Jean-Claude Juncker, Transcription de l'intervention faite à l'occasion du dépôt du projet de budget 2009, Partie II, Chambre des députés, Luxembourg

Jean-Claude Juncker: Här President, aus dem Exposé vum Frënd Luc Frieden gëtt däitlech, datt prévisiblerweis um Enn vun dëser Legislaturperiod, an am Géigesaz zu den Erwaardungen, déi mir an engem bestëmmte Moment haten, déi budgetär Gesamtstaatszilsetzungen erreecht ginn.

Mir hunn déi lescht Legislaturperiod mat engem gesamtstaatlechen Defizit vun 1,2% a mat engem zentralstaatlechen Defizit vun 2,6% opgehalen. Mir halen dës Legislaturperiod prévisiblerweis mat engem gesamtstaatlechen Iwwerschoss vun 1,1% op, wat also eng Verbesserung vun 2,3% par rapport zum PIB ass, a mir hunn och manner Defizit am Budget vum Zentralstaat, deen, deen d’Chamber méi genau ënner d’Lupp ze huelen huet, dee manner héich ass wéi am Jor 2004.

Wann ee seet, datt de Gesamtstaat en Iwwerschoss vun 1,1% huet, dann entsprécht dat deem wat mir an eise Stabilitéitsprogrammer zu Bréissel ëmmer hannerluecht, virgeschloen an approuvéiert kritt hunn. Wann ee seet, datt de Budget vum Zentralstaat, fir dee mir kee richtegt lëtzebuergescht Wuert afält – mä soe mir emol de Regierungsbudget an och dat ass net richteg – nach am Minus ass, da weist een, datt de Staat net am Geld schwëmmt. Well mir hätten deen och gären op der positiver Säit sech definitiv verankere gesinn. De Staat schwëmmt net an de Suen.

Dee gesamtstaatlechen Iwwerschoss wier net ouni déi Moossname méiglech, déi d’Tripartite diskutéiert an déi d’Chamber votéiert huet. Da wieren déi Zuelen total verschidden. Déi gutt Zuele vun de Gesamtstaatsfinanze wieren och net duerch eng relativ notabel Reprise vun der Ekonomie an 2, 3 Joer während dëser Legislaturperiod méiglech gewiescht.

De Staat schwëmmt net am Geld, mä e schwëmmt an de Resultater vun der Regierungspolitik. Dat erméiglecht et e gesamtstaatlechen Iwwerschoss ze weisen, deen en fait net duergeet, wann en op där Héicht an den nächsten 10 Joer géif bleiwen, fir de Käschten, déi duerch d’Alterssécherungssystemer op d’lëtzebuerger Kollektivitéit zoukommen, gerecht ze ginn. Doduerch muss kloer sinn, datt een dee Gesamtstaatsiwwerschoss an den nächste Joere wesentlech no uewe muss entwéckelen, wann een den demographeschen a Sécurité sociale-Entwécklungen an eisem Land wëll ouni Opreegung kënne begéinen.

Dat, wat mir am Beräich vun der Steierpolitik virschloen ass net lass ze trenne vun deem Gesamten, wéi dat de Budgets- an Tresorsminister elo zoustännegkeetshalber hei an engem kuerze Bäitrag, wéi en treffenderweis gesot huet, erkläert huet. Déi Programmatik, dee Cortège vu Steiermoossname sinn och am Gesamtzesummenhang mat de graphen Ausgabebléck, déi en duergestallt, huet ze gesinn.

D’Gesamtwirtschaft, d’Sozial- a Fiskalpolitik an d’Budgetspolitik vun der Regierung begräift een nëmme richteg, wann ee sech, ier een iwwer Steiere schwätzt, an Erënnerung rifft, datt mir 4,5% vun eisem Bruttoinlandprodukt huele fir Investitiounen ze maachen. Mir steigeren d’Investitiounen am Beräich vun der Fuerschung ganz wesentlech, an de Sozialbudget setzt säin ongebrachenen Trend, trotz Aspuerungsmoossnamen déi getraff gi sinn, no uewe fort. E moderne Staat, e Staat dee méi investéiert, e Staat dee méi an d’Recherche investéiert, e Staat dee méi Kannerbetreiung ubitt, e Staat dee méi bëlleg Kannerbetreiung, där et méi wäert ginn, ubitt, e Staat dee méi Soziales a méi Gesondheet wëll produzéieren, dee muss Verlängerungselementer vun deenen Akzenter och an der Steierpolitik sichen an d’Steierpolitik an e Gesamtzesummenhang mat der Akommespolitik bréngen.

Wat ass d’Situatioun, mat där mir heiheem ze dinn hunn? D’Situatioun mat där mir heiheem ze dinn hunn ass, datt de Wuesstem méi lues gëtt, datt am Jor 2009, wéi an de Joere virdrun, manner Beschäftegung wäert entstoen. An d’Situatioun ass, datt d’Inflatioun am Laf vun de Joeren 2007 an 2008 ganz staark ugeklommen ass, no wéi vir op engem héijen Niveau bleift, an datt enn, trotz enger Berouegung op der Front vun den Uelechpräisser a vun de Liewensmëttel, muss dovun ausgoen, datt d’Uelechpräisser, surtout déi an d’Liewensmëttelpräisser, wahrscheinlech och déi, an de Joeren 2009 an 2010 op engem, fir historesch Verhältnisser, relativ héijen Niveau wäerte bleiwen.

