Dir Iech, Monseigneur, op dës Aufgab gutt virbereet, als Ierfgroussherzog, als Lieutenant-Représentant vum Groussherzog Jean, als Member vum Conseil d'Etat, als President vum Board of Economic Development.

Den Eed, deen Dir an e puer Minutten leescht, ass ee verfassungsrechtlechen Akt, den virun de Vertrieder vu Stat a Land Är Rechter bestätege soll, mä awer och no baussen de Beweis bréngt, datt Dir Är héich Missioun am déiwe Respekt vun eiser Verfassung an eise Gesetzer ausüben wëllt.

Monseigneur,

Dir kommt un d'Spëtzt vun engem Land, wat haut gutt do steet. Mir däerfen awer ni vergiessen, datt d'Situatioun schnell ëmschloe kéint a mir dann eemol méi beweise missten, zu wat fir enger Solidaritéit an Zéiegkeet d'Awunner vun engem klenge Land fäeg sinn, wann et drëm geet, sech ze behaapten. Dat mécht sech, wéi d'Vergaangenheet et bewisen huet, méi liicht mat engem Statschef, Deen d'Unanimitéit mécht.

Duerfir wënschen ech dem Groussherzog Henri, mat der Groussherzogin Maria Teresa an dem Ierfprënz Guillaume op Sénger Säit, eng glécklech Zäit um Troun vum Land, déi, genau wéi déi, déi haut op en Enn gung, hir verdéngte Plaz an eiser Geschicht kritt.

Monseigneur,

Ech géif Iech bieden, Är rechts Hand ze hiewen, an den Eed ze leeschten, deen am Artikel 5 vun eiser Verfassung virgesinn ass:

"Je jure d'observer la Constitution et les lois du Grand-Duché de Luxembourg, de maintenir l'indépendance nationale et l'intégrité du territoire ainsi que les libertés publiques et individuelles".

Monseigneur,

Ech gin Akt vun Ärem Eed als neie Groussherzog vun Lëtzebuerg.

"Vive de Grand-Duc, Vive d'Grande-Duchesse !"

Dernière mise à jour