Luc Frieden, Transcription de l'intervention faite à l'occasion du dépôt du projet de budget 2009, Chambre des députés, Luxembourg

Här President, Här Staatsminister, Dir Dammen an Dir Hären,

Ech géing dat, wat de Staatsminister gesot huet, iwwer dee Budget vum Vertrauen dee mir hei an enger schwéierer Zäit presentéieren, gäere mat enger Rei vu grousse Linnen a Beispiller ënnermolen. Et ass e Budget vum Vertrauen, deen och e Budget vun der finanzieller Responsabilitéit ass, e Budget deen op eng impressionnant Aart a Weis d’Kafkraaft zu Lëtzebuerg stäerkt. An et ass e Budget, deen d’wirtschaftlech Zukunft vum Land duerch esou munch Akzenter ënnerstëtzt.

Et ass dat d’Zesummeleeën, d’Responsabilitéit, d’responsabel Attitüd zu de grousse Parametere vun de Staatsfinanzen, d’Stäerkung vun der Kafkraaft an d’Preparatioun vun der wirtschaftlecher Zukunft, déi déi vertrauensbildend Moossname sinn, déi mir grad an dëse schwéieren Zäite brauchen. Et ass e schwieregt Ëmfeld, den Här Staatsminister huet et gesot, an dat refletéiert sech an de Chifferen, déi mir zur Grondlag vun dësem Budget geholl hunn.

Mir ginn dovun aus, op Grond vun deenen ekonomesche Parameteren déi mir vum STATEC a vun den internationalen Organisatioune kréien, datt d’Wirtschaftshypothes, déi mir dësem Budget zu Grond leeën, d’nächst Jor vun engem Wirtschaftswuesstem vun 3% ausgeet. Ech wëll Iech rappeléieren, datt d’Grondlag vum Budget vum Jor 2008 4,5% war, an déi vum Jor 2007, déi loug nach méi héich.

Mir ginn also dovun aus, datt d’nächst Jor d’Ekonomie manner schnell wiisst, wéi dat d’lescht an dëst Jor de Fall war, mä et ass nach ëmmer am europäesche Verglach eng méi héich Croissance wéi mir dat an den Nopeschlänner gesinn.

Zweetens – an dat ass direkt domat zesummenhängend, an och mat deene Situatiounen déi mir op den internationale Finanzmäert kennen, an dofir och op der Finanzplaz – menge mir net, datt d’nächst Jor de Wuesstem vun den Aarbechtsplazen, wéi et an deene leschte Joeren zu Lëtzebuerg virun allem am Beräich vun de Finanzdéngschtleeschtunge war, datt dat nach eng Kéier esou staark gëtt, wéi et d’lescht an d’virlescht Jor war.

Wa mir d’lescht Jor, als Hypothes, fir de Wuesstem vun den Aarbechtsplazen am Budget 3,9% virgesinn haten, da gesi mir am Budget fir d’Jor 2009, als Hypothes fir de Wuesstem vun den Aarbechtsplazen, 2,7% vir. Och dat ass vill, mä et ass manner wéi et an der Vergaangenheet war. Dat heescht net, datt mir mat engem totale Pessimismus an d’Zukunft kucken, mä mir wëlle mat enger vu Realismus geprägter Analys iwwer dat, wat sech fir de Moment dobaussen deet, an d’Zukunft kucken, an och dofir responsabel an der Aschätzung vun deene Chiffere sinn.

Mir hu mat enger staarker Inflatioun ze kämpfen. Mir ginn dovun aus, op Grond vun deem, wat mir haut wëssen, op Grond vun deem, wat mir vum STATEC matgedeelt kréien, datt d’Präisentwécklung zu Lëtzebuerg d’nächst Jor bei 2,4% läit. Dat ass dee Chiffer deen d’Basis vun deene Budgetschifferen ass, déi ech Iech haut de Moie kuerz wëll resüméieren.

Wat war eis Zilsetzung, wéi mir dee Budget gemaach hunn? Eis Zilsetzung war, wéi de Staatsminister virdrun am Numm vun der Regierung gesot huet, fir Vertrauen an enger schwéierer Zäit ze schafen. Vertraue schaaft een net, an eisen Aen, andeem ee seet, mir kënnen elo alles maachen, an da kucke mir, datt dat schonn an der Zukunft an d’Rei geet. Vertraue schaaft een, andeem een dofir suergt, datt een de Budget am Equiliber hält, datt ee sech e mëttelfristegt Zil setzt, wouvun een emol ee Moment kann e bëssen ofweichen, well ee wëll antizyklesch virgoen – an ech kommen herno dorop zeréck – mä an de groussen Zilsetzunge mussen d’Staatsfinanze vu Continuitéit geprägt sinn.

Mir hunn 2006 an 2005, wéi mir déi schwiereg Situatioun vun de Staatsfinanzen haten, eis e mëttelfristegt Zil gesat. A mir hunn deemools an der Chamber, an der Tripartite gesot, mir hätte gären, datt mir den Niveau vun den ëffentleche Finanzen – also esouwuel Zentralstaat, wéi Gemengen, wéi Sécurité sociale – 2009 am Equiliber hätten. An op deenen Tableauen hu mir deemools den Equiliber ausgedréckt mat -0,2%.

Dat Zil wollte mir och am Kader vun der Opstellung vum Budget 2009, wat jo d’Enn vun där Period ass déi mir deemools diskutéiert hunn, erreechen. Dat Zil hu mir erreecht, an dat Zil hu mir méi wéi erreecht, well d’Administration publique, also d’ëffentlech Finanzen generell, 2009 am Équiliber sinn. Si presentéiere sech mat engem Iwwerschoss vun 1,1% vum Bruttoinlandprodukt. An dat gesitt Dir och op Ären Tableauen, déi an der Tëschenzäit ausgedréckt gi sinn. Déi 1,1%, dat ass a Chifferen ausgedréckt 429 Milliounen Euro.