Wann d’Inflatioun héich ass gëtt et zu Lëtzebuerg e Reflex, dee soss doruechter an där Totalitéit net ze begéinen ass. Da gëtt gesot, da musst Dir d’Indexéierung vun de Léin op eng automatesch Fassong erëm integral hierstellen. An der Tripartite hate mir décidéiert, datt dat net géif geschéien. Mir hate gesot, wann d’Uelechpräisser méi héich wéi 63 Dollar sinn a wann dëst an dat net klappt, da musse mir zu enger Indexmodulatioun kommen. D’Regierung ass fest determinéiert un deenen Ofmaachungen aus der Tripartite net ze wackelen, an déi inflatiounsupassend Politik iwwer d’Léin esou duerchzeféieren, wéi se an der Tripartite ofgemaach gi waren.

Mä d’Regierung wëll net alles total duerchzéien, esou wéi et an der Tripartite ofgemaach war. Well an der Tripartite war beispillsweis och ofgemaach ginn – mä d’Chamber huet dat ni gestëmmt well d’Regierung et ni proposéiert hat – d’Solidaritéitssteier ëm 2,5% ze erhéijen. An der Tripartite war ofgemaach ginn, datt an dëser Legislaturperiod prinzipiell keng Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun géif gemaach ginn. Dofir sinn ech heiansdo bis zu den Tréine geréiert iwwer déi zäertlech Appeller, déi d’Partner déi dat an der Tripartite ënnerschriwwen hunn u meng Adress riichten, fir esouwuel d’Indexéierung wéi d’Inflatiounstabelliséierung erëm integral anzeféieren. Et soll een dee Modell net duerch falsch Nogespréicher ënnerhielegen, wann ee gären hätt, datt een an Zukunft och nach seng Roll géif spillen.

Déi Froe mat deenen ech mech, a meng Kollegen an der Regierung och, méi oder manner, hefteg beschäftegt hu war, wéi kënne mir op déi, duerch d’Inflatioun, erbäigeféiert Kafkraaftschwächung, déi besonnesch déi Kategorië vun eiser Bevëlkerung déi méi fragile, méi vulnérabel sinn trefft, wéi kënne mir adequat dorop reagéieren? Eng Méiglechkeet war, datt een d’Indexéierung erëm ganz géif aféieren. Mä dat hätt der Inflatioun nach ee klenge Schub ginn, ech wëll dat awer hei net verdéiwen.

Wann ech d’Zeitunge liesen, wann ech d’Parteie lauschteren, déi sech ënnerschiddlech dozou ausdrécken, wann ech d’Gewerkschaftsszen richteg beobachten an d’lëtzebuerger Ökosozialpublizistik richteg interpretéieren, da wier de Moment komm fir alles dat, wat mir an deene leschte Joere gemaach hunn, a wat eis et erlaabt huet eis an enger propperer Situatioun kënnen ze presentéieren, réckgängeg ze maachen. Insofern schéngt dat mir den nationale Konsens ze sinn. Mä eenzel Stëmmen, net nëmmen aus dem Regierungslager, och aus dem Oppositiounslager, probéieren een, der Zäit méi ugepasstenen, adequaten, vernünftege Kurs an där Fro ze steieren.

Fir d’Wahlen ze gewanne fänkt een u vill Indextranchen auszebezuelen. Ech behaapten haut an hei, datt déi, déi sech op dee Wee beginn, de Leit mussen d’Konsequenze vun där Politik erklären. An d’Konsequenze sinn, datt mir doduerch ee Stéckelchen Inflatioun méi kréien – ech wëll dat net iwwerdreiwen. D’Konsequenzen dovu sinn, datt déi Deeler vun eiser Industrie, déi surtout exportorientéiert sinn a sech ergo am Compétitivitéitsfeld musse behaapten, an déi duerch d’Kris an der Realekonomie affektéiert sinn wesentlech un der Maximiséierung vun hire Betribsresultater gehënnert ginn, déi jo och de Beschäftegten zegutt kommen. D’Resultat ass, datt déi kleng a finanzschwaach, an déi kleng mëttelstänneg Betriber riskéieren an engem total verännerte wirtschaftlechen Ëmfeld, wat zanter 12 Méint unhält, den Otem ze verléieren.

Wann d’Regierung sech et also einfach géif maachen, géif se soen, ok mir hunn zwar an der Tripartite gesot, den Index gëtt moduléiert, mä mir maachen en elo erëm integral applicabel. D’Resultat wier, datt 2, 3 Joer duerno d’Resultater sech wirtschaftlech géifen zu eisem Desavantage weisen. Mä dann ass een net méi an der Regierung – ech hoffen zwar net, mä dat ass jo awer denkbar, Wahle si jo Wahlen – an da soen déi, da kënnen déi sech mat deene Saachen erëmploen, déi een hannerlooss huet. Esou kann ee Politik maachen an domat fënnt een de Bäifall vum Publikum. Well de Konsens am Land „Index sofort, noch gestern Abend!“ ass. D’Resultat ass an 3 Joer een anert wéi de Wonschdram deen een elo heemelt.

Da kann een d’Leit awer trotzdem net mat hire Problemer alleng loossen. An d’Problemer vun de Leit, déi sinn ënnerschiddlech. Ech liesen, datt de STATEC an anerer dat rechnen, och de Jeannot Krecké - ass en nach do?

Jeannot Krecké: Jo, jo. Ech sinn hannendrun.

Jean-Claude Juncker: datt d’Kafkraaft en fait iwwer 1% zougeholl huet, an dat ass statistesch richteg. Et ass jo net jiddwereen zu Lëtzebuerg méi aarm ginn. Et sinn och Leit zu Lëtzebuerg méi räich ginn. Et sinn och Lounverbesserungen, esouwuel beim Staat wéi an der Privatindustrie ginn, an déi Lounofschlëss déi getraff gi sinn, déi ware ganz oft net kleng. Mä Tatsaach ass awer, datt déi Leit déi net vill verdéngen, déi déi um Mindestloun sinn, déi déi zu e puer mat wéineg mussen eens ginn, datt déi extrem reell Problemer hunn, fir um Enn vum Mount eens ze ginn. D’Regierung huet am leschte Jor duerch d’Aféierung vum Kannerbonus an anere Mechanisme, an duerch déi ugekënnegt Moossname fir d’nächst Jor probéiert ze agéieren, virun allem bei deene Kategorien, wou de Kafkraaftverloscht zu existentielle Problemer ka féieren.

