Déclaration de politique étrangère 2008 (version originale luxembourgeoise)

Le 18 novembre 2008, le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, a présenté à la Chambre des députés la déclaration de politique européenne et étrangère.

- Seul le discours prononcé fait foi -

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Déi Haapterausfuerderungen déi sech eiser Aussepolitik stellen, bleiwen fundamental déi nämlecht wéi d’Joeren virdrun: Sécherheet, Klimawandel, Aarmutt an der Welt, Migratiounen an nohalteg Entwécklung.

Mée d’Ëmfeld an dem sech hautdesdaags d’Aussepolitik bewegen muss, ass vun déiwe Verännerunge markéiert:

  • nei régional an och global Acteure sinn op der Weltbühn opgetrueden,
  • déi universell Werter, op déi d’international Uerdnung zënter 60 Joer opbaut, schéngen haut manner Resonanz ze fannen,
  • d’Gewalt, als Mëttel fir politesch Differenzen tëschent an och an de Länner ze léisen, schéngt erëm Opwand kritt ze hunn,
  • d’Nationalissem an d’Fundamentalissem sinn verstäerkt,
  • d’multilateral Institutiounen, an hir Kapazitéite fir global Problemer ze léise, ginn vu verschiddene Säiten a Fro gestallt.

An dëser komplexer a fluider Konstellatioun, ass et net méi einfach ginn fir zum Fridden an zur Stabilitéit an der Welt bäizedroen.

D’lëtzebuerger Aussepolitik, déi sech als eng europäesch Aussepolitik versteet, ass och vun dësen Evolutiounen affektéiert, a mir mussen dem neie Kontext Rechnung droen, wann mir eis den Erausfuerderungen, déi sech eis presentéieren, stellen wëllen.

Hei spillt Europa weiderhin eng wichteg Roll an der lëtzebuerger Aussepolitik, well Europa eis erméiglecht, eis Wäerter wirksam no baussen ze droen.

D’Europäesch Bierger liewen haut an engem Raum vu Fridden, Fräiheet, Wuelstand a Solidaritéit deen et soss néierens méi op der Welt gëtt.

Dat ass net selbstverständlech, mée dat ass méiglech ginn well mir zesumme geschafft hun fir Europa staark ze machen a well ee staarkt Europa eng wichteg Kontributioun maache kann, wann et dorëm geet eng koordinéiert Äntwert op déi global Erausfuerderungen ze ginn, deene mir eis zesumme stelle mussen.

D’Stëmm vun der Europäescher Unioun gëtt emmer méi gehéiert an et gëtt hir och ëmmer méi nogelauschtert.

Den europäesche Modell iwwerzeegt an inspiréiert. D’Attraktivitéit vun der Europäescher Unioun ass staark, well d’EU als Projet ee Succès ass.

Europa affirméiert sech ëmmer méi als e globalen Acteur deen eng spezifesch europäesch Approche un den Dag leet, wann et dorëm geet global Problemer unzegoen.

D’Fro déi sech an dem neie geopolitesche Kontext haut stellt ass déi hei: "Wéi kenne mir d’Stabilitéit, déi Europa zënter Jorzéngte genéisst weider festegen an ausbauen? Net nëmmen an eiser direkter, mais och an eiser net esou direkter Noperschaft".

De Vertrag vu Lissabon

D’Événementer aus de leschte Wochen a Méint hun gewisen, datt mir de Vertrag vu Lissabon brauchen.

De Vertrag vu Lissabon setzt d’Jalone fir datt d’EU dauerhaft méi geschlossen no bannen an och no baussen agéiere kann. E schaaft d’Viraussetzunge fir datt d’EU méi efficace funktionéiere kann, och besonnesch an der Aussen- an Secherhétspolitik, ënner Abanne vun alle Memberstaten an am Respekt vun der "méthode communautaire".

Ech hun d’lëscht Joer am Detail déi verschidden Elementer vum Traité hei beliicht. Deemools sinn mir dovun ausgaangen, datt de Vertrag géing den 1ten Januar 2009 a Kraaft trieden.

Den 12. Juni dëst Joer hunn d’iresch Wieler bei engem Referendum majoritaire géint de Vertrag vu Lissabon gestëmmt.

Um Europäeschen Rot vum 19. an 20 Juni gouf diskutéiert wéi et mam Ratifizéierungprozess vum Traité soll weidergoen. D’iresch Regierung huet gefrot, fir Zeit ze kréien, fir d’Situatioun ze analyséiren an d’Ursaache vum "Nee" méi genee ze ënnersichen.

Dorops hin huet de Conseil européen décidéiert datt e sech am Oktober nees mat der Fro auseneensetzt, dëst ob Basis vun engem Rapport vum iresche Premierminister.

Dat ass dann elo och de leschte Mount um Europäeschen Rot vum 15. an 16. Oktober geschitt.

Den iresche Regierungschef huet do eng Étude presentéiert, déi sech am Detail mat de Resultater vum Referendum beschäftegt. Dës Étude weist, datt de Mangel un Informatiounen iwwert de Vertrag vu Lissabon ee vun den Haaptgrënn fir den negative Vote war.

Bei der irescher Bevëlkerung gouf et ausserdeem eng Rei Ängscht, déi och zum Nee bäigedroen hunn, obwuel se net ëmmer gerechtfäerdegt oder carrément falsch sinn. Dat waren d’Angscht déi militäresch Neutralitéit, d’Souveränitéit a Steierfroen oder de Verbuet vum Avortement missen opzeginn oder an eng europäesch Arméi agezunn ze ginn, mais awer och d’Préoccupatioun virum Verloscht vum europäeschen Kommissär.

Gläichzäiteg weist d’Étude och, datt d’Iren an hirer grousser Majoritéit nach ëmmer positiv zur EU stinn.

D’iresch Regierung huet eis och informéiert, datt dat irescht Parlament eng speziell, partei-iwergréifend Commissioun gegrënnt huet, déi iwwert d’Zukunft vun Irland an der EU diskutéiert. Dës Commissioun soll Enn November e Rapport vun hiren Aarbechte presentéieren.

Opgrond vun dëser Consultatioun wäert d’iresch Regierung Propositiounen machen fir datt kann um Europäeschen Rot am Dezember zesumme méiglech Léisungsusätz an eng Roadmap definéiert ginn déi den weidere Wee mat engem Kalenner beschreiwt.

Eng Neiverhandlung vum Vertrag steet net zur Débatte.

De Ratifzierungsprozess ass zënter dem Referendum an Irland weidergaangen, an säitdem hun Groussbritannien, Zypern, Holland, d’Belge, Spuenien an Italien de Vertrag ratifizéiert. Mëttlerweil ass de Vertrag vu Lissabon also vun 22 Memberstate ratifizéiert ginn.

Demnächst kent en 23t Land dobäi. A Schweden get näämlech dës Woch nach, den 20ten November fir genee ze sinn, iwwert den Traité am Parlament ofgestëmmt.

Domat géifen, ausser Irland, nach 3 Länner bleiwen, an deenen d’Ratifikatioun nach net ofgeschloss ass, an zwar d’Tschechesch Republik, Polen an Däitschland, woubäi a Polen an an Däitschland déi jeeweileg Parlamenter den Traité schonn approuvéiert hunn. Den daitschen Präsident huet iwerdeems öffentlech gesoot datt hien voll an ganz mam Inhalt vum Vertraag averstanen ass, mee nach op een Urdeel vum Bundesverfassungsgericht warden muss.

Och wann de Lissabon Vertrag elo net wéi ursprénglech geplangt den 1ten Januar 2009 a Kraaft trett, sou bléift e fir eis déi indispensabel Basis fir dat zukënftegt Fonktionneieren vun der Europäescher Unioun.

Mir sinn d’accord fir eisen iresche Kollegen déi Zeit ze loossen, déi si brauche fir eng Léisung ze fannen. Mee mir mengen awer och, datt et wichteg ass, dat sech sou séier wéi méiglech ob e Kalenner am Dezember gëeenegt gëtt fir d’Weiderfeieren vum Ratifziéierungsprozess.

D’Finanzkriis huet Europa erem méi populär gemach an Irland. Den Schutz den d’EU bidden kann get apprécieiert. Daat keinten, geint all Erwardungen, gudd Viraussetzungen fir eng méi positiv Astellung vun den Iren zum Traité sinn. Et get zaghaft Signaler an dës Richtung.

All Verréckele vum Akraafttrieden no Juni 2009 oder souguer no November 2009 wäert verschidde Konsequenzen hunn, virun allem um institutionellen Plang, well sech de Vertrag vun Nice dann applizéiere géif.

D’Unzuel vun den Europaparlamentarier géif erof goen. Dëst heescht fir e puer Memberstaten, datt si manner Europadeputéierte stellen däerfe wéi bis elo, an och manner wéi ënnert dem Vertrag vu Lissabon virgesinn. Lëtzebuerg ass dovun allerdéngs net betraff.

