Dernière modification le
Déclaration sur la politique de coopération au développement 2008 (version originale luxembourgeoise)
- Seul le discours prononcé fait foi -
"Le puisatier hochait la tête (et disait): si j’avais les financements, je multiplierais les forages et pfuit, fini les problèmes... Mais le Grand-Duché ne peut tout faire tout seul.
Pour lui faire plaisir et détendre l’atmosphère, je lui donnais raison autant de fois qu’il était nécessaire:
- Vous avez raison, Gilles, le Grand-Duché ne peut pas tout faire."
Här President,
Dir Dammen and dir Hären,
"Le Grand-Duché ne peut pas tout faire", dat seet de franséischen Auteur Erik Orsenna a sengem Buch "Madame Bâ", wou hien am Mali an der Géigend vu Kidal gesäit wat d’Lëtzebuerger Cooperatioun do fäerdeg bruecht huet. Op enger anerer Plaz am Buch gëtt d’Aktioun vu Lëtzebuerg am Mali ausdrécklech ervirgehuewen, andeems Lëtzebuerg zu deene gezielt gëtt "qui peuvent marcher le front haut". Zuer gläicher Zäit bemängelt den Auteur datt déi grouss europäesch Länner net genuch maache fir d’Länner aus dem Süden; si - déi grouss Länner aus dem Norden - missten sech eigentlech schummen, seet en.
"Le Grand-Duché ne peut pas tout faire". Jo, Här President, dat ass richteg: mir kënnen net alles maachen. Richteg ass awer och datt mer villes kënne maachen, an en fait och maachen. Mir maachen dat mat Engagement an Tenacitéit. An och duerchaus mat Resultater déi sech weise loossen. Positiv Resultater. Mir bewierken esou munches, dat esouwuel am Kader vun eiser bilateraler Cooperatioun wéi doriwwer eraus beispillsweis an der Europäescher Unioun an an der UNO - mir hunn dobäi d’Zil vun der Aarmutsbekämpfung ëmmer fest virun den Aen.
Selbstverständlech ginn et ëmmer erëm Réckschléi. Selbstverständlech ginn et och negativ Erfahrungen - dat ass an der Cooperatioun alt net anescht wéi an anere Liewensberäicher. Mä et ginn och Erfolleger, vill Erfolleger ze verzeechnen, där klenger an där grousser, där visibeler an där manner visibeler. Si weisen, dës Erfolleger, datt et der Méi wäert ass, an duerfir wëll ech och haut zu engem groussen Deel dovunner schwätzen.
Mä fir d’éischt, Här President, Dir Dammen an dir Hären, e puer Wuert zum Kontext.
Et wor am Joer 2000 wou iwwer 180 Staats- a Regierungscheffen d’Milleniumsentwécklungsziler définéiert hunn. Vereinfacht gesot, geet et dorëms bis 2015 d’Aarmut op der Welt ëm d’Halschecht no ënnen ze drécken. Anstatt datt bei ronn 6 Milliarden Mënschen - déi haut op eisem Planéit liewen - et der méi wéi eng Milliard ginn, déi mat manner wéi engem Dollar den Dag mussen iwwerliewen, wären et der dann 2015 - wa mer déi Ziler da sollten erreechen - nach 500 Milliounen, an dat nach nëmme bei gläichbleibender Demographie - wat jo net de Fall ass.
Wëssend datt et weder moralesch vertriedbar nach ökonomesch néideg ass datt iwwerhaapt nach een eenzege Mënsch op der Welt muss mat manner wéi engem Dollar den Dag iwwerliewen, ass aleng de Fait - datt et hei nëmmen drëms geet fir d’Aarmut ze halbéieren - u sech schon ee Skandal. Well et misst eigentlech drëm goen d’Aarmut ganz an definitiv auszemerzen, esou datt näischt méi dovunner iwwreg géif bleiwen. Näischt hätt verhënnert datt sech am Joer 2000 dozou engagéiert gi wär. Näischt verhënnert am iwweregen datt sech haut géif dozou engagéiert ginn.
An dach, wann ee kuckt wou mer haut dru sin, 2008, um halwe Wee, tëschent 2000 an 2015, da gesäit een datt - wann d’Saachen esou weider ginn an deenen nächste Joren, wéi se bis elo gelaf sinn, da gesäit een datt - mer esouguer op ville Plazen dat méi bescheident Zil vun der Halbéierung vun der Aarmut net wärten erreechen. Dat, dir Dammen an dir Hären, ass dat Bild wat ee gesäit wann ee sech iwwerflächlech, flüchteg, séier a vu Wäitem un d’Saachen eruntaascht. Wann een sech awer am Detail, seriös a genau mat de Saachen ausernanersetzt, da gëtt dat Bild vill méi en differenzéiert Bild, e Bild wat zwar vill net esou positiv Elementer beinhalt, mä awer och e Bild wou ee kloer kann Erfolleger drop ausmaachen, där éischter relativer - sougenannt Victoires d’étape - , mä awer och där méi zolitter, jo esouguer Erfolleger aus där definitiv nohalteger Kategorie.
Par rapport zu den Ziler, déi 2000 gesat gi sinn, ginn haut 40 Milliounen méi Kanner d’Schoul. D’Disparitéit tëschent Jongen a Meedercher an de Schoulen ass ëm 60% zeréck gaang. Viru 15 Joer si weltwäit 40.000 Kanner den Dag u Krankheeten déi heelbar sinn gestuerwen. Haut sinn et der nach 24.000. Dat sinn der nach 24.000 zevill, mä dat ass awer schonn e nette Progrès.
Wann am Mali 1994 nach iwwer 74 Prozent vun de Leit mat manner wéi engem Dollar hu missen iwwerliewen an et der ewell nëmmen nach 36 Prozent sinn, da sinn dat der sécher nach 36% zevill, mä dann ass déi Réductioun - vun 74 op 36% iwwer 10 Joer eraus - sécherlech och en Erfolleg. Eng Victoire d’étape zou där d’Lëtzebuerger Cooperatioun, als Partner vum Mali, hirt dozou bäigedroen huet.
Wann am Niger 1995 nëmme 40% vun de Kanner géint d’Riedelen geimpft waren an et der am Joer 2005 83 Prozent sinn, da geet dat sécher nach net duer, mä dann ass déi Verbesserung - vu 40 op 83% iwwer 10 Joer eraus - sécherlech och en Erfolleg. Eng Victoire d’étape zou där d’Lëtzebuerger Cooperatioun, als Partner vum Niger, hirt dozou bäigedroen huet.