Ech liesen elo, dat wier schéin a gutt, mä déi aner Leit missten och kréien. Dat ass och schéin a gutt. Mä ech fannen, et sollt ee fir d’éischt emol zur Kenntnis huelen, datt fir d’éischt zanter dem 2. Weltkrich hei eng Regierung komm ass, déi d’Steierpolitik an d’Sozialpolitik esou mateneen a Kombinatioun bruecht huet, datt déi akommesschwaach Kategorië vun den Akommesbezéier disproportionéiert staark vun der Kombinatioun aus Steier- a Sozialpolitik profitéieren. Prinzipiell huet dee Kurs jo och Zoustëmmung hei am Haus fonnt.

Nu gesinn ech awer och an, datt een engem Facteur an der Gesellschaft muss Rechnung droen, deen doranner besteet, datt bei héijer Inflatioun a bei net totaler Indexéierung Schwächungselementer sech an d’Konsumstruktur vun anere Kategorië vun der Bevëlkerung eraschläichen, déi een net automatesch kann ënner déi fragile, déi vulnérabel an déi méi schwaachgestallten Deeler vun der Bevëlkerung rubrifizéieren.

An dofir sinn ech zu der Iwwerleeung komm, gemeinsam mat menge Kollegen an der Regierung, datt mir d’Gesamtsteierlandschaft fir physesch Persounen ëm 11,5% no ënnen ofsenken, andeems een d’Efforten, déi de Staat am steierleche Beräich mécht, ënnerschiddlech opdeelt, je no Heftegkeet vum Impakt vun der Konsum- a Kafkraaftkris op déi eenzel Kategorië vun de Leit, déi hei am Land wunnen. Dat maache mir, well mir d’Indexéierung, aus deene Grënn déi ech gesot hunn, net total direkt erëm aféiere kënnen a well d’Inflatiounsbelaaschtung awer héich ass a well d’Inflatiounsbelaaschtung virun allem do belaascht wou et wéi deet, dat heescht wou net vill ass.

An dofir si mir zum Resultat komm, datt mir d’Steiertabell insgesamt, fir jiddwer Steierzueler esou upassen, datt en d’nächst Jor op där Steiertranche wou e läit mindestens 9% manner Steiere bezilt wéi dëst Jor, dat heescht, wéi wann e géif 9% manner verdéngen. Dat ass e komplizéierte Saz, mä Steierpolitik ass och net einfach.

Mir senken de Steiertarif ëm 9%, mä d’Gesamtinflatiounsupassung vun de Steiere bedréit 11,5%. Vun deenen 11,5% Gesamtupassung un d’Inflatioun entfalen 9% op déi Tarifofsenkung déi mir proposéieren, an déi betrëfft jiddwereen dee Steiere bezilt, mä et trëfft e prozentual séier ënnerschiddlech.

Dobäi kommen aner Steiermoossnamen, déi ech an der Erklärung zur Lag ugekënnegt hat. Ech erklären dat den nächste Freideg méi am Detail, an dann och spéiderhi bei eis an der Kommissioun. Dobäi kënnt, datt mir den Arbeitnehmerfreibetrag ofschafen an deen duerch e Steiernettokredit ersetzen, wou all Salarié also netto eppes an d’Täsch kritt. Haut kritt een duerch den Arbeitnehmerfreibetrag e maximale Steiergewënn vun 233,70 Euro. Dat sinn esou Jonge wéi ech, déi héich besteiert ginn an dann also och méi vum Arbeitnehmerfreibetrag profitéiere wéi déi, déi de Mindestloun hunn, déi net héich besteiert ginn an déi praktesch iwwerhaapt net vum Arbeitnehmerfreibetrag profitéieren.

Doduerch, datt mir deen Arbeitnehmerfreibetrag an en Nettosteierkredit vun 300 Euro ëmwandelen, kréien déi Arbeitnehmer déi keng Steiere bezuelen, 300 Euro d’Jor netto bäi. Déi aner Steierzueler kréie bis zu maximal 300 Euro bäi. Déi, déi um héchsten Niveau sinn, déi kréien dann ebe 67 Euro bäi an déi Leit déi keng Steiere bezuelen, déi en nidderegt Akommes hunn, déi kréien 300 Euro d’Jor bäi. Dat entsprécht, en fait enger struktureller Verbesserung vum Mindestloun iwwer déi 2% Mindestlounerhéijung eraus, déi mir souwisou fir d’Jor 2009 fest programméiert hunn an am État de la nation ugekënnegt haten.

De Rentnerfreibetrag gëtt och ofgeschaf an duerch en Nettorentnersteierkredit an där selwechter Héicht ersat. Esou datt déi Leit déi wéineg Gehalt bezéien a wéineg Rent bezéien, also Klengverdénger a Klengrentner, am meeschten duerch déi Ëmwandlung vun de Freibeträg a Steierkrediter profitéieren. Déi déi besser Akommessituatiounen hu profitéieren deementspriechend manner, mä jiddwereen awer méi. Wéi ugekënnegt gëtt och den Alleinerzéierfreibetrag an en Nettosteierkredit an der Héicht vu 750 Euro ëmgewandelt.

