Fernand Boden, Discours d'ouverture à l'occasion du colloque "Favoriser l'inclusion sociale par le logement"

Dir Damen an Dir Hären,

et ass mer eng grouss Freed an Eier, Iech haut hei béi Geleeënheet vun der "Journée mondiale de l’Habitat", op dësem Colloque iwwert d’Inclusion sociale duerch de Logement begréissen ze kënnen.

Menges Wëssen ass et iwwerhaapt deen éischte Colloque, dee bis elo hei zu Lëztebuerg zu dësem wichtegen Thema organiséiert ginn ass.

Et besteet keen Zweiwel doriwwer, dat d’Wunnen, niewent dem Schaffen, dee wichtegste Pilier am Liewe vu jidderengem Eenzelnen duerstellt, fir seng Platz an eiser Gesellschaft ze fannen. Fält ee vun dësen 2 Pilieeën ewech, da wackelt och ganz séier deen aneren.

Dofir besteet eng vun den Haaptaufgabe vun deene politesch Verantwortlechen, egal op um Landes- oder um Gemengenniveau doranner, fir déi néideg Viraussetzungen ze suergen, dass esou vill ewéi méiglech vun eise Matbierger eng hirer berufflecher Qualifikatioun entspriechend Aarbecht an hirer Familljesituatioun ugepasste Wunneng kënne fannen.

Wat elo d’Wunnen am spezielle betrëfft, esou ass gewosst, dass et quasi vu Joer zu Joer méi schwéier gëtt, besonnesch fir Leit mat kengem esou engem héijen Akommes, hei zu Lëtzebuerg eng finanziell erschwénglech Wunneng ze fannen.

Als 2. vun den Haaptgrënn, déi zu dëser Entwécklung bäigedroen hun sief op der Säit vun der Demande drun erënnert, dass eist Land esou ee prozentual staark Uwuesse vun senger Populatioun ewéi keen anert Land an Europa opweist.

Alleng zënter 1990 liewen iwwer 100.000 Leit méi an eisem Land, wat engem Zouwuess vu ronn 27% entsprécht! Dësen Zouwuess ass virun allem duerch en héijen Taux d’immigration bedingt. Oft sinn et Leit, déi hei op Lëtzebuerg kommen an der Hoffnung op eng besser Zukunft fir sech an hir Familljen.

Allerdéngs ass et fir dës Leit alles anescht ewéi einfach an engem Land ewéi Lëtzebuerg, wou de Wunnengsmarché esou ugespaant ass, niewent enger Aarbecht och nach eng finanziell erschwénglech Wunneng ze fannen.

Op der Säit vun der Offer sief als Beispill d’Präissexplosioun vun de Bauterraine genannt, déi et fir en Normalverdinger iwwert déi lescht Joere quasi onméiglech gemach huet, hei am Land nach kënnen en Terrain ze kafen.

D’Regierung ass sech dëser Entwécklung voll bewosst, a versicht schonns séit Joeren, duerch eng aktiv Wunnengsbaupolitik deem entgéint ze steieren.

An dësem Sënn sief drun erënnert, dass d’Chamber virum Summer elo an engem éischte Vote dem Gesetzesprojet zum "Pacte Logement" zougestëmmt huet, deen ënner anerem virgesäit, dass an Zukunft an all Lotissementer, déi méi ewéi 1 Hektar grouss sinn, mindestens 10% fir soziale Wunnengsbau musse virgesi ginn.

Duerch de "Pacte Logement" sollen eis Gemengen an Zukunft verstäerkt an d’Wunnengsbaupolitik mat agebonne gin fir esou dozou bäizedroen, de Wunnengsproblem hei am Land nohalteg ze léisen.

An dësem Kontext géing ech nach emol ausdrécklech wëllen op de Mérite vum Fonds du Logement hiweisen, dee säit Joeren hei zu Lëtzebuerg dee gréisste soziale Mietwunnengspark géréiert. Am Moment beleeft sech dëse Mietwunnengspark op ronn 1.500 Unitéiten.