Et ass awer kloer datt, wat d’Administration centrale ubelaangt, mir an enger Situatioun sinn, déi och 2009 déficitaire ass. Déi beleeft sech op -1,8% vum Bruttoinlandprodukt. -1,8%, dat si ronn 700 Milliounen Euro. Dat ass genee konform mat deem, wat mir an Diskussioune bei der Tripartite, an no der Tripartite hei an der Chamber gesot hunn, well do hate mir genee deen dote Chiffer stoen, ouni awer deemools ze berücksichtegen, wat mir grad an dësem Budget maachen.

Dee Chiffer wier nämlech wiesentlech besser, dee wier bei eppes -0,5%, wa mir net grad an dëser Zäit déi substantiell Steieradaptatiounen a –reduktiounen als kafkraaftstärkend a wirtschaftsstäerkend Moossnam géingen maachen, déi de Staats- a Finanzminister herno an de groussen Zich virstellt.

Ech soen op dëser Plaz also just, datt déi -1,8% sech aus zwee wichtegen Elementer zesummesetzen an erkläert: d’Reduktioun bei de Steieren, an de Wëlle vun der Regierung d’wirtschaftlech Zukunft vum Land ze preparéieren, an dofir bei den Investitiounsausgaben, déi an der Administration centrale hiren Nidderschlag fannen, op engem ganz héijen Niveau ze bleiwen.

An der Administration centrale si jo och d’Ausgabe vun ëffentlechen Institutiounen dran, déi een net am klassesche Budget erëmfënnt, wéi zum Beispill d’Realisatioun vun enger Rei ëffentlechen Infrastrukturen zu Esch-Belval a ronderëm. Déi sinn net am klassesche Budget dran, déi fënnt een an der Administration centrale erëm. Do sinn eng Rei grouss Stroosseprojeten, do sinn eng Rei grouss Investitiounen an den ëffentlechen Transport, déi d’nächst Jor enorm staark zu Buch schloen. Ech kommen herno op de Fonds du rail, respektiv op d’Projetë wéi d’Nordstrooss, déi an hirer Realisatioun sinn, zréck. An déi hunn zum Effet, datt mir domat d’Wirtschaft stäerken.

Déi Sue ginn an déi Betriber déi do bauen, déi Suen hëllefen eis, datt mir herno uerdentlech Kommunikatiounsweeër hunn, fir wirtschaftlech Entwécklung ze maachen. Déi hu mir net gestoppt. Déi hätte mir kënne stoppen a wieren dann do am Equiliber erauskomm. Mir hu fonnt, datt wann een d’Zukunft vum Land wëll preparéieren, da muss een déi Investitiounsausgaben, grad och an dëser Zäit, maachen. Dofir erklärt sech dee -1,8%.

Mä wéi gesot, am europäesche Verglach gëtt d’Administration publique gekuckt. Wa mir also vun deem Defizit vun 3% vum PIB schwätzen, deen een an Europa kann hunn, wann Dir kuckt wat an den Nopeschlänner geschitt, dann hu mir et an enger schwéierer Zäit fäerdeg bruecht, dat Zil ze erreeche wat mir wollten hunn. Mir hunn ausgeglachen ëffentlech Finanzen, a si schléisse mat engem liichten Iwwerschoss of. Um Niveau vun der Administration centrale, bleift et en Defizit duerch Steierreduktiounen an héich Investitiounen.

Déi Situatioun déi ech Iech elo grad beschriwwen hunn, muss een dann an de klassesche Staatsbudget iwwersetzen, deen deen d’Chamber ze stëmmen huet. Dat ass de Staat am enke Sënn vum Wuert, de Staat ouni déi Ausgabe vun enger Rei vun ëffentlechen Etablissementer, de Staat, do wou en och investéiert, mä do wou e seng normal Déngschtleeschtunge, seng Sozialpolitik exekutéiert.

De klassesche Budget, wéi d’Chamber en zur Ofstëmmung am Dezember virleien huet, deen hu mir op eng extrem streng Aart a Weis opgestalt. Wll mir grad gesot hunn, datt mir net vun eiser Zilsetzung, vun engem zolitte Staatsbudget, vun zolitte Staatsfinanzen dierfen ofweechen.

An dofir presentéiere mir Iech e Budget, deen op der Einnamesäit 9,56 Milliarden Euro betrëfft, an op der Ausgabesäit 9,43 Milliarden Ausgaben. Dat heescht, de klassesche Budget – deen awer an der europäescher Betruechtung absolut keng Opmierksamkeet méi dierf fannen, och an der europäescher Analys – schléisst fir d’éischte Kéier an dëser Legislaturperiod am Equiliber of, mat 13 Milliounen Euro. D’Dépensen an deem Budget, wéi Dir gesitt, wuessen ëm 6,9%, an d’Recetten ëm 7,3%.

Zu deenen Dépensë géif ech gäre folgendes soen.

Wa mir déi Dépensen, déi mir am Staatsbudget hunn, vergläiche mat dem héchstwahrscheinleche realiséierte Budget vum Jor 2008, da wiisst de Budget vum nächste Jor nëmmen ëm 0,9%. Dat ass e wichtege Punkt, notamment wa mir de Budget mam Ausland vergläichen, well a ville Länner am Ausland de Budget net verglach gëtt mat deem, deen dat Jor virdru gestëmmt ginn ass, mä mam exekutéierten, oder méiglech exekutéierte Budget.

