Jean-Claude Juncker, Message à l'occasion de la Fête nationale 2006

Dir Dammen an Dir Hären,

Gudden Owend.

Den Nationalfeierdag ass ee wichtege Moment am Op an Of vum Joer.

A wéi op all Etapp op déi et am Joreskrees ukënnt soe mer eis och haut: schonn nees e Joer erëm.

Et ass vill passéiert an deenen zwielef Méint zanter dem 23. Juni 2005.

De leschten 10. Juli hunn d'Lëtzebuerger per Referendum dem europäesche Verfassungsvertrag hir Zoustëmmung ginn. Déi déi mat Jo gestëmmt hu wosste firwat, déi déi mat Nee votéiert hu sinn an hirer Iwwerzuel prinzipiell fir Europa. Hätte mer majoritär Nee gesot, dann hätte mer dem Vertrag den Doudesstouss ginn. Esou awer behällt en eng zolidd Perspektiv: no dem franséisch-hollänneschen Neen hu weider 6, deemnächst mat Finnland 7 Staaten de Vertrag ratifizéiert. Anerer komme bei déi 16 Länner déi bis haut Jo gesot hunn derbäi a spéitstens Enn 2008 wëlle mer et endgülteg wëssen.

E puer Méint nom Referendum hu mer eis Gemengeréit erneiert.

D'Gemenge spillen eng grouss Roll. Déi national Politik géif stieche bleiwe wann d'Gemengen net géife funktionéieren. De Virowend vun eisem Nationalfeierdag ass eng gutt Geleeënheet fir all deene Merci ze soen déi eis Dierfer a Stied zu Plaze vu Solidaritéit a Matenee maachen: de Schäffen- a Gemengeréit selbstverständlech, mee och deene Villen déi eis Veräiner liewen dinn, besonnesch deenen déi an den Hëllefsdéngschter hire Mann an hir Fra stinn. D'Delegatioune vun deene Leschtgenannten defiléiere mar an de Stroosse vun der Stad, zesumme mat der Arméi an deene verschiddene Sécherheetskräften. Eist Land wier net eist Land wann et si net géif ginn. Si gehéieren an den nationale Cortège dee vu mar un, gläichberechtegt niewent dem Te Deum, dem Nationalfeierdag een neit Gesiicht soll ginn.

Zum Gesiicht vun Nationalfeierdag gehéiert an éischter Linn eise Grand-Duc. Hien ass de Chef vun eisem Staat, Hie vertrëtt eis no baussen a bréngt eis heiheem zesummen. E Land dat kee Mëttelpunkt huet verléiert d'Orientatioun. De Grand-Duc, Deemsäi Gebuertsdag mer mar offiziell feieren, hëlleft eis d'Richtung ze behalen.

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse feieren dëst Joer hir Sëlwerhochzäit. Dat ass fir Si e grousst Fest a mir feiere mat Hinnen. Mir kënnen houfreg sinn op déi éischt Famill vun eisem Land déi eis an esou Villem gläicht.

A ceux qui m'écoutent au-delà de nos frontières, à ceux qui vivent chez nous et qui viennent d'ailleurs, je voudrais redire que tous nous sommes soudés par un pacte solide qui se fonde sur le respect mutuel et sur le vouloir vivre ensemble.

Iech alleguer wënschen ech e scheinen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc Henri!

Vive d’Grande-Duchesse Maria-Teresa!

Vive eis ganz groussherzoglech Famill!

Vive eist Land!

Dernière mise à jour