Et sief drun erënnert, dass de "Fong" dovunner bis elo alleng 93 Wunnenge verschiddenen A.S.B.L.’en, déi am Wunnengsbau-Beräich täteg sinn, zur Verfügung gestallt huet.

306 Ménagen, wat 21% vun alle Locatairë beim "Fong" entsprécht, sinn RMG- Bezéier. Op den 1.September 2008 louche beim "Fong" 1.060 Demandë vu Säite vu "Candidats-Locataires" fir.

Den Enkpass am soziale Mietwunnengsbau hei zu Lëtzebuerg kann awer net vum Fonds du Logement alleng gemeeschtert ginn. Do sinn an Zukunft och eis Gemenge verstäerkt gefuerdert, hei eng Hand mat unzepaken.

Ewéi gesot soll hinnen zukënfteg dës Missioun duerch substantiell finanziell staatlech Bäihëllefen, déi an deem virdrun zitéierten "Pacte Logement" virgesi sinn, méi liicht gemaach ginn.

Zeréck zu dëser Manifestatioun:

Fir dem Titel vun dësem Coloque gerecht ze ginn, gesäit de Programm vun haut de Nomëtteg am Ganzen 3 Exposéeë fir.

Dëst mat deem Ziel, Iech en Iwwerbléck zur momentaner Situatioun hei am Land a punkto "sozialer Exklusioun bedingt duerch Wunnengsproblemer" ze vermëttelen an zugläich och Léisungspisten opzezeechne fir deene betraffene Mënschen nei Zukunftsperspektiven unzebidden.

Eng vun dëse Léisungspisten ass ouni Zweiwel d’Schafung vun enger Agence Immobilière Sociale ab dem nächste Joer hei zu Lëtzebuerg. D’Regierung huet dofir am Projet de Budget fir 2009 déi néideg Geldmëttele virgesinn.

Wann d’Chamber am Dezember beim Vote iwwert de Statsbudget 2009 dozou och hir Zoustëmmung sollt ginn, kann dëse Projet, deen zesumme vun EAPN a vu WUNNENGSHËLLEF am Kader vun enger neier Fondatioun ëmgesat soll ginn, ab Ufank nächstem Joer Realitéit ginn.

Esou wuel de "Projet AIS" ewéi och de Gesetzes-Projet iwwert d’Aide sociale, iwwert deen de Claude VANDIVINIT vum Familljeministère eis herno wäert schwëtzen hunn am Fong ee gemeinsamt Ziel: d’Sozialt Netz hei am Land ze stäerken an domat e wichtege Beitrag zur villzitéierter "Cohésion Sociale" ze leeschten.

Ici, j’aimerais tout particulièrement remercier Monsieur Claudio PESCAROLLO, Directeur d’une Agence immobilière Sociale de la Région Wallone, d’avoir accepté notre invitation de participer à ce colloque pour partager aujourd’hui avec nous ses expériences faites depuis 10 ans dans le cadre de cette AIS.

Monsieur PESCAROLLO, soyez le bien venu parmi nous!

Während der 11. Nationaler Wunnengsbauwoch hunn d’Visiteure Geleeënheet nieft den traditionellen Informatiounsstänn och nach 4 ganz interessant Ausstellungë gebueden ze kréien, dorënner eng Ausstellung matt dem Titel "Le parcours de l’exclusion liée au Logement- en 15 minutes".

Dës Expositioun, déi Dir am Salon vun der "Semaine du Logement" fand, wëll de Public fir déi verschidde Facettë vun der sozialer Exklusioun, bedingt duerch d’Wunnsituatioun hei am Land sensibiliséieren.

Experienzen an dësem Beräich, ewéi se hei zu Lëtzebuerg vun ONG’en ewéi vun der Caritas Accueil et Solidarité, der Wunnengshëllef an EAPN-Lëtzebuerg gemaach, ginn hei thematiséiert.

Dir Dammen an Dir Hären,

fir ofzeschléisse wëllt ech eisen 3 Orateuren ewéi och Iech alleguer nach eng Kéier Merci soe fir Är Partizipatioun un dësem Colloque a wënschen Iech all en interessanten an informativen Nomëtteg.