Ech stellen och fest, bei der Kommentéierung vun den Dépensen, datt d’Dépensë manner wuesse wéi d’Recetten. Dat war eng vun den Zilsetzungen, déi ech bei der Opstellung hat. An ech soen och nach zu den Dépensen, datt, wa mir kucke wéi déi normal Fonctionnementskäschte vum Staat wuessen, déi wuessen nëmmen ëm 3,8%. Déi wuessen also manner wéi d’Inflatioun. An Dir wësst, dat mir eng ganz Rei Ausgaben hunn, déi mat der Inflatioun wuessen. D’Dépensë vun der Administration centrale generell wuessen ëm 6,4%.

Am Résumé also: de Budget wisst ganz wéineg, wann ech e mam exekutéierte Budget, no de Previsioune wéi mir se fir de Moment vun 2008 hunn, vergläichen. D’Fonctionnementskäschte vum Staat wuesse manner schnell wéi d’Inflatioun, an d’Dépensë wuesse manner wéi d’Recetten.

Dat ass an eisen Aen och Zukunftsplanung, déi mir an dësem Budget wëllen hunn. Et wier fir de Budget 2009 méi einfach gewiescht, mir hätten d’Dépensë méi wuesse gelooss, mir hätten eis mat enger anerer Situatioun zefridde ginn, a mir hätte gesot, hoffentlech bréngt d’Zukunft eis et, datt mir dat erëm kréien. Mir hätten dat irresponsabel fonnt. De Budget 2009 ass d’Grondlag fir gesond Staatsfinanzen a fir e gesonde Budget an engem schwéieren Ëmfeld, och fir 2010 an 2011. Dat war eis Zilsetzung, an ech mengen déi hu mir och domat erreecht.

Responsabele Budget a responsabel ëffentlech Finanzen, och wat d’ëffentlech Schold ubelaangt. De Staatsminister huet et gesot, déi ëffentlech Schold, déi ass zu Lëtzebuerg niddereg, déi bleift och duerch dëse Budget niddereg. Mir hu fir de Moment eng Staatsschold vu 7% vum Bruttoinlandprodukt. Dir wësst, datt een no europäesche Critèrë ka 60% vum PIB als Schold hunn. Dat ass net eist Zil, ech rappeléieren dat just fir ze wëssen, wat een an Europa vergläicht.

Déi Staatsschold, déi wäert duerch déi Opnam vun der Schold, déi mir am Kader vun de Operatioune Fortis an Dexia maachen, erop goen. Ganz genee wéivill kann ech an dësem Moment net soen, well ech jo erkläert hunn, datt mir een Deel aus der Trésorerie huelen, an een Deel Sue léine ginn, déi mir da weider bei deenen zwou genannten internationale Privatbanke placéieren, déi am Detailsgeschäft zu Lëtzebuerg sinn.

Ech sinn awer der Meenung, datt déi Staatsschold doduerch op ronn 10% vum Bruttoinlandprodukt wäert klammen. Dat kann och liicht driwwer sinn, dat hänkt dovun of, wéivill Sue mir do léine ginn. Dat hänkt och e bëssen dovun of, wéi d’Bréisseler Kommissioun, respektiv déi europäesch Autoritéiten, wäert verlaangen, wéi mir dat comptabiliséieren. Do si Gespréicher de Moment amgaangen, ob dat alles Maastricht relevant fir eis Detten ass. Et huet keen Impakt, dat confirméieren ech nach eng Kéier, op eise Staatsdefizit, et huet keen Impakt op de Staatsbudget, well et keng Budgetsdépense am klassesche Sënn ass. Et ass en Investissement, et ass e Placement dee mir mat Sue vum Staat maachen, esou wéi wa mir aner Obligatiounen oder Aktie kafe ginn.

D’genee Comptabilisatioun ass d’Resultat vun de Gespréicher, déi tëscht der lëtzebuerger Regierung an der Kommissioun stattfannen. Déi Fro stellt sech an der Belsch genee d’selwecht, dat hu mir gëschter mam belsche Premierminister a mam belsche Finanzminister diskutéiert, dofir kann ech Iech nach net de ganz geneeë Chiffer ginn. Mä eis Staatsschold ass a bleift déi nidderegst an Europa, an esou soll dat och sinn. Och domat gi mir eis dee Sput, dee mir brauchen an der Zukunft, wa mir an enger nach méi schwiereger Situatioun sinn.

Am Budget 2009 gëtt, wéi och déi Joere virdrun, een Emprunt vun 200 Millioune gemaach, eemol 100 Milliounen fir de Fonds des routes, an eemol 100 Millioune fir de Fonds du rail. Wann Dir Iech rappeléiert wat mir am Plan pluriannuel virgesinn haten, do hate mir méi fir de Fonds du rail virgesinn. Ech hätt awer gären, datt mir d’Mehreinnahmen, déi mir d’lescht Jor erakritt haten, géinge gebrauche fir de Fonds du rail ze speisen, esou datt et dann och fir d’nächst Jor bei 100 Millioune Fonds des routes, an 100 Millioune Speisung vun dem Zuchfong bleift.

Et ass e Budget, deen also an engem schwieregen Ëmfeld responsabel mat de Staatsfinanzen ëmgeet, deen also keng Dépensen erlaabt huet, déi eis aus dem Equiliber gerappt hätten, an déi och d’Staatsfinanzen 2010, 2011, schwiereg, voir onméiglech gemaach hätten.

Zugläich awer ass et e Budget, hunn ech gesot, deen d’Kafkraaft op eng substantiell Aart a Weis ënnerstëtzt. En ënnerstëtzt d’Kafkraaft, andeems en d’Steiere senkt – de Staatsminister kënnt do drop zréck – et ass e Budget deen d’Sozialleeschtungen op engem ganz héijen Niveau hält. An et ass e Budget, deen d’wirtschaftlech Zukunft preparéiert, andeems en d’Investitiounen op engem extrem héijen Niveau hält.

