Message de Jean-Claude Juncker à l'occasion du 80e anniversaire de S.A.R. le Grand-Duc Jean

"De Grand-Duc Jean kritt haut 80 Joer.

Den Dag betrefft an éischter Linn Hien an Seng Famill. Sie feieren deen Dag och duerfir an hierem Krees.

Mais dësen 5. Januar 2001 huet och eng Bedeitung fir eis alleguer. En ass eng weider a wellkomm Geleeënheet deem, deen esou laang eisen Staatschef war, eis Unerkennung, eis Unhänglechkeet an eise Merci ze soen.

Mir soen Him eis Unerkennung fir déi Manéier mat der Hien bal 4 Jorzingte laang un eiser Spëtzt stung. Während all der Zait huet Hien eist Land mat grousser Dignitéit dobaussen an der Welt vertrueden an him nei Frënn gemach. Nobannen huet Hien eis, déi Rou ginn déi een Land brauch fir sain Wee ze fannen.

Mir wëllen Him haut nach eng Kéier eis Unhänglechkeet soen. De Grand-Duc Jean war, an ass een Mann aus eiser Mëtt. Mir hun Hien gären well mer esou dacks gesinn a gespuert hun, dat Hien eis och gären huet. Duerfir ass Sain Gebuertsdag fir eis een Dag vun Merci un Hien.

E schéine Gebuertsdag, Monseigneur."

Jean-Claude Juncker Staatsminister

Dernière mise à jour