Et wäerten och aner Froen opgeworf ginn, wéi déi vun der Zesummesetzung vun der Europäescher Kommissioun.

Falls sech näämlech de Vertrag vun Nice géif applizéieren, wann déi nei Kommissioun forméiert gëtt, dären Mandat den 1ten November soll ufänken, da muss d’Unzuel vun de Commissaïre méi kleng sinn, wéi déi vun de Memberstaten.

An dem Fall ass et un den 27 Memberstate vun der Unioun fir sech doriwwer eens ze ginn, wéi déi Kommissioun dann zesummegesat gëtt, sou laang bis de Vertrag vu Lissabon akraaft trëtt, den am eischten Tour nach fir all Land ee Commissaïre virgesäit.

Sollt et dozou kommen, wäert Lëtzebuerg sech bei deenen Discussiounen dofir asetzen datt de Prinzip vun der "rotation égalitaire" respektéiert gëtt, sou wéi et am Traité vu Nice virgesinn ass, an et och am Traité vun Lissabon emgesaat gin ass.

Mir ginn also dovun aus, datt mir am Dezember méi kloer gesinn, wéi et weidergeet a wéi eng Décisioune musse geholl ginn je nodeem wéi de Kalenner ausgesäit.

All déi di kéen Europa vum Direktoire wellen, sollten all hier Energie asetzen fir datt de Lisabonner Vertrag a vigueur trëtt. Irland, d’Tschëchesch Republik, wéi Polen hun nëmmen ze wannen.

Déi international Finanzkriis

"Zivilisiert den Kapitalismus" esou huet d’Marion Gräfin Dönhoff, d’Grande Dame vum däitsche Publizismus, eent vun hieren leschte Bicher genannt … a si huet net iwwerdriwwen!

D’Finanzkris, déi ech schonn d’läscht Joer kuerz erwäänt hun wéi si an Amerika ausgebrach wor, huet dëst Joer mat voller Wucht Europa, an och Lëtzebuerg, getraff. Ech well hei net méi op dat zréckkomme wat de Premier a senger Ried bei der Ouverture vun der Chambersessioun 2008-2009 schonn zu dem Thema gesot huet, iwwert d’Ursaachen an den Impakt vun der Kris.

Mee eppes steet fest: d’Gourmangsechkeet an eng net novollzéibar Liichtfankechkeet vu verschiddenen Acteuren hun leider zu enger Situatioun gefouert, déi vill Leit an de Misär gestouss huet.

Fir esou eng dramatesch Entwécklung an Zukunft ze évitéieren, ass d’Fro, déi sech elo stellt, net op mir bestëmmte Regele brauchen, mee wéi eng Zort Regele mussen opgestallt ginn, fir datt eis Économie hir Stabilitéit an hir Prosperitéit zréckfannen kann ouni dobäi hir Innovatiounsstärkt anzebéissen!

De Conseil européen vum 15ten an 16ten Oktober huet ee Paquet vu Moossnamen adoptéiert déi deem Ziel déngen. Mir kenne feststellen dass déi Moossnamen zu enger Stabilisatioun vum europäesche Finanzsystem gefouert hunn an datt eng schwéier Kreditkrisis konnt ofgewennt ginn, och wann et falsch wier ze mengen alles wir elo nees op normalen Bunnen.

Ech wëll op dëser Plaz drun erënnere wéi wichteg et ass fir Lëtzebuerg, datt mir grad an dëser Situatioun, eng Europäesch Unioun mat enger gemeinsamer Währung hunn, déi op festen Feiss steet.

Eng Economie wéi eis huet sech esou erfollegräich kënnen développéieren an de leschte Jorzéngten dank dem europäeschen Bannemaart am allgemengen, an dem Euro am speziellen.

An dëse méi schwéieren Zeiten erweise sech des zwee Elémenter als Schutzschelder fir eis national Économie. Dat wëllt awer net heeschen dass eis Économie net vun dëser Kris betraff wäer.

Mir mussen also déi zwee Fundamenter vun der europäescher Unioun weider verstäerken, fir dass d’Unioun als Ganzt, an och seng Memberstaten, nach méi wierksam a Krisensituatiounen kenne reagéieren.

Mir brauchen och an esou Fäll, e staarkt Optriede vun der EU als geschlossen Eenheet no baussen. An déi jëtzeg franséisch Présidence huet do eng wichteg Roll gespillt.

Mée mir mussen der Unioun deen dauerhaften institutionelle Kader ginn deen den Traité vu Lissabon offréiert. Well wéi de Jean Monnet schonns sot: "Rien n’est possible sans les hommes, rien n’est durable sans les institutions".

Während der Finanzkris huet sech erëm eng Kéier erausgestallt datt national Alleingäng keng Äntwert duerstellen op sou Erausfuerderunge wéi déi mat deene mir konfrontéiert sin. De leschte Conseil européen huet eng gemeinsam Äntwert fond. En huet et erméiglecht datt, weltweit gesinn, d’EU eng Virreiterroll iwwerholl huet bei der Sich no enger Léisung vun der Finanzkris an an der Diskussioun iwwer d’Neiuerdnung vun der internationaler Finanzarchitektur.

Déi europäesch Äntwert op d’Kriis ass eng Zort "Geschirkëscht", wou jidder Land déi Elementer aus dem gemeinsame Katalog kann huele fir sain Finanzsystem ze ënnerstëtzen. Dobäi mussen déi Ennerstezungsmossnahmen mat de Regele vum Bannemaart a vum Konkurrenzrecht konform sinn.

Nëmmen esou kënne mir évitéieren datt et zu enger Fragmentatioun vum Bannemaart kennt. Ech well hei och d’Noutwennegkeet vun enger staarker europäescher Kommissioun ënnersträichen déi grad fir de Respekt vun deene Grondprinzipie vum EU Recht asteed.

Den europäesche Bannemaart muss absents och fir d’Banke fonctionnéieren, mee anescht wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war. De Massnahmenkatalog deen décidéiert gouf, begréift och eng verbessert Supervisioun vun de Finanzaktivitéiten duerch déi national Autoritéiten.

Wann hautdesdaags 40 Banken an Europa de gros vun de grenziwwerschreidend Aktivitéiten duerchféieren, da bräicht een zumindest fir déi, eng méi zolidd a besser organiséiert Iwwerwaachung.

D’Stresssituatioun ob den Finanzmärkt huet och Stemmen erfierbruecht déi een Sennenbock gesicht un als Erklärung fir d’Kriis.

Hei sin och Steierparadiesen erwähnt gin: si hätten zur Kriis gefuert, well sie kenger Régulatioun ennerleien. Dest ass eng vun den Charkteristiken vun engem Steierparadis. Eng anner ass datt sie keng Steieren erhiewen.

Lëtzebuerg ass keen Steierparadis an eist Land als solcht duerzestellen ass net nemmen falsch, mée hannerleschteg. Eng assoziatioun teschend Steierparadis an Bankgeheimnis hierzestellen ass och net akzeptabel.

D’Beibehaalen vum Bankgeheimnis ass d’ailleurs och net a Fro gestallt an der rézenter Propositioun vun der Kommission iwert d’Zëns-Besteiereung.

Déi Propositioun stellt an eisen Aen eng gudd Arbechtsbasis duer fir éventuel "Schlupflöcher" zou ze maachen waat d’Zëns-Besteiereung ubelangt, eng Besteierung déi awer och muss ausgedehnt ginn op déi Länner an Territoiren déi net an der EU sinn an équivalent Mesuren applizeieren.

D’Arbechten iwert d’Propositioun vun der Kommission iwert d’Zëns-Bestéierung hun geschter zu Bréissel ugefangen. Nëmmen zwée Länner déelen d’Approche vun der Kommissioun net, déi d’Co-existenz vun der Quellensteier an dem Informatiounsaustausch och an der Zukunft wieder akzeptéiert. D’Diskussioune waren awer konstruktiv an coordinéiert.

An dësen Diskussiounen wärt d’Regierung och secherstellen, wéi daat schons den Fall war matt der jetzeger Direktiv iwwert Zëns-Bestéierung am Joer 2005, datt aaner Drettstaaten agebonnen gin, an déi selwescht Mesuren applizeieren, wéi mir se an Europa huelen wärten.

Wann mir daat net maachen, dann laafen mir Gefoor, dass mir duerch eis eegen Entscheedungen bewirken, dass Kapital aus Europa ofzitt, zum Beispill an Asien: eppes waat sech Europa, an all Memberstaat vun der EU, awer elo an dësem Moment am mannsten leeschten kann.