Domat erklären ech jo wat ech virdru gesot hunn, firwat mir bei der Administration centrale en Defizit hunn, deen d’wirtschaftlech Zukunft preparéiert, andeem en a Beräicher wéi zum Beispill Fuerschung zousätzlech Akzenter setzt, déi net direkt hiren Nidderschlag fannen. Do hunn d’Leit also haut näischt dovun, mä andeems mir sécherstellen, datt déi, déi an e puer Joer – a mir hoffen, datt mir dozou gehéiere mä och déi, déi elo nach méi jonk sinn –an dësem Land liewen a schaffen, datt déi sech vun deene Fuerschungsprojeten nei wirtschaftlech Entwécklunge kënnen erwaarden.

Dofir hu mir massiv Gelder an déi Fuerschung gesat, grad esou wéi an d’Mobilitéits-, an an d’Kommunikatiounsweeër, déi an engem nach ëmmer wuessende Land wiesentlech sinn, fir datt mir och an Zukunft hei Liewensqualitéit hunn, an datt mir kënnen nei Betriber op Lëtzebuerg bréngen.

Dat huet natierlech alles op der Recettësäit säi Präis, an dat huet säi Präis op der Ausgabesäit. Mä dat do sinn déi Prioritéiten, déi mir an de Budget gesat hunn: Reduktioun vun de Steieren, staarke Sozialstaat, héich Investissementer, Investissementer an d’Zukunft, zum Beispill Fuerschung a Kommunikatiounsweeër.

Bei de Steiere géing ech Iech just e puer Punkte soen, net wat den Impakt vun de Steierreduktiounen ass, mä wéi mir d’Steieren an dësem Ëmfeld agesat hunn, virun allem och tenant compte vun där extrem schwiereger wirtschaftlecher Situatioun.

D’Kierperschaftssteier am Budget vum nächste Jor, déi zu 70%, 80% vum Finanzsecteur bezuelt gëtt, setze mir d’nächst Jor manner héich an, wéi mir dat am Budget vun 2008 der Chamber presentéiert haten. Dat ass fir d’éischte Kéier zënter enger Rei Joeren, well mir normalerweis de Montant vun deem enge Jor huelen, plus esouvill Prozent en Fonction vun der wirtschaftlecher Entwécklung. Mir setze se d’nächst Jor liicht manner héich an, wéi am Budget vun 2008, nämlech op d’Héicht vun 1,420 Milliarden Euro.

Bei der Gehältersteier gëtt de Gesamtmontant och manner héich am Budget vum nächste Jor, als Resultat vun der Steierreduktioun. Déi setze mir mat 1,7 Milliarden an. Ech ginn Iech ronn Chifferen, ech mengen, jiddweree kann déi duerno am Staatsbudget noliesen, mä hei fir d’Diskussioun wollt ech Iech awer déi grouss Parametere ginn.

Och manner héich agesat am Budget vum nächste Jor ass déi sougenannten Taxe d’abonnement, déi Steier, déi de Beräich vun den Investmentfongen zu Lëtzebuerg bezilt. Dat ass eng Steier, déi mat der Bourse zesummenhänkt. Ech mengen, datt d’Boursë sech an Zukunft och erëm eng Kéier wäerten erkréien, et gëtt kaum eng méi irrationell an hin a hier sprangend Aktivitéit wéi déi vun de Boursen. Oft irrational, meeschtens net novollzéibar. Et ass also schwiereg eng Prévisioun fir d’Jor 2009 ze maachen. Mir hunn déi Steier am Budget ëm 7% manner héich agesat, wéi mir dat am Budget vum Jor 2008 virgesinn haten, nämlech mat 650 Milliounen Euro.

D’TVA ass op Grond vun der aktueler Estimatioun méi héich am Budget agesat, well si fir de Moment zu Lëtzebuerg gutt leeft, well zu Lëtzebuerg vill consomméiert gëtt, well déi Betriber am Beräich vum elektroneschen Handel vill indirekt Steiere bezuelen. Op Grond also vun der Aschätzung an de Previsioune vun der TVA vun dësem Jor, setze mir d’TVA dofir och d’nächst Jor op e Montant an, dee wiesentlech méi héich ass, wéi deen deen am Budget vum leschte Jor virgesi war, nämlech mat 2,7 Milliarden Euro. Wéi gesot, dat baséiert op der gudder Einnam vun der TVA am lafende Budgetsjor, wou also de Konsum zu Lëtzebuerg extrem staark geklommen ass.

Am klassesche Budget wuessen d’Steiere generell, dat hat ech virdru gesot, ech rappeléieren dat an dësem Kontext, ëm eppes méi wéi 7%. Ech hunn Iech hei déi Steierkategorien gesot, déi engersäits beaflosst ginn duerch déi méi lues wuessend Ekonomie, a virun allem déi Situatioun vun der Finanzplaz, an anerersäits d’Steierreform a –reduktiounen, op déi de Staatsminister herno am Detail ageet.

Mir preparéieren d’wirtschaftlech Zukunft vum Land doduerch, datt mir d’Investitiounen op engem héijen Niveau halen. D’Investitioune klammen d’nächst Jor nach eng Kéier par rapport zu dësem Jor. D’ëffentlech Hand, den Zentralstaat gëtt d’nächst Jor 1,77 Milliarden Euro aus fir Investitiounen ze tätegen. Investitiounen am Héichbau, Investitiounen am Stroossen- a Schinnebau, Investitiounen a Schoulen, Investitiounen an Altersheemer, Investitiounen a Kläranlagen. Alles wat een an deem Beräich huet, wat alles ganz vill Sue kascht, wat vill domat ze dinn huet fir d’Zukunft vum Land, d’Liewensqualitéit, an d’wirtschaftlech Attraktivitéit vun dësem Land ze erhalen an ze verbesseren.

