Intervention du ministre de l'Intérieur Jean-Marie Halsdorf lors de la présentation des publications de l'Administration de la gestion de l'eau

Waasser ass dat liewenswichtegt Element schlechthinn, ouni Waasser ass kee Liewe méiglech. Nieft all senge positiven Eegeschafte kann d’Waasser awer och eng Gefor fir eis Mënschen duerstellen.

No deene läschten Héichwaassere vun ’93, ’95 an 2003 si verschidde Moossnamen ergraff gi fir d’Awunner virum Héichwaasser ze schützen. Sou huet de Stat mat de Gemengen zesummen 48 Milliounen EUR a präventiven Héichwaasserschutz wéi z.B. e Réckhaltebecken zu Welschent an Héichwaasserschutzmaueren zu Angelduerf/Dikerech investéiert.

Nieft dëse reng bauleche Moossnamen huet d’Waasserwirtschaftsverwaltung an enger Zesummenaarbecht mat der Hëllefsdéngschtverwaltung, der Ackerbauverwaltung an dem Recherchezenter Gabriel Lippmann no 1995 e "réseau d’observation" opgebaut. Dëse Réseau erméiglecht eng kontinuéierlech Beobachtung an Opzeechnung vu meteorologesche Parameteren (wéi di raimlech Verdeelung vum Reen) a limnimetresche Gréissten (wéi d’Waasserstänn vun eise Flosslef). Des Beobachtunge droen dozou bäi, d’Bieger méiglechst fréizäiteg an efficace virun engem méiglechen Héichwaasser ze warnen an esou e groussen Deel vum Schued anzedämmen.

Et ass eis e groussen Uleies dass d’Leit méiglechst emfaassend informéiert ginn. Dofir ginn all dës Donnéen an enger Datebase gesammelt a no Joresofschloss am Atlas Hydro-Climatologique verëffentlecht. Anerersäits fiddere si och den Observatoire Hydro-Climatologique, deen dem grousse Public als Internetsite zougänglech ass. Fir dem Bieger e Gesamtaspekt vun der Hydrologie a séngen Aufgabegebidder, genausou wéi Tipen a Rotschléi fir sech selwer géint Héichwaasser ze schützen, ze ginn huet d’Waasserwirtschaftsverwaltung zwou Brochüren eräusginn, d’Brochüre Hydrologie an d’Brochüre Héichwaasserfibel.

1. Observatoire hydro-climatologique

Den Observatoire hydro-climatologique ass jidderengem via Internet ënnert der Adress déi dir an der Pressemapp kënnt noliesen fräi zougänglech. Am Fall vu speziellen Evenementer wéi Staarkreen oder Iwwerschwemmunge kënnen Informatiounen heizou ënnert der Rubrik "Actualités" ofgeruff ginn.

Den Observatoire liwwert Informatiounen iwwert den hydrologesche Regime vun eise Waaserleef an iwwert eise Klima hei am Land. Et gëtt donieft och erklärt wéi dës Donnéen weiderverschafft ginn.

De "réseau d’observation" ass op enger interaktiver Landkaart duergestallt. Wann een di eenzel Miessstatiounen uklickt kritt ee generell Informatiounen an eng Foto vun där betreffender Miessstatioun ugewisen.

Ob enger weiderer interaktiver Kaart kënne verschidde repräsentativ Statiounen ugeklickt ginn, vun dene monatlech Chroniken bezüglech Reen, Niveau vum Waasser a Grondwaasserstand ugewise ginn.

Verschidde Miessstatioune kënne per Telefon jidderzäit ofgeruff ginn. Dëst ass besonnesch am Héichwaasserfall fir de betraffene Bieger interessant. En hydrologesche Bilan visualiséiert zousätzlech, ob mir eis zur Zäit an enger drechener oder naasser Period par rapport zum laangjärege Mëttel befannen.

Dat experimentellt Anzugsgebidd vun der Uelzecht ass souzesoen d’Pilot-Anzugsgebidd a gëtt ganz am Detail beschriwwen.

Fir dat komplext wëssenschaftlecht Thema fir de grousse Public verständlech ze man, sinn déi wichtegst wëssenschaftlech Begrëffer an engem Glossaire erklärt.

Fir weider Réckfroen kënnen d’Leit dobäussen sech per Mail un d’Spezialiste selwer wenden a kréien da vun deenen eng kompetent Äntwert op hir Froen.

