Jean-Claude Juncker, Déclaration suite au décès de Monsieur Gaston Thorn, ministre d'État honoraire

D’Nouvelle vum Doud vum Gaston Thorn, déi trefft eis net onvirbereet. Mir wossten, zanter Wochen schon, datt en am Gespréich mam Doud wier, datt e schwéier krank wier. Elo ass dat Gespréich eriwer.

An nawell, obscho mir wossten, datt dat géif op eis zoukommen, trëfft déi Noriicht eis ganz déif. Si mécht eis traureg, si wäerft vill Leit hei am Land ëm.

Wéi ëmmer wann ee Mënsch stierft, deem een no stoung, deen ee gudd kannt huet, deen een dacks gesinn huet, kënnt den Doud engem vir wéi eng Zäsur. An déi Zäsur, déi duerchkräizt emol fir d’éischt d’Liewenspläng, Dreem, d’Hoffnungen, d’Méiglechkeeten vun deenen, déi deem dee gestuerwen ass besonnesch nostoungen.

An dofir geet och haut den Owend mäin éischte Gedanken bei seng Fra, bei d’Liliane Thorn, déi 50 Joer laang, a wahrscheinlech méi, him een treien Complice war, souwuel an der politescher Saach wéi och an der intellektueller Begleedung. Si waar déi grouss Dame vu sengem Liewen, an si bleif fir eis eng grouss Dame.

Eis Gedanken ginn och bei säi Jong, bei den Alain, bei deem seng Fra an hir Kanner. Dem Gaston Thorn seng Fra, sai Fils, seng Famill, dat war dee Kreess, an deem hee sech opgeriicht huet, wann et hee méi no ënnen gezunn huet. Dat war och de Kreess vun deenen, deenen hee selwer Vitesse, Élan an Ambitiounen an hirt Liewen gedro huet.

Fir eis Lëtzebuerger ass et fir d’éischt d’Erënnerung un ee lëtzebuerger Staatsminister. Den Gaston Thorn stoung un der Spëtzt vun der lëtzebuerger Regierung vun 1974 bis 1979. An där Qualitéit, an och an der Zäit wou en 1969 als Ausseminister ugefaang huet, eisem Land ze déngen, huet en d’lëtzebuerger Diplomatie op eng nei Orbite bruet. En huet hir Methode geännert, en huet den direkten Gespréichskontakt mat senge Kollegen am Ausland gesicht, déi e geschat hun, déi e respektéiert hunn an déi ganz dacks op e gelauschtert hunn.

Als Präsident vun der europäescher Commissioun, Mëtt vun den achtzeger Joeren - eng schwiereg Zéit genannt, déi vun der „Eurosclerose“ an Europa - war heen oft am Durcherneen an am Imbroglio vun de nationalen Interessen, déi eisen Kontinent iwwerschwappt hunn, déi Zäit déi eenzeg europäesch Stëmm, eng Stëmm vun der kontinentaler Gemeinsamkeet, déi an Europa ze héiere war.

Heiheem bleift en an der Erënnerung, wéi ech dat scho gesot hunn, als Staatsminister vun der sozial-liberaler Koalitioun. Hien huet déi Regierung gefouert mat Intelligenz, well seng Intelligenz waar grouss, mat Energie, well där hat hien vill, mat engem gewëssene Wäitbléck och, ganz dacks mat Wäitbléck, déi munches hannerfrot, an doduerch munches och geännert huet. Déi Reformen, déi heen analyséiert huet, explizéiert huet, fir déi hee plädéiert huet – well e war ëmmer e bëssen Affekot bliwwen – déi sinn op Widderstänn gestouss, an an deem meeschte, wat de Gaston Thorn gemaach huet - bal an allem – hat en eigentlech, mam Bléck vun haut, Recht gehat, datt en et gemaach huet.

Hee war am richtege Moment vun der rezenter Geschicht dee richtege Mann op där richteger Plaz.

En huet gesellschaftspolitesch Reformen ugepak, mä en huet och d’Land an der Aart a Weis, wéi et funktionéiert huet, geännert a verännert. En huet den Tripartite-Gedanken, deen an der Loft louch, virugedriwwen, en huet deem Been gi, well e - fir déi Zäit richteg a fir haut och nach ëmmer wouer – d’Iwwerzeegung hat, net Politik alleng kënnt décidéieren an Entscheedungen treffen, mä et misst een mat deenen, déi se betreffen, ëmmer erëm iwwert dat wat ze geschéihen huet, sech am Gespréich befannen an d’Eenegung mat hinne sichen.

Esou huet e frësch Loft bruecht an eist Land. Esou huet en dofir gesuergt, datt d’Saache virugaange sinn. D’Mëttelen, déi en agesat huet, wann en analyséiert, explizéiert, plädéiert, argumentéiert huet, waren déi vum kloere Wuert a gläichzäiteg déi vun enger feiner spatzer Ironie. Am Ëmgank, muss ech soen, mat sech selwer, am Ëmgank och mat deenen aneren. Eng spatz Ironie, déi heinsdo Gefor gelaf ass, an den Ufanksberäich vun Zynismus iwwerzekippen. Dann huet e gebremst an huet de Wee séier zeréckfonnt zur feiner Analys déi seng iwwerragend Intelligenz him erlaabt huet, ëmmer erëm ze féieren.

En huet sech – dat seet een zwar ëmmer, wann ee stierwt deen am ëffentlechen Liewen stoung, mä et ass hei sou exemplaresch wouer – en huet sech ëm eist Land an en huet sech ëm Europa verdéngt gemaach.

Mir éieren hee mat engem Staatsakt de nächsten Donneschdeg um halwer véier an der Kathedral. Ech hunn de Mëtteg d’Servicer vum Staat ugewisen, d’Fändelen op Hallefmast ze hänken dee nächste Mëttwoch, Donneschdeg a Freideg.

Au revoir, Gast. Du wars en dichtege Lëtzebuerger. Du wars e groussen Europäer. Egal wou s de elo bass, maach et gutt, well Du hues et ëmmer gutt gemaach.

Salut, Gast.

Dernière mise à jour