Mée a villen Stéier-Dossieren stéet eist Land géigeniwwer enger Majoritéit vun Memberstaaten, wann et em Froen vun Stéierregelen, Konventiounen géint Douebelbestéierung oder Zesummenaarbecht teschent Stéieradministratiounen geet.

An dësen Diskussiounen mussen mir als Land an als Finanzplaatz, déi nei Entwécklungen am internatiounalen Emfeld an d’A fassen. D’Aen zou maachen an esou maachen wéi wann alles beim aalen wär, geet net.

Zur glaicher Zeit steet awer fest, dass d’Regierung, sief et op europäeschem oder internationalem Plang, eng Positioun vertrieden an verteidegen wäert, déi eiser Finanzplaatz erlaaben wäert, an dësem neien internationaalem Emfeld, séng Stärkten ze behaalen. Stärkten, déi, niewenbei gesoot, sech net ob d’Bankgeheimniss reduzéiren, mée och op Innovatioun, Professionnalitéit, Fachkompetenzen an Internationaliséierung berouen, dat ganzt am sozial an politesch stabele Lëtzebuerg.

Och wa sech d’Situatioun am Finanzsekteur gréisstendeels stabiliséiert huet, sou si mer elo an Europa mat negativen Auswierkungen op d’Real-économie konfrontéiert.

D’Fro ass och hei ob mer alles den sougenannte Maartkräften iwwerloossen oder ob mer net och hei als Europäesch Unioun musse versichen Äntwerten ze fannen.

Ech mengen dat lescht ass de Fall, an dofir begréissen ech dass d’Kommissioun Propositiounen op den Dësch geluegt huet, fir eng gemeinsam Reaktioun auszeschaffen. Des Propositiounen droen och deene soziale Konsequenze vun der Kris Rechnung a si sollen eis zu gemeinsamen Aktioune féieren, op EU an op nationalem Plang.

Zum Bannemaart gehéiert och eng gemeinsam Währung, an ech mengen dat et jidderengem kloer ass, wéi d’Situatioun ausgesinn hätt wann mir an dëser Finanzkris den Euro net gehat hätten.

Dat musse zum Deel déi Länner erliewen déi net Member sin vun der Europäischer Unioun oder der Eurozone. Ech denken hei zum Beispill un Island oder Ungarn. D’Ofwäertung vun hire Währunge, gekoppelt mat héijen Zënse, stellen déi Länner viru grouss Problemer.

Dat ass de Scénario deem mir wahrscheinlech och ausgesat gewiecht wieren, wa mir den Euro net hätten. D’Ausweidung vun der Eurozone op d’Slovakei vum 1. Januar 2009 un, an hoffentlech zu engem spéideren Zäitpunkt nach op méi EU Länner, wäert derzou bäidroen de Bannemaart ze stäerken a weider ze verdéiwen.

Enner anerem huet d’Stäerkt vum Euro an deene leschte Méint, speziell vis-à-vis zum US Dollar, dozou bäigedroen datt d’Pëtrolspräisser net an deem Moos geklomme sin, wéi dat um internationale Pëtrolsmaart de Fall war.

Energiepolitik an Klimaschutz

Déi héich Energiepreisser déi mer bis viru kuerzem kannt hunn, demonstréieren d’Noutwennegkeet vun enger gemeinsamer EU Energiepolitik.

Och hei mecht den Traité vu Lissabon nei Perspektiven op, andeems en aus der Energiepolitik eng Europäesch Politik mecht, an d’Secherhéet vun eisen Energie-liwerungen als ee vun den Haaptobjektiven vun där Politik ervirsträicht.

Vü d’Energie-Oofhängechkéet vun der Unioun huet esou eng europäesch Energiepolitik noutgedrongen eng staark aussepolitesch Dimensioun.

Mir mussen et als Unioun färdech bréngen eenheetlech opzetriede vis-à-vis vun onse groussen Zoulieferer fir mat hinnen eng zouverlässeg Energiepartnerschaft opzeriichten.

D’Thema Energie kann een net lassgekoppelt kucke vun dem aneren Thema zu dem d’Unioun gefuerdert as eng gemeinsam Positioun ze fannen.

Ech denken un de Weltklimawandel, eng vun deene gréissten Herausfuerderung vum 21sten Joerhonnert.

Et geet drëm déi gestalte Klimaschutzzieler ze erreechen.

Mir brauchen e raisonnabele Plang, wéi mir déi "3 mol 20" erfëlle wëllen, also wéi mir bis 2020 an der EU eng Reduktioun vun 20% vun de CO2 Emissiounen, een Undeel vun 20% un erneierbaren Energien an eng Steigerung vun der Energie-Effizienz em 20% realiséieren. Dobäi brauche mir déi néideg Flexibilitéit an eng europäesch Solidaritéit.

Mir als Lëtzebuerg sin bereet eise Beitrag heizou ze leeschten. Mir wëllen alles maan, fir déi ambitiéis Zieler déi mir gestalt kruten, ze erfëllen, a mussen déi néideg Mëttel an Instrumenter hei vir zougestane kréien.

Ech mengen et wäer e Feeler wann een grad elo déi drohend Rezessioun als Prétext géif wëllen huelen déi Zieler, déi sécher héich gestach sinn, iwwer Bord ze geheien.

Ech hoffen dass de Conseil Européen vum Dezember déi néideg Décisiounen hëlt, fir dass d’Europäesch Unioun op der Weltklimakonferenz zu Kopenhagen am Dezember 2009, eng Virreiderroll spille kann (esou wéi si et bei der Finanzkris och gemaacht huet). Mat der neier amerikanescher Administratioun ass en Progrès vlaicht elo gemeinsam méiglech.

De Klimawandel ass vlaicht awer och eng Opportunitéit fir eis ekonomesch ëmzestellen.

Mat Investitioune kënnen néi Aarbechtsplazen an Aktivitéite geschaaffen ginn, sief et fir besser a méi propper Autoen ze bauen, sief et fir Gebéier ze sanéieren oder sief et fir nach méi massiv erneierbar Energiequellen ze développeieren.

Welthandel

Mir mussen vermeiden, protektionistesch Reflexer opkommen ze loossen, op dat hei zu Lëtzebuerg oder an der Unioun ass.

Grad elo, wou et wirtschaftlech net esou gudd geet a wou d’Verhandlunge vun der sougenannter "Doha Ronn", am Kader vun der Welthandelorganisatioun, der OMC, net den entscheedenen Duerchbroch kannt hunn.

Ech well op dëser Plaz drun erënneren, dass de Volumen, alleng vun de Wueren, déi Lëtzebuerg am Ausland akeeft an un d’Ausland verkeeft, zesummegerechent méi wéi 80% vun eisem Bruttoinlandprodukt ausmécht.

Dorunner gesäit een, wéi wichteg et fir eist Land ass, mat sengen Nopeschlänner an dem Rescht vun der Welt, Handel ze dreiwen an Investitiounen hei zu Lëtzebuerg ze encouragéieren.

Wéi eescht mir dës Aufgab huele, weisen déi héichkaräteg Wiertschaftsmissiounen, déi d’Regierung all Joer zesumme matt eise Betrieber organiséiert. Si erlaben eis déi immens Opportunitéiten ze ergräifen, déi sech an eise Partnerlänner ronderëm d’Welt bidden.

Mir däerfe grad elo net an d’Feeler vu fréieren Zäiten zeréckfalen, wou d’Länner hir Grenzen zou gemaach, den Handel doduerch ënnerbonnen hunn, an esou hir Nopere méi déif an de Misär gestouss an d’Kris weider verschäerft hunn.

Blanne Protektionismus an nationalen Egoismus sinn keng Optioune fir eng verantwortungsbewosst Aussepolitik, déi op den Dialog, den Interessenausglaich an multinational Léisungen sëtzt.

En éischte, wichtege Schrëtt an dësem Sënn wier et, fir "Doha Ronn" zu engem erfollegräichen Ofschloss ze bréngen.

Esou een Accord erliichtert eise Betrieber net nëmmen den Zougang zu neien, villverspriechenden Wuestumsregiounen, mee een Accord am Kader vun der OMC steet virun allem fir Transparenz a Berechebarkeet a schaaft dommader Vertrauen.

Vertraue brauche mir méi wéi soss, fir dës Kris ze meeschteren.

De multilateralen Handelssystem ass zugläich dat Gebitt, wou et méiglech misst sinn zu engem gräifbaren an ëmzesetze Resultat ze kommen.

Et ass wichteg, datt mir d’Doha Ronn ofschléissen an datt déi ärmste Länner e fräien Zougang fir hir Produkter an hir Servicer op eis Mäert kréien. Dës Länner sollen net diskriminéiert ginn, a misste vun enger vollstänneger Integratioun an de weltwäiten Handelssystem kënne profitéieren. Domadder kënnten se de Grondsteen lée, fir Wuelstand ze schaafen an hirer Populatioun eng éierbar Liewensperspektiv ze bidden.