Wann am Senegal d’Zuel vun den Doudesfäll vu Mammen bei der Gebuert vun engem Kand ëm bal d’Halschent zréckgoung a wann an deem selwechte Senegal d’sanitär Bedingungen sech zolidd verbessert hunn, dann ass sécher haut nach net all Problem an deene Beräicher am Senegal geléist, mä dann sinn déi Progrèsen awer dach indéniabel Victoires d’étapen, an dann ass et och grad esou indéniabel datt d’Lëtzebuerger Cooperatioun, als Partner vum Senegal, hirt dozou bäigedroen huet.
Kënne mer eis mat dëse relative Succèsen zefridde ginn? D’Äntwert op déi Fro ass e kloren "Nee". An da froen ech: Ass déi richteg Fro an deem Zesummenhang net déi wéi ongedëlleg mer eigentlech dierfe sinn, wa mer zesummen un enger nohalteger Verbesserung vun der Situatioun an der Entwécklungswelt schaffen?
Wa mer dann, Här President, mol een Ament laang d’Saachen net Secteur pro Secteur an engem bestëmmte Land kucken, mä wa mer se global - Land fir Land- kucken, jo och da gesi mer Erfolleger. An dacks esouguer där definitiv nohalteger.
Déi afrikanesch Entwécklungsbank ass am Summer d’lescht Joer zur Konklusioun komm datt elo scho kloer ofzegesi wär datt fënnef afrikanesch Länner géifen d’Zil vun der Halbéierung vun der Aarmut erreechen. Et sinn dat de Botswana, Tunesien, d’Ile Maurice, de Burkina Faso an de Cap Vert.
De Botswana erbréngt de klore Beweis datt grouss Naturschätz, an deem Fall hei Diamanten, net onbedéngt e Fluch sinn an Afrika, mä datt - wann d’Saachen uerdentlech ugepaakt ginn - Buedemschätz kënnen de Schlëssel fir eng positiv Entwécklung sinn. De Botswana ass esou dat flagrant Géigebeispill zu Länner wéi de Sudan an de Congo wou d’Sauereien monter weiderginn. Am iwwregen sief drop higewisen datt allgemeng unerkannt gëtt datt de Botswana uerdentlech regéiert ass - esouvill hei an deem Zesummenhang zuer Fro vun der Gouvernance an de Mënscherechter.
Tunesien an d’Ile Maurice bréngen et och fäerdeg d’Aarmut massiv no ënnen ze drécken. Dat sinn zwee Länner mat deene Lëtzebuerg jorelaang zesummegeschafft huet. Hiren Erfolleg ass also och e bessen eisen Erfolleg. Tunesien an d’Ile Maurice stellen ënner Beweis datt d’Cooperatioun eppes bréngt, si weisen datt d’Cooperatioun et bréngt.
Och de Cap Vert an de Burkina Faso bréngen et färdeg d’Aarmut massiv no ënnen ze drécken. Dat sinn säit Joren zwee vun de Partnerlänner vun der Lëtzebuerger Cooperatioun. Hiren Erfolleg ass also och e bessen eisen Erfolleg. De Cap Vert an de Burkina Faso stellen ënner Beweis datt d’Cooperatioun eppes bréngt, si weisen datt d’Cooperatioun et bréngt.
Véier vun deene fënnef Länner déi vun der Afrikanescher Développementsbank als exemplaresch duergestallt ginn, sinn deemno Länner, déi mat der Lëtzebuerger Cooperatioun zesummeschaffen oder zesummegeschafft hunn. Dat léisst sech dach weisen. Dat weist dach datt d’Cooperatioun et bréngt.
De Cap Vert zum Beispill mécht noweislech Progrèsen op alle Fronten, net zulescht duerch säi Verhandlungsgeschéck mat der Europäescher Unioun, mä och iwwert de Wee vun den Investissementer vun enger ëmmer méi staark implizéierter Diaspora. Viru kuerzem huet dat Land de Sprong aus dem Grupp vun deenen äermste Länner eraus gepackt. Sécherlech Grond genuch, fir sech mat eise capverdianesche Frënn ze freeën, mä sécher awer kee Grond fir d’Lëtzebuerger Cooperatioun sech elo aus dem Cap Vert zréckzezéien, an ze soen: "Dat war et. Äddi a Merci." Géife mer dat maachen, wär dat e grousse Fehler. Et wär wéi wa mer engem Fliger dee grad amgaang ass ze starten géifen de Kerosin ofschneiden oder de Krunn géifen zoudréien, an duerfir wärt d’Lëtzebuerger Cooperatioun wuel och déi lescht sinn, déi sech aus dem Cap Vert wärt zréckzéien.
D’Beispill vum Cap Vert soll och en Encouragement sinn fir an anere Länner - trotz verhältnesméisseg méi klengen Erfolleger - d’Bengelen net bei d’Tromm ze geheien, mä villméi op dës méi kleng Erfolleger opzebauen a mat neier Enegie a vill Ausdauer d’Saachen unzegoen.
De Burkina Faso, en anert Partnerland vun der Lëtzebuerger Cooperatioun, gehéiert och zu deene Länner, déi hir Ziler wärten erreechen. Den Détailtableau vum Burkina weist zum Beispill datt et (a) grad ee laangjärege Programm vun der Lëtzebuerger Cooperatioun ass deen et deem Land wärt erméiglechen Bluttransfusiounen och an deene verschiddene Regiounen vum Land - iwwert d’Haaptstad eraus - eraus ze réaliséieren, datt et (b) interessanterweis grad dat Land ass wat am wäitsten fortgeschratt ass, wann et ëm den Appui budgétaire geet à méditer - mä datt awer och (c) de Burkina leider eent vun deene Länner ass wou säit Wochen d’Präisdeierecht am staerksten ze spieren ass.
