Heure de questions au gouvernement: intervention du Premier ministre Jean-Claude Juncker au sujet de la question irakienne

(Seul le texte pononcé fait foi, seuls les passages de la déclaration ont été retenus, la langue parlée a été adaptée à une version écrite)

"Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

et gëtt heibanne keng zwee Lager: d’Lager vun deenen déi de Krich verhënnere wëllen an d’Lager vun deenen, déi en absolut wëllen, oder sech resignativ mat der Perspektive vum Krich offonnt hätten. Egal wou mer hei sëtzen, ob lénks vum President oder riets, op de Still vun den Deputéierten oder op der Regierungsbänk, ech sinn iwwerzeegt dovun, datt mer alleguer eng diplomatesch, eng politesch an eng friddlech Léisung vum Irakkonflikt wëllen.

All Krich ass eng Nidderlag fir d’Politik.

Kee Krich ass gutt an ee Krich, och wann en eenzel grouss Problemer méi kleng ka maachen, mécht awer och vill grouss Problemer nach méi grouss. Tëscht dem Ufank vun engem Krich a sengem Enn, do leiden onzieleg Kanner, Männer a Fraen a fir déi Schwächst vun hinne geet dat Leiden och laang nom Krich nach virun. Dofir ass de Krich net déi eenzeg Léisung. De Krich ass ni déi optimal Léisung an dofir däerf ee sech och net vu senger Logik gewanne loossen.

Wann een de Krich wëllt verhënneren - an d’Lëtzebuerger Regierung wëll, mat deene bescheidene Mëttelen déi hir sinn, dee Krich hëllefen ze verhënneren - da brauch ee staark Iwwerzeegungen. An déi staark Iwwerzeegungen, déi hu mer. Da brauch een och e kloere Bléck a mir probéieren deen ze hunn, obschonns d’Positioune vun eise Partner all Dag wiesselen. D’lescht Woch nach waren Däitschland a Frankräich fir eng zweet Resolutioun. Des Woch si se géint eng zweet Resolutioun vum Weltsëcherheetsrot. Och wann d’Positiounen all Dag wiesselen, d’Informatiounen, d’Préinformatiounen, d’Désinformatiounen eng déi aner joen, mir hu jiddferfalls e kloere Bléck fir dat wat usteet.

Et steet un, datt den Irak muss entwaffnet ginn, mat friddleche Mëttelen. D’Resolutioun 687 huet dem Irak 1991 nom Golfkrich onzweedäiteg Oplage gemaach. E Golfkrich, dee vun der deemoleger Lëtzebuerger Regierung nuancelos ënnerstëtzt ginn ass, well d’Diplomatie gescheitert war an d’politesch Léisungsméiglechkeeten un hirem Enn ukomm war. Des Resolutioun 687 huet den Irak opgefuerdert op nuklear, op chemesch an op biologesch Waffen ze verzichten, grad och wéi op Rakéiten, déi méi wäit wéi 150 Kilometer géife fléien. Schonn ënnert der éischter UN-Inspektioun, déi vum Irak staark behënnert ginn ass - sou zwar, datt d’Inspekteren 1998 hire Réckzuch ugetrueden hunn - si lafend Verstéiss géint des Resolutioun festgestallt ginn. Den Irak huet d’UNO och nach géint all déi aner Resolutiounen, déi dee selwechten Zweck haten - et waren der bis viru kuerzem 15 un der Zuel - verstouss.

Virun 4 Wochen huet dofir de Weltsëcherheetsrot eestëmmeg, den Irak zur totaler Entwaffnung opgefuerdert an „mat grave Konsequenze“ gedrot fir de Fall, wou en dat net géif maachen. Den Irak muss laut Weltsëcherheetsrot beweisen, datt en déi verbuede Waffen déi en hat oder déi en eventuell nach huet, zerstéiert huet oder zerstéiere wëllt. Et ass net un den Inspektere vun der UNO - dat si keng Detektiver - ze beweisen, datt den Irak déi Waffen huet. Et ass laut Beschloss vum Weltsëcherheetsrot um Irak ze beweisen, datt en déi Waffen zerstéiert huet. Den Irak huet d’Beweispflicht, net d’UNO! D’Inspektere vun der UNO, den Här Blix un hirer Spëtzt, hunn a schaarfer Form de leschten 27. Januar de Weltsëcherheetsrot driwwer informéiert, datt den Irak senger Beweispflicht, déi en operluegt kritt huet vum Weltsëcherheetsrot, net nokënnt. Datt en net aktiv géif kooperéieren. Datt en d’Resolutioun 1441 - vun där schwätze mer - net géif voll respektéieren. Sämtlech Membere vum Weltsëcherheetsrot, déi 5 permanent an déi 10 aner, hunn dofir nom 27. Januar an der Debatt vum Weltsëcherheetsrot, den Irak eindringlechst opgefuerdert senger Beweispflicht aktiv a proaktiv nozekommen.

Fir dem Irak grave Konsequenzen z’erspueren, ass ofgemaach ginn - a jiddferee war domat d’accord - datt den Drock op den Irak misst verstäerkt ginn. An der Hoffnung - dat ass och eis Hoffnung -  datt aus der Krichsdrohung keng Krichsféierung gëtt, mä datt Krichsdrohung zu Krichsverhënnerung bäidréit. Dofir si mer zesumme mat villen anere fir d’Verstäerkung vun der UN-Inspektioun, zueleméisseg a materiell. Dofir si mer do fir dem Irak eng lescht Chance ze ginn an Zäit - net allzevill Zäit - fir seng Positioun z’iwwerpréifen a sou d’Viraussetzung fir eng friddlech Léisung ze schafen. De Saddam Hussein huet de Schlëssel an der Hand fir d’Dier opzemaachen, fir eng net militäresch Léisung hinzekréien. Mir mussen him, och a grad, mat Rücksicht op d’Leit am Irak, déi fir dëse Konflikt net kënnen, déi dëse Konflikt net erbäigefouert hunn an op déi de Sadam iwwerhaapt keng Rücksicht hëlt, mir mussen him d’Hand forcéiere, fir datt en de Schlëssel hin zu enger net militärescher Konfliktléisung an de Grapp hëlt an déi Dier opspäert.

Krich ass keng Léisung. Mä näischt maachen, dat ass och keng Léisung. D’internationalt Recht, wann et sech respektéiert a wann et wëllt respektéiert ginn, kann op international Sanktiounen net verzichten. Déi Sanktioune mussen am Kader vun der UNO a vum Weltsëcherheetsrot getraff ginn, déi näischt däerfen onversicht loossen, fir déi ultime Sanktioun vum Krich net brauchen z’ergräifen. Mir mussen der Emsetzung vun der Resolutioun 1441 all hier Chance ginn. Wa se vum Sadam Hussein net ergraff ginn, da muss de Weltsëcherheetsrot décidéieren.

De Weltsëcherheetsrot muss décidéieren!

Ech war Premier an enger Regierung wou Krich gefouert ginn ass ouni datt de Weltsëcherheetsrot décidéiert hat. Dat war am Kosovo. D’Lëtzebuerger Regierung huet mat der NATO Krich géint d’fréiert Jugoslawie gefouert, ouni datt de Weltsëcherheetsrot agegraff hätt an ouni datt et Couverture vum internationale Recht ginn ass. Ech hunn dat deemools leidend matgemaach, méi gelidden iwwregens wéi anerer an där Fro. An ech hätt net gäeren, datt mer eis rëm eng Kéier a sou enger Situatioun géifen erëmfannen.

Mir hunn ee kloere Bléck fir dat wat usteet a mir hunn och ee kloere Bléck fir eis Bündnisverpflichtungen an der NATO.