Et däerf op kee Fall sinn, dass dës Länner zu de Verléierer vun dëser Handelsronn gehéieren, déi net fir näischt "programme de Doha pour le développement" heescht!

Ech bedaueren et, datt op der Ministeschkonferenz vun der OMC zu Genève am Juli e puer vun deene gréissten Handelspartner, an zwar d’Veréenegt Staten an Indien, et net fäerdeg kruten hir géigesäiteg Interessen op engem Detailpunkt ze iwwerwannen. Mir riskéieren elo op absehbar Zukunft net zu engem Accord ze kommen – et sief dann, et géif bis Enn dës Joeres dach nach zu engem sursaut kommen.

Ech wëll awer och hei déi konstruktiv Roll vun der Europäescher Unioun während de Verhandlungen ënnersträichen, fir déi si och vill Unerkennung krut.

Lëtzebuerg ënnerstëtzt weiderhin d’Europäesch Kommissioun, als eisen europëschen Négociateur, an hiren Efforte am Numm vun der EU an der Welthandelorganisatioun ze verhandelen, an en Accord auszeschaffen, deen d’Interessen, grad vun deenen ärmsten Länner respektéiert.

Loosse mir eis näischt virmaachen: deen Échec am Juli ass mat Sécherheet en groussen Réckschlag fir dës Handelsronn, op dee mir gäre verzicht hätten.

Mée et ass och net d’Enn vun deene Verhandlungen. Mir sinn - erlaabt mir dëse Verglach - op de leschte Meter vun enger schwiereger Biergétappe, an déi leschte Meter sin bekanntlech déi schwéiersten!

Mir hoffen an dësem Kontext ënnert aneren och op déi néi amerikanesch Regierung zielen ze kënnen.

Lëtzebuerg als Europahaaptstaad

D’Dynamik vu Lëtzebuerg als Europahaaptstad, niewent Bréissel a Stroossbuerg, ass e wichtegt Element vun eiser Aussepolitik.

Eist Land huet duerch europäesch Decisioune a Verträg, Rechter an Obligatiounen um Gebitt vun de Sëtzer vun EU-Institutiounen krut.

Fier all Regierung zënter den 50er Joren huet sech déiselwecht Verantwortung an Erausfuerderung gestallt: Duerch eng pro-aktiv Sëtzpolitik, den europäeschen Institutiounen an hire Servicer, déi hei zu Lëtzebuerg hire Sëtz hunn esou wéi den europäeschen Beamten, déi Moyenen zur Verfügung ze stellen, fier kënnen ënner gudde Bedingungen ze schaffen.

Zu deenen Mëttelen gehéieren natierlech an éischter Linn d’Gebailechkeeten.

Ech denken do zum Beispill un nei Gebaier déi dëst Joer faerdeggestallt gin, ewéi d’Vergréisserung vun deem prestigiéisen europaëschen Gerichtshaff an vun der Europäescher Investitiounsbank, awer och un Gebaier déi geplangt sinn, ewéi d’Extensioun vum Rechnungshaff, de Bau vum neie Sëtz vum Generalsekretariat vum Europaparlament, déi zweet Europaschoul oder dee moderne Konferenz-Zentrum fier den europäeschen Ministerrot.

An deem Sënn, bleiwt de Site Kierchbierg, Symbol vun der europäescher Präsenz hei, an engem groussen Embau.

Zu enger aktiver, awer och nohalteger Politique du siège, gehéieren nët nëmmen Gebaier, mee och weiderhin en A haalen op d’Entwécklung vum Standuert Lëtzebuerg.

Ech denken z.B. un d’Anhaalen vun den politëschen Siègeaccorden, fier d’Institutiounen souwuel qualitativ ewéi quantitativ zu Lëtzebuerg staark ze verankeren. Ech denken awer och un nei EU Aktivitéiten op Lëtzebuerg ze kréien. Awer dofier muss d’Attraktivitéit vum Site garantéiert sinn.

Eng dynamesch Sëtzpolitik brengt eisem Land niewent Flichten ganz vill Vierdeeler: europäesch an international Visibilitéit an onverkennbar wirtschaftlech, kulturell a sozial Vierdeeler.

De Standuert Lëtzebuerg als Ville siège ass an deene leschte Joren ouni Zweifel konsolidéiert a gefestegt ginn.

Sech weider mat vill Engagement an Energie asetze fier fir d’Europahaaptstad Lëtzebuerg, daat ass eng wesentlech Noutwendegkeet fier d’Lëtzebuerger Politik.

An deem Zesummenhank, wëll ech all deenen Verwaltungen e grousse Merci soen, déi mat vill Asaz a Saache Sëtzpolitik zesummeschaffen. D’Erausfuerderungen sin grouss, mee di ausgezeechent Zesummenaarbecht hëlleft eisen Obligatiounen nozekommen.

Europäesch Noperschaftspolitik

Europa ass stabel wann seng Noperschaft stabel ass.

Am Balkan, um Ufank der 90er Joren, an am Kaukasus dëst Joer, sinn mir brutal drun erënnert ginn, datt Krich um europäesche Kontinent, oder an senger ganz direkter Noperschaft, nach ëmmer méiglech ass an datt d’Konsequenze vun esou engem Krich een direkten Impakt, och bei eis doheem hunn.

Mat der Erweiderung vun 2004, huet Europa eng nei Aussengrenz an domat och nei direkt Nopere kritt. Nei Noperen, mat deene mir méi enk zesumme schaffe sollte fir Stabilitéit och ausserhalb vun de Grenze vun der Europäescher Unioun ze projezéieren an ze festegen.

Fir dauerhaft Stabilitéit an eiser Noperschaft ze schaafen, brauche mir eng spezifesch europäesch Approche, déi all d’Instrumenter déi der EU zur Verfügung stinn, sief et diplomatesch, finanziell, secherheetspolitesch oder ekonomesch, kombinéiert.

Vill vun deenen Instrumenter fënnt ee schonn an der europäescher Noperschaftspolitik.

Zenter Mee vun dësem Joer diskutéieren d’Memberstate vun der EU méi intensiv iwwert deen sougenannten "Partenariat oriental".

Duerch dës Initiative wëlle mer eis Bezéionge mat eisen Noperen am Oste verstäerken an deene Länner, nach méi wéi bis elo, bei hiren interne Reformen hëllefen. D’europäesch Kommissioun ass op dem europäesche Conseil vum 1. September gefrot gi, fir konkret Propositioune bis de Conseil vum Dezember dëst Joer auszeschaffen.

Lëtzebuerg ass ëmmer der Meenong gewiescht datt gudd Relatiounen tëschent der EU an sengen Noperen am Osten an am Süde wichteg sinn.

An dësem Kontext ënnerstëtzt Lëtzebuerg d’Iddi vum "Partenariat oriental", genau wéi et och d’Verstërkung vun de Relatioune mat de südlechen Noperen am Kader vun der "Union pour la Méditérannée" ënnerstëtzt. D’europäesch Noperschaftspolitik bleift fir eis awer de politesche Kader fir eis Relatioune mat all eisen Noperen.

Den Konflikt an Géorgien

Zenter dem Ausbroch vum Konflikt a Georgien de 7./8. August, an och nom Waffestëllstandsoofkommen vum 12. August, as d’Situatioun a Georgien an am Kaukasus an den Zentrum vun der internationaler aussepolitescher Aktualitéit geréckelt.

D’Événementer, déi an däer Regioun stattfannen, concernéieren direkt déi europäesch Sëcherheetsinteressen.

Wann haut d’Waffen a Georgien rouen a mir vun engem Stabiliséierungsprozess schwätze kennen, sou ass dat an éischter Linn de Verdéngscht vun der Europäescher Unioun an vun der franséicher Présidence.

Wann de politesche Wëllen an der EU do ass fir zesummen ze agéieren, kënne mier an der Europäescher Unioun Grousses leeschten an den europäesche Gedanke vu Fridden a Stabilitéit och ausserhalb vun eise Grenzen zur Realitéit maachen.

D’Europäesch Unioun gouf domat zu engem zentralen Akteur, net nëmme fir d’Verhandele vum Waffenstellstand, mée och fir deem seng konkret Ëmsetzung duerch eng iwwer 300-Mann-staark Missioun – déi sougenannt EUMM – wou Lëtzebuerg mat 2 Leit vertrueden ass.

Et sief an dësem Kontext nach emol drun erënnert, datt Lëtzebuerg sech staark gemaach huet, fir eng international Enquêtekommissioun anzesetzen, fir den Originë vun dem Konflikt op de Fong ze goen.

Och wann mir d’Unerkennung vun enger Onofhängegkeet vun den 2 Regiounen ofleenen, sou musse mir dach no dauerhafte Léisunge sichen.