1,77 Milliarden, dat si 4,5% vum Bruttoinlandprodukt. Dat ass also och am europäesche Verglach e ganz zolitte Montant, an dat ass méi wéi dat, wat mir an deene leschten dräi Joer gemaach hunn. 4,5% vum Bruttoinlandprodukt ginn Investitiounsausgaben. An ech hunn Iech virdru gesot, d’Investitiounsausgabe klamme méi wéi déi normal Fonctionnementskäschte vum Staat, well déi klammen nëmmen ëm 3,8%. Déi Investitiounsausgaben – an dat ass wichteg wann Dir den Defizit vun 1,8% PIB kuckt – bezuele mir natierlech mat Dotatiounen, déi mir un déi Fongë maachen. Maastricht kuckt déi Finanzementsfroen net. Dat gëtt schonn an Europa gekuckt, wa méi eng detailléiert Analys vun eise Staatsfinanze gemaach gëtt, mä net an deene Chifferen.

Mir hunn zu Lëtzebuerg, och a schwéieren Zäiten hëlleft dat eis, dofir gesuergt, datt mir Mehreinnahmen op d’Säit gesat hu fir d’Investitiounsfongen ze speisen. Dat war eng kontinuéierlech Politik, déi mir an deene leschte Joere gemaach hunn. Dat war eng Politik, déi ëmmer schwiereg ze erkläre war an och bleift, mä déi eis et erlaabt, déi Investitiounstätegkeet ze erhalen.

Déi Fongen, mat deene mir Investitiounen tätegen, déi hu fir de Moment eng Mouk vun 1,7 Milliarden Euro. 1,7 Milliarden Euro dat ass vill, dat beweist, datt déi Mouk gehale ginn ass. Dat ass keng fräi disponibel Mouk, dat muss ech rappeléieren. Dat ass ebe fir e groussen Deel vun deene Projeten ze finanzéieren déi d’Chamber entweder gestëmmt huet, oder déi an der Planung sinn. Dir gesitt och den Tableau vun der Evolutioun vun der Reserve vun den eenzelne Fonds spéciaux op deene Photocopien déi Iech ausgedeelt gi sinn.

D’Zukunft plangt een, hunn ech och gesot, andeem een heiansdo Projete mécht, wou een elo net weess wéini a wéivill se bréngen. An dat ass besonnesch am Beräich vun der Fuerschung de Fall. Et muss ee fuersche fir datt een nei Saachen entdeckt, déi de Mënschen an der Zukunft hëllefen, an déi an der Zukunft wirtschaftlech Entwécklung bréngen. Et ass dofir, wou mir kontinuéierlech iwwer déi leschte Joeren de Fuerschungsbudget eropgesat hunn, ech mengen, mat allgemenger Zoustëmmung vum Parlament, an och op Grond vun engem europäesche Plang, fir datt Europa kompetitiv an innovativ bleift.

D’nächst Jor beleeft sech déi ëffentlech Fuerschung, fir déi mir zoustänneg sinn, mä déi een ëmmer a Kombinatioun mat der Fuerschung vum Privatsecteur muss gesinn, op ronn 200 Milliounen Euro, ganz genee op 203 Milliounen Euro. Dat klëmmt am nächste Budget ëm 18,6%. An den Deel vun der ëffentlecher Fuerschung am Bruttoinlandprodukt kënnt domat op 0,51%.

Mir hunn, rappeléieren ech, an dëser Legislaturperiod mat enger ëffentlecher Fuerschung vun 0,27% vum Bruttoinlandprodukt ugefaangen. An anere Wierder, mir hunn iwwer dës Legislaturperiod den Deel vun der ëffentlecher Fuerschung am PIB verduebelt, vun 0,27% op 0,51%.

Dat ass ganz konkret, wat mir do maachen. Fir Iech nëmmen zwee Beispiller ze ginn. D’Regierung huet décidéiert un engem grousse Fuerschungsprojet am Beräich vun de Biotechnologien ze participéieren, deen, iwwer 5 Joer gekuckt, 140 Millioune wäert kaschten, deen am nächste Jor mat 20 Milliounen Euro hei zu Lëtzebuerg zu Buch schléit. D’Regierung ass amgaangen Accordë mat engem renomméierten Universitéitsinstitut an Däitschland, nämlech dem Max-Planck-Institut, ze négociéieren, fir am Beräich vun der Finanzrechtsprozedur an de Prozedure vum europäesche Recht Fuerschung ze maachen, wat komplementär Aktivitéiten zu bestehenden Aktivitéite bréngt, well Lëtzebuerg de Sëtz vum Europäesche Geriichtshaff ass, well Lëtzebuerg eng grouss Finanzplaz beherbergt. Och dat schléit am Budget zu Buch mat ronn 400.000 Euro.

Ech ginn Iech nëmmen déi zwee Beispiller, fir Iech ze weisen, datt dat net Fuerschung an iergendeng abstrakt Projetë sinn, mä datt mir do d’Zilsetzung hunn, fir d’Zukunft vum Land ze preparéieren.

D’Kreditter fir d’Universitéit Lëtzebuerg klammen och nach eng Kéier substantiell d’nächst Jor. Si klammen nämlech ëm 24% op 72 Milliounen Euro, well déi Uni elo hire richtege Laf kritt. Déi Kreditter hu sech also och iwwer dës Legislaturperiod méi wéi verduebelt.

Mobilitéit a Kommunikatioun, och domat preparéiert een d’Zukunft, datt d’Mënsche kënnen nach matenee liewen, op hir Schaff kënne fueren, wann der méi am Land sinn. Dofir klammen och d’Kreditter am Beräich vum Stroossen- a Schinnebau. Dofir klammen d’Kreditter am Beräich vum ëffentlechen Transport. D’nächst Jor gi mir fir den ëffentlechen Transport 703 Milliounen Euro – Fonctionnement an Investissement – aus, dat si ronn 6,5% méi wéi dat Jor virdrun.

