Usprooch vum Här Staatsminister Jean-Claude Juncker bei Geleënheet vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag

Dir Dammen an Dir Hären,

Wat d’Heemecht ass, dat froe mer eis oft. Keng Äntwert – a sief se och nach esou gutt formuléiert – geet duer fir dat ze beschreiwe wat an eis wakreg gëtt wa mer eis iwwert eis selwer Froe stellen, wa mer probéieren eiser Identitéit méi no ze kommen.

Déi déi eis vun do baussen hir kucke molen eis Eegenart mat heiandsdo graffen Zich : fir si ass Lëtzebuerg ee klengt Land dat gutt mat senge Nopere fiert, fir si sinn d'Lëtzebuerger ee räicht Vollek dat pro-europäesch denkt a mat sech selwer zefridden ass.

Sëcher : mir sinn ee klengt Land. Mee mir hunn awer grouss Ambitiounen. Kuckt d’Héicht vun eiser Entwécklungshëllef : si erreecht dëst Joer méi wéi 0,7 Prozent vun eisem nationalen Akommes an ass domat weltwäit déi fënnefthéckst. Kuckt déi Roll déi mer an Europa spillen : eisen Afloss ass méi grouss wéi eis Geographie an eis Zuel et unhuele loossen.

Sëcher : mir fuere gutt mat eise Noperen a si mat eis. Mee mir hunn et erliewt wéi schlecht datt mer fuere wa si ënnereneen zerstridde sinn. Et ass jo dowéinst datt mer pro-europäesch denken. Et ass dowéinst wou mer déi europäesch Saach – trotz alle Réckschléi – virun dreiwe wëllen. De Fridde kënnt net vum selwen, hien ass keen natiirleche Gaascht op eisem Kontinent. Dofir musse mer d’Erweiderung vun der europäescher Unioun no Ost- a Mëtteleuropa fäerdeg bréngen – dat kascht Ustrengung a Gedold.

Sëcher : mir sinn ee räicht Vollek wa mer eis mat anere vergläichen. Awer de Wuelstand ass net ëmmer richteg a gerecht verdeelt. Et gëtt der vill un deenen hie laanscht geet. Och zu Lëtzebuerg gëtt et aarm Leit, Elteren déi keen Auswee gesinn, Kanner ouni Hoffnung.

Dat alles ass eist Land : eis Suergen an eis Zefriddenheet, eisen Engagement an der Welt, eisen Asaz an Europa.

Mee dat ass net alles : ee Land ass eréicht dann eng Natioun wann déi déi an em wunnen och zesumme liewe wëllen. An dat wëlle mer. Mir wëllen dat fir d’éischt als Lëtzebuerger, och wa mer eis vun Zäit zu Zäit an d’Hoer geroden. Dat wëlle mer och als Lëtzebuerger an als Net-Lëtzebuerger well mer d’Ënnerschiddlechkeet ni als Differenz erliewt hunn déi trennt an zur Indifferenz féiert mee als Chance fir méi wäit ze gesinn.

Jo, wann et ëm dat Wiesentlecht geet, ëm d’Substanz, da fanne mer zesummen. Eist Land, dat ass virun allem d’Zomm vum Schaffen, vum Striewen, vum Maachen a vum Dreeeme vun eis alleguer. Jiddferee vun eis ass ee wichtegt Stéck Lëtzebuerg.

Op eisen neien Grand-Duc trëfft dëst a besonneschem Mooss zou. De 7. Oktober d’läscht Joer ass Hien un d’Spëtzt vum Land getrueden. Aus ville Gespréicher weess ech dat d’Leit fannen Hie géif seng Saach gutt maachen. Hien ass deen éischte Staatschef deen nom Krich gebuer gouf, mee Jonk an Al kenne sech an Him erëm a fille sech duerch Hie vertrueden. Seng Fassong, Seng Gesten, Seng Art a Weis eise Grand-Duc ze sinn, fannen Unerkennung an Zoustëmmung. Dat wäert op eisem Nationalfeierdag däitlech ginn.

A tous ceux qui, venant de plus loin, ont choisi de partager leur vie avec la nôtre, à tous ceux qui m’écoutent au-delà de nos frontières, j’aimerais dire que notre Fête Nationale ne nous appartient pas seuls. C’est aussi votre fête puisque nous sommes voisins et amis.

Iech alleguer wënschen ech ee schéinen a rouegen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc Henri !

Vive d’Grande-Duchesse Maria Teresa !

Vive eis goussherzoglech Famill !

Vive Lëtzebuerg !

Dernière mise à jour