Wann een dat zesummeleet, an ouni sech elo haut schonn a laange Beispillsexkurser ze verlafen, stellt ee fest, datt duerch déi 9%eg Tarifupassung an duerch d’Aféierung vun deene Steierkrediter, déi ronn 2% an Termë vun Tariffadaptatioun géifen ausmaachen, eng Situatioun entsteet, wou Leit déi bestued sinn an eng Pai hunn, an déi 25.000 Euro d’Jor verdéngen 113,2% manner Steiere bezuelen, respektiv méi bäikréien, wou Leit déi 100.000 Euro d’Jor verdéngen, een Akommes an der Steierklass 2, datt déi 7,1% Steiergewënn hunn.

Dir gesitt also, eng 9%eg Tarifadaptatioun féiert duerch d’Kombinatioun mam Arbeitnehmernettosteierkredit oder mam Rentnernettosteierkredit zu prozentual ganz ënnerschiddlechen Endsituatiounen féiert. Déi Leit mat engem nidderegen Akommes hunn e prozentual héije Gewënn, an déi Leit mat engem héijen Akommes hunn ëmmer nach e Gewënn, dee méi héich läit wéi d’Inflatioun am lafende Jor ass, mä deen awer net esou héich ass wéi déi Steierentlaaschtung an déi Steigerung vum verfügbaren Akommes an deene méi nidderegen Akommeskategorien.

Wann ee 25.000 Euro verdéngt, 25.000 Euro besteierbart Akommes, dann huet een an der Steierklass 2 e relative Steiergewënn vun 113,2%. E relative Steiergewënn vun 7,1% gëtt et, wann een 100.000 Euro de Mount verdéngt.

Luc Frieden: D’Jor, d’Jor verdéngt.

Jean-Claude Juncker: D’Jor, pardon. Jo, mir sinn elo esouvill mat de Banquieren amgaangen, datt ech net méi weess wat een do am Jor an am Mount verdéngt, mais enfin, do komme meng Joresbezich awer relativ séier un hir monatlech Bezich erun. Dofir gi se och esou gutt ouni eis eens. Ech schwätzen net vun de Lëtzebuerger hei, mä ech mengen deene geet et och gutt.

Dat heescht, datt e Mënsch dee 25.000 Euro verdéngt a bestued ass an ee Salaire huet, duerch d’Kombinatioun vun Tarifofsenkung an Nettosteierkredit 421 Euro am nächste Jor méi zur Verfügung huet wéi am leschte Jor, an datt een deen 100.000 Euro verdéngt an där selwechter Steierklass 2 zwar nëmme 7,1% Ofsenkung huet, mä am absolute Montant 1573 Euro kritt. Dat ass op Grond vun der allgemenger Diskussioun, datt deen dee méi verdéngt och méi Steiererliichterunge kritt. Ech hunn awer drop gehalen, datt et prozentual betruecht manner staark Entlaaschtunge gi wéi bei deene Leit déi net esouvill verdéngen. Ech kann Iech nach mat alle méigleche Beispiller doutschloen, mä dat maachen ech net.

Et gëtt kloer, datt aus der Tarifadaptatioun an aus der Aféierung vun deene Steierkrediter u sech eng méi sozial gerechte Steierlandschaft entsteet. Et kënnt zu enger Steierofsenkung substantieller Natur fir déi, déi vill oder mëttelvill verdéngen an et kënnt zu enger ganz staarker Akommesverbesserung, prozentual betruecht, fir déi Leit déi näischt oder net vill verdéngen. Déi Kombinatioun vu Steier- a Sozialpolitik wëll u sech deenen, déi näischt hu méi ginn an deenen, déi méi hunn dat erhale wat se hunn, respektiv, fir der Leeschtungsbereetschaft vun deene Kreesser vun der Bevëlkerung total Rechnung ze droen, hinne méi Revenu disponible iwwereg loossen.

Déi Moossnamen, déi ugekënnegt waren an déi mir elo ausgedäitscht hunn, ginn duerch aner Elementer ergänzt. Beispillsweis kënnt et zu enger Mensualiséierung vum Kannerbonus. Dee gëtt d’nächst Jor net méi eemol am Jor ausbezuelt, wéi mir dat nach gemaach hunn, mä monatlech ausbezuelt.

D’Verléierer dovu sinn d’Elteren, déi hir Kanner net am Januar schonn hunn, mä se eréischt am Laf vum Jor kréien. Nu war et jo esou, huet een e Kand am Oktober kritt, dann huet deen d’Steierbonificatioun, de Kannerbonus, fir d’ganz Jor kritt. Kritt een elo den 31. Dezember e Kand – déi kommen ëmmer an d’Zeitung, dofir kann een déi an e puer Méint namhaft maachen – da géif deen eigentlech nëmmen de Kannerbonus, 76,88 Euro, vum Mount Dezember kréien. Dofir hu mir décidéiert, datt, egal wéini d’Kanner gebuer ginn, dee Moment wou dann den nächste monatleche Kannerbonus ausbezuelt gëtt, datt déi Leit dann de Joresbonus kréien.

Ech wëll domat soen, d’Leit musse jo plangen, egal wéini e Puppelchen op d’Welt kënnt, et kritt een ëmmer ee volle Joreskannerbonus. Den Här Frieden gëtt ëmmer nervös, mä e weess net, datt d’Leit sech fir essentiell Gestaltungsproblemer méi interesséiere wéi hie mengt. D’Leit musse wëssen, wéini Kanner kommen an da musse se och wëssen, wéini datt d’Kanner gemaach ginn. Insofern muss een drop opmierksam maache wéi dat geet. Dat hu mir och bei de Steierreformen 1991, 1992 gemaach, datt, ëmmer wann eng Familljesituatioun sech am Laf vum Jor ännert, déi verbessert steierlech Situatioun déi doraus resultéiert op d’ganz Jor ausgedehnt gëtt. Et ass also logesch, wann een de Kannerbonus mensualiséiert, datt een ëmmer dofir suergt, datt de Kannerbonus vum ganze Jor ausbezuelt gëtt. Dat ass wichteg fir d’Leit ze wëssen.