Dofir gouf am Kader vum Accord vum 8. September och festgehalen, fir sougenannten "international Diskussiounen" zu Genf ze lancéieren, un deenen all d’Parteie géifen deelhuele fir genau déi Léisungen ze fannen.

Dësen Unnäherungsprozess ass dann och de 15. Oktober zu Genf ugangen, an d’Tatsaach datt déi nächst Diskussiounsronn, mam Accord vun alle Parteie, fir den 18. November festgehal gouf weist, datt eng Dynamik kreéiert gouf, op däer kann opgebaut ginn.

D’Stabilitéit am Kaukasus kann awer net nëmme militärescher, mee muss virun allem och demokratescher an wirtschaftlecher Natur sinn.

An eisen Ae kann nach vill gemaach ginn wat de Stand vun der Demokratie a Georgien betrëfft. De Walsystem, d’Justiz, d’Fräiheete vum Eenzelen wéi vun der fräier Meenungsbildung sinn staark verbesserungsbedürfteg. Grondleeënd Reforme mussen also duerchgesat ginn.

Et sin des och Reformen déi d’EU an d’NATO erwarden.

De Kader ass deemno gesat, fir aus dëser Kris erauszekommen an d’Lag um Kaukasus ze stabiliséieren.

Et bleiwen awer nach vill Froen ze klären an et gëtt keen einfache Wee.

Mée d’Europäesch Unioun huet et fäerdeg bruecht hir Verantwortung ze huelen, d’Waffe rouen ze dinn an eng international Diskussioun ze lancéieren.

Dorop musse mir weider opbaue fir dauerhaft Léisungen ze fannen.

Conflits gelés

Et gëtt och nach zwee anner "conflits gelés" déi zënter den Evenementer a Georgien méi an der Virdergrond geréckelt sinn a wou et gëllt fir eng negativ Spiral, wéi mir si am Summer 2008 erliewt hunn, ze vermeiden.

D’Situatioun am Nagorno-Karabakh - eng armenesch Enclave am Azerbaidjan, déi sech ufanks der 90er Joren ofgespléckt huet, no engem bluddege Krich deen 30.000 Doudeger an iwwert eng Millioun Déplacéierter gefuerdert huet - ass weiderhin ongeléist.

Et ass an dësem Kontext encourageant, datt déi zwee Presidenten vun Armenien an Azerbaidjan sech viru kuerzem zesummen zu Moskau getraff hunn. Si hunn och eng Déclaratioun ënnerschriwwen an dem se sech engagéiere, gréisser Ustrengungen ze maachen, fir eng Léisung fir dëse Konflikt ze fannen.

Et däerf een natierlech net naiv sinn. Russland huet nom Konflikt a Georgien e kloeren Interessi fir ze beweisen dass et um Kaukasus och ee Friddensstëfter kann sinn.

Et wäert sécher nach vill Zäit an Efforte kaschte bis déi zwee Presidenten hier déiw Differenzen iwwerbrécken a Fridde schléissen.

Mée et däerf en awer optimistesch sinn, well et déi éischte Kéier ass, zënter dem Waffenstellstandsofkommen, dat Russland 1994 mediéiert huet, datt déi zwee Presidenten hier Ënnerschrëft gemeinsam op en zukunftsorientéiert Dokument placéiert hunn.

En anere "conflit gelé" vun dem ee wéineg an der Zeitung liest, mee deen och wichteg ass fir d’Stabilitéit um europäesche Kontinent, ass deen vun Transnistrien.

Hei ass d’EU aktiv engagéiert mat enger Missioun déi hëlleft d’Grenz mat der Ukraine ze iwwerwaachen, a si ass och aktiv un den sougenannten 5+2 Gespréicher implizéiert.

Am August an am September vun dësem Joer ass e bëssche Bewegung an dësen Dossier komm, besonnesch duerch eng méi aktiv Roll vun Russland.

Hei ass d’EU och gefuerdert a si muss am Kader vun den 5+2 Gespréicher dofir suergen, dass hier Stëmm wieder gehéiert gëtt.

Wäissrussland an Ukraine

Als Member vun der Europäescher Unioun wëlle mir eng Partnerschaft mat eisen Nopere fir datt eise Projet vun enger gesamteuropäescher Friddensuerdnung geléngt. Mir wëllen, datt all eis Nopere an engem europäeschen Kontinent vu Fridden a Wuelstand agebonnen sinn.

Eis Offer vu Partnerschaft gëllt och fir Wäissrussland – wann et de Wee vu Reformen aschléit an d’Situatioun vun de Mënscherechter verbessert.

Déi rezent Fräiloossung vu politesche Gefaangene war een Schrëtt an déi richteg Richtung. Mee et bleiwen nach weiderhin vill Problemer bestoen.

D’Wale vum 28. September waren zwar eng Verbesserung vu fireschten Walen, mais hunn awer och kloer bewisen, datt et weiderhin vill demokratesch Defiziter gëtt.

Mée d’EU huet een Interessi fir een Dialog mat Minsk an huet dowéinst eng Ouverture gemaach. Mir wëllen eis op de Wee vum Dialog engagéieren, mam Ziel fir d’Demokratie ze Verstäerken a fir datt d’Mënscherechter respektéiert ginn.

D’EU ass prett Wäissrussland ze hëllefen des Zieler ze erreechen a fir d’Relatioune mat dësem Land ze verdéiwen, esoubal d’Konditiounen dëst erlaben.

Engem anere Land an dëser Regioun kennt an dësem Kontext och eng wichteg Roll zou.

Mat 47 Milliounen Awunner an als zweetgréisste Land um europäeschen Kontinent ass et kloer dass d’Ukraine eng Schlesselroll huet.

Wann hei d’Reforme gräifen, da wäert dat och ee positiven Afloss op der Ukraine hier Noperen hunn.

De Problem hei bleift d’Stabilitéit, well de Verfassungskonflikt tëschent President, Regierung a Parlament ongeléist bliwwen ass.

Mée d’Ukraine ass um richtege Wee wat seng Reforme betrëfft, a mir bleiwe weiderhin engagéiert fir dëse Prozess aktiv ze begleeden.

Wat d’Unnäherung vu Géorgien an der Ukraine un d’NATO betrëfft, ass eis Positioun kloer. Zu Bukarest hun mir gesot, datt dës zwee Länner enges Dags an d’NATO kommen. Dozou stinn mir och!

Mée mir soen och, datt dee Prozess déi gesamteuropäesch Friddensuerdnung net op d’Kopp geheien däerf. Déi georgesch oder ukrainesch Adhésioun iwwert de Knéi ze briechen hëlleft kengem, weder eis, nach Tblissi oder Kiev.

De Rendezvous vun den NATO-Aussenminister am Dezember as eng gutt Geleeënheet, eng éischt Evaluatioun vun de Progrèen vu Géorgien an der Ukraine op hirem Wee an d’NATO ze maachen. Et as sécherlech am Dezember net den Zäitpunkt, fir iwwert de MAP, de Membership Action Plan, eng Entscheedung ze huelen.

Mir mussen elo dru schaffe fir datt, wann Georgien an d’Ukraine de MAP kréien, dëst eng reel Kontributioun zu eiser an hierer kollektiver Sécherheet ass, an d’Stabilitéit vun Europa weider festegt. Fir daat ze erechen sinn wieder Reformen neideg, an den Projet muss och vun der Populatioun gedroen ginn. Dest ass zum Beispill an der Ukraine net den Fall, ganz am Contraire: d’Land ass op der NATO-Fro, wéi a villen âneren, gespléckt.

Dobei kennt meng fest Iwerzégung datt um Plang vum politischen Equiliber, der spezifescher Sensibilitéit vun Russland méi Rechnung gedroen ginn muss. Annerefalls schaafe mir politischen Déséquiliber, wou grousst Mësstrauen all Zesummenarbecht schweier, wann net onméigleg, mecht.

De Balkan

D’Kris um Kaukasus däerf net dozou féieren, datt de Balkan net méi déi Opmierksamkeet kritt déi hie verdéngt huet an déi hie brauch.

All d’Länner vum Balkan hunn eng europäesch Perspektiv zu dir mir stinn.

De Balkan ass och eng Géigend wou d’EU all d’Instrumenter déi hir zu Verfügung stinn a Synergie agesat huet, wat dozou gefouert huet d’Stabilitéit ze förderen.

A Serbien huet d’Attraktivitéit vun der EU gegraff an déi nei Regierung zu Belgrad huet sech kloer enger europäescher Agenda verschriwwen.

Mir konnte grouss Fortschrëtter an der Zesummenaarbecht mam internationale Krichsverbriechen Tribunal feststellen. De Karadzic setzt zënter kuerzem zu Den Haag a séin Prozess huet ugefangen.