Mä ech hu gesot, datt et e Budget fir d’wirtschaftlech Zukunft ass, dofir maache mir och bei de Betriber eng Rei vu Steierreduktiounen, déi selbstverständlech hiren negativen Impakt op d’Einnamen am Budget hunn. De Staatsminister kënnt drop zréck.

Mä, mir maachen och e Budget fir d’Kafkraaft ze stäerken. D’Kafkraaft stäerkt een engersäits duerch Steiermoossnamen, d’Kafkraaft stäerkt een awer och duerch e Sozialleeschtungsnetz, wat zu Lëtzebuerg op engem Niveau ass, wat een a kengem vun den Nopeschlänner fënnt. An dofir bleift de Budget vum nächste Jor och e staarke Sozialbudget.

E Budget deen et deene Leit, déi manner Mëttelen hunn, erlaabt, fir iwwer d’Ronnen ze kommen, an deen awer och sécher stellt, datt d’Sozialleeschtungen deenen aneren, déi Mëttelverdénger sinn, datt déi alle Familljen hei am Land zegutt kommen. Déi Sozialleeschtunge sinn a ville Beräicher, ech denken un déi massiv Programmer déi mir am Beräich vum Logement hunn, déi massiv Programmer déi mir am Beräich vun de Kannerbetreiungsstrukturen hunn, déi am Budget zu Buch schloen.

De Sozialbudget vum nächste Jor beleeft sech op ronn 45% vum Total vum Staatsbudget. Doranner si selbstverständlech déi substantiell Contributiounen, déi de Staat un d’Pensiounskeesen an un d’Krankekeese mécht, enthalen. D’nächst Jor gëtt de Staat an d’Pensiounskeese ronn 1,13 Milliarden Euro, dat kënnt jo alle Leit hei am Land zegutt. De Staat contribuéiert un d’Krankekeesen 814 Milliounen Euro.

Déi Contributiounen erklären, wann Dir d’Maastricht-Chiffere vun den ëffentleche Finanze kuckt, natierlech firwat d’Sécurité sociale do esou e substantiellen Iwwerschoss huet. Dofir gëtt jo och d’Administration publique gekuckt. Der Administration centrale hirt Resultat verschlechtert sech duerch dës Dépensen déi ech hei genannt hunn. Déi aner Säit, bei der Sécurité sociale, fannt Dir déi erëm an deem Iwwerschoss, deen d’Sécurité sociale huet.

An deem Sozialbudget si selbstverständlech och all déi Dépensen, déi am Beräich vum Familljeministère hiren Nidderschlag fannen enthalen, besonnesch am Beräich vun der Ënnerstëtzung vun de Familljen. Dofir sinn am Budget 1,38 Milliarden Euro virgesinn, déi alle Familljen hei am Land duerch eng Rei vun Infrastrukturen zegutt kommen, déi mir maachen. Ech huelen nëmmen d’Beispill vun de Kannerbetreiungsstrukturen, sief dat d’Crèchen, sief dat d’Maisons relais, sief dat aner Saachen.

Mir ginn d’nächst Jor fir Infrastrukturen a Fonctionnementer vun der Kannerbetreiung 110 Milliounen Euro aus, dat si 44% méi wéi mir dat Jor virdru gemaach hunn. An déi 44% méi, déi sinn iwwer ee Jor gekuckt. Dir dierft net vergiessen, datt mir schonn an de Joeren 2006, 2007 an 2008 grad an deem do Beräich ganz vill nei Infrastrukturen gehollef hunn ze finanzéieren, wat zum Deel Gemengen oder Privathaiser sinn, wou de Staat eng substantiell Contributioun leescht.

Nei kënnt awer och an dësem Budget dobäi, datt, esou wéi de Staatsminister dat bei der Lag vun der Natioun annoncéiert hat, datt mir wëlle sécherstellen, datt d’Kannerbetreiung zu Lëtzebuerg méi bëlleg gëtt, an datt mir dofir, an enger Form déi d’Familljeministerin an deenen nächsten Deeg am Detail erkläert, sougenannte Chèques-service aféieren, déi d’Kannerbetreiung vill méi bëlleg mécht, voir zum Deel fir näischt mécht, an dat schléit am Budget vum nächste Jor mat ronn 20 Milliounen Euro zu Buch. An déi do Infrastrukturen, an déi do Moossname sinn esou organiséiert, datt se alle Familljen hei am Land méi Kafkraaft bréngen, well fir jiddweree domat d’Kannerbetreiung an deenen do Strukture méi bëlleg gëtt.

Déi sougenannten Heizkostenzoulag, déi mir an der Lag vun der Natioun ugekënnegt haten, an dat ass an dësen Zäite besonnesch fir déi Leit wichteg déi manner Akommes hunn, gëtt am Fong eng Deierechtzoulag a gëtt verduebelt. Dofir schléit déi am Budget mat 16,9 Milliounen Euro zu Buch, d’lescht Jor stoungen 8 Milliounen Euro dofir am Staatsbudget. Dovunner profitéiere ganz vill Leit am Land, déi domat besser iwwer d’Ronne kommen.

Am Beräich vum Logement, wat och ganz wichteg ass, besonnesch am Beräich vun de Mëttelverdénger hei am Land, fanne mir, datt d’direkt Ënnerstëtzung vum Staat, duerch Subsidë bei Zënsen an ähnlech gelagert Mechanismen, déi Dir kennt, d’nächst Jor mat 121 Milliounen Euro zu Buch schléiz. Dat ass also d’Direktënnerstëtzung, wou de Staat dofir suergt, datt d’Leit hir Laaschte bei der Acquisitioun an dem Finanzement vu Wunnenge besser kënnen tätegen.