Mir hunn et an der Welt an an Europa an och heiheem mat enger Energiekris ze dinn. Mir sinn an enger extremer Ofhängegkeet de fossilen Energieträger géintiwwer a mir mussen eis, dat gëtt jo vu kengem Krees méi bestridden, lues a lues aus där Ofhängegkeet erausbewegen. Do kann de Staat net alles maachen. Mir ginn eng Kilometerpauschal zanter 1991-1992, déi mir net ofschafen. Aner Staaten, eis däitsch Nopere beispillsweis, hunn d’Kilometerpauschal fir all Distanz ënner 20 Kilometer ofgeschaf. Mir behale se bäi, mä mir setzen se awer net an d’Lut, well mir mengen, datt dat éischter eng falsch Reaktioun op d’Verdeierung vun den Uelechpräisser wier. Mir loosse se och bestoe fir déi, déi mam Vëlo oder mam Zuch fueren. Déi kréien dat selwecht wéi déi, déi mam Auto fueren. Vill Leit wëssen dat u sech net, datt si en Zuchabonnement kënnen huelen, d’ganz Jor net mam Auto fueren, mä awer dat selwecht kréien, wéi wa se mam Auto géife fueren. Mä d’Zuchabonnement ass awer däitlech manner deier wéi de Steieravantage, dee se kréie wa se net mam Auto mä mam Zuch fueren. Dat loosse mir alles bestoen.

Eng Ofsenkung vun den TVA-Sätz op den Energieprodukter geet net an ass och net wënschenswäert, well déi Energiepräisser héich bleiwen a mir kënnen net duerch TVA-Ofsenkung dauernd op Fluctuatiounen op de Weltmäert reagéieren. Ausserdeem erlaabt déi europäesch Regelung, där mir zougestëmmt hunn, et net den Normalsaz deen op den Energiepodukter läit bei der TVA op de reduzéierte Saz erof ze setzen. Mir hu just de Mazout bei 12%, am Taux parking stoen. Déi aner Präisser kënne mir net aus dem Normalsaz an de reduzéierte Saz erofhuelen, dat geet laut europäescher Reglementatioun net an et ass och mat mir net ze maachen, wier mat mir net ze maachen, well et eng falsch Politik zum ongënschtege Moment wier.

Stattdesse muss ee kucken, wat et da vun alternativen Energieträger gëtt, vun Ersatzmaterial fir fossil Energien, wou een d’Besteierung kann no ënnen adaptéieren. An e genaut Duerchliichte vun eise Besteierungsmechanismen, déi mir am indirekte Steierberäich, dat heescht TVA-Beräich hunn, weist, datt do 2 Saache méiglech sinn an déi wëlle mir och maachen. Mir wëllen den TVA-Saz um Holz, soufern wéi dat Holzhackschnitzel an déi Heizpellets betrëfft, op 6% erofsetzen a mir wëllen alles wat haut oder muer an d’Gesamtdefinitioun vun Nahheizung oder Fernheizung fält – Chauffage urbain heescht dat op Lëtzebuergesch – och op de reduzéierten TVA-Saz vu 6% erofhuelen. Mir mengen, datt mir do de Maximum vun deem wat mir kënne maachen, bei bestehender europäescher Gesetzgebung, gemaach hunn.

Mir setzen eis an Europa an, dat hunn ech e puermol hei am Haus erkläert, fir all déi alternativ oder Ersatz- oder douce Energien TVA-méisseg méi niddereg kënnen ze besteieren, fir also déi europäesch Reglementatioun esou ze lackeren, datt een alles wat an den Alternativberäich fält ka mat reduzéierte Steiersätz besteieren. Mä op Grond vun deem wat mir haut u Regelungen hunn, national an europäesch, ass am Beräich vum Holz a vun Nah- a Fernheizung déi Steierofsenkung méiglech. An déi wëlle mir vum nächsten 1. Januar u maachen.

Nieft der Inflatioun ass e grousse Problem zu Lëtzebuerg d’Wunnen. Ech brauch dat net extra unzesträichen. Jiddweree weess, wat ech domat mengen. Dofir wëlle mir am Beräich vum Wunnen eng Rei vu steierleche Moossnamen huelen, déi de Leit d’Liewe méi liicht solle maachen. Dofir verbessere mir d’Ofschreiwungsméiglechkeete vun de Reschtscholdversécherungen. Ech erklären an den nächsten Deeg, wat domat genau gemengt ass. D’Leit kënnen also méi Liewensversécherung ofschreiwe wa se bauen, wéi dat de Moment de Fall ass. D’Zënsen op den Dépôte bei de Bauspuerkeese gi vum nächsten 1. Januar u vun der Quellesteier befreit a sinn domat total steierfräi.

Mir maachen d’Assurancen och drop opmierksam, datt mir bei der Verbesserung vun der Reschtscholdversécherung och gär e Resultat bei de Leit géifen ukomme gesinn a mir wäerten dat ganz genau am A behalen. Mir maachen d’Banken, déi sinn der Regierung et eigentlech schëlleg an dësem Moment, och drop opmierksam, datt mir hei vu Bauspuere schwätzen an datt mir net wëllen héieren, datt muer all Verträg, déi ee kann ofschléissen, Bauspuerverträg sinn. Wann dat de Fall ass, gëtt déi Moossnam direkt ofgeschaaft an et kënnt eng wesentlech méi héich Quellesteier op dëse Produkt oder op Ersatzprodukter. Et geet definitiv net, datt d’Regierung e politescht Resultat wëll erzilen, dat heescht deene Leit déi bauen d’Liewe manner schwéier wëll maachen, an datt dann duerch Produktkonstruktiounen esou e Mechanismus ënnerlaf gëtt. Mir suivéieren dat mat där gebuedener Granzegkeet.