Wann een dann den afrikanesche Kontinent als e Ganzt kuckt, da ginn et och - niewt deene méi schlechten Nouvellen - där global positiver. Esou ass beispillsweis Afrika den Ament a senger zoliddster Wuestumsphas säit 30 Joer, iwwer 6,5% dëst Joer. Wann een da weess datt déi international Fauschtregel beseet datt ee 7% Croissance brauch fir d’Aarmut laangfristeg massiv no ënnen ze drécken, da si mer net esou wäit dovunner ewech wéi dacks gemengt gëtt. Et ginn der esouguer déi dovunner ausginn datt d’Rahmebedingungen haut esou gutt sinn wéi nach ni virdrun. Dat setzt selbstverständlech viraus datt d’Zuel an d’Intensitéit vun de Konflikter um afrikanesche Kontinent erofgeet, datt d’Gouvernance-Facteure sech weider verbesseren, datt mer den AIDS besser an de Grëff kréien, datt mer et fäerdeg bréngen déi international Handelsbedingungen nei ze gewiichten, datt mer Progrèsen maachen wat d’Waasserversuergung ubelaangt, datt mer d’Liewensmëttelpräisser kuerzfristeg an de Grëff kréien, datt d’Landwirtschaft reorganiséiert gëtt a villes méi - d’Lëscht vun den Erausfuerderungen ass nach vill méi laang, mä ech kann hei net op alles agoen.
Här President, Dir Dammen an dir Hären,
Schwiereg ass et sécherlech, onméiglech ass et awer mat Sécherheet net.
An och wa kloer ass datt de Bilan haut global a graff gesinn een duerchwuessenen ass an och wann trotz allen Erfolleger op ville Plazen d’Ziler, déi am Joer 2000 définéiert gi sinn, net wärte kënnen erreecht ginn bis 2015 - esou datt d’Saachen inévitablement op der Zäitschinn wärten no hanne rutschen - dann ass et awer grad esou kloer datt et à terme ze packen ass, datt et duerchaus machbar ass. Dat maachen ech insbesondere dorunner fest datt Progrèsen net vun der Hand ze weise sinn, datt op ville Plazen evident Succèsen um Rendez-vous sinn.
Et ass mat der Cooperatioun e besse wéi beim Marathon. Déi eng packen et an zwou Stonnen, déi aner a fënnef. Déi eng ginn topfit un den Départ, déi aner kämpfe scho virum Départ mat méi oder manner grousse Boboen. Déi eng hunn op all Eck vum Parcours e Kolleg stoen, dee se encouragéiert, déi aner net. Déi eng treffen ënnerwee op eng gutt Séil déi hinnen eppes ze drénke reecht, déi aner kommen op de Verpfleegungsstänn un, wa schonn näischt méi do ass fir sech ze stäerken. Wichteg ass datt se am Endeffekt all - oder bal all - ukommen. Déi eng ebe just méi spéit an déi aner ebe méi fréi.
Natierlech bréngt ee beim Marathon - wéi an der Cooperatioun - näischt fäerdeg ouni Energie, ouni Engagement an ouni Déterminatioun. D’Resultater vun der Cooperatioun, vun deenen ech haut schwätzen, weisen awer kloer de Wee. Si weisen datt eis Partner an der Cooperatioun et mat eiser Hëllef fäerdeg brénge kënnen, an et ass dat wat zielt.
Här President, dir Dammen an dir Hären,
D’Konsequenz mat där iwwer déi lescht Joren zu Lëtzebuerg d’Entwécklungs-zesummenaarbecht prioritiséiert, konzipéiert, ausgefouert, suivéiert a kontrolléiert gëtt, schléit däitlech mat méi grousser Presenz, Visibilitéit a Glafwierdegkeet zu Buch. Dat soen net ech; dat geet aus de préliminairen Observatiounen vun der OCDE ervir, déi zënter November 2007 d’Peer Review vun der Lëtzebuerger Cooperatioun duerchféiert. "Depuis la dernière revue - menée en 2003 - le Luxembourg présente à son actif de sérieuses avancées", heescht et am préliminäre Rapport dee fir de Juni wärt vun der OCDE finaliséiert ginn. Weider heescht et an deem préliminaire Rapport: "La coopération luxembourgeoise est la démonstration qu’en quelques années, avec des moyens relativement économes et bien ciblés, un dispositif d’intervention adapté et efficace, elle a su capter l’appréciation des pays partenaires du Sud, trouver une place reconnue au sein des bailleurs de fonds, rencontrer l’estime des citoyens. De ce point de vue, la coopération luxembourgeoise est une référence sur plusieurs aspects : concentration, coordination multi bi, priorité aux Pays les moins avancés. Le Luxembourg est aussi un exemple dont de nouveaux bailleurs de fonds pourraient s’inspirer."
Alles dat huet selbstverständlech och vill mat der Suergfalt, der Kompetenz an der Begeeschterung ze dinn mat där meng Leit all Dag un hir Aarbecht eruginn. Och dat sief emol eng Kéier gesot vun dëser Plaz aus.
Déi selwecht déterminéiert Astellung ass och déi, mat där d’Lëtzebuerger Cooperatioun déi zweet Generatioun vun de Programmes indicatifs de coopération mat hire Partnerlänner ugaangen ass. D’Ausmerzung vun der Aarmut an déi nohalteg Entwécklung stinn am Zentrum vun der Programmatioun iwwer déi nächst véier bis fënnef Joer. Dës Programmer vun der zweeter Generatioun bauen op op eng resolut partnerschaftlech Approche. Si orientéiere sech kloer un de Prioritéite vum jeweilege Partnerland an esou huele se de Partner vun Ufank un mat an d’Verantwortung. Ech géif mer wënschen datt mer fir déi Programme vun der drëtter Generatioun e Mechanismus fannen fir d’Chamber nach méi staark mat anzebannen.
Niewt der Methode, bauen déi Programmer vun der zweeter Generatioun, déi elo en place sinn, awer virun allem op déi konkret Erfolleger vun deene leschte Joren op. Ech hu vun deenen Erfolleger am Groussen geschwat. Déi Erfolleger am méi Groussen setzen sech zesummen aus villen Erfolleger, déi all Dag am Klengen zum Droe kommen. Ech ka se och net all hei opzielen, mä fir d’Saachen ze veranschaulechen, hu mer dëst Joer eng ganz konkret a praktesch Approche gewielt. D’Resultat vun där Approche hut der virleien - et ass dat déi kleng Brochure, déi der ausgedeelt kritt hutt. An där Brochure fannt der 15 kleng Deelbiografien vu Mënschen aus eise Partnerlänner. Mat deene mer zesummegeschafft hunn oder weider zesummeschaffen. Si sti stellvertriedend fir all déi aner, si sti stellvertriedend fir dat wat mer als Lëtzebuerger Cooperatioun an deene leschte Joren zesumme mat eise Partner konnten erreechen. Si weise wéi d’Liewe vun deene Männer a Fraen sech mat an duerch d’Cooperatioun zum Positiven hi verännert huet. Si weisen datt d’Cooperatioun eppes ass wat et eben einfach bréngt. Si weisen datt eng kleng Hëllef, ee klengen Impuls villes bewege kann.