2. Atlas hydro-climatologique

No all Joer ginn all meteorologesch, limnimetresch a piezometresch Donnéen (d.h. vum Reen, dem Waasserstand vum Gewässer an dem Grondwaasserstand) am Atlas hydro-climatologique zesummegedroen a verschafft. Den Atlas vun 2004 ass vum Ministère de l’Intérieur et de l’Aménagement du Territoire, dem Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement Rural an dem Centre de Recherche Public Gabriel Lippmann zesummen äusgeschafft ginn an ënnerscheed sech wesentlech vun deenen Atlasse vun deene Jore virdrun wou just eng Oplëschtung vun den Donnéen gemaach ginn ass.

Am Atlas vun 2004 sinn vill Kaarten, déi di eenzel hydro-meteorologesch Parameteren an hirer zäitlecher a raimlecher Variabilitéit duerstellen. Äusserdem sinn d’Donnéen statistesch ausgewäert, erklärt an interpretéiert. Dowéinst ass den Atlas en Dokument wat sech souwuel un ëffentlech Autoritéiten wéi och u Bureaux d’études a Recherchezentren hei zu Lëtzebuerg riicht.

All d’Informatiounen an Donnéen sinn och op enger CD-ROM, déi beim Atlas dabäi ass.

Den Atlas ass mat enger einfacher Demande bei der Waasserwirtschaftsverwaltung, der Ackerbauverwaltung an dem Centre de Recherche Public Gabriel Lippmann ze kréien.

3. Brochüre "Hydrologie"

D’Brochüre Hydrologie behandelt all Aspekter vun der Hydrologie vun de Grondlagen bis an di technesch Detailer fir de Lieser mat engem déiwergräifenden Interesse. Liicht verständlech, streckeweis vereinfacht an zweesproocheg (däitsch a franséisch) adresséiert si sech un de grousse Public.

An engem éischte Kapitel ginn d’Grondlagen vun der Hydrologie behandelt an de Lieser kritt en Abléck an den hydrologeschen Zyklus mat sénge Parameteren, d’Anzugsgebidd a generell d’Aufgabe vun der Hydrologie.

Dat zweet Kapitel behandelt d’Miesstechnik an d’Miessprinzipie vu Reen, Waasserstand an Ooffloss.

Fir de Lieser sinn all Informatiounen iwwert quantitativ Aspekter vu groussen Interesse, notamment d’Entstehung vun Héichwaasser a virbeugend Moossnamen, mee awer och d’Folge vun Niddregwaasser.

An deenen zwee läschte Kapitelen ginn d’Prinzipien an d’Duerchféierung vu Renaturéierungen an Fëschduerchgängegkete kuerz erklärt.

4. Brochüre "Hochwasserfibel"

No deene verheerenden Héichwaassere 1993 an 1995 huet de Staat zousätzlech Ustrengungen zur Héichwaasservirsuerg an am Katastropheschutz ënnerholl. Héichwaasserwarnung, Schutzkonzepter a Moossname sinn optiméiert a Geforekaarten elaboréiert ginn. D’Mathëllef vum Bieger kann awer och wesentlech zur Miniméierung vum Schued bäidroen.

D’Ursachen, d’Schied an d’Konsequenzen vun Iwwerschwemmungen, wa se dann antrieden ginn erklärt. De Lieser gëtt informéiert, wou en d’Héichwaassergefährdung vu séngem Grondstéck kann ofruffen a wéi d’Warnung funktionnéiert.

Eng erkannte Gefor ass allerdéngs eng hallef Gefor, dofir kann de Lieser sech am Detail doriwwer informéieren, wéi heen deene Problemer kann äus de Féiss goen a wéi eng Précautiounen hee selwer beim Eräussiche vun Grondstéck a beim Bäu vum Haus kann treffen. Et gi verschidden Techniken a Baumaterialie beschriwwen, déi en Haus an engem iwwerschwemmungsgefährdete Gebidd virum Waasser kënne schützen.

D’Telefonsnummere vun de Pegelen op deene gréissere Waasserleef, genau wéi di kompetent Uspriechpartner kënnen op där läschter Säit nogesicht ginn.

Ofschléissend

D’Brochüren "Hydrologie" an "Hochwasserfibel" sinn bei der Waasserverwaltung fräi erhältlech a kënnen do ofgeholl ginn.

Am Kader vum Interreg-Projet TIMIS, deen am Fréijor scho virgestallt ginn ass, si mir zesumme mat eise franséischen an däitschen Noperen amgaang eisen Héichwaasser-previsiounssystem ze verbesseren an ëffentlech zougänglech ze maachen.

Dernière mise à jour