Mir verbesseren d’Réckbezuelen, d’TVA-Remboursementen um Bauen. Dir wësst, datt mir do e superreduzéierte Steiersaz vun 3% hunn, mä de maximale Gewënn, deen een aus dem Remboursement vun der TVA kann zéie si 50.000 Euro. Mir hiewen dat ëm 20% op 60.000 Euro, esou, datt de Maximum, deen een als Präis fir d’Reduktioun vun der TVA ka geltend maachen, vu 415.000 Euro HTVA op 500.000 Euro HTVA eropgeet.

Alleng déi Moossnamen – Épargne logement vun der Quellesteier befreit, Verbesserunge beim Remboursement vun der TVA, also Verbëllegung vum Präis deen d’Leit fir d’Wunnen an d’Baue musse bezuelen, an déi Abattementserhéijung vun der Reschtscholdversécherung – alleng dat bedéngt e Steierausfall vun 20 Milliounen Euro.

Ech wëll d’Saach elo net op d’Spëtzt dreiwen, well d’Saach gëtt genuch op d’Spëtzt gedriwwen, ma wann ech kucken, datt mir duerch déi Logementsmoossnamen hei 20 Milliounen Steieraboussen hunn, datt mir 16% fir d’Aféierung vun enger Deierechtzoulag ginn; wann ech déi 2 Zuelen zesummen addéieren, da kommen ech genau op e Montant, deen 1% Inflatiounsadaptatioun vum Steiertarif entsprécht. Elo muss ee sech froen, wat ass dann [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Plus d’Chèques-service

Jean-Claude Juncker: Den Här Frieden, deen awer en Hang zum Iwwerdreiwen huet, dee rechent nach d’Chèques-service dobäi, da si mir natierlech op 1,8% Tarifadaptatioun.

Luc Frieden: Déi gehéieren dozou.

Jean-Claude Juncker: An hie seet mir, datt déi dozou gehéieren. An en huet Recht, mä ech wëll Iech net mat zevill gënschtegen Zuelen hei konfrontéieren.

De Choix war ze maachen, wat allgemeng gemaach gëtt, dat ass eng 9%eg Tarifadaptatioun un d’Inflatioun. Wat gëtt doriwwer eraus gemaach? Do kënnt de Steierkredit fir Arbeitnehmer, de Steierkredit fir Rentner, de Steierkredit fir Alleinerzieher, d’Verbëllegung vun der Kannerbetreiung duerch d’Aféiere vun engem Chèque-service, d’Verduebelung vum Heizkostenzuschuss ënner Form vun Deierechtzoulag, plus déi TVA-Moossnamen déi ech Iech hei gerechent hunn. Dat ass insgesamt eng Stäerkung vun der Kafkraaft vun de Leit hei am Land déi sech ka weise loossen. Déi bedréit 1,2 bis 1,4% vum Bruttoinlandprodukt. Reng steierlech sinn dat 460 Milliounen, nämlech d’Tarifofsenkung 9% 342 Milliounen, Arbeitnehmersteierkredit 55 Milliounen, Rentnersteierkredit 36 Milliounen, Alleinerziehersteierkredit 7 Milliounen dëst Jor, 12 Milliounen aus technesche Grënn d’nächst Jor, Mesurë fir de Logement 20 Milliounen – da kommt Dir op ronn 460 Millioune Kafkraaftverbesserung alleng bei de physesche Persounen, dat entsprécht 1,2% vum PIB. A wann een dann nach déi Verbëllegung vun der Kannerbetreiung dobäizielt a wann een nach d’Deierechtzoulag dobäizielt, kënnt een natierlech nach op Zuelen déi wesentlech besser sinn.

Do wier nach munches ze soen, dat wëll ech awer net alles haut hei ausféieren. Mä am Beräich vun den Entreprisen oder an der Intersektioun vun de Betriber an de physesche Persoune wëll ech op eng Steiermoossnam opmierksam maachen, déi mir treffen an déi betrëfft d’Astellung vu Leit déi keng Aarbecht hunn duerch eis Betriber, dat heescht vu Chômeuren, déi méi wéi 3 Méint um Arbeitsamt ageschriwwe sinn.

Et gi manner Aarbechtsplazen d’nächst Jor geschaf. Mir liewen an enger ugestrengter Aarbechtsmaartsituatioun, trotz alle Beméiungen déi ënnerholl ginn, déi méi ugestrengt ass, wéi mir dat laang kannt hunn. Dofir wëlle mir deene Betriber déi Chômeuren astellen, ech vereinfache mäi Propos à l’extrême, eng Steierhëllef ginn déi haut 10% bedréit, déi se kënnen ofschreiwen, 10% par rapport zum Bruttoloun dee servéiert gëtt. Dat héije mir op 15% an der Erwaardung, datt d’Betriber méi séier a méi breet astellen, wéi dat de Moment de Fall ass, an an der Erwaardung och, datt déi Steiermoossnam ka genotzt ginn, fir datt haaptsächlech eeler Arbeitnehmer déi keng Aarbecht hunn agestallt ginn. Well et ass insupportabel, datt ëmmer méi Leit iwwer 48, 50 Joer vun der lëtzebuerger Ekonomie considéréiert ginn, wéi wa se zum alen Eise géife gehéieren. Dat ass sozial a moralesch total inakzeptabel, an dofir hätte mir gären, datt dës Steiermoossnam haaptsächlech deene Leit, déi awer vill Experienz hunn an déi dem Land nach ganz vill kënne bréngen, vun där Moossnam kënne profitéiere fir agestallt ze ginn.

