Message du Premier ministre Jean-Claude Juncker à l'occasion de la fête nationale 2005

Dir Dammen an Dir Hären,

D’Jore lafe séier, een Evenement jot dat anert. D’Zäite si voll Gedrécks, et gëtt vill Duerjerneen an Europa an an der Welt. Dofir ass et gudd, datt et een Dag am Ufank vum Summer gëtt, deen äis e bëssche Rou bréngt. Op eisem Nationalfeierdag, dee mir mar feieren, kënne mer d’Hektik vum Alldag ofbauen an äis e puer Momenter vu Nodenke gënnen.

Dëse Nationalfeierdag ass anescht wéi déi, déi mer déi lescht Jorzéngten haten. Dest Joer as déi Fra, déi eis Grande-Duchesse war, net méi bei äis. D’Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte ass an deenen éischten Deeg vum Joer gestuerwen, no enger schwéierer Krankheet, déi si mat Courage erdroen a géint déi si laang gekämpft huet. Hire Glanz wäert eisem Nationalfeierdag fehlen. De Grand-Duc Jean a mir alleguer vermësse si, mir vermësse si, mä mir kënne si net vergiessen. Hiren Doud huet äis op eng androcksvoll Aart a Weis erëm méi opmierksam gemaach op dat, wat äis bei alle Meenungsverschiddenheeten – an där hu mer de Moment zevill – zesummenhält, an dat wat äis zesummenhält, ass dat wat typesch fir äis ass, dat wat soss keen huet, dat wat ebe lëtzebuergesch ass.

Dee wichtegsten Deel vun deem wat lëtzebuergesch ass, dat ass de Grand-Duc. Hie steet un der Spëtzt vun eisem Land, vertrëtt et no bausse mat Elan a mat Dignitéit, versicht et vu bannen eraus ze verstoen; e ka gudd nolauschteren an dat muss hien och kënnen, fir sech e komplett Bild vum Land ze maachen a fir dat Bild no bausse kënnen ze weisen.

Fir dat Bild, wat mir ginn, hu mir äis nach ni brauchen ze schummen.

Zu deem Bild gehéiert, dat mer an deenen zentrale Momenter vun eiser Geschicht ëmmer dat Richtegt gemaach hunn, heiansdo instinktiv, heiansdo no gudder Iwwerleeung, ni an der Roserei iwwer dësen oder iwwer dat. Ëmmer wann et drëms gaangen ass, méi wäit ze gesinn, wéi dat wat een haut mengt ze gesinn, ëmmer wa mer äis lassgeléist hu vu kuerzfristege Stëmmungen fir wäit an d’Zukunft ze kucken, ëmmer dann hu mer gudd geleeën. Mir louche richteg wéi mer Nee gesot hu virun iwwer 60 Joer zum däitschen Occupant an zum Krich, dësem Doudfeind vun deene klenge Länner an deene klenge Leit.

Mir louche richteg wéi mir – ech géif gäre soen – vun der éischter Sekund u Jo gesot hunn zur europäescher Integratioun. Si huet dem Kontinent 60 Joer Fridde bruecht an dem Land 60 Joer Wuelstand a Fortschrëtt op ville Pläng.

Mir louchen ëmmer da richteg, wa mer äis net blende gelooss hu vun deenen, déi äis op deen einfache Wee lackele wollten. Wéi den Agrarstaat u säin Enn gestouss ass, hu mer och aus Lëtzebuerg en Industriestaat gemaach. Wéi d’Schwéierindustrie krank ginn ass, hu mir äis duerch nei Iddien, nei Projeten, nei Aktivitéite bei Gesondheet gehal.

Wann et äis gudd gaangen ass, hu mir d’Suen net zur Fënster erausgeworf – deen einfache Wee – , mee mir hu se gespuert, fir datt et äis spéider net géing schlecht goen. Mir hunn ni nëmmen op haut gekuckt, mir sti besser do wéi déi aner, well mir gëschter op mar gekuckt hun, dat heescht, op haut.

Dofir si mir virukomm, dofir si mir méi wäit komm wéi vill anerer. Loosse mir äis dofir och fir déi nächst Jorzéngte richteg leeën a richteg entscheeden.

Den Nationalfeierdag ass eisen Dag. Jiddweree mëcht mat em wat e wëllt. Loosse mer äis den 23. Juni – ouni Abildung an ouni Arroganz – driwwer freeën, datt mer eppes zesumme fäerdeg bruecht hunn, an Europa an heiheem, vun deem anerer nëmmen dreeme kënnen. Loosse mer dat, wat gelongen ass, fest unhalen an dat, wat nach net gelongen ass, besser maachen.

À tous ceux qui vivent chez nous sans être Luxembourgeois, je voudrais dire que notre fête nationale est aussi la leur. À ceux qui me regardent au-delà des frontières, je réitère l’engagement qui fut toujours le nôtre: nous voulons être des voisins solidaires et ouverts sur les autres.

Iech alleguer wënschen ech e schéinen a rouege Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc!
Vive d’Grande-Duchesse!
Vive eis groussherzoglech Famill!

Vive eist Land !

Dernière mise à jour