Discours de la ministre de la Famille, de la Solidarité sociale et de la Jeunesse Marie-Josée Jacobs lors de l'ouverture de l'Année européenne des personnes handicapées

Altesses Royales, Monseigneur, Madame,
Excellenzen Ambassadeuren, dir Dammen an Hären Députéiert, dir Dammen an Hären Minister,
Dir Dammen an dir Hären, léif Eiregäst, léif Artistinnen an Artisten,

- Näischt iwwer eis, ouni eis -

Döst ass net een einfache Slogan: mais eng kloer Direktioun.

A ganz Europa an och an eisem Land, hatt d’Situatioun van de Persounen mat engem Handicap, - emmerhin sinn dat no europäeschen Estimatiounen 5 bis 10% vun eiser Bevölkerung -, eng gewalteg Evolutioun am zweeten Deel vum leschte Joerhonnert erliewt.

Mir kommen, wei aner Länner och, vu weit, a mir wessen op d’manst wou mir hi wöllen:

- Näischt iwwer eis, ouni eis -

All Mensch an eiser Gesellschaft hatt e Recht geheiert a respekteiert ze ginn. En huet e Recht op Deelhuelen um Liewen aan eiser Gesellschaft. Net op engem Noutsetz oder an engem Eck mä zesummen mat alle Matbierger.

Dass duerch den een oder aneren Handicap dat vleicht net emmer einfach ass, wesse mir alleguer. Mir sinn vun Natur aus alleguer verschidden, an de Start an d’Liewen geschitt an dene verschiddenste Konditiounen.

Dei vill Accidenter, meiglech Krankheeten oder ganz einfach den Alter machen datt och Persounen mat ideale Startbedingungen am Liewen sech, frei oder speider, an enger Situatioun vun Handicap können eremfannen.

Et enstinn fir all Mensch ganz verschidde Liewenssituatiounen mat denen hien wärend sengem Liewen muss färdeg ginn.

Grad dofir ass et d’Pflicht van der Regierung ze versichen datt all hieren Bierger eng reell Chance ze giän un engem Liewen an der Gesellschafft deelzehuelen, wou Sie hier perseinlech Fähegkeeten entfale können no hiere Miegelichkéiten.

72% vun de Letzebuerger, den höchste Prozentsatz an Europa, hun 2001 an enger Emfro der Regierung d’Responsabiliteit fir dess Verbesserungen zougeschwât.

Dat kann awer keen eleng, och keng Regierung.

All Persoun an eiser Gesellschaft ass gefuedert sein Deel beizedroen duerch e Wuerd, e Geste, eng Haltung.

Wann een et versicht, ka keen besser wei dei Betraffen selwer an hir Famill dobai hellefen a matmachen.

D’Année européenne wärt eis dat beweisen. D’Europäesch Commission huet ganz bewosst d’Wichtegkeet vun der Participatioun vun de Persounen mat engem Handicap ennerstrach.

D’Organisatiounen vun betraffe Leit hu well viru Joeren de Wee gewissen an de Meenungswandel dreckt sech emmer mei an Tatsachen aus.

Esou dat bestehend Gesetz iwert d’Accessibiliteitsnormen am Bereich vun den öffentleche Gebaier oder de Gesetzesprojet iwer d’Afeierung vun engem Aarbechtskontrakt an engem richtege Loun an all Atelier si fest Bestanddeeler vun enger Strategie an d’Richtung vun enger Normalisatioun vam Liewen va Persounen mat engem Handicap.

Näischt iwwer eis, ouni eis.

Eng Direktioun an och e Program.

Et geet net duer groussjähreg an onofhängeg ze sinn et muss en och geheiert a verstane gin.

Dofir géif ech gären all denen betraffene Persounen soen datt et net nemmen op deser Zeremonie an am ganze Joer drem geet iech ze heieren an ze gesinn, mä datt et och drem geet iech ze verstoen an äre Fähegkeeten an an äre Schwieregkeeten am Liewen mat engem Handicap.

Wat eis verbend ass Mensch sinn. Dat wat eis trennt si Meenungen, Gefiller, Ideen, Prejugeen.

Dat lescht Joerhonnert huet eis bewissen wei gefeierlech an zou wat fir eng Exzesser, Théorien a Selektiounen weint Ennerscheder, eis kann feieren.

Haut traue mier eis erem iwer Differenzen ze schwätzen mam kloeren Ziel se ze notzen als Deel vun eisem Mensch sinn, a vun eiser Gesellschaft. Eng Gesellschaft an der et meiglech muss sinn esou ze plangen an esou ze bauen dass d’Liewen fir jiddferen mei einfach an angenehm gett.

All Mensch huet niewent senge Limiten och seng Fähegkeeten fir um Liewen deelzehuelen an a sengem Moss dozou beizedroen, dass et him a senge Matmenschen besser geet.

Mir vergeessen daks d’Kompetenzen van eisen behönnerde Matmenschen. Außergeweihnlich artistesch a manuel Fähigketen, mais och sportlecher an intellektueller. Besonnesch áwer di menschlich Dimension, die eis all wonnerbar Lektionen get iwer Fréed an Zefriedenhéed.

Eng Gesellschaft an der d’Präsenz vu Persounen mat engem Handicap d’Normaliteit gett, op an der Stroos, an de Geschäfter, an den öffentlechen Transportmettelen, iwerall do wou Menschen sech begeinen.

Wa mier alleguer eng Gesellschaft wellen, dei op ass fir all Matbierger, muss et eis bewosst ginn, dass jidferen vun eis en Deel vun der Leisung ass.

De Wee vum Matleed zum Recht as lang a schweier.

Daks begeint een Bedaueren oder d’Leit kucken ewech. Höllef fénnt e bal emmer wann e freet. Mä spontan Mossnahmen, Engeintkommen an Integratioun sinn leider nach ze selten.

De Wee zu engem besseren Zesummeliewen hängt net nömmen vun Gesetzer af. Sie können am beschte Fall en Impuls oder en Unhaltspunkt darstellen.

Den enzesche Wee ass den van sech Begeinen, Kenneleieren an unbegrönnt Angst afbauen. Jedifer énzelnen hat déselvichten Wert an Digniteit als Mensch.

Söcher bleiwt nach vill ze machen bis mir dös Zieler errécht hann.

Dofir dess Année européenne an dess Eröffnungsfeier am Zeche vun enger neier Etapp. Eng Art Stapellâf fir e Scheff wou mir all zesummen dra setzen. De Kompass den eis soll eisem Ziel mei no brengen heescht Dialog, Kooperatioun an Solidariteit.

D’Regierung stéet iech op desem Wee zur Sait an ech wönschen desem Joër, - ärem Joër -, - eisem Joër -, e vollen Erfolleg.

Dernière mise à jour