Bei der Ënnerstëtzung vun de Famillje wëll ech och nach eng Kéier drop hiweisen, wéivill de Staat gëtt fir d’Kannergeld ze finanzéieren. Dat ënnerstëtzt jo bekanntermoossen och alle Familljen hir Kafkraaft substantiell, well déi vill méi héich läit wéi an den Nopeschlänner, well se, contrairement zu den Nopeschlänner scho beim éischte Kand ufänkt. Am Frankräich an op anere Plaze fänkt se eréischt beim zweete Kand un. D’nächst Jor gëtt de Staat fir d’Kannergeld, an déi ähnlech Allocatioune wéi Allocation de rentrée, Allocation d’éducation, 810 Milliounen Euro aus. Dat ass also eng substantiell Ënnerstëtzung vun der Kafkraaft vun de Leit, déi an eisem Land schaffen a wunnen.

Mä Sozialpolitik kann een net nëmmen heiheem maachen. Och a schwéieren Zäite muss een un déi denken, déi vill méi schwéier Zäiten hunn, an dat si selbstverständlech déi, déi op anere Kontinenter wunnen. Dofir wäert och am Budget vum nächste Jor de Solidaritéitsgedanken no bausse bleiwen, andeem mir d’Entwécklungshëllef op engem héijen Niveau halen. D’Entwécklungshëllef beleeft sech d’nächst Jor op 0,92% vum Revenu national brut, esou gëtt dat international jo gekuckt. Mir bleiwen also wäit iwwer deenen 0,7% déi international als Zil gesat ginn, a mir sinn och all Jor e bëssen erop gaangen. Dat ass en Total vun der Entwécklungshëllef vu ronn 300 Milliounen Euro, déi déi 0,92% vum Revenu national brut betreffen.

Elo steet, Dir leif Kolleginnen a Kollegen, an deem Budget jo nach villes aneschtes. Et kann een net an engem Dag, an enger Stonn, dee ganze Budget hei virliesen. Et ass en déckt Buch, an do wier nach villes ze soen.

Erlaabt mir vläicht nach deen een oder aneren erausgepicktene Kredit virzestellen, wëssend, datt esou e Choix ëmmer geféierlech ass, well natierlech och jiddweree vu menge Kollege seet, a vu mir, a vun deem do Kredit hues du näischt gesot. Ech hunn also e Choix getraff an e puer Kreditter erausgepickt, fir Iech awer ze weisen, datt, och wann ee spuert, och wann ee kloer Zilsetzungen huet – d’Kafkraaft stäerken, Investitiounen ënnerstëtzen, d’wirtschaftlech Zukunft plangen – dann ass an engem Budget awer nach villes méiglech, wat vill Secteuren a vill Mënschen hei am Land wäert positiv ënnerstëtzen.

Zum Beispill d’Kultur. De Kulturbudget beleeft sech d’nächst Jor op 115 Milliounen Euro. Dat ass substantiell vill, wann ech zum Beispill kucken, datt mir, wéi dës Legislaturperiod ugefaangen huet, eréischt 78 Milliounen Euro an de Beräich vun der Kultur gestach haten. Och dat ass wichteg fir d’Zukunft vum Land, fir d’Liewensqualitéit, an d’wirtschaftlech Attraktivitéit.

Mir ginn an deem Budget vum nächste Jor zolitt Ënnerstëtzungen u vill Wirtschaftsberäicher: de Mëttelstand, den Tourismus, d’Agrikultur. Am Budget vum nächste Jor sinn 140 Milliounen, dat sinn 8,8% méi, Contributioune vum Staat an d’Entwécklung vun de Betriber zu Lëtzebuerg.

Jean-Claude Juncker: Dat ass fir den Här Gramegna. Well dee sicht jo 4 Milliarden Euro déi mir zevill ausginn. Dat sinn déi do.

Luc Frieden: Mir hunn am Budget vum nächste Jor éischt Kreditter virgesinn, virun allem am Familljeministère an am Sportsministère, fir de Benevolat ze ënnerstëtzen. Déi Leit, déi an hirer Fräizäit eng wichteg Aarbecht maachen, déi een ni ka ganz rémuneréieren, soss ass et jo kee Benevolat, mä fir deenen e bëssen entgéint ze komme sinn awer 350.000 Euro fir éischt Projeten am Familljen- an am Sportsberäich virgesinn.

Mir hunn am Budget eng substantiell Augmentatioun vun de Kreditter am Beräich vun der medezinescher Betreiung vun de Leit duerch d’Organisatioun vum Service de garde vun de Generalistë virgesinn, esou datt elo d’Leit och owes an de Weekend Hëllef kréien, déi si brauchen. Dat sinn 3,2 Milliounen Euro, dat ware bis elo 1,9 Milliounen Euro.

Och am Spidolsinvestitiounsberäich klammen d’Ausgabe vun Investitiounen vum leschte Jor a vun dësem Jor, vun 48 Milliounen Euro op d’nächst Jor 69 Milliounen Euro, esou datt et eis gutt geet, a Momenter wou et eis manner gutt geet, dat heescht, also och Liewensqualitéit hunn.

Am Beräich vun der banneschter Sécherheet – Justiz, Police – gëtt de lëtzebuerger Staat an dëser, enger vu senge Grondaufgaben, 276 Milliounen Euro aus, fir datt och domat d’Zesummeliewe vun de Mënschen zu Lëtzebuerg kann a geregelte Bunnen assuréiert bleiwen. Dat ass, am Verglach zum Beispill mat dem Jor 2000, eng Verduebelung vun deene Kreditter, déi mir fir de Beräich Justiz a Police ausginn haten. Deemools hate mir 140 Milliounen, haut hu mir der 270 Milliounen. Iwwer eng Zäitspan vun enger Décennie hu mir déi Kreditter verduebelt.