Déi Steierbonificatioun, well ëm solch eng handelt et sech, zielt net nëmme wann een e Chômeur astellt, mä zielt och bei Reclassement interne a bei Reclassement externe, fir datt all déi méi fragile Deeler vun der schaffender Bevëlkerung an eisem Land dovu profitéiere kënnen. Ass dat eng Moossnam fir d’Betriber oder ass dat eng Moossnam fir d’Leit? Ech weess dat net. Et ass mir och egal. Haaptsaach d’Leit profitéieren dovun. Déi Moossnam bei der TVA-Logement, ass dat eng Moossnam fir d’Betriber oder ass dat eng Moossnam fir d’Leit? Et ass egal, haaptsächlech d’Leit profitéieren dovun. An déi zwou schueden de Betriber net, mä, am Géigendeel, maache se méi staark an den aktuellen Zäiten.

Bei de Betriber selwer, do wou et awer kloer ass fir ween datt et ass, gëtt de Saz vun der Kollektivitéitssteier am Jor 2009 ëm 1% no ënne gesat, fält also op 21%. Mir haten ugekënnegt, an der Erklärung zur Lag vun der Natioun, datt déi duerchschnëttlech Betribsbesteierung soll an e puer Jor op 25,5% landen. Hei ass deen éischte Schrëtt an déi Richtung.

Evidenterweis ass et esou, datt ee bei kommenden Ofsenkunge vu Kierperschaftssteiersätz muss eng Verbreederung vun der Besteierungsbasis parallell dozou maachen. Mir trieden hei net an eng total Defiskaliséierung vun der Ekonomie a vun der Betribslandschaft an. Mir wëllen eis also och net hei un engem stupide fiskalen Dumpingsconcours an Europa bedeelegen. All weider Ofsenkungen an deem Beräich entrainéieren, op enger automatesch Aart a Weis, eng Verbreederung vun der steierlecher Assiette.

Mä mir wollten dat dëst Jor nach net maachen, obscho mir déi Iddien duerchstudéiert haten, well mir gemengt hunn d’gesamtwirtschaftlecht Ëmfeld géif zevill Explikatiounsbedarf no sech zéien, wann een dat géif parallell maachen. Déi Moossnam kascht tëscht 80 a 85 Milliounen Euro. Et gëtt net direkt am Jor 2009 haushaltswierksam, well déi Besteierungen no där neier Regel eréischt am Jor 2010 haushaltswierksam wäerte ginn.

Den Droit d’apport, dee mir d’lescht Jor halbéiert haten, dee gëtt op null gesat, aus deene Grënn déi mir ganz dacks hei am Parlament duergeluecht hunn. Dat ass e Gesamtsteierausfall vun 100 Milliounen, dee sech séier ënnerschiddlech op déi verschidden Exercicen opdeelt an deen och, bei der Berechnung vum Gesamtsteierausfall, Verschiebeprozesser déi an dësem Jor stattfonnt hu Rechnung mussen droen. Mä insgesamt ass dat e Steierausfall vun 100 Milliounen, deen net onbedéngt ganz esou am Haushaltsjor 2009 wierksam gëtt, dat ass e bësse schwiereg alles ze berechnen.

Ech hu mech laang schwéier gedoen, wéi all Mënsch weess, mat der Ofschafung vun deem Droit d’apport, well ech fannen, datt d’Kapital och sollt besteiert ginn. Dat ass ee gesonde Prinzip, ech gesinn awer, datt elo all Mënsch dat mécht an datt mir do total an d’Hannertreffe geroden. Ech versprieche mir och dovun, datt aner Aktivitéiten op der Finanzplaz am Beräich vun de Professioune vum Secteur financier entstinn. Well dat Professioune sinn, déi awer relativ gutt rémunéréiert sinn, kann een dann awer erëm, Steierausfäll, déi een duerch d’Suppressioun vum Droit d’apport muss a Kaf huelen erëmkréien, am Wee vun der Géigefinanzéierung duerch geklommen Aktivitéiten an anere Beräicher vun der Ekonomie, wou direkt d’Besteierung op de Persoune stattfënnt déi do schaffen.

Mir huelen Ännerunge bei der steierlecher Begleedung vun der Ofsécherung vun de Spuerdépôten vir, déi d’Leit bei de Banken hunn. Dat ass keng ganz onaktuell Fro. Mir wëllen eng Garantiesoldifizéierung duerch eng steierlech Begleedung vun deene Garantiemechanismen, déi et gëtt oder déi et nach net gëtt, erbäiféieren. Dat erreeche mir doduerch, datt mir se obligatoresch maachen, wat hir Provisionéierung ubelaangt. Dat, d’Sécherung vun den Einlagen an och d’Stabiliséierung vun der Finanzplaz, bedeit e Steierausfall vu 70 Milliounen Euro. Ech kann dee Mechanismus elo net am Detail hei explizéieren.

Dat selwecht, net d’Explikatiounszäit, betrëfft d’Ofsenkung vun der Besteierung op den Dividenden déi a Gesellschaften ausbezuelt ginn, déi an anere Länner vun der Europäescher Unioun oder vum europäesche Wirtschaftsraum hire Sëtz hunn. Dat musse mir maachen, well anerer dat och gemaach hunn. Dat bréngt weider Aktivitéiten op Lëtzebuerg a verhënnert jiddwerfalls, datt Aktivitéite wéinst enger Iwwerbesteierung, déi mir am internationale Verglach zu Lëtzebuerg hunn, géifen ofgezu ginn. Dat kascht awer 20 Milliounen Euro.

Alles dat, wat an de Beräich vun der Propriété intellectuelle fält, dat ass eng Politik déi besonnesch vum Wirtschaftsminister staark a mat Talent bedriwwe gëtt, gëtt vum 1. Januar d’nächst Jor u vun der Verméigenssteier befreit.