D’Madame Sissoko Safiatou Sy vu Bamako heut sech esou zum Beispill säit Joren fir hire Wunnquartier agesat. Hirt Zil war et dee Quartier méi propper, méi sécher a méi gesond ze maachen. Iwwer de Projet "Appui aux initiatives locales de gestion de l’environnement urbain à Bamako" goufe Mëttel zur Verfügung gestallt fir d’Aarbecht vun der Madame Sy ze festigen a fir hiren Engagement an dee vun hirer Associatioun op aner Deeler vun der Haaptstad vum Mali auszebreeden. Et goufen Aarbechtsplazen fir déi Jonk geschaaft an d’Mënsche goufe fir hiren eegene Quartier responsabiliséiert. Méi propper Stroossen, dat heescht manner knaschteg Waasserpill. Manner knaschteg Wasserpill, dat heescht manner malariainfizéiert Mustiken. Manner malariainfizéiert Mustiken, dat heescht manner krank Mënschen. Manner krank Mënschen, dat heescht méi Energie fir enger Aarbecht nozegoen a sech em d’Famill ze këmmeren. An dat alles duerch d’Ënnerstëtzung - den Empowerment géifen d’Spezialiste soen - deen enger Fra zugutt komm ass, déi virdémonstréiert huet, wat muss geschéien, fir eppes konkret ze änneren. D’Gemeng vu Bamako huet dat am iwweregen och verstan an e Comité agesat fir de Suivi vum Projet ze garantéieren.
Um asiatesche Kontinent, am Laos, huet den Phommasone, e Mann vun 39 Joër, net méi musse souzesoen vun der Hand an de Mond liewen, wéi en d’Chance krut sech aktiv an en intégréierte ländlechen Entwécklungsprogramm vun der Lëtzebuerger Cooperatioun mat anzebréngen. Elementar Ausbildung an der Landwirtschaft, dat néidegt Geschir an e Kredit fir seng eegen Produktioun unzekuerbelen hunn deem Mann et erlaabt e fest Haus fir sech a seng Famill ze bauen, seng Kanner an d’Primärschoul ze schécken an d’Bioprodukter aus senger eegener Produktioun ze vermaarten. Desweideren huet hien sech um Niveau vu senger Communautéit engagéiert an ass haut Vize-Chef vum Duerf.
Wat am Laos am Klenge geschitt, ass am Vietnam amgaang am Groussen ze geschéien. Wa mer nämlech am Vietnam haut d’Zil-Linn vun der klassescher Cooperatioun um Horizont 2015/2020 gesinn an dementsprechend iwwert e Réckzuch schwätzen, dann ass dat un éischter Stell de Verdéngscht vun de Vietnamese selwer, mä dann hunn awer och déi international Partner vum Vietnam an dorënner och Lëtzebuerg eppes domatter ze dinn. Och hei ass hiren Erfolleg e bëssen eisen Erfolleg. Wa mir de Vietnamese haut soen "Développement" an "Cooperatioun", an d’Vietnamesen äntwerten eis "Secteur financier" a "Satelliten", dann ass dat dach eigentlech e schéint Kompliment fir d’Cooperatioun, da weist dat datt et e Liewen no der Cooperatioun gëtt. Ech kann am iwweregen vun dëser Plaz aus nëmmen nach eng Kéier d’lëtzebuerger Entreprisen encouragéieren d’Opportunitéiten déi sech am Vietnam opdinn ze notzen.
Et ass op all dës positiv Resultater wou mer kënnen, zesumme mat aneren, an deenen nächste Joren drop opbauen.
Zesumme mat anere wärte mer och dëst Joer déi international Rendez-Vousen ugoen. 2008 huet nämlech de Potential fir e grousst Joer fir den Développement ze ginn. Et kann awer och, deemno wéi d’Saache ginn, e ganz klengt Joer ginn. Déi grouss Rendez-Vousen heeschen Accra an Doha. Accra fir d’Qualitéit vun der Entwécklungszesummenaarbecht, Doha fir d’Finanzéierung vun därselwechter.
***
Här President, dir Dammen an dir Hären,
Mir wëssen net eréischt säit gëschter datt mer méi Entwécklungsgelder brauchen, datt méi Fongen fir d’Entwécklungszesummenaarbecht gebraucht ginn.
An do sinn d’Saachen an Europa den Ament net esou wéi se sollte sinn. Déi Zuelen vun 2007, déi virun 2 Wochen publizéiert gi sinn, sinn net gutt. Och wa mir an anerer - Beispill Schweden oder Spuenien - eis un dat hale wat ofgemaach ass oder esouguer méi maachen, dann ass dat nach laang net fir jiddereen de Fall. 2007 ass an deem Sënn e schlecht Joer gewiescht. Wa mer wëllen déi Ziler, déi mer eis gesat hunn, erreechen, wa mer zu eisem Wuert sti fir kollektiv 0,7 am Joer 2015 ze erreechen, da muss Europa sech um Rimm rappen.
Et ass déi Fro déi den internationalen Entwécklungsagenda wärt dëst Joer dominéieren, fir d’éischt am Mee an engem éischter europäesche Kader, dann am Hierscht an engem méi grousse Kader bis an den Dezember eran, wa mer zu Doha de Point maachen, zesumme mat eise Partner aus den Entwécklungslänner. Et ass net ze spéit, mä eppes ass kloer: d’Entwécklungslänner verfollegen zu Recht mat grousser Erwaardung op d’EU um Horizont 2010/2015 Wuert hällt. Et geet hei schlechthin ëm d’Glaafwierdegkeet vun der europäescher Aussepolitik géintiwwer der Majoritéit vun den net-europäesche Länner. Mir sinn hinnen et schëlleg datt mer eis Engagementer halen, mä mir sinn eis selwer ët och schëlleg, wa mer net wëllen herno als déi do stoen déi grouss Versprieche gemaach an se dann net agehal hunn, wa mer net wëllen herno als déi do stoen deenen hir Verspriechen net de Pobeier wäert sinn wou se drop stinn. An deem Sënn hunn ech mech och op massiv Aart a Manéier, als ee vun de Pappen vum Accord vun 2005, um Ufank vum Mount mam Louis Michel zu Wuert gemellt an ech wärt an deem selwechte Sënn - oder och vläicht nach op eng e bësse méi kräfteg Aart a Manéier - net midd ginn an deenen nächste Méint ëmmer erëm meng europäesch Kolleegen do virun hir Verantwortung ze stellen, au risque d’ailleurs fir mer nei Frënn ze maachen, mä dat ass dann eben esou.
