Dernière modification le
Jean-Claude Juncker, Message à l'occasion de la Fête nationale 2008
Gudden Owend,
Wa mir Lëtzebuerger eisen Nationalfeierdag feieren, da mache mer dat anescht wéi vill anerer. Mir freeën eis un deem wat mir sinn, e bëssen och - wa mer éierlech sinn - un deem wat mir hunn. Mir huelen eis vir fir dat ze bleiwen wat mir sinn, an e bëssen och - wa mer mat eis selwer éierlech sinn - dat ze behalen wat mir hunn. Mee eisen Nationalfeierdag mecht eis net zu Hurrapatrioten, mir ginn den 23. Juni net blann fir Problemer heiheem a fir de Misär an der Welt.
D’Problemer heiheem déi sinn éischter bëssen méi grouss gi wéi se d’lescht Joer ëm dës Zäit waren. Déi héich Energie- an Liewensmëttelpräisser déi drécken de Portemonnaie zesummen an d’Inflatioun an d’Luucht. Mee eppes musse mer wëssen: Bensin, Diesel a Mazout wäerten nach e puer Joer ganz deier bleiwen an d’Liewensmëttel wäerten net vill méi bëlleg ginn. An esou enger Situatioun ass eng aal Qualitéit nei gefrot déi mer hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer ze praktizéiere wosste wann et drop ukomm ass, nämlech déi vun der Solidaritéit, vun der Solidaritéit mat deenen déi manner hu wéi déi meescht an deenen d’Loft virum Enn vum Mount ausgeet. D’Politik muss dofir méi selectif organiséiert ginn. Net e bësschen vun allem fir jiddwereen, mee méi fir déi, déi méi brauchen, well se net genuch hunn: Dat ass de Programm fir dëst Joer, dat ass virun allem de Programm fir d’näechst Joer.
Iwwer déi héich Petrols- a Liewensmëttelpräisser hu mer d’léscht Woch och um Sommet vun der Europäescher Unioun zu Bréissel geschwaat. D’Europësch Unioun ass neess erëm an eng Kris eragerëtscht aus där et immens schwéier ass fir erem erauszekommen. Mir mussen awer an Europa a mat Europa vun der Plaz komme well déi europäesch Plaz an der Welt gët ëmmer méi kleng. Am Joer 1900 hunn d’Europäer 20%, een Fënneftel vun der Weltbevölkerung ausgemaach, am Joer 2000 just nach 11%, am Joer 2025 gët et nach just 9% vun den Europäer, an um Enn vun dësem Joerhonnert dann sinn mir nach zu 4% Europäer op der Welt. Dat heescht: mir däerfen eis als Europäesch Unioun net a kleng an an klengsten Stécker zerleeën mee mir mussen Europa zu enger Macro- Weltregioun maachen. Soss verléiert Europa säin Affloss a seng Stäerkt, dat ass net gudd fir d’Welt, dat ass net gudd fir Europa, an dat ass och net gudd fir eis Lëtzebuerger, well wann Europa méi kleng gett, un Affloss an un Stäerkt verléiert, dann kënnen mir Lëtzebuerger net bleiwe wat mir sinn.
Dat wat mir sinn, dat wat mir wëlle bleiwen, dat huet mat eiser Fassong ze di wéi mir zesumme liewen, a Fridden an am Versteesdemech mat eisen direkten Noperen, a richteg geliefter Frëndschaft mat deenen, déi bei eis komm sinn. Dat huet awer och domatt ze dinn, datt mer am Grand-Duc, eisem Staatschef, e Mann un der Spëtzt vum Land hunn, deen eis no bausse mat Dignitéit vertrëtt, deen eis auslännesch Gäscht mat Noblesse emfänkt an dee ganz gutt wees a spiert wat eis heiheem bedréckt an wat eis heihemm ëmdreift. Dofir wëllt ech himm, haut op sengem offizielle Gebuertsdag, eng glécklech Hand wënsche fir déi Zäit déi kënnt.
A tous ceux qui vivent chez nous et donc avec nous, à tous ceux qui me regardent et m’écoutent au-delà de nos frontières, je voulais dire que l’amitié et la solidarité qui unissent font partie de la raison d’Etat luxembourgeoise.
Iech alleguer wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag.
Vive de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse!
Vive eis groussherzoglech Famill!
Vive eist Land!