Wat bei der Autossteier a Saachen net Déductibilitéit geschitt, dat wäert den Här Minister Lux – deen ass net Finanzminister, mä Ëmweltminister, mä trotzdem Spezialist an där Fro – Iech op enger Pressekonferenz muer erklären. Ech huelen dat nach gären eng Kéier zur Geleeënheet fir ze soen, datt den Här Lux a Saachen Autossteier keen Alleingang mécht, contrairement zu engem Androck, deen emol heiansdo kéint opkommen. Dat ass d’Gesamtregierung an de Finanzminister steet méi dohannert wéi iergendeen anere Minister, well dat ass eigentlech eng Kompetenz vum Finanzminister.

Ergo konnt do näischt geschéie wat de Finanzminister net wollt, a konnt den Här Lux näischt maache wat ech net och gemaach hätt, wier ech den Här Lux gewiescht, wat dann allerdéngs meng Virstellungskraaft eenegermoossen depasséiert. Mä et ass awer eng Politik déi zwee Ministeren ze veräntwerten hunn. An ech hunn net gär gesinn, datt den Här Lux do culpabiliséiert ginn ass, wéi wann hien do einsam Alleingänge gemaach hätt. Dat war net de Fall.

Mir bauen an de Gesetzesprojet och alles iwwer Steieren an, wat mir am État de la nation a Saache Philanthropie ugekënnegt haten. Doriwwer communiquéiert den Tresor- a Justizminister eng aner Kéier méi intensiv. Philanthropie gëtt mir d’Geleeënheet ze soen, datt mir och am Laf vum Jor – mä do hu mir d’Stécker nach net all beieneen – méi wäit a Saachen Ënnerstëtzung vum Bénévolat wëlle kommen. Et ass ganz evident, datt mir eng partiell Professionaliséierung mussen erbäiféieren, notamment am Beräich vun der Protection civile. Dat gëtt an deenen nächste Méint definitiv zesumme gesat.

Summa summarum. Et kënnt, wat physesch Persounen ubelaangt, zu enger Steierpolitik déi d’Uklamme vun der Inflatioun voll berücksichtegt. Et kënnt zu enger Stäerkung vum verfügbaren Akommes vu jiddwerengem dee Steiere bezilt. Et kënnt zu enger Stäerkung vun der Kafkraaft, a besonnesch vum verfügbaren Akommes, besonnesch bei deene Leit an eiser Gesellschaft, déi net vill verdéngen, wéineg verdéngen oder bal näischt verdéngen. D’Steierpolitik gëtt méi sozial gerecht an d’sozial Landschaft gëtt duerch d’Steierpolitik méi sozial profiléiert a geformt.

Et kënnt zu Verbesserungen am Beräich vum Logement. 4 Moossnamen: Den Épargne logement gëtt vun der Quellesteier befreit, et kënnt zu enger Verbesserung bei der Reschtscholdversécherung an et kënnt zu enger Verbesserung bem Remboursement vun der TVA. Et kënnt zu enger Iwwerleeung – mä Iwwerleeunge si keng Politik – wou mir kucke wéi een d’Ofschreifbarkeet vu Scholdzënse kann a Steierkreditter ëmwandelen. Dat hate mir bei der Erklärung zur Lag ugedeit. Och wa mir dat elo scho gemaach hätten, wier dat am Steierjor 2009 net wierksam ginn, dat wier eréischt am Jor 2010 wierksam ginn, also wëlle mir déi nächste Méint profitéieren, fir dat Instrument méi ze verfeineren. Dat hu mir net vun eisem Ambitiounsradar gestrach, mä mir hunn awer fonnt, datt déi heite Moossnamen a Kombinatioun mat all deenen aneren elo dringend noutwenneg wieren.

Wann ech dat stramm resüméieren: de Steiertarif gëtt 9% ofgesenkt, et gëtt e Steiernettokredit an der Héicht vun 300 Euro fir Arbeitnehmer agefouert, et gëtt e Rentnersteierkredit an där selwechter Héicht agefouert. De Steierabattement fir Alleinerzieher gëtt an e Steierkredit ëmgewandelt. De Kannerbonus gëtt all Mount ausbezuelt. Et kënnt zu enger TVA-Ofsenkung op alternativen Energieofferten, et kënnt zu enger Verbesserung bei der Reschtscholdversécherung, et kënnt zu enger Befreiung vun der Quellesteier vun den Zënsen am Beräich vum Bauspueren.

Et kënnt zu enger Verbesserung beim Zréckbezuele vun der TVA um Bau, et kënnt zu enger 1%eger Ofsenkung vum Kierperschaftssteiersaz. Den Droit d’apport gëtt ganz ofgeschaaft. D’Garantie, d’Dépôtofsécherung bei de Banke gëtt iwwer de steierleche Wee verbessert. Et kënnt zu enger Erhéijung vun de steierlechen Hëllefen, déi d’Betriber bei der Astellung vu Chômeure kënne kréien. Et kënnt zu enger Ofsenkung, a bestëmmte Beräicher vun de Steieren op den Dividenden. D’Propriété intellectuelle gëtt vun der Verméigenssteier befreit. D’Autossteier gëtt entlaang deene Prinzipien, déi mir bei der Erklärung zur Lag gesot haten, nei ausgeriicht. D’Philanthropie kritt e steierleche Statut.

Dat mécht insgesamt Steierausfäll, je no Steierjor dat ee berücksichtegt, vu 736 Milliounen Euro am volle Jor wann ech physesch Persounen a Betriber zesummen huelen. Am Haushaltsjor 2009 mécht dat e Gesamtsteierausfall vu ronn 580 bis 600 Milliounen.

Ech soe Merci fir d’Gedold, an ech soen Iech dat an deenen nächste Stonnen, Wochen, Deeg a Méint am Detail, mat dausende Beispiller déi Iech vun der Richtegkeet vun där Politik esou iwwerzeege wäerten, datt se Iech erschloen. Dat maachen ech mindestens nach 9 Méint laang.

Dernière mise à jour