Här President, dir Dammen an dir Hären,
D’Entwécklung gëtt net nëmme vun de Regierungen aus dem Norden finanzéiert. Och d’Regierungen aus dem Süden mussen hirt dozou bäidroen. Och dat huet éminemment eppes mat Gouvernance ze dinn. Ech hunn dat Thema vun der Gouvernance d’lescht Joer am Détail beliicht, ginn also dëst Joer net weider drop an.
De Finanzement vun der Entwécklung limitéiert sech awer net op Finanzementer vu Regierungssäit aus. Och den ONG’en kënnt hei eng zentral Roll zou, zentral Roll déi sech selbstverständlech - niewebäi bemierkt - net op deen Aspekt beschränkt, wëll d’ONGen och eng Roll als politeschen Impulsgeber spillen an ech ziele ganz staark op si dëst Joer am Kader vun den Assisen vun der Cooperatioun, déi am September stattfannen.
Méi Gelder fir d’Entwécklung kann awer och heeschen, en neie Kader ze setzen fir alles wat mat Philantrophie ze dinn huet. D’Regierung ass déterminéiert dee Kader ze vereinfachen andeems hemmend Formalitéiten a Limitatiounen ofgeschaaft ginn. Si ass och déterminéiert dee Kader ze verbesseren andeems beispillsweis d’Erabrénge vu Gelder a Fondationuen zu philantropeschen Zwecker steierlech net méi - oder op mannst net méi esou staark wéi bis elo - belaascht gëtt.
Och déi eenzel Initiativen am Beräich vun der Mikrofinanz féieren dozou, datt der Entwécklung méi Gelder zoukommen. Eis Politik an deem Domaine dréit haut hir Friichten. Et muss ee wëssen - an och wëssen doën - datt haut eleng 25 zu Lëtzebuerg domiciliéiert Investmentfongen ronn 1,2 Milliarden Euro a Mikrofinanzaktivitéiten an der Entwécklungswelt investéieren. Tendenz steigend. D’Lëtzbuerger Cooperatioun versteet hir Roll an dësem Context als déi vun engem Facilitateur an ënnerstëtzt esou zum Beispill Efforten am Süden, déi drop ausgeriicht sinn, fir esouwuel Mikrofinanzinstitutiounen wéi och nationalen Autoritéiten an hirem Opbau ze stäerken an dat adéquat legalt a reglementärt Ëmfeld ze schafen.
***
Här President,
Ufanks September gëtt zu Accra, am Ghana, iwwerpréift a wéi engem Mooss d’Signatairen den Engagementer vun der Déclaration de Paris sur l’efficacité de l’aide au développement nokomm sinn. Méi Appropriatioun vun der Säit vun de Partner war do gefuerdert ginn, méi Alignement op hir Prioritéiten, mä och méi harmoniséiert Prozeduren an eng tëscht Partner béidsäiteg gedeelte Responsabilitéit.
D’Lëtzebuerger Cooperatioun huet sech dësen Erausfuerderungen gestallt. Si huet och an dësem Beräich, vläicht éischter wéi anerer, ugefaang hir Hausaufgaben ze maachen a och schonn ee gudden Deel dovunner gemaach.
Den Ausbau vum Réseau vun de Cooperatiounsbureauen an Afrika an an Zentralamerika huet sech an deem Zusammenhang besonnesch bezuelt gemaach. Déi zweet Generatioun vu Programmer mat eise Partnerlänner huet heiduerger u Gewiicht a Gradlinigkeet gewonnen.
Fir d’Coordinatiounsmechanismen ze verbesseren hu mer an deene leschten zwielef Méint ënner anerem méi intensiv Kontakter mat enger Rei vun europäesche Cooperatiounen gehat, dorënner d’Belsch, Finland, Spuenien, d’Slovakei an d’europäesch Kommissioun, mol op eis Ufro hin, mol op hir Ufro hin. Mat eise multilaterale Partner, dat heescht d’UNOs-Agencen an d’Internationalt Rout Kräiz, fuere mer weider d’Schinn vun der Programmatioun iwwert e puer Joer eraus, an och déi Schinn vun de jährleche Consultatiounen déi et erlaaben op eis gemeinsam Programmer anzegoen, d’Saachen ze ajustéieren an d’Synergien - déi herno um Terrain ëmgesat ginn - ze konzipéieren.
En anert zentralt Thema vun der Déclaration de Paris, nämlech dat vun der Cohérence des politiques, hu mer net réischt gëschter hei zu Lëtzebuerg entdeckt. An all mengen Deklaratiounen virun dëser Chamber hunn ech an deene leschte Joren dës Thematik vun där eng oder anerer Säit aus beliicht. A menger éischter Deklaratioun - 2004 - hunn ech déi Fro analyséiert am Beräich vun der Landwirtschaft. A menger zweeter Deklaratioun - 2006 - sinn ech méi op d’Aspekter vun de Migratiounen an och déi vun der Interaktioun tëscht Militär an Humanitär agaang. D’lescht Joer hunn ech mech mam Thema vum internationalen Handel ausenanergesat. Och op den Assisen vun der Lëtzebuerger Cooperatioun am Joer 2006 koum déi Thematik zuer Sprooch an datselwecht wärt dëst Joer am Hierscht geschéien. Desweideren stinn déi Froen um Ordre du jour vun den Diskussiounen, nët nëmmen an Europa an an der UNO, mä och heiheem ënnert anerem am Groupe de travail mat den ONGen, am Comité interministériel an och an eise Relatioune mat aneren.