Mir hu selbstverständlech och Obligatioune fir d’Zukunft am Beräich vun der Ëmwelt. Déi Ausgabe vu Kyoto ginn net méi kleng. Déi gesäit een net haut, déi gesäit een an Zukunft an der Liewensqualitéit. An dofir schloen d’Ausgabe vum Kyoto-Fong, déi dëst Jor mat 100 Milliounen zu Buch geschloen hunn, d’nächst Jor mat 120 Milliounen zu Buch, esouwuel duerch eng Rei national Moossnamen, wéi international Moossnamen, fir domat zu enger Reduktioun vun den CO2 Wäerter ze kommen, an domat eis Zukunft op eng, mengen ech, essentiell Aart a Weis ze verbesseren. Dat geet net duer mat Kreditter, mä de Budget hëlleft do, wou e seng Responsabilitéit ze huelen huet.

Mir ënnerstëtzen och an deem Budget d’Entwécklung vun der lëtzebuerger Sprooch, wat mir mengen, wat an der Integratioun wiesentlech wier. Dofir sinn zousätzlech Kreditter vu ronn 100.000 Euro virgesinn, fir lëtzebuerger Sproochecoursen ze ënnerstëtzen an ze organiséieren. Dat ass wiesentlech an engem Land wou mir ënnerschiddlech Nationalitéiten hunn, a wou een eng Kommunikatiounssprooch brauch.

Mir hu Moossname virgesinn, déi klenge Betriber, och klenge landwirtschaftleche Betriber, zegutt kommen, andeem mir grad am Beräich vun der Bio-Landwirtschaft an der Vermaartung vun de lëtzebuerger Produkter entgéint kommen. Dat si Kreditter vu ronn 500.000 Euro, déi nei an de Budget kommen, fir sécher ze stellen, datt mir net nëmmen e Secteur vun Déngschtleeschtungen hunn, mä datt mir och déi Aktivitéiten ënnerstëtzen, déi hei zu Lëtzebuerg gemaach ginn. Déi brauchen d’Ënnerstëtzung vum Staat, fir datt se kënne wuessen.

Dofir hu mir och décidéiert, obschonns datt mir gesot haten, mir géingen mat enger finanzieller Ënnerstëtzung fir datt Lëtzebuerg en europäeschen Zentrum vun der Wirtschaft a vum Handel wier ophalen, een, zwee Joer ze kucken, datt den Handel kéint Moossnamen, Reklammen, Promotiounsmoossnamen an der Groussregioun maachen. Mir hunn e Kredit vun anner halwer Millioun Euro an de Budget ageschriwwen, och am nächste Jor, fir datt den Handel an d’Handwierk zu Lëtzebuerg hir Attraktivitéit an der Groussregioun kënne verbesseren, an och esou no bausse kënnen duerstellen.

An ech kéint an där laanger Lëscht mat ville Kreditter viru fueren, mä ech wollt am Fong haut méi kuerz schwätzen. Ech wollt méi kuerz schwätzen, well ech d’Preparatioun, déi ech e Sonndeg wollt maachen, an déi duerch déi Evenementer an d’Waasser gefall ass, eréischt gëschter Owend spéit gemaach hunn, dunn hunn ech geduecht, da gëtt et méi kuerz haut.

Et ass nach villes zu deem Budget ze soen. Ech kéint Iech zum Beispill soen, neen, ech soen dat elo net méi alles. Ech mengen, datt et gutt wier, datt Dir déi Gesamtchiffere géingt haut virun allem am Liicht vun deene Steiermoossnamen, déi elo beschriwwe goufen, kucken. Mä grondsätzlech gesitt Dir, datt mir all déi Ziler erreecht hunn, déi mir eis ginn hunn. Mir hunn also e responsabele Budget a schwéieren Zäite gemaach fir Vertrauen ze schafen, andeem mir d’Zilsetzung vun équilibréierten, ëffentleche Finanzen, am europäesche Verglach, erreecht hunn.

D’Administration publique ass am Excédent, d’Administration centrale huet en Defizit dee sech duerch Steierreduktiounen, an héich Investissementer erkläert, deen awer net méi grouss ass wéi deen, dee mir 2006 annoncéiert haten. Mir hunn eist Zil erreecht.

De klassesche Staatsbudget ass am Equiliber. An engem schwéieren Ëmfeld hu mir dofir bei den Dépensë gekuckt, datt déi manner wuessen. D’Fonctionnementsdépensë wuesse manner wéi d’Recetten, déi Fonctionnementsdépensë vum Staat wuesse manner wéi d’Inflatioun.

Dat war schwiereg, dat beweist awer, datt all d’Kollegen an der Regierung sech der Zilsetzung an dem schwieregen Ëmfeld bewosst waren. All d’Kollegen an der Regierung hunn op d’Dépensen, déi se proposéiert haten, an déi se wierklech gäere gehat hätten, renoncéiert, fir datt mir dat Zil hei géingen erreechen. Well, mir waren och der Meenung, datt d’Ekonomie, d’Mënschen am Land eng staark Ënnerstëtzung vum Staat op der Einnamesäit bräichten. Dofir déi Steierreformen, déi Steierreduktiounen, déi elo da géingen virgestalt ginn.

Et ass also e Budget, mengen ech, dee mir an deenen Deeg am Detail an der Chamber wäerte kucken. Muer de Mëtteg sinn ech an d’Finanzkommissioun invitéiert, fir do déi Chiffere scho méi am Detail ze kucken, an den ëffentlechen Débat ronderëm dëse Budget geet jo haut eréischt un. Mir huelen da selbstverständlech do nach an deenen nächste Wochen a Méint mat méi Detailer Stellung.

Merci, Här President.

Dernière mise à jour