Ech hun grouss Hoffnung datt de Procureur vum TPI am Dezember feststelle kann, datt d’Kooperatioun vu Belgrad mam TPI näischt méi ze wënschen iwwereg léisst, och wann den Mladic nach net zu Den Haag ass. Dat géif eis erméiglechen dëse Stabilisatiouns- an Associations-Accord mat Serbien ze ratifizéieren an domat dëst Land nach méi fest mat Europa ze verankeren.

Dat wier an eisem aller Interessi. Ech bleiwe fest dovun iwerzeegt, datt ouni Serbien, de Balkan, an domat eis direkt Noperschaft, net dauerhaft stabiliséiert kann ginn.

De Kosovo bleift natierlech e sensibelt Théma tëschent der EU a Serbien, mee och do gëtt et Bewegung, notamment wat den Déploiement vun der EULEX am Norden vu Kosovo betrëfft.

Dëst wär een éischten, wichtegen Schrëtt an d’Richtung vun enger Normalisatioun tëschent Belgrade a Pristina.

De 17. Februar huet de Kosovo sech onofhängeg erkläert, dëst nodeems en Négociatiounsprozess - deen quasi 10 Joer gedauert huet an am Dezember d’läscht Joer op en Enn bruecht gouf - op der Statusfro kee Konsens tëschent Belgrad a Pristina konnt hirstellen.

Déi kosovaresch Autoritéiten hunn sech mat der Adoptioun vun hirer Constitutioun de Conclusioune vum UN-Sondergesandten Martti Ahtisaari verschriwwen. Des Conclusione gesinn als eenzeg viabel a stabilitéit-verspriechend Optioun, d’Kreatioun vun engem onofhängege Kosovo ënnert internationaler Supervisioun vir. De Rechter vun de Minoritéiten ass hei eng besonnesch Protectioun ageraumt ginn.

Ech haat d’Geleigenhéet der Chamber d’Argumenter fir eng Unerkennung vum Kosovo ze présenteieren an d’Chamber huet d’Linn vun der Régierung voll an ganz ennerstetzt.

Lëtzebuerg huet dono, den 21. Februar, dee Schrëtt gemaach, dee bis elo 52 Länner gemaach hun, an de Kosovo unerkannt. Dëst, well mir och ee groussen Interessi un engem stabile Kosovo an domat och un engem stabile Balkan hunn.

An dësem jonke Stat schafft dann och elo eng demokratesch gewielte Regierung un der Ëmsetzung vum Ahtisaari-Plang.

D’Lag am Kosovo ass relativ stabil, wat net zulescht och ee Verdéngscht ass vun der Europäescher Unioun, déi mat hierem Sondergesandten an der EULEX Missioun, hirer gréisster Police- a Justiz-Missioun, dobäi mathëlleft, déi kosovaresch Administratioun opzebauen an ze festegen.

Et sief an dësem Kontext och dorun erënnert, datt Lëtzebuerg sech aktiv un der EULEX Missioun bedeelegt an och - an daat zënter 1999 - seng Contributioun leescht zur Aktioun vun der KFOR, der Missioun vun der NATO am Kosovo, déi mat e ganz wichtege Garant fir de Fridden am Kosovo as.

Dëst ass essentiell, fir sech de groussen Erausfuerderungen, déi sech dem Kosovo stellen, och kennen unzehuelen. Dat sinn notamment d’Abannen vun der serbescher Minoritéit, mais dat sinn awer och de Chômage erôfschrauwen an d’Ausbauen vun der Économie, wéi den Opbau vun engem Rechtsstaat.

Dësen Erausfuerderungen ze begéine verlaangt ee laangen Otem, mee mir sinn frou, datt d’Weichen hei an déi richteg Richtung gestallt sinn.

Een laangen Otem brauche mir och wat Bosnien an Herzegowina betrëfft.

An der éischter Halschent vun dësem Joer, hunn eis wichteg Progrèen a Bosnien erméiglecht de Stabiliséierungs- an Assoziationsaccord ze ënnerschreiwen an e Visalibéralisatiouns-Prozess ze lancéieren.

Leider huet sech d’politesch Lag a Bosnien an deene leschte puer Méint verschlechtert: Et gëtt kee Konsensus méi fir Schlësselreformen, d’Rhétorik ass erëm méi nationalistesch ginn, an d’Visioune vun der Zukunft vum Staat sinn dobäi auserneen ze goen.

Mir hunn ee kloeren Interessi fir Bosnien op der europäescher Schinn ze halen. Dofir muss d’EU sech haut nach méi engagéiere wéi fréier.

Et kann net sinn datt sech a Bosnien elo näischt méi bewegt bis d’Waalen vun 2010, well Bosnien soss vis-à-vis vun sengen Nopere weit zeréckfält wat seng europäesch Integratioun betrëfft.

Datt wier schlecht fir Bosnien an fir d’EU.

Den Noen an Mëttleren Osten

Am Noen Osten, enger anerer wichteger Noperschaft vun der EU, huet sech eis dëst Joer ee ganzt kontrastéiert Bild gebueden.

De 27ten November d’läscht Joer hunn sech déi zwou Parteien dozou engagéiert fir deem Jorzéngten undauernde Bluttvergéissen een Enn ze setzen.

Et gouf décidéiert fir ee Verhandlungsprozess ze lancéieren, den Annapolis-Prozess, um Enn vun deem ee Friddensvertrag soll stoen deen déi villgenannten Zweestaate-Léisung, dat heescht en israeleschen an ee palestinenseschen Staat, déi friddlech niewentenee liewen, soll festschreiwen.

Israelien a Palestinenser hunn sech an der Deklaratioun vun Annapolis och dozou engagéiert, fir all Effort ze machen fir bis zum Enn vun dësem Joer zu esou engem Accord ze kommen.

Och wann am Moment alles drop hin deit, datt et net wäert méiglech sin bis zum Enn vun dësem Joer esou en Accord ze finaliséieren, esou heescht dat nach laang net datt am Laf vum Joer näischt geschitt ass.

Ech hat d’Geleeënheet fir mir Enn Mäerz e Bild um Terrain ze machen, an Israel, an déi palästinensesch Gebidder an och an Egypten, ee Land deem seng Mediatiounsefforten vu grousser Bedeitung sinn.

Während menge Kontakter op der Plaz konnt ech mech dovunner iwwerzeegen datt d’Parteie sech an e Verhandlungsprozess lancéiert hunn, deen esou ëmfaassend bis elo nach net stattfonnt huet.

Esou en Exercice ass net einfach, geet et dach drëm fir waïtgräifend Konzessiounen ze machen, an dat op béide Säiten. Dobäi kennt, datt verschidden Aktiounen net dozou bäigedroen hunn de Verhandlungsklima ze verbesseren. Ech denken do speziell un déi vill israelesch Strossesperen am Westjordanland, un d’Konstruktioun vu weidere Kolonien, mais awer och un d’Mortiers-Attacken vun Gaza op Israel.

Och de Fait, datt d’Hamas weiderhin d’Gazasträif besat hält, huet der Regierung vum Premierminister Fayyad hir Aufgab net vereinfacht.

Egypten huet sech intensiv drëm beméit fir den Dialog tëschent de Palästinenser erëm hierzestellen. Mir hoffen, datt trotz dem rézenten Réckschlaag, et méiglech wäert sinn zu enger Verséinung vun de Palästinenser ze kommen, dëst op Basis vum Dokument dat d’Egypter ausgeschafft hunn.

Et besteet also duerchaus Grond zur Hoffnung.

De Waffestillstand tëschent der Hamas an Israel huet während den leschten 5 Méint zu enger Berouegung ëm d’Gazasträif gefouert, wann och d’Liewen a Gaza selwer absolut net menschenwierdeg bléift. Et muss een héi onbedingt déi excellent Arbescht vun der UNRWA ënnersträichen, déi Lëtzebuerg och weiderhi finanziell ënnerstëtzt. Héi ass énorm vill Engagement vun all Matarbechter erfourdert. Déi lescht 2 Wochen gouf et leider erem Gewalt ze bekloen, an Form vun Kassam-Rakéiten engerséits an israëlesch militäresch Aktivitéiten an der Gaza-Straif, déi op den zwou Saiten Doudesaffer gefourdert huet.

Den Waffenstellstand ze respektéieren ass ouni Alternativ.

Ech fannen et net akzeptabel datt d’Hellefsgidder vun der UNRWA, déi all Daag 750.000 Léit an der Gaza-Straif élémentärst Hëllef ubidd, vun Israël blockéiert ginn. E Méinden ass zwar een Camion mat Hellefsgidder duerchgeloos ginn, mée dat géet béi waitem net duer fir déi humanitär Bedierfnisser an der Gaza-Straif.