Mir hu viru Wochen erklärt - den 20. Januar fir méi genau ze sinn - et wier, virum Virleeë vun dem Rapport vun den UN-Inspekteren, ze fréi, Planungsaarbechte fir de Schutz vun der Türkei an der NATO a mat der NATO unzefänke, well sou eng Décisioun an dem Moment kënnt mëssverstane ginn. Nom Rapport vun den UN-Inspektere vum 27. Januar an nodeem de Weltsëcherheetsrot d’Konklusioun gezunn huet, den Drock op den Irak misst erhéicht ginn, hu mer fonnt, datt lo de Moment komm wier, fir op déi türkesch Wënsch, op déi türkesch Ängscht an déi türkesch Problemer - d’Türkei ass een Nopeschland vum Irak, dat eenzegt NATO-Nopeschland vum Irak - ze réagéieren an op déi Wënsch, Ängschten a Problemer anzegoen. D’Türkei ass eisen Alliéierten, an d’Türkei spiert sech a Gefor. An dofir huet d’Türkei och gëschter den Artikel 4 vum NATO-Vertrag invokéiert, den d’États membres vun der NATO verpflicht, a Konsultatiounen iwwert déi gefrote Schutzmoossnahmen, déi een Alliéierte freet, anzetrieden. Dem türkesche Wonsch no Schutz net nozekommen, dat ass geféierlech, well dat werft Misskredit op d’atlantesch Allianz. Grad an der Türkei, wou de Wonsch no Protectioun an dësem Moment enorm dévloppéiert ass.

Et ass geféierlech fir deem Wonsch net nozekomme, well wann een em net nokënnt, een am Irak falsch verstane gëtt. D’irakesch Regierung huet haut erklärt, nodeem dräi NATO-Memberen sech net zu deem - nach net – zu deem Schrëtt konnten décidéieren, domat wier jo lo déi Drockkuliss, déi di international Gemeinschaft opgebaut hätt, am gaang ze zerbréckelen. Et wier also geféierlech fir der Türkei dee Wonsch, fir datt d’Aarbechten zu hirem Schutz géifen ugefaange geplangt ze ginn, ze refuséieren. Dat wier geféierlech, mä et wier awer och geféierlech, wann een net genau géif préife, wat fir Moossnahmen datt dann elo vun der NATO a vun den Alliéierten zur Applikatioun kommen. Dat genau ze préifen ass den Inhalt vun all dene Sitzungen, déi de Moment zu Bréissel am Kader vum NATO-Conseil stattfannen.

16 Memberstate vun der NATO gesinn dat genau d’selwecht wéi d’lëtzebuergesch Regierung dat gesäit. Dräi gesinn dat net esou oder net grad esou. Mir respektéieren dat a mir hunn, d’Madame Polfer an ech, vill a laang mat hinnen doriwwer diskutéiert. No Gespréicher mam President Chirac, mam Bundeskanzler Schröder a mat mengem belsche Kolleg Verhofstadt kann ech Iech soen, datt si eis och verstinn, well sie halen d’Évolutioun vun eiser Positioun - vu d’Festleeung déi mer viru Woche getraff hunn, nämlech den Hiwäis op den éischte Rapport vun en UNO-Inspekteren - fir strikt logesch. Mir hu kee Problem mat eisen dräi Noperen an ech schwätzen och mat hinnen iwwert ënnerschiddlech Vuen. Mä si ginn zou, datt si een Timingsproblem mam Rescht vun dene 16 Alliéierten hunn. Mir sinn net, wéi dat an eenzel lëtzebuergeschen Zeitunge stoung, marginaliséiert. Am Géigendeel! Mir si bei der Majoritéit vun den NATO-Memberstaten a mir hunn eis Positioun deenen, déi se net deelen, nach net deelen (...) kloer gemaach. Si si mat eis d’accord fir ze soen, datt se dat verstinn an datt se sech och a leschter Analyse der Schutzdemande, der Schutzlogik un déi d’Türkei hei appelléiert, net wäerten entzéien.

Mir hunn ee kloere Bléck fir eis Bündnisverpflichtungen an och fir d’Positioun vun eisen Noperen a fir d’Situatioun vun der Europäescher Unioun. Eis franséisch, an iwwregens och eis belsch Noperen, vu d’Erklärung vun der belscher Regierung vu virun enger halwer Stonn, schléissen de Krich als Mëttel zur Konfliktléisung net aus. D’Fransouse betounen ëmmer erëm, datt se de Krich als Konfliktsléisungsméiglechkeet net ausschléissen. Mä si probéieren eng Situatioun ze schafen, datt et net zum Krich kënnt. Dat maache mir och, well mer den ultime Schrëtt vun der internationaler Gemeinschaft wëlle verhënneren. Eis däitsch Nopere wëllen a kenger Fassong ee Krich légitiméieren. Dat erkläert sech zum groussen Deel aus der Geschicht vun dësem Land. Solle mer eis doriwwer bekloen, datt Däitschland sech an deene Froe méi schwéier deet wéi een aneren? Sech spontan an déi eng Richtung leet an net an déi aner? Ech bedaueren dat net, ech kritiséieren dat net. Ech probéieren mir et aus dem geschichtlechen Trauma vun eisem gréissten Nopeschland eraus ze erklären.

Mir erklären och, grad wéi Däitschland, datt mer alles wëlle maachen, mat wesentlech méi bescheidenen Mëttlen wéi anerer, fir de Krich als ultima ratio auszeschléissen. Grad wéi Däitschland et erkläert huet, kënne mir, wann et zu enger Krichshandlung kënnt, eisen Obligatiounen als NATO-Alliéierten net entkommen. Mir iwwerhuelen eis Verpflichtungen, sou wéi de Bundeskanzler dat och erkläert huet, am Fall wou et dann awer géif zu engem Krich kommen, dee mer net wëllen.

Bei der Irak-Debatt, déi d’Chamber virun e puer Deeg oder virun e puer Wochen gefouert huet, ass d’Suerg vu villen däitlech ginn - op alle Bänken - datt déi gemeinsam Aussen- a Sëcherheetspolitik vun der Europäescher Unioun duerch dat ënnerschiddlecht Verhale vun de Memberstaten total onlieserlech ginn ass. Et ass d’Opfuerderung un d’Regierung komm, sech aktiv fir d’Neesshierstellung vun der Kohäsioun vun der Europäescher Unioun anzesetzen. Dat hu mer gemaach, d’Madame Polfer, ech, anerer. An dat si mer och an dëse Stonnen nach am gaang ze maachen.

Ech hunn de leschten Donneschdech mam däitsche Bundeskanzler Schröder ee laangt, éischter perséinlecht, (...) frëndschaftlecht Gespréich iwwer Mëttelen a Weeër gefouert, wéi een ënner Respekt vun der Resolutioun 1441 de Krich kënnt verhënneren. Ech hunn och zu kengem Zäitpunkt iwwregens den däitsche Bundeskanzler öffentlech kritiséiert. Ech hu just an engem Welt-Interview, och mat Bléck op de Bréif vun den 8 europäesche Regirungschefen, gesot keng europäesch Regirung soll sech am Virfeld vun der Entscheedung esou festleeën, datt se un enger op dem Konsens berouender Entscheedung vun der Europäescher Unioun net kann deelhuelen. Et gëtt kee Problem tëscht dem Här Schröder a mir. Et brauch dofir och kee sech ëm dat Verhältnis tëscht dem däitschen an dem Lëtzebuerger Regirungschef Gedanken ze maachen. Ech kritiséieren an öffentlecher Ried net den däitsche Bundeskanzler. Ech kritiséieren awer och net an öffentlecher Ried eisen amerikanesche Partner mat deem eis eng laang Frëndschaft verbënnt. De Chef vun der Oppositioun ka soen d'Amerikaner géifen à tout prix Krich géint den Irak wëlle féieren. Wann ech dat als Regirungschef géng maachen, da géng ech de Lëtzebuerger Interessen op eng onverzeihlech Art a Weis schueden.

(...) Mir sin am Camp vun deene Leit déi sech u Verträg halen. An déi Verträg, déi gesi vir, datt et eng Charta vun de Vereente Natioune gëtt, datt et ee Weltsëcherheetsrot gëtt deen se emsetzt, an dem Camp si mer. Mer sinn och am Camp vun deenen déi hier Obligatiounen am Kader vun der nordatlantescher Allianz a vun deene Verträg eescht huelen. Dat Spill "So mer wéivill belsch, wéivill däitsch a wéivill franséisch datts de bass, da soen ech der wéivill amerikanesch datts de bass", dat maachen ech als Chef vun der Regierung net mat. D’Lëtzebuerger Politik gëtt co-déterminéiert vun deem wat aner Regierungen denke, mä si gëtt zu Washington net décidéiert, se gëtt och zu Berlin net décidéiert, si gëtt zu Paräis net décidéiert a si gëtt och zu Bréissel net décidéiert. Mir mussen aus dem wat d’Positioune vun deenen anere sinn, wat eis eegen Iwwerzeegunge sinn, déi Elementer zesummendroen, déi eng Positioun erginn an ech hunn déi Positioun, wéi ech font hunn, sou wéi dat och d’lescht Woch scho vun der Ausseministesch gemaach ginn ass, ganz kloer duergeluecht. Dir hutt mech gefrot, sidd Dir fir de Krich, ech soen Iech nee

(...)

An de Gespréicher mam däitsche Bundeskanzler, mam franséische President, mam griechesche Premier Simitis, den de Moment President ass vun der Europäescher Unioun a mat menge belschen an hollännesche Kollegen hunn ech mech och, op Grond vun der Debatt déi mer hei an der Chamber haten, wann et net souwisou schonn eis perséinlech Meenung gewiecht wier, staark dofir agesat, datt dringenst eng Sitzung vum Conseil vun den europäesche Stats- a Regierungschefe stattfënnt fir iwwert déi Situatioun an där mer sinn ze schwätzen. Wann d’Europäesch Unioun sech um héchsten Niveau net zesumme fënnt wann et iwwert Krich an iwwer Fridde geet, da brauche mer iwwerhaapt keng Sitzung méi an da kënne mer déi ganz Veranstaltung souwisou ofblosen.

A mir wäerten eis, d’Madame Polfer an ech, an deene Sitzunge vum nächste Méindeg a vum nächsten Dënschdeg dofir asetzen - dat ass noutwendeg - datt mer an Europa zu enger geschlossener, zu enger tragfäheger an och zu enger op Dauer belaaschtbarer Positiounsbeschreiwung kommen, déi den eigentlechen Ambitiounen och den eigentleche Friddensambitiounen vun der Europäescher Unioun Rechnung dréit. Déi europäesch Positioun muss et sinn, fir alles ze maachen fir de Krich ze verhënneren a jiddferee muss do eng Hand mat upaken. Dofir muss et och - wann dat d’Positioun vun der Europäescher Unioun ass - fir de Krich ze verhënneren, d’Positioun vun der Europäescher Unioun sinn, fir alles ze maachen, datt de Sadam Hussein a säi Régim alenken an deenen Obligatiounen entspriechen, déi d’Résolutiounen - 16 un der Zuel - zanter 1991 vun him verlaangen.

Här President, en vue vun deene Sitzunge vun der nächster Woch, si mir net optimistesch, vu déi séier ënnerschiddlech Positiounen, déi d’Memberstate vun der Europäescher Uniooun agehol hunn, mä mir sinn awer och grad sou décidéiert.

Ech soen Iech Merci."

Dernière mise à jour