Déclaration du ministre de l'Intérieur Michel Wolter devant la Chambre des députés au sujet du nouveau projet de Programme directeur de l'aménagement du territoire

1. Introduction

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

dei Débatt, dei mer haut an der Chamber feieren, ass eng fun dénen leschten, awer wesentlechen Etappen an enger joorelaanger Prozedur, dei zum Ziel haat, d’Landesplanung hei zu Letzebuerg op dei national a gemengepolitesch Kaart ze kreien.

Villes ass geschitt seit den Ufäng an den 70er Joeren mat der Ausarbechtung fun engem eischten Gesetz 1974 an engen eischten programme directeur fun 1978 an haut.

A mengen Aen ass d’Gesetz vum 21. Mee 1999 iwwert d’Landesplanung eent vun denen modernsten aus Europa. Desst Gesetz gett eis all d’Instrumenter, die mer beneidegen, fir eng zukunftsorienteiert, op de Prinzip fun der Nohaltegkeet opbauend raumplaneresch Entwécklung vum Land ze garantéieren.

Dëst Gesetz gouf geschaaf, fir d’Entwécklung op kommunalem, regionalem an nationalem Niveau ze koordinéieren. Et ass e koopérativt Gesetz, waat als Ziel huet eng Dynamik ze schaafen an der Zesummenarbecht zweschen Staat a Gemengen, awer och ennert den Gemengen selwer.

D’Ausschaffen an d’Ëmsetzung vun Regionalpläng gët den Gemengen d’Méiglechkeet zesummen mam Staat eng nohalteg Entwécklung vun hirer Regioun ze définéieren an emzesetzen.

Die sektoriell Pläng erlaben et den Ministären hir Orientatiounen an der Philosophie vum Programme Directeur ëmzesetzen.

D’Plans d’occupation du sol schlussendlech erlaaben et eis, parzellenschaarf verschidden Reim enger präziser Notzung zouzefeieren.

D’Haaptinstrument vun der Landesplanung, d’Referenz ronderem dei se sech opbaut an oofleet ass awer de "programme directeur d’aménagement du territoire".

D’Landesplanungsgesetz gesäit fir dat den programme direct.:

  • d’Synthèse vun den sektoriellen Programmen duerstellt an dess op der Grondlaag vum Gesetz sengen Objektiven  koordinéiert;

  • Regiounen (régions d’aménagement) an Entwecklungs- an Attraktiounszentren (C.D.A.) proposéiert;

  • d’Démarchen an d’Décisiounen vun der Regierung an den lokalen Autoritéiten orientéiert.

Wei geseit d’Prozedur fun der Auschaffung fum PD aus?

Den PD gett vum Minister am Numm fun der Regierung zesummen mam Comité interministériel de Aménagement du Territoire (CIAT) ausgeschafft. Duerno gët en pour avis fiir t‘eischt un d’Gemengen an duerno un den Conseil Supérieur de l’Aménagement du Territoire (CSAT). Dëss Prozedur huet leider dei eischten Keier insgesamt méi wéi dräi Joer an Usproch geholl. Den zoustännegen Minister mëcht dann eng Deklaratioun virun der Chamber. No deser  Présantatioun geseit d’Prozedur dann als lescht Etapp dei définitif Approbatioun vum PD durch den Conseil de Gouvernement vir. Schlussendlech gett den PD  “sous forme appropriée”  am Mémorial publizéiert. Fun do un orientéert en dann formell d’Démarchen an d’Décisiounen vun der Regierung an den lokalen Autoritéiten.

Aus der Consultatiounsprozedur sinn bis elo dräi Typen vun Modificatiounen an den Programme Directeur agefloss:

  • d´Verbesserung an Harmoniséierung vun der Ausdrocksweis;

  • d´Aktualiséierung vun verschiddenen Basisdonnéen;

  • d´Ergänzungen vum Projet aus der Erfahrung fun den läschten dräi Joer.

Dobei ass den Remarquen, déi vun de Gemengen an de zoustännegen Gremien gemeet si gin, Rechnung gedroen gin esou weit ewei si den Orientéerungen an Zieler vum Programme Directeur net widersprach hun an och esou weit se mat sengem degré de détail kompatibel waren.

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

den PD dén elo fiirleit ass als Projet fun daer fiirechter Regierung op den Instanzenwee gescheckt ginn. En geseit eng ganz Rei  fundamental politesch Neiorienteierungen fir waat dei laangfristeg landesplaneresch Entwecklung fun eisem Land betrefft. Am besonneschen ass de programme directeur der nohalteger Entwecklung als grondleend Orientéierung verpflicht.

Dofir ass et wichteg ze ennerstreichen, dass an den Koalitiounsverhandlungen am Summer 1999 festgehaalen ginn ass, dass och die nei Regierung dei politesch Zieler vum ursprünglechen Projet bäibehaalen ging.

Seit 1999 schafft d’Regierung, wann och op freiwelleger Basis, konsequent op der Grondlaag fum fiirleienden Projet. D’Ausschaffen fun regionalen Pläng am Süden an Norden, fun sektoriellen Pläng fir Lyceen, mobil Telekommunikatiouns-réseauen, Transport an Logement, fum POS Findel, fun der Rekonversioun fun den Industriebroochen, den IVL, fir nemmen dess Beispiller ze nennen droen den Objektiver fun neien PD elo schons Rechnung.

D`Gesetz vun 99 gesäit fir, dat den zoustännegen Minister am Numm vun der Regierung all Joer der Chamber e Rapport zur Situatioun vun der Landesplanung soll machen. Desst ass bis elo net geschitt, wär och weineg sennvoll gewiescht esou laang net iwer dei wesentlech Orienteierungen fum Programme Directeur hätt kennen matdiskuteiert ginn. Dofir wëll ech vun der Geleenheet vun haut profitéieren, fir elo en eischten Rapport ze maachen.

Aus der Kombinatioun fun dénen zwee Exercicer ergett sech, dass sech mäin Exposé an 3 Kapitelen andeelen leisst:

  1. Fir unzefänken well ech eng Rei Iwwerléungen iwwert d´Relatioun tëschent der Landesplanung an der Gemengenplanung an iwwert d´Portée vum Programme Directeur machen;

  2. dei politesch Zieler fun der Landesplanung emreissen,

  3. an als dretten Punkt déi kuerzfristeg Prioritéiten erläuteren.

Well meng Riedezäit begrenzt ass, kann ech leider net op eng Rei wichteg Aspekter ewei déi europäisch an grenziwerschreidend Dimensioun vun der Landesplanung oder d’Plans d’occupation du sol agoen.

2. Juristesch Iwwerléungen

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

Waat ass elo d´Envergure vum Programme Directeur?

D´Auteuren vum 99er Gesetz hun dem Programme Directeur nët den Charakter vun engem Règlement Grand-Ducal gin. Dësst ass bewosst esou gemaach ginn, well an dësem Fall misst een vun engem “Plan Directeur National” schwätzen, deen schon zimlech präzis géif virgesinn wéi d´Buedemnotzung am ganzen Land géif ausgesinn an dén e ganz rigiden Karakter hätt.

Fir et ze erméiglechen, Programmeierungs- an Planungs-instrumenter op verschiddenen operationellen Niveauen ze définéieren an gläichzäiteg op all Niveau eng ausreichend Flexibilitéit ze garantéieren, ass folgend Strukturéierung zeréckbehalen gin.

Den PD ass d’Plaque Tournante fun der Landesplanung. En huet zwar keen obligatoreschen Karakter, mais d’Gesetz geseit fir dass en, esou baal en arrêtéiert ass, formell d’Démarchen an d’Décisiounen vun der Regierung an den lokalen Autoritéiten orienteiert.

D’Ziel fum Législateur war et, dem PD – am Vergleich zum aalen Landesplanungsgesetz vun 1974 – méi Gewiicht ze ginn. Ausserdem sollt doduerch d´Notioun vun enger mëttelfristeger an laangfristeger Planung eng néi Qualitéit kreien.

Emgesaat gett en durch dräi Typen vun Instrumenter:  Regionalpläng, sektoriell Pläng an plans d’occupation du sol. Dess Typen vun Pläng hun den Charakter vun engem Règlement grand-ducal, an domat bindenden Charakter.

Den PAG fun den Gemengen ass desen Instrumenter ennergeuerdnet. D’PAGen hun den Charakter vun engem Gemengereglement.

Den Aménagement Communal ass deemno ze betruechten als en Bestanddél fun der Landesplanung, fun daer se d´Zieler exécutéiert an applizéiert.

Wann am Geescht vun de Pappen vum 37er Gesetz d´Notioun vum Aménagement communal sech op den Bau oder d´Erneierung vun d´Gemengenstroossen an den Quartier´en vun den Uertschaften limitéiert haat (daat war deemols Urbanismus an Sënn vum Wuert), esou huet den Aménagement communal haut eng ganz aner Envergure, well en den ganzen Gemengenterritoire ëmfaasst an domat am Fong „Aménagement du Territoire Communal“ misst heeschen.

Den Projet de loi iwwert d’Reform vum Gesetz vun 1937 dreit dann och konsequenter Weis deser Evolutioun Rechnung, wann en an sengem 1. Artikel seet, dass den Aménagement Communal (ech ziteieren): "reprend et précise les orientations du programme directeur établi en exécution de la loi du 21 mai 1999".

D´Eenzelinteressen vun den 118 Gemengen sin awer nët ëmmer deckungsgläich mat dem Intérêt Général vum Staat an net denkungsgleich mat dem Intérêt ennert sech selwer. Am Landesplanungsgesetz vum 21. Mee 1999 kritt dofir den zoustännegen Minister fir d´Landesplanung eng koordinéierend Missioun fum nationalen, regionalen an kommunalen Niveau.

Et ass demno um Inneminister an senger Fonctioun als Zoustännegen fir d´Landesplanung fir fir eng Kohäsioun tëschent dem Aménagement communal an den 118 Gemengen ze suergen an dat am Intérêt vum Staat.

3. Zieler

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

erlaabt mer an enger zweeter Partie nach eng Keier op die wesentlech Orientatiounen fum PD anzegoen.

De PD bezitt sech op dréi grouss Handlungsfelder:

  • Städtesch an ländlech Entwécklung,

  • Transport an Telekommunikatioun,

  • Ëmwelt an natiirlech Ressourcen.

Prioritär Zieler am Handlungsbereich „städtesch an ländlech Entwécklung“

Die prioritär Zieler vum Handlungsfeld “städtesch an ländlech Entwécklung” bezéihen sech op d’Planungsregiounen an op d’”centres de développement et d’attraction” (CDA) wéi se dem Gesetz no am PD définéiert goufen. Stechwierder sinn hei Dezentralisatioun, Dekonzentratioun a Polyzentraliteit.

Den Programme Directeur geseit d’Schaafen fun 6 Plaungsregiounen fir, an dénen jeeweils een oder mei Centres de développement et d’attraction (CDA) firgesinn sinn.

D’interkommunal Kooperatioun an dénen 6 Regiounen iwert de Wee vun der Regionalplanung muss als eng vun den fundamentalen Strategien vun der Landesplanung betruecht gin. D´Regierung ennerstëtzt des Initiativen op verschiddenen Niveauen: Firbereedung an Begleedung vun der Regionalplanung, Koordinatioun mat aneren sektoriellen Planungen, wéi och finanziell Hëllefen.

Mir brauchen och op nationalem Niveau eng Verstäerkung vun der urbaner Dekonzentioun an Richtung vun enger Polyzentralitéit, déi op dem Partenariat tëschent den eenzelnen urbanen Zentren mat den Gemengen ronderëm berouht. Nëmmen duerch eng besser Koordinatioun an enger besserer Kooperatioun kënnen déi aktuell an zukünfteg Erausfuerderungen ugepaakt gin. Esou kann eng “win-win” Situatioun entstoen wou esouwuel d`Gemengen, wéi och déi eenzel Regiounen dervun profitéieren.

Haaptziel dobei ass et, dem Ongläichgewiicht dén mer haut kännen entgéintzewierken an den Drock deen op d´Agglomératioun ronderem d’Stad Lëtzebuerg laascht ze  reduzéieren.

Iwwert déi Politik vun der Dezentraliséierung eraus muss den System vun den CDA an engem regionalen an nationalen Kontext valoriséiert gin. Dëst setzt eng equilibréiert an intégréiert Stad – a Regionalentwecklung viraus. Déi prioritär Dossieren sin hei d´Regénératioun vum Bassin Minier, d´Restrukturatioun vun der Agglomératioun em d’Stad Lëtzebuerg an d´Entwécklung vun der “Nordstad” als städtischen Zentrum am ländlechen Raum.

D´Landesplanung ass e wichtigen Pilier fir d´Entwécklung vum ländlechen Raum andeems d´Qualitéiten an déi eegen Potentialer valoriséiert respektiv stabiliséiert gin. Heifir muss d´Multifunktionalitéit vun der Landwirtschaft gefördert,  d´wirtschaftlech Entwécklung vun den PME´en an den regionalen Zentren gerstäerkt an den doucen Tourismus als Chance fir den ländlechen Raum weider gefördert gin.

D´Intégratioun vun dësen Aspekter an der Approche vun enger regionaler Entwécklung soll derzou bäidroen dat et zu enger réeller Entwécklung vum ländlechen Raum kënnt. Hei spillen d´Naturparken eng ganz grouss Roll.

Duerch eng net appropriéiert urban Struktur enstinn eng Rei ökologesch, ökonomesch an sozial Konflikter déi een muss mat adäquaten Mechanismen an Prozeduren an den Grëff kreien.

Duerch d’Applikatioun vum Prinzip vun der Funktiounsmëschung an vun der Verdichtung vun der Siedlungsstruktur an der Stad vun den kuerzen Weer dierft d’Qualitéit vun der Gestioun vun eisem Territoire substantiell gesteigert gin.

Weiderhin ass et och ganz wichteg fir d’Erweiderung vun den Agglomeratiounen am Zentrum an am Süden vum Land ze bremsen. Hei kennen “zones vertes” teschent den Agglomeratiounen ee wertvollen Beitrag leeschten fir d’Stadtentwecklung besser ze strukturéieren an d’Grëngzonen als wichtigen sozialen (Erhuelungsfunktioun) an öklogischen Facteur ze erhaalen.

Am Kontext vum demographeschen Zouwuess, den villen verschiddenen Liewensstyler, der Diversifikatioun vun den Nationalitéiten muss der Fro vun der sozialer Integratioun eng virrangeg Stellung zoukommen an dest gëlt och am Kader vun der Landesplanung. Des Integratioun ass nët nëmmen mat präzisen Indikateuren méiglech déi d´Situatioun beschreiwen. D´Stied an Dierfer als ‘lieux de recontre’ mussen zwëschenmënschlech Relatiounen erméiglechen an all Bierger déi selwescht Chancen an Geleenheeten bidden. D´Landesplanung muss hei hiren Beitrag leeschten andeem nei Wunnformen gefördert gin, si muss hellefen, déi sozial Mixitéit ze eréchen déi néideg ass fir der sozialer Segregatioun entgéintzewierken.

Am Sënn vun der nohalteger Entwécklung geet et ënner anerem verlaangt eng méi gerecht Befriedegung vun den Grondbediirfnisser ze erreechen (Notzung vun den Ressourcen, Educatioun, Gesondheetsariichtungen, Aarbecht, Wunraum an Wuelstand). D´Landesplanung huet zu dëser Approche déi territorial Dimensioun beizedroen an fuerdert deemno dat d´Bierger vun den eenzelen Regiounen equivalent Liewensconditiounen sollen hun. Heibäi sollen déi kulturell an sozial Aspekter vun der Landesplanung mat integréiert gin fir dat d´Bierger sech méi stark mat hirer Uertschaft an hirer Regioun identifizéieren kënnen. Dëst erfuerdert eng méi oppen an verstärkten Participatioun vun allen Bierger am Planungsprozess.

Prioritär Zieler am Handlungsfeld “Transport an Telekommunikatioun”

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

Den Volet Transport an Telekommunikatiounen ass eng verbonnen mat deem vun der städtischer an der ländlecher Entwecklung, wann een bedenkt wat fir een Impakt d´Mobilitéit op déi territorial Organisatioun huet, an vice-versa och.

An Zentrum vun all nohalteger Transportpolitik läit dat ambitiéist Ziel den Transportvolume ze reduzéieren.

Dess Approche get an der Landesplanung konkretiséiert duerch d’Schaafen vun enger polyzentrescher an multifunktioneller urbaner Struktur, an daat op nationalem, regionalem an lokalem Niveau. Esou get an Zukunft och d’Wiel vun den Standuerten vun den neien groussen Infrastrukturen (ex. lycées) esou gewielt dat enner anerem den Transportvolume méiglechst reduzéiert gett.

Doriwwer eraus geet et och drem fir Rahmenbedingungen ze schaafen, dat sech eng nei approche an der Verkéierspolitik kann duerchsetzten. Op den Verkeierszouwuess ass bis elo nach emmer mat engem Ausbau vum Verkéiersreseau geäntwert gin. D’Planung vun den Verkeiersnetzter soll an Zukunft méi an eng territorial Approche intégréiert gin. Am Kader vum IVL sin mer amgaang des approche unzewenden. Hei soll d’Efficacitéit vum bestehenden Réseau verbessert gin ier nei Verkeierswéer gebaut gin.

Den zweeten Pilier vun enger nohalteger Transport- an Landesplanungspolitik läit am Transfert vum Transport-opkommen op Transportmettel déi dem menschlechen an natiirlecht Emfeld gerecht gin.

Et ass evident dat den öffentlechen Transport net daat ganzt Persounentransportopkommen géréieren kann. Am Kontext vun enger nohalteger Entwecklung muss awer dei aktuell Transportpolitik esou gestalt gin fir an Zukunft  den öffentlechen Transport esou vill wéi méglech ze promouvéieren, virun allem do wou et elo schon gutt méiglech ass an kuerzen Taktfrequenzen fir an mettlerer Zukunft een modal-spilt vun 25/75 ze errechen wat e ganz ambitiest Ziel ass a wou d’Leit mussen derzo beidrohen fir et ze ennerstetzen, net nemmen d’Politiker.

Vum point de vue vun der Landesplanung aus gesinn ass et wichteg dat den réseau vum öffentlechen Transport esou organiséiert ass, dat d’Entwecklung vun den C.D.A. ennerstetzt get andeem eng adäquat Accessibilitéit garantéiert get. Am selweschten Kontext ass et wichteg den bestehenden Eisebunnsreseau ze ze valoriséieren.

D’Eisenbunnsnetz muss een als Rëckgrat vum öffentlechen Transport gesinn. Mobiliteit-lu geseit dofir fit, dass wichteg Axen verstärkt oder réorganiseiert gin. Weiderhin ass et firgesinn fir d’Bunn bei die grouss Entwecklungszonen ze brengen, wéi zum Beispill den Kirchbierg an Belval-West.

Net all Platzen sinn a waerten an Zukunft mam Zug ze erréchen sinn. Dofir gellt och dem Bus als kollektivt Verkeiersmettel e besonnescht Aenmierk. Seng Attraktiviteit hängt awer dofun of, a wie engem Mooss én bereet ass, en eng gewessen Prioriteit par rapport zum Individualverkeier ze ginn.

Den drëtten Pilier vun der Transportpolitik beschäftegt sech mam sozialen Volet vun desem Domän an deem en eng Verbesserung vun der Errechbarkeet vun allen Uertschaften, an der mesure du possible, unviséiert. Dest verlaangt eng regional approche fir « en somme » um ganzen Territoire en performanten öffentlechen Transport ubidden ze können.

An all Regioun mussen Léisungen fonnt gin, déi ofhängeg sin vun den Spezifizitéiten vun der eenzelner Regioun. Hei muss och eng Standortpolitik entweckelt gin déi d’Errechbarkeet mam öffentlechen Transport mat considéréiert.

Prioritär Zieler am champ d´action “Environnement et Ressources Naturelles”

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

Déi natiirlech Emwelt ass den territorialen Kader fir vill wirtschaftlech Aktivitéiten an gett stark beaflosst vun der gesellschaftlecher Entwëcklung. All Naturraum huet seng spezifesch Kapazitéiten an en bestëmmtent Potential de kann genotzt gin. Engerseits ass dëst Potential begrenzt, mais anererseits sin d’Besoin’en dëst Potential ze notzen gestiegen. Et muss een also, am Respekt vun den nächsten Generatiounen, garantéieren kënnen dat déi natiirlech Ressourcen erhaalen bleiwen, respektiv sech regénéréieren kënnen.

D’Erwaardungen an d’Fuerderungen vun der Gesellschaft géintiwer der Landschaft hun sech am Laaf vun denen leschten Joeren an Joerzengten geännert. Si sën méi vielfälteg, sophistiquéiert an oft kontradiktoresch gin. D’Naturreim sin multifunktionnel gin an si mussen als solch vun der Landesplanung betruecht gin.

Den Bäitrag vun der Landesplanung zum Erhaalen vun den ökologischen Kapazitéiten an den Naturreim besteet ënnert anerem am Schützen an am Revitaliséieren vum hydrologischen System an Relatioun mat der Protektioun vun den Iwerschwemmungszonen, am Erhaalen vun der Buedemqualilitéit an daat duerch d’Instrument vun den Plans d’Aménagement. 

Weiderhin kann d’Landesplanung als ënnerstëtzend Strategie fir d’Erhaalen vun der Biodiversitéit an der Koordinatioun teschent den ökologischen, ökonomischen an sozialen Funktiounen vun der Landschaft agesaat gin. D’Erhaalen vun der Landschaft ass nët méiglech wann een nëmmen op Schutz- an Revitaliséierungsmesuren zrëckgräift. En nohaltegen Schutz vun den Ressourcen baséiert op pluridisziplinärer Kooperatioun an Sensibiliséierung.

D’Regionalentwëcklung wéi se vun der Landesplanung an vun den Naturparken préconiséiert get, dreit derzou bäi fir dëss nei Usprëch an d’Praxis ëmzesetzten. Si bidden eng Plattform un, déi et den eenzelnen Akteuren kann erméiglechen sech an déi régional Economie ze intégréieren an och aner Akteuren an Konsumenten ze sensibiliséieren.

Dën drëtten Pilier an desem Bereich besteet an der Intégratioun vun den Sekteuren mat héigem ökologischen Wert an en funktionellen Réseau, deen op nationalem Niveau développéiert  get, op régionalem Niveau präziséiert get fir dann op lokalem Niveau a Form vun Biotopvernetzungen ëmgesaat ze gin.

D’Iwersetzung vun deser Approche an Termen vun der Landesplanung besteet doranner fir grouss Flächen ze schützen, wéi zum Beispill d’"Zones Vertes Interurbaines" an fir Verbindungen teschent Landschaftsdeeler ze schaafen, déi sech duerch eng ökologesch Komplexitéit auszeechnen. Heibäi soll sech den Grad vun der Notzung graduell teschent deenen eenzelnen Landschaftsdeeler upassen.

3. D’Prioriteiten

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

D’Kapitel III vum Programme Directeur definéiert d’Prioriteiten déi a noer Zukunft sollen weiderverfollegt gin.

De prioritäre Charakter vun dëse Moossnahmen ass esouwuel am Diskussiounsprozess, deen d’Ausarbechtung vum Projet  vum Programme Directeur begleet huet wéi och am Konsultatiounsprozess, deen uschleissend op Basis vum Projet gemaach gin ass, daitlëch gin.

Ech hun am Ufank gesoot, dass ech willt d’Déclaratioun zum PD a senger Richtlinie mat engem Rapport iwert Landesplanung kombinéeren.

Ech geef also elo gär d’Gelegenheet notzen fir op die 5 wichtegst Dossiéen anzegoen, déi d’Zieler a mengen Aen der Landesplanung an d’Realiteit emsetzen sollen. Op mei weitgehend Zieler muss ech aus Zeitgrenn op de schreftlechen Rapport verweisen.

Et sinn dest:

  • den IVL

  • d’Plans directeurs sectoriels

  • d’Plans directeurs régionaux

  • d’Revitaliséerung vun den Industriebrochen

  • de Monitoring an de Suivi

IVL – Integrativt Verkéiers-an Landesentwecklungskonzept

D’Herausfuerderungen déi d’Entwecklung vun Lëtzebuerg schons zënter  enger Rei Joeren matt sech brengen, sin esou grouss, dass mir haut e neit Planungsinstrument brauchen fir eng optimal Koordination an Integratioun tëschent deene Secteuren ze erreechen, déi d’Raumentwecklung an d’Buedemnotzung am stärksten beaflossen;  daat heescht d’Siedlungsentwecklung, de Verkéier an d’Emwelt.

Esou een Instrument muss kapabel sin fir d’Erschaffung vun de Plans sectoriels méi präzis ze orientéieren wéi de Programme Directeur, glaichzaiteg sëcherstellen, dass d’Artikulatioun tëschent de Plans sectoriels an dem Programm Directeur stëmmt an dass d’Plans sectoriels optimal geigenseiteg integreiert gin.

Daat Instrument vun deem ech schwätzen ass den IVL, „Integrativt Verkeiers- an Landesentwecklungskonzept“.

Déi innovativ Demarche vum IVL baséiert op der Feststellung dass d’Verkeiersinfrastrukturen och als struktureierend Elementer vun der Raumentwecklung mussen betruecht gin – an nët nëmmen als Konsequenz vun dëser Entwecklung.

Dei grondlegend Fro op dei den IVL eng Äntwert soll sichen ass op Basis vum Programme Directeur definieiert gin, an heescht:

"Wei kann een bis d’Joer 2020 d’Raumentwecklung, d’Entwecklung vun de Pendler an d’Verkeiersinfrastruktur optimal kombineieren an intégréieren, esou dass

  • Verkéier kann vermiede gin an den Undeel vum öffentlëche Transport verduebelt gin;

  • eng reimlech Struktur geschaafe gët dei Verkeier vermeid an den öffentlichen Transport ënnerstëtzt;

  • d’Organisatioun vum Transport konform ass matt enger nohalteger Raumplanung;

  • de Verbrauch vun Terrain kann limitéiert gin ?

Den IVL ass démno een Aarbechtsinstrument waat ermeiglecht, fir:

  • d’Zieler vum Programme Directeur iwwert en Raum-an Verkéiersentwicklungsszenario ze konkretiséieren;

  • dei grondleend Plans sectoriels ze kadréieren an ze integréieren;

  • d’Orientéierung fir d’Ausaarbechtung vun  de Regionalpläng ze präziséieren;

  • d’Emsetzung vum System der zentralen Orte virzebereeden.

Um IVL sin dei folgend Ministären an Verwaltungen bedeelegt : den Transport, d’Öffentlëch Bauten, d’Wirtschaft, de Wunnengsbau, d’Emwelt, de Stroossebau, den Intérieur an der Landesplanung. Begleedend dozou hun mer och d’Gemengen iwer den Syvicol an den Processus agebonnen.

D’Konklusiounen fum  IVL, dén seit Ufank 2002 ausgeschafft gett, sollen am Hierscht dest Joer firleien.

D’Plans sectoriels

Den initialen Projet vum Programme Directeur vun 1999 haat 4 prioritär Plans sectoriels defineiert : „Lycées“, „Transport“, „Logement“ an „Paysages à protéger ». Si sin och am Regierungsaccord vun 1999 all iwwerholl gin.

Den aktualisierten Projet vum Programme Directeur huet dës Lëscht op Basis vun Demanden aus aaneren Départementer kompletéiert. Esou sin drai zousätzlech Pläng derbai komm, an zwar deen iwwert d’Seveso-Betriieber, deen iwwert d’GSM-Antennen  an deen iwwert d’Bauschuttdeponien.

De Programme Directeur ennerscheed tëschent de « Plans sectoriels primaires » - daat heescht dei dei am Zesummenhang mam IVL realiséiert gin – an de "Plans sectoriels secondaires" - daat heescht déi, dei sëch matt spezifischen Infrastrukturen beschäftegen.

Waat de Kalenner vun den eischten Kategorien ugeet, esou ass ze soen:

  • dass d’Regierung den 22.3.02 formal decidéiert huet fir de « Plan sectoriel transports » a Relatioun mam IVL auszeschaffen. Den Transportminister huet rezent an der Chamber annoncéiert dass dësen Plan sectoriel am Dezember dest Joer soll färdeg sin.

  • dass déi offiziell Ausarbechtung vum „Plan sectoriel logement“ no der Prozedur vum 99-er Gesetz nach nët leeft; mais dass um Niveau vum Logementsministär Viraarbechten am Gaang sin. Den Logementsminister huet viru kuerzem annonceiert dass de Projet am Oktober 2003 giff virleien. Wichteg dobei sinn och d’Orientatiounen, die aus der Debatt zu desem Sujet geschter hei an der Chamber gezunn ginn.

  • dass d’Regierung den 20.12.2002 de  projet de règlement grand-ducal fir d’Asetzen vun engem interministeriellen Aarbechtsgrupp fir d’Erschaffung vum Plan sectoriel „Préservation des grands ensembles paysagers et forestiers“ ugeholl huet.

Waat elo d’“Plans sectoriels secondaires“ ugeet, bleiwt nach ze soen:

  • dass de "Plan sectoriel lycées" an dénen nächsten Deeg an d’Prozedur geet. No iwer 2 Joer intensiver Kooperatioun zweschen fillen Ministären war desen plan sectoriel esou ze soen den Testfall, dén huet missen beweisen, dass dess nei Forme fun Zesummenarbecht emzesetzen wier. D’Erfahrungen waren seier positiv, waat sech staark op aner Dossieren iwerdroen huet. D’öffentlech Presentatioun de mer virun kuerzem hei an der Kommissioun virgestallt hun wärt den 2. Abrëll stattfannen.

  • dass d’Regierung den Projet de plan „Stations de base pour les réseaux de télécommunications mobiles“ de 14.2.2003 approuveiert huet an domadder decideiert huet fir d’Prozedur nom 99-er Gesetz ze lancéieren. Présenté lundi dernier

  • dass den 20.12.2002 den interministeriellen Aarbechtsgrupp fir d’Erschaffung vum Plan sectoriel iwwert d’Sevesobetriieber asgesaat gouf.

D’Regionalpläng

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

eng impressionant Virbereedungsaarbecht ass geleescht ginn fir de Regionalplang Süden ze prépareieren. Et kann een an dem Kontext d’Regionalkonferenz vu 1999 an déi entspriéechend Aarbechtsdokumenter ernimmen. An dësen Kader sin d’Gemengen opgefuerdert gin fir d’Initiativ am Dossier ze iwwerhuelen.

Seitdem hun d’Gemengen an Zesummenaarbecht mam Ministär d’Kollekt vun Basisdonneen an spezifëschen Analysen am Kader vum ORESUD weidergedriwwen. D’Gemengen hun och Statuten fir de regionale Syndikat „PROSUD“ ausgeschafft deen d’Promotioun an d’Entwecklung vun der Südregioun als Mission huet. Et verhënnert also naischt mei dass de Regionalplang 2003 konkretiseiert gët.

Den Dossier vun den Frichen op deen ech elo gleich wärt agoen kommen gët vun der Regierung als Motor fir d’Entwecklung vun der Südregioun betruecht.

Eng zweet Initiativ hun mir an der Regioun Norden lancéiert, wou de Ministär de l’Intérieur eng Rei vun Gespreicher matt de lokalen Responsablen gefouert huet fir d’Virbereedung vum Regionalplang Norden matt spezifëschen Projeten vun enger fraiwëlleger Fusioun vun Gemengen ze koordineieren.

Dës Démarche ass innovativ well se probeiert d’Uleies vun der Regionalentwecklung matt der Modernisatioun vun de Gemengestrukturen ze kombinéieren. Eng Analyse vun de Stärkten an de Schwächten von der Regioun ass am Gaang färdeggestallt ze gin no enger Konsulatioun matt de Gemengen. Dës Analyse gët demnächst och matt de lokal Gewielten diskutéiert- eng enspriechend Veranstaltung ass fir den 25 März geplangt.

An der Regioun „Centre-Sud“ sin Virbereedungsaarbechten fir e Regionalplang gestart gin. De Buergemeeschter vun der Stad Lëtzebuerg huet, vu den emmer klammenden Entwecklungsdrock op d’Stad, an enger Reunion mam Innenminister huet declaréiert dass d’Stad dei Problemer dei sech duerch d’Entwecklung vun der Stad ergin, am Kader vun engem Regionalplang well ugoen.

Eng eischt Konferenz matt de betraffenen Gemengen huet den 2. Oktober 2002 stattfonnt. Och an dëser Regioun ass eng Analyse vun de Stärkten an de Schwächten an Optrag gin, esou dass eng ähnlech Prozedur ewei am Süden an am Norden kann ulaafen. Et därf en awer net verheemlechen, dass et sech hei em en schwieregen Dossier handelt an dass grouss Ennerschéder an den Approchen vun den Gemengen sin.  Ech stellen mech hei op e langfristegen Prozess an.

Industriebrochen

D’Valorisatioun vun den Industriebrochen am Minett ass sonner Zweifel eng vun de gréissten Erausfuerderungen vun der Landesplanungspolitik. Et ass effektiv éischter rar dass Flächen an där Envergure – 600 Hektar kuerzfristeg a wahrscheinlech daat duebelt längerfristeg – fir eng integréiert Konversioun zur Verfügung stin.

Well d’Regierung sech dees bewosst ass, huet se Enn 1999 op Initiative fum Innenminister décideiert  aus der Entwecklung vun de Frichen eng Prioritéit ze maan an dës an de Kader vum Regionalplang Süden ze setzen.

Zenter 1999 ass dës Démarche struktureiert an konkretiseiert gin. No dozenden fun Sëtzungen zweschen allen Koncerneierten konnt e Gesamtkonzept färdeggestallt gin.

Strukturen sinn geschaaft ginn, fir dess Rekonversioun ze begleeden. De Staat partizipéiert an der Entwëcklungsgesellschaft AGORA, déi d’Emstruktuéereung vun de Broochen als Optraag huet. Doriwer eraus ass as de Fonds Belval geschaafen gin, dén den Optraag huet, op Belval d’Cité des Sciences, de la Recherche et de l’Innovation, projet vun der Regierung, ze réaliséieren.

Den 6. März 2003 huet d’Regierung en Rapport ugeholl op dém senger Grondlag den Realisatiounskalenner an d’Finzanzement vun verschiddenen Moossnahmen defineiert ginn. Heibai geet et em d’Staatsequipementer dei vum Fonds Belval realiseiert gin; em d’Modaliteiten no deenen d’Terrain déi heifir noutwendeg sin zu Verfügung gestallt gin an schlussendlech och em  d’Transportinfrastrukturen déi musse geschaafe gin.

D’Detailer dovun hun mir geschter presenteiert an och an der Chamber  an der zoustänneger Kommissioun.

Eng kohärent Konversiounspolitik emfasst awer all d’Frichen dei disponibel sin matt hieren eventuellen Verlängerungen iwwert d’Grenzen eraus. Si berücksichtegt all denkbar Notzungen an implizeiert esou Wirtschaftsaktiviteiten, öffenltech an privat Servicer, Wunnengsbau, Freizeit, Kultur an d’Erhaalung vun der Emwelt.

Eng kohärent Konversiounspolitik garanteiert d’Bedeelegung vun allen koncerneierten Partner – Staat, Gemengen, Proprietär un hierer Emsetzung an soll och genotzt gin fir d’Dezentralisierungspolitik – eng weider Prioriteit vun der Regierung – emzesetzen. Schlussendlech entweckelt se op Basis vun engem kompletten „Etat des lieux“ parallel cibléiert Propositiounen fir de long terme (Regionalplang), de moyen terme an  de court terme.

Här Präsident, dir Dammen an dir Hären,

Ech wollt meng Präsentatioun ofschleissen matt e puer Commentairen iwwert de Monitoring vun de Moosnahmen. D’Noutwendegkeet fir an desem Beraich aktiv ze gin ass évident an se situeiert sech op verschidden Niveauen.

Den eischten Niveau ass deen vun der Collecte vun den Donneen. Eng modern a nohalteg Landesplanung brauch fiabel an virun allem aktuell Donnéen. De Ministär – oder Ministären - ass awer matt der folgender Situatioun konfrontéiert:

  • d’Donnéen bestinn nët (z.B. Kaarten matt de Bauterrainspräisser,...);

  • d’Donnéen sin nët richtëg;

  • d’Donnéeserhiewung baséiert op net fiablen Methoden d’Donnéen bestinn um Pabeier aver nët digital esou dass nëmmen schweier a matt vill Opwand traiteiert kënne gin (z.B. PAG vun de Gemengen);

  • d’Donneen gin net regelmeisseg aktualiseiert (z.B. Freiflächen an den Industriezonen);

  • d’Donneen bestinn nët an der Echelle wou se gebraucht gin (z.B. um Niveau vun der Lokaliteit);

  • d’Donneen befannen sech bei vill verschiddenen Institutiounen (Statec, Ministären, Gemengen, CEPS,.....)  an eng effikass Planung ass erschweiert duerch dei feelend Zentraliséierung an Koordinatioun.

Parallel dozou wuessen awer d’Ufuerderungen un d’Landesplanung andauernd. Eng modern Raumplanung sollt sech op Planungsprozesser a Konzepter konzentreieren kënnen an nët op eng langwiereg Collecte vun Donnéen, déi oft méi laang dauert wéi déi eigentlech Planung selwer.

Bei der Uwendung vun wëssenschaftlëche Planungsmethoden ass et wichteg ze ennerstraichen dass eng modern Raumplanung muss kënnen schnell, novollzeibar an wessenschaftlech begrënnt zur Problemleisung oder zur Erschaffung vun konkreten Projeten beidroen. Eischt Erfahrungen de mir durch den IVL kritt hun, sin an deir Hinsicht positiv.

Dës Aarbecht limiteiert sech nët op d’Collecte vun Donneen oder dem „Molen“ vun réglementaresche Pläng wéi de PAG’en, mais beinhalt eng ganz Palett vun wessenschaftlechen Methoden (Bewertung, Modelleierung, Simulatiounen, Visualisatiounen, etc.) op verschidden Niveauen. An all dëse Beraicher geet de wessenschaftlëche Progrès séier weider, speziell bei der Uwendung vum GIS – daat heescht dem Geographeschen Informatiounssystem – waat e weesentlecht Instrument ass fir d’Raumplanung mei effikass ze maan.

D’Entwecklung vum Raum ass e kontinuierlechen an dynameschen Prozess. Et muss een en regelméisseg beobachten an analyseieren – daat heescht de Monitoring maan – fir d’ Landesplanungspolitik an all aaner sektoriell  Politiken  dei een Impakt op de Raum hun kennen effikass ze orientéieren.

Schlussendlech brauch d’Emsetzung vun enger emmer méi komplexer Raumplanung och eng regelmeisseg Sensibilisatioun vun den Akteuren op alle Niveauen (Ministären, Gemengen, Public,...) an ass ofhängeg vun engem kontinuéierlechen Transfert vun Know-how tëschent den Institutiiounen.

All dëst sin Missiounen déi een zukünftëgen Observatoire du Développement Spatial – en Instrument net vun engem Ministär mä en Instrument vun der Regierung-, den Regiounen an de Gemengen soll erfëllen.

Ech soen ierch merci fir är Opmierksamkét

Dernière mise à jour