D’Verhandlunge mat de Palästinenser sinn net ënnerbrach ginn an dëst trotz de politeschen Ongewëssheeten an Israel. Och wann bis d’Walen an Israel keen Duerchbroch wäert kënnen erzielt ginn, dann ass et dach wichteg datt dat wat bis elo erreecht gouf net verluer geet.

Beim rezenten Treffe vum Quartett zu Charm-el-Cheik, hun déi zwou Parteien déi aktuell Verhandlungen als substantiell a villverspriechend bezeechnet, an ech mengen datt d’International Gemeinschaft alles mache muss fir dëse Prozess, deen zu Annapolis lancéiert gin ass, weider z’ënnerstetze.

D’EU ënnerstëtzt d’Palästinenser politesch, ekonomesch an och mat hirer EUPOL Copps Missioun, bei hire Reformen vun der d’Rechtstaatlechkeet an an der Sécherheet. Och sinn mir am gaangen am europäesche Kader ze kucken, wéi een am beschte kann d’Parteie begleeden an hinnen ënnert d’Äerm gräife bei der Ëmsetzung vun engem Friddensofkommen

Lëtzebuerg ass bereet do seng Responsabilitéiten ze iwwerhuelen.

Dësst hu mir ënner anerem am Dezember d’läscht Joër op der internationaler Konferenz fir de palestinensesche Staat zu Paraïs däitlech gemat, an ech haat d’Gelegenheet daat och dëse Juni op der Konferenz fir d’Ennerstëtzung vun der palästinensescher ziviler Secherheet a Rechtstaatlechkkeet zu Berlin ze weisen.

Am Libanon ass et leschte Mee endlech zu deem esou néideschen Accord tëschent deene verschiddene politesche Lager komm, op dee mir esou laang gewaart hunn. En neie President ass gewielt ginn an eng Regierung vun der nationaler Eenheet ass am gaangen den nationalen Dialog nees do weiderféiere, wou en 2006 duerch de Krich ënnerbrach ginn ass.

Dëst ass keen einfachen Exercice, awer ech mengen d’Parteie sinn sech mëttlerweil bewosst, datt et keng Alternative gëtt fir dat Land erëm ze festegen. Och hei leeschte mir dozou eise Bäitrag, net nëmme finanziell, awer och am Kader vum UN-Friddenstrupp am Süde vum Land.

Och d’Spannunge mat Syrien sinn am gaangen ofzehuelen an dat Land schéngt gewëllt ze sinn, méi eng positiv Roll ze spillen. Indirekt Gespréicher mat Israël sinn initiéiert ginn an der Türkei. D’Türkei, déi iwregens net alleng a Sachen Syrien/Israël, mée och am Irak zum Beispill a mam Iran eng héich intéressant Roll am Sënn vun der Internationaler Gemeinschaft spillt.

Ech war ëmmer der Meenung, datt mir Syrien mussen als Deel vun der Léisung betruechten, an hoffen, datt déi Ëffnung, déi den syreschen Président gewisen huet nëmmen en Ufank ass an dat eis Erwaardungen u si net enttäuscht ginn.

Den Avi Primor huet et op den Punkt bruecht wou hien soot: "Wéen Israel hëllefe well, hëlleft Syrien".

Irak

Trotz deene villen Attentater déi nach ëmmer am Irak begaangen ginn, schéngt dat Land sech mëttlerweil lues awer sécher vum Ofgrond ewechzebréngen, an d’Secherheetssituatioun huet sech seit läschtem Joer licht verbessert.

D’Iraker hun am Laaf vun de läschte Méint d’Responsabilitéit an enger Majoritéit vu Provenze kennen iwerhuelen an hun mat den Amerikaner een Secherheets-Accord iwwert déi zukünfteg Präsenz vun amerikaneschen Zaldoten am Irak ausgehandelt.

Ausser eiser humanitärer Hëllef, hunn mir och dëst Joer erëm zesummen mat eisen Benelux-Kollegen, Formatioune fir irakesch Riichter an Polizeikräft organiséiert, fir eisen Deel um Opbau vun der Rechtsstaatlechkeet an deem Land ze leeschten.

Iran

Leider huet den Iran sech nach emmer net a Konformiteit gesaat mat den Resolutionen vum UNO-Secherhéetsroot, déi eng kloer Illustratioun vun der internationaler Solidaritéit op desem Dossier sinn. Et ass wichteg datt des Solidaritéit och weider erhaalen bleift.

Den Drock vun der internationaler Gemeinschaft op de régime vun déem grousse Land ass nach wéider erhéicht ginn, dëst duerch zousätzlech Sanktioune, awer leider ouni de gewënschtenen Effekt.

D’Dir fir Verhandlunge mam Iran steet weider op, awer den Iran muss endlech all nuklear Uräicherungs- a Verschaffungsaktivitéiten suspendéieren. Villes kinnt sech 2009 ännere an eisen Relatiounen mam Iran, wann et sollt zou engem démokrateschen Présidentenwiessel zu Téhéran kommen. Ze hoffen ass, datt d’Obama-Administratioun an den USA enschëet eng Dier op ze machen, fir ähnlech wéi béi Nord-Korea, ee Wëe fir direkt Verhandlungen mam Iran ze fannen. Dest géif Amerika an dem ganzen Noen Osten ze gudd kommen.

Och d’Mënscherechtssituatioun an deem Land huet sech am läschte Joer net zum Gudden entwéckelt, wat eis méi a méi beonrouegt, virun allem datt den Iran net déi Obligatiounen erfëllt déi hie selwer an internationale Konventiounen ënnerschriwwen huet.

Déi Euro-Mediterran Partnerschaft

Wat d’Relatiounen tëschent der Europäescher Unioun an de Mëttelmier-Länner ugeet, esou hu mir den 13ten Juli um Sommet zu Paräis décidéiert fir der Euro-mediterraner Partnerschaft eng nei Dynamik ze ginn, an dëst op héchstem Niveau.

Mir si frou datt et no enger Rei Diskussioune méiglech war déi ganz EU an dës Initiativ mat anzebannen an op déi nei Unioun fir d’Mëttelmier, op dem wat schonns am Barcelona-Prozess erreecht ginn ass, opzebauen.

D’Resultater vum Paräiser Sommet kenne sech trotz eenzelne Mëss-téin duerchaus weise loossen. Aus eegener Erfahrung kann ech soen datt et net ëmmer esou einfach ass an deem dote Kader e gemeinsamen Nenner ze fannen an datt een eng ganz Rei vu Fakteure berücksichtege muss fir déi dote Kooperatioun weiderbréngen.

Sinn um Sommet zu Paräis eng Rei vu Froen opbliwwen, esou sinn ech méi wéi zefridden datt et méiglech war Uganks dës Mounts op der Ausseministerkonferenz, déi zu Marseille ofgehal ginn ass, eng ganz Rei vu Froen ze klären, esou datt mir eis elo kennen der Emsätzung vun eise gemeinsamen Objektiven zouwenden.

Déi nächste Méint wärten hei vu grousser Bedeitung sinn, geet et dach drëm deenen nei Strukture, wéi zum Beispill dem Sekretariat vun der neier Unioun dat zu Barcelona wäert installéiert ginn, Liewen anzehauchen, fir datt déi gemeinsam Projeten, déi mir ugeholl hunn, esou schnell ewéi méiglech kennen op d’Schinne bruecht ginn.

Och Lëtzebuerg wäert saïn Deel dozou bäidroe fir datt dës nei Dynamik net wäert verluergoën an datt mir et fäerdeg bréngen an der Mëttelmiergéigend e Raum vu Fridden, Stabilitéit, Sécherheet a Wuelstand kennen ze schafen.

Eis transatlantesch Relatioun

Vill vun deene Problemer mat deene mir haut konfrontéiert sinn, sinn Problemer déi keng Grenze kennen, well si eis all betrëffen: Knappheet vu Ressourcen, Ëmwelt a Klimawiessel, Finanzkris, organiséiert Kriminalitéit, Massevernichtungswaffen, etc. Déi nei Erausfuerderungen hunn vill Facetten, a sinn alleguerte matenee verbonnen.

Een effektive Multilateralismus, baséiert op internationale Regelen déi mat staarken internationalen Organisatiounen, innerhalb vu legitimen Institutiounen ëmgesat ginn, ass dat enzecht Instrument fir global Problemer gemeinsam ze léisen.

Ouni international Regele gëllt d’Recht vun der Stäerkt, net d’Stäerkt vum Recht.

Wann et um internationale Plang Konsensus gëtt, wat d’Spillregele betrëfft, ass dat déi beschte Garantie fir alleguerten d’Staten, esou guer fir déi stäerkst.

An dësem Kontext ass d’Wal vum Barack Obama zum 44. President vun den USA net nëmme gudd fir Amerika, mee och gudd fir d’Welt, also och fir d’Europäesch Unioun. Mee dat heescht net, datt elo alles méi einfach gëtt.