***
Här President, Dir Dammen an dir Hären,
D’Koherenz vun de Politiken ass eng vun de Moosslaten vun eiser Politik a kënnt och an där hirer Ëmsetzung zum Droen.
Aus deem Grond setze mir eis och, méi wéi irgend en anert EU-Land d’ailleurs, dofir an datt d’Accorden tëschent der EU an den AKP-Staaten Développements-Accorden ginn. An net blank Liberalisatiouns-Accorden.
Aus deem Grond hu mer eis och - op d’mannst säit 2004 - als Cooperatioun méi no un d’Agrikultur erubewegt, a wann ech soen datt all Kontinent muss d’Recht hunn seng Agrikultur sou ze organiséieren wéi en dat fir gutt fënnt, dann ass dat eng Ausso déi eent vun de Fëllementer vun eiser Cooperatiounspolitik duerstellt, mä dann ass dat virun allem och eng Ausso déi mäi Kolleg Fernand Boden mat zwou Hänn mat ënnerschreiwt.
Wa säit 2005-2006 Kooperatioun a Migratioun sech méi no openeen zoubewegt hunn, dann ass dat net zulescht de Benelux Cooperatiounsministeren hire Verdéngscht, well si dofir gesuergt hunn datt d’Fro op EU-Niveau och op den Ordre du jour vun den Développementsministren komm ass, an net wéi bis dohin exklusiv vun den Immigratiounsministren ofgehandelt gëtt - och wa sécherlech am Spannungsfeld vu Migratioun an Développement nach Progrèsen ze maache sinn.
Wann d’lëtzebuerger Aussepolitik wéi kaum eng aner, déi 3 D vun Diplomatie, Défense an Développement verinnerlecht huet an och konkret praktizéiert, dann ass dat de flagrantesten Ausdrock no baussen vun deem wat een eng koherent Politik nennt. Beispill Afghanistan. Beispill Kosovo.
A wann ech vu Koherenz hei schwätzen, da wollt ech de lëtzebuerger ONGen éischtens Merci soe fir hir positiv Appréciatioun iwwert d’Lëtzebuerger Cooperatiounspolitik als sollech, an, zweetens, och Merci soen fir déi encouragant Wierder u meng Attentioun datt ech mech - a menger Eegeschaft als Cooperatiounsminister - nach méi massiv wéi bis elo an aner Politik-Felder soll amëschen a mech an deene selwechte soll breet maachen. Beispill Klimapolitik. Ech hunn zwar net op dës Encouragementer vu Säite vun den ONGen gewaart a mer se och net erwaart, mä ech kann iech awer soen datt se net op en daaft Ouer gestouss sinn.
A propos Koherenz, Här President, dir Dammen an dir Hären,
D’Liewensmëttelkris, déi säit ee puer Wochem am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit steet, ass eigentlech net méi an net manner wéi d’Resultat vun jorelaangen Inkoherenzen.
D’Fro vun der Liewensmëttelsécherheet an déi vun der Landwirtschaft an den Entwécklungslänner si keng Froen mat deene mer eis eréicht säit gëschter beschäftegen. Ech erënneren an deem Zusammenhang u meng Ried vum leschte Joer wou ech eng Lanz gebrach hu fir méi Koherenz vun den Agrarpolitiken tëschent de Kontinenter.
D’Präisser fir Liewensmëttel si generell ëm 83% gestiegen an deene leschte dräi Joer, de Weess souguer ëm 181%. Säit Juni 2007 sinn d’Präisser fir Basisliewensmëttel weltwäit ëm 55% erop gaangen. An Ägypten streide se sech fir e Stéck Brout, op Haiti friessen se de Bulli, well et soss näischt méi gëtt.
D’Grënn si bekannt: d’Offer ass erof gaang duerch schlecht Recolten -hei ass een evidenten Lien mam Klimawiessel-, d’Demande ass erop gaang Stëchwuert China, Indien an anerer, d’Landwirtschaft ass vernoléissegt ginn, et ass op Rohstoffer spekuléiert ginn, d’Export-Subventiounen besti weider, d’Stocken sinn niddereg gehale ginn, d’Petrolspräisser si geklomm, d’Demande no Agrarsprit ass erop gaang: den Tank vu Luxmaschine gëtt gefëllt anstatt datt d’Landwirtschaft géif dofir suergen datt d’Mënschen eppes an den Bauch kréien.
Eis Partnerlänner, besonnesch eis fënnef westafrikanesche Partnerlänner, gehéieren zu deenen wou d’Saache riskéieren am schlëmmsten ze ginn. Ech hunn dofir och décidéiert an deene fënnef Länner eis Kontributiounen déi op Liewensmëttelhëllef ausgeriicht sinn dëst Joer iwwerall ëm 50% minimum an d’Luucht ze setzen. 2007 waren dat global gesinn ronn 4 Milliounen, dat wärten 2008 méi wéi 6 Milliounen sinn, mat engem speziellen Akzent op Programmer déi dofir suergen datt d’Kanner an de Schoulen eppes z’iesse kréien. Dir wësst och datt mer dem Programme alimentaire mondial am Mäerz schonn eng éischt Contributioun vun 500.000 Euro zoukomme gelooss hunn - wann all europäescht Land datselwecht géif maachen, nämlech een Euro pro Awunner vu sengem eegene Land deem Programme zoukommen loossen, da wär den éischten Urgence-Appel ganz couvréiert, een Appell deen iwwregens virgëschter schonns vu 500 Milliounen Dollar op 750 Milliounen Dollar eropgesat ginn ass, an deen Appell wärt mat Sécherheet net de leschte sinn. D’Kris ass nämlech amgaang sech wéi een Tsunami weider auszebreeden an d’Generositéiet vun der Äntwert däerf där vum Tsunami aus dem Joer 2004 net bedeitend nostoen.
Och wa kuerzfristeg massiv Hëllef absolut néideg ass, sou ass et domatter net gedoen. Doriwwer eraus mussen eng ganz Rei Saache geschéien.
Éischtens: D’Doha-Ronn muss zum Ofschloss kommen am Sënn vun der Entwécklung. Et siew an deem Zesummenhang drun erënnert datt zu Hong Kong am Dezember 2005 décidéiert gi war datt d’Exportsubventiounen bis 2013 all missten élimineiert ginn. Dodurch datt déi ganz Doha-Ronn duerno zum Stëllstand komm ass, sinn déi Engagementer ni zum droe komm. Dat muss elo schnellstens geschéien. De Prinzip datt all Kontinent d’Recht huet seng Landwirtschaft sou ze organiséieren wéi hien dat fir gutt fënnt muss virrangeg d’Resultat vun deene Verhandlunge prägen.
Zweetens: Alles wat mat Agrarspritproduktioun ze dinn huet muss iwwerpréift, nei gewiicht, nei organiséiert an no ënne gefuer ginn. Dat huet d’Regierung leschte Freideg op mäi Bedreiwen hin décidéiert. D’Ziler déi vun der europäescher Kommissioun virgi sinn, sinn ze héich. Si gehéieren no ënne gedréckt an am Zweifelsfall muss ëmmer d’Fro vun der Ernährung Virrang hunn par rapport zu där vum Agrarsprit. Et kann definitiv net méi sinn datt déi eng Raps oder Mais an den Tank geheien an déi aner erhéngeren.
Drëttens: Virun allem muss konkret an d’Landwirtschaft an den Entwécklungslänner investéiert ginn, an dat op eng multifunktionnell an nohalteg Aart a Weis wou och der Biodiversitéit eng zentral Roll zoukënnt. Mir brauchen, an a ronderëm déi international Architektur, grondleeënd Reformen. Et geet hei net ëm de sougenannten Agro-business. Et geet drëms sécher ze stellen datt ka produzéiert gi fir ze iessen an datt dat ka giess gi wat produzéiert ginn ass. Am Sënn vum Prinzip vun der "Souveraineté alimentaire". Et geet ëm eng Landwirtschaft déi et de Mënschen erlaabt fir d’éischt fir sech selwer ze suergen an doriwwer eraus dann eng ekonomesch Aktivitéit opzebauen. Do wou d’Landwirtschaft verschwonnen ass, muss se nees opgebaut ginn. Do wou se ni bestanen huet, muss se entwéckelt ginn.
A wann ech an deem Zesummenhang kucken wat d’Lëtzebuerger Cooperatioun mécht, da sinn och do an deene leschte Joren richteg Akzenter gesat ginn. Wann een zum Beispill weess datt am Mali eng vun den Haaptkomponenten vun eisem Programm déi vum "développement local intégré" an de Regioune vu Ségou a Yorosso ass a wann ee weess datt an deem Zesummenhang d’Landwirtschaft eng essentiel Roll spillt, da si mer do sécherlech zesumme mat eise Partner aus dem Mali um gudden Wee - déi Programmer maachen ee groussen Deel vun eiser Programmatioun am Mali aus. Am Niger ass och eng vun den Haaptkomponenten vun eiser Programmatioun déi vum "développement local intégré", dat an der Regioun vun Dosso. Wat den Burkina Faso ubelaangt, sou ass eng vun zwou Haaptkomponente vun eisem Programm déi vun der Gestioun vun den natierleche Ressourcen an insbesondere d’Verwaltung, d’Verwertung an d’Erhalen vun den Bëscher an engem nohaltege Kader.
Véiertens mussen d’Enjeuen vum Klimawiessel an déi vum Développement méi no beienee bruecht ginn.
Ech kommen dorop zréck mä virdrun nach e läschte Punkt zuer Liewensmëttelkris.
Och wa mer haut schnellstens méi niddreg Präisser brauchen, esou kënne méi héich Präisser muer dach och eng Chance fir d’Entwécklungslänner duerstellen. Wann nämlech dat geschitt wat misst geschéien, - dat heescht eng nohalteg Entwécklung vun der Landwirtschaft an deene Länner - da kënnen déi Saachen déi produzéiert ginn - wann d’Präisser méi heich sinn - op de Maart bruecht ginn an esou ëmgewandelt ginn a finanziell Ressourcen déi dem Liewensënnerhalt vun de Mënschen an den Entwécklungslänner déngen. Dat ass am iwwregen och eng vun den Conclusioune vum rezenten Buch vum Oxford-Professor Paul Collier "The Bottom Billion".
Här President, dir Dammen an dir Hären,
Ech hunn et gesot, virum Hannergronn vun der aktueller Liewensmëttelkris, ass et onëmgänglech datt Klimapolitik an Développement méi no beienaner réckelen. Dat ass déi lescht Fro op déi ech haut hei wëll agoen.
Och wann et kloer ass datt d’Entwécklungslänner an d’Mënschen déi an Entwécklungslänner wunnen kaum eng Verantwortung droen wat d’Ursaachen ubelaangt, sou ass et grad esou kloer datt si déi Haaptaffer vum Klimawiessel sinn. D’Konsequenzen vum Klimawiessel sinn haut schonn iwwerall op der Welt ze spiren. Et muss ee wëssen datt an Afrika d’Liewensmëttelproduktioun zënter 1981 em 12% erofgaang ass. Et kënnt derbäi datt d’Entwécklungslänner bis 2030 120 Milliounen méi Hektaren brauche fir sech se ernieren. Et ass evident datt wann näischt geschitt bis 2030 de Klimawandel zu massiv méi Honger an Afrika an Asien wärt féieren. D’Entwécklungslänner hunn haut schon op ville Plazen net genuch proppert Waasser a si brauchen ës bis 2025 50% méi wéi haut. Och do spillt niewt der Demographie de Klimawandel eng nefast Roll. Am iwweregen sinn d’Jore vun deenen klengen Inselstaaten gezielt, 75 Joer ass hiren Iewerliewenshorizont nëmme méi, vun haut aus gesinn. Et ass och kee Geheimnis datt d’Biodiversitéit weltwäit massiv erof geet an datt ganz Bëscher verschwannen. D’Wüste maachen sech breet an dach ass d’Desertifikatioun een Thema wat kaum Erwähnung fënnt an den internationalen Foren. D’Folge vum Klimawiessel bedroen d’Sécherheet an den Entwécklungslänner mä awer och an Europa an op anere Plazen. 60% vun de Mënschen wunnen haut schonns manner wéi 100 km vum Mier ewech. Déi Tatsaach aleng, kombinéiert mam Klimawiessel, ass en explosivt Gemësch. Dem Rapport Stern no brauche mer 1% vum PIB weltwäit iwwert 10 Joer fir d’Erderwiermung an de Grëff ze kréien - maache mer dat net, sou wärt et 5 bis 20 mol méi kaschten. Seriös UNOs-Etüden soen eis datt d’Entwécklungshëllef misst op d’mannst ëm 50% erop goe fir dem Klimawiessel ze begéinen.
Humanitär Krisen ginn ëmmer méi dacks duerch klimabedéngte Facteuren ervirgeruf, Humanitär reimt haut leider ëmmer méi oft mat Klimawandel.
Am Januer 2005 gouf den Aktiounsplang vu Hyogo fir d’Joren 2005 bis 2015 ënnerschriwwen an d’Signatairen, dorënner och Lëtzebuerg, hu sech engagéiert dozou bäizedroen d’Mënsche besser virun zukünftegen Katastrophen ze schützen an d’Risikofacteuren -zumools an den Entwécklungslänner- ze analyséieren an ze reduzéieren. An deem Sënn investéiert d’Lëtzebuerger Cooperatioun zënter 2006 ee Minimum vu 5% vum humanitäre Budget an d’Präventioun vu Katastrophen. All Katastroph ass a bleiwt e Réckschlag deen e Land kann ëm Joren oder souguer Joerzéngten zeréckgeheien. A well all Katastroph d’Nohaltegkeet vu jorelaangen Entwécklungsefforten op d’Spill setzt, geet et drëms ze probéieren Katastrophen ze verhënneren. Et geet awer och drëms sécher ze stellen datt déi verletztlechst Länner besser op zukünfteg Katastrophen -déi net ze évitéiere sinn- preparéiert sinn, esou datt déi negativ Konsequenzen vun deene Katastrophen manner grouss sinn.
Doriwwer eraus huet d’Lëtzebuerger Cooperatioun um Ufank vun dësem Joer decidéiert d’Froe vun der Katastrophepräventioun an déi vun der Upassung un de Klimawandel systematesch mat an hir Développementsprogrammer eranzehuelen. Dat heescht elo net datt mer niewt eisen traditionnelle Secteuren - Waasser, Gesondheet, Educatioun an Entwécklung vum ländleche Raum - elo géifen e ganz neie Secteur derbäi erfannen. Dat heescht vill méi datt an Zukunft all Projet, dee realiséiert gëtt, virdru mat System op säi Klimaimpakt a seng Verträglechkeet par rapport zuer Klimaproblematik iwwerpréift wärt ginn.
Dat kann elo sécher net vun engem Dag op deen anere geschéien. Fir dat ze maachen kënne mer awer dorop opbauen datt déi Froen déi mat der Ëmwelt ze dinn hunn schonns säit Joren zu den sougenannten transversale Matièren vun der Cooperatioun gehéieren, dat heescht datt mer eis gemenkerhand och an der Vergaangenheet schonn d’Ëmweltkomponent an deene verschiddene Projeten mat ugekuckt hunn. Mir fänken also net bei Null un. Mir systématiséieren dat Ganzt elo a verbreeden et och spezifesch hin zu den Themafelder Klima an Naturkatastrophen.
Alles dat maache mer selbstverständlech net aleng, mä mir maachen dat zesumme mat den internationalen Acteuren, alle virop d’UNO an och mat dem fréieren UNO-Generalsekretär Kofi Annan senger Fondatioun.
A vu datt ech vun der UNO hei schwätzen, kommen ech net derlaanscht ausdrécklech ze bedaueren datt et scheinbar net méiglech ass den UNO-Programm fir Ëmwelt endlech an eng richteg UNOs-Agence ëmzewandelen. Esou wichteg global an aner Allianzen a Mechanismen fir de Klima sinn, esou laang et keen Duerchbroch op der UNO - Stéchwuert och post-Kyoto a Bali - gëtt, wärt et schwéier bleiwen d’Ënner uerdentlech zesummen ze bréngen.
D’UNO brauch nei Impulser an deem Beräich an duerfir ass et gutt datt Initiativen wéi déi vum Kofi Annan d’Froe vu Klimaschutz an Développement thématiséieren an hire Wuerzelen an Ausmoossen analyséieren an uginn. An duerfir ënnerstëtze mer dës, wéi ech mengen, eenzegarteg Initiativ och finanziell a mir bréngen eis konzeptuell mat an, siew dat am Conseil vun der Fondatioun oder hire Foren.
Här President, dir Dammen an dir Hären,
D’Zesummespill vu Klimapolitik an Entwécklungspolitik muss méi en enkt ginn.
Mir brauche Klimagerechtegkeet. Och dat gehéiert zuer internationaler Solidaritéit, an dat geet net vum selwen.
Zesumme mat aneren wärt ech mech deemno dofir asetzen datt international Léisunge fond ginn a Partenariater op d’Bee gestallt ginn déi den Entwécklungslänner zegutt kommen, dat am Hibléck op d’Konferenz vu Kopenhagen am Joer 2009.
Ech halen desweidere drop datt d’Ëmweltkomponent an eise Projeten besser zum Droe kënnt an eis Projeten an Zukunft méi systematisch a punkto Klima iwwerpréift ginn. Grad esou halen ech awer drop datt mer eis Cooperatioun weiderhin an de Secteure Waasser, Développement local, Educatioun a Santé konzentréieren.
Finalement halen ech drop datt Cooperatiounsfongen, geméiss de Prinzipien vu Marrakech, net fir Kyoto-relevant Mechanismen zweckentfriemt ginn.
Här President, dir Dammen an dir Hären,
De Klimawandel féiert - genau wéi bluddeg Konflikter - dozou datt mer ee Match spille wou alt periodesch d’Poteaue vum Goal geréckelt ginn.
Dat mécht et selbstverständlech net méi einfach.
Et bleiwt - an dat ass wou et drop ukënnt - dat wann et een eenzege Kampf gëtt deen et der Wäert ass geféiert ze ginn - een eenzegen -, dann ass et mat Sécherheet de Kampf géint d’Aarmut.
Et ass dat e Kampf vun all Dag.
E Kampf dee keng Paus verdréit.
E Kampf dee sous garantie verluer geet, wann ee mengt et kéint een sech regelméisseg op vermeintleche Lorbeeren ausrouen oder et kéint ee sech dräimol den Dag relax an d’Fotell leeën, an da géifen d’Saachen sech scho vum selwe regelen.
Esou geet dat net.
Esou maache mer dat net.
An esou wärte mer dat och an Zukunft net maachen.