Discours prononcé par le Premier ministre à l'occasion de la Fête nationale 2004

Dir Dammen an Dir Hären,

Den 23. Juni verfléien eis Differenze fir ee ganzen Dag, fir Nationalfeierdag. Mir vergiessen dat wat eis trenne kann a kucken op dat wat eis zesummeschweesst. D'Wahlen an hiren Ausgang verloossen d'Aktualitéit a maache méi breede Gedanke Plaz.

Am September an an de Méint duerno feiere mer de 60. Joresdag vun eiser Befreiung. Mir maachen dat an Dankbarkeet fir déi déi vun däer anerer Säit vum Mier an Europa komm si fir Nazi-Däitschland zum Opginn ze zwéngen an déi hiert jonkt Liewe fir eis Fräiheet geaffert hunn. Mir maachen dat an Dankbarkeet fir déi déi heiheem de Kapp duergehal an dat gréissten Affer bruecht hunn. Mir maachen dat am feste Wëllen an Europa Onfräiheet a Krich fir ëmmer ze verdreiwen.

Dee feste Wëllen huet d'lescht Woch d'Staats- an d'Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun ugedriwwe wéi se eisem Kontinent seng éischt Verfassung ginn hunn: een historesche Schrëtt, 60 Joer nom Krich an e puer Wochen no der Re-Conciliatioun vun der europäescher Geschicht a Geographie. Dës Verfassung däerf keen doudege Buschtaf bleiwen: mir musse se liewen dinn – eng grouss Aufgab fir eis a fir déi déi no eis kommen.

Lëtzebuerg geet an deem neien Europa net ënner. Mir bleiwe wat mer sinn – een eegestännegt Land an engem ëmmer méi staarken Europa. Op eisem Wee wësse mer eis eens mat eisen Elteren a Grousselteren déi op hier Fassong an zu hirer Zäit schwéierst Verantwortung ze droe wossten. Ech war houfreg, de 6. Juni op de Plage vun der Normandie niewt dem Grand-Duc Jean ze stoe wéi Staatsmänner aus der ganzer Welt Him hire Respekt fir Säin Asaz viru 60 Joer zum Ausdrock bruecht hunn.

De Grand-Duc Henri steet an der Traditioun vu Sengem Papp a Virgänger. Ronderëm Hie forméiere mer haut op Nationalfeierdag ee feste Krees dee sech aus zolidder Solidaritéit a gewolltenem Mateneen zesummesetzt. Zesumme mat der Grande-Duchesse Maria Teresa, billt Hien dee Mëttelpunkt deen eis alleguer déi Rou gëtt déi ee brauch fir an enger ëmmer méi komplizéierter Welt eens ze ginn.

A tous ceux qui vivent chez nous et qui viennent de loin pour partager nos réalités et nos rêves, à tous ceux qui me regardent au-delà de nos frontières je renouvelle le message de solidarité et de fraternité de mon pays.

Ech wënschen Iech ee schéinen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc!

Vive d’Grande-Duchesse!

Vive eis groussherzoglech Famill!

Vive eist Land!

Dernière mise à jour