Den neie President weess hoffentlech besser wéi sei Virgänger, datt Amerika ee grousst Land ass, mée net grouss genuch, fir d’Welt alleng ze regéieren. Dofir brauch och Amerika international Kooperatioun.

Bei all de Sujeten déi ech an dëser Déclaratioun erwähnt hunn, bleift eis transatlantesch Partnerschaft essentiel, fir des global Problemer ze léisen.

Natierlech mussen an eiser globaler Welt och nach vill aner Länner mat agebonne ginn, mee ouni Kooperatioun tëschent Europa an Amerika gëet villes nëtt.

Ech sinn iwerzeegt, datt Europa sech méi engagéiere misse wäert, sief et am Afganistan oder am Noen Osten zum Beispill. Mee wann dat zu Resultater féiert, da sollte mir och an Europa méi Responsabilitéit iwwerhuelen.

Den Barack Obama huet schon kloer ugedeit datt hien op Kooperatioun setzt, wéi hien gesoot huet dass Amerika sech asetzen muss fir Allianzen an Partenariater erem opzebauen, well dest néideg ass fir déi gemeinsam Erausfuerderungen opzehuelen an gemeinsamen Bedrohungen entgeintzestoen. Hien huet an desem Kontext och d’Europäesch Union als ganzt, als een langjäregen, an een vun den wichtechsten, Partner an Allierten vun Amerika unerkannt.

Den zukünftegen Président Obama huet sech genau esou kloer iwert d’Reform vun den Veréenten Natiounen ausgeschwaat, well d’UNO soss nëtt méi Schrack haalen kann mat der rasanter Entwecklung vun der Welt an seng Essenz als Friddenstëfter a Verteideger vum internationalen Recht verléiert.

Et dait also alles dorop hinn, dass d’transatlantesch Bezeiungen eng nei Qualitéit kreien wäerten, an den Optimismus an d’Erwardungen sinn dem entspriechend grouss.

Ech sinn fest dovun iwerzéegt dass gudd Relatiounen mat Washington neideg sinn fir zou eiser gemeinsamer Secherhéet, der Promotioun vun eisen gemeinsamer Werter an dem Abrengen vun eisen gemeinsamen Interessen beizedroen.

Mir wellen enk mat Amerika zesummenschaffen fir festzehaalen wéi eng Kontributionen, dacks an verschiddenen Registeren, mais ëmmer komplémentär, d’Europäer an d’Amerikaner mobiliséieren kennen fir déi gemeinsam Problémer unzegoen.

Wéi ech an menger Introductioun gesoot hun: D’Welt huet sech verännert. D’Europäer wellen op der neier Weltbühn hir Plaatz nirwent den Amerikaner, den Russen an den Chinesen anhuelen.

Et mussen Amerika an Europa eng besser Zesummenarbecht wéi an der Vergangenhéet färdech brengen.

Mais dofir muss och Europa natierlech seng Hausaufgaben machen an seng eegen kloer Positiounen définéieren. Dëss Positiounen wäerten, um aussepolitesche Plang, net ëmmer honnertprozenteg deckungsglaich sinn, an datt as an enger équilibreierter Partnerschaft jo och ganz normal, an esouguer vu Virdeel ganz dacks.

Mée wann mir soen kennen waat Europa bidden kann, dann get och gelauschtert op daat waat Europa ze froen huet. Eis Glaafwierdechkéet vis-à-vis vun Amerika get gestärkt wann Europa mat enger Stemm schwetzt.

Ech wensche mer, an engem Satz gesoot, een néit Amerika, als Weltmuecht am Dingscht vun den Verénten Natiounen.

Eis Relatioun mat Russland

Russland ass an bleift ee wichtege Partner an mir mussen och héi gemeinsam eis Responsabilitéiten huele fir Sécherheet an Stabilitéit, sief et a Froe vun der Energiesecherheet, dem Ofrëschten oder an der politescher Kooperatioun en général.

Awer net nëmme brauche mir Russland, Russland brauch eis och.

Russland ass mat enormen Erausfuerderunge konfrontéiert: d’Infrastruktur muss moderniséiert ginn, Investitioune ginn gebraucht, d’Ofhängegkeet vun Uelech a Gas-Exporter muss reduzéiert ginn, den demographeschen Defizit muss redresséiert ginn, etc. Russland weess, datt Europa den natierleche Partner ass fir d’Land ze moderniséieren.

D’Kris an Géorgien huet zu Spannungen tëschent der EU an Russland gefouert. Eis Bezéiung ass méi schwéier ginn, well mir vill Positiounen vun der russescher Aussepolitik kontestéieren, notamment am Kader vum Europa-Root an vun der OSZE.

Mee Russland dowéinst ze isoléieren ass net d’Äntwert. Léisunge kennen nëmmen am Dialog fonnt, a Spannungen nëmmen duerch Kontakt an Gedold ofgebaut ginn.

Lëtzebuerg sëtzt op Kooperatioun, net op Konfrontatioun oder Distanzéieren zu Russland. Mir sollten eis op efficace an dauerhaft Diplomatie konzentréiere fir eis Differenzen ze léisen an net ëmmer direkt zum Megaphon gräifen.

Freier ware vill europäesch Stied, Zieler fir potentiell nuclear Frappen vun der Sovietunioun. Mee den Ost-West Konflikt ass geléist ginn, well mir eng duebel Strategie verfollegt hunn: eng Strategie vu Stäerkt a vu Kooperatioun.

D’EU kooperéiert mat Russland op ville Froen déi fir eis Sécherheet vital sinn: Iran, mëttleren Osten, Afganistan, Klimawiessel, Drogenschmuggel, Non-prolifération, asw.

Hei errechen mir vill manner ouni Russland an absolut guer näischt géint Russland. An all dësen Dossieren ass eis Kooperatioun mat Russland lieweg a konstruktiv. An anner Dossieren ass d’Kooperatioun net esou einfach: Kosovo, eis gemeinsam Noperschaft an natierlech Géorgien.

Mir musse kennen iwwert all déi secherheetspolitesch Froe schwätzen, déi tëschent dem Westen a Russland fir Spannungen an Irritatiounen suergen.

Verschiddener vun den Problemer, déi mir haut mat Russland hunn, sinn méi eescht wéi d’Kris um Kaukasus.

De russesche President huet viru kuerzem ugekënnegt, datt Russland géif Rakéiten zu Kaliningrad opriichten. Mir riskéieren hei an eng negativ Spiral ze geroden an dat musse mir mat allen Mëttel verhënneren, a Russland soen datt ett héi um falsche Wée ass.

Et kann keng Sécherheet ginn géint Russland oder géint Amerika, mée nëmme mat Russland an mat Amerika.

Mir mussen den Däiwelskrees briechen, duerch eng intelligent Kombinatioun vu Kompromësser a Moderatioun, op zwou Säiten.

Och hei hoffen ech op den neien amerikaneschen Président, dem seng Stratégie nett dra bestoe wäert d’EU géint Russland ze dirigéieren, mée just de Contraire als Ziel ze hun.

Lëtzebuerg ënnerstëtzt dowéinst d’Weiderféiere vun den Négociatioune fir en neit Partnerschaftsofkommen tëschent der EU an Russland. Dës Négociatioune bidden de perfekte Kader, fir eis gemeinsam Problemer an eis gemeinsam Zieler ze beschwätzen an un enger gemeinsamer Zukunft ze schaffen.

Négociatiounen an Dialog heeschen net, datt mir wat a Géorgien geschitt ass akzeptéieren, oder, datt mir eis Wäerter verwässeren. Ech gesinn keng Alternativ zu enger staarker Relatioun déi op Zesummenaarbecht, Vertrauen an Dialog opbaut, an d’Rechtstaatlechkeet esou wéi d’Prinzipie vun der UNO-Charta a vun der OSCE respektéiert.

Dofir begreissen ech datt um EU-Russland Sommet, den 14 November zu Nice, annoncéiert ginn ass datt d’Négociatioune mat Russland den 2. Dézember erem opgeholl ginn.

Ech ennerstetzen och der franséicher Présidence hieren Appel un d’USA esou wéi un Russland, opzehalen sech geigensaitech mat Rakéiten an Rakéitenschelder ze dedroen, an am Platz op engem Sommet am Laaf vun 2009 iwert d’kollektiv Secherhéet an Europa ze diskuteieren.

Eis Zesummenarbecht mat an an Asien

D’Zäit erlaabt mir net d’Situatioun an all Land oder all Kontinent ze beliichten, mee ech well awer dovu profitéiere fir kuerz d’Wichtegkeet vun onse Relatioune mam asiatesche Kontinent ze ënnersträichen.

Lëtzebuerg ass do ënnert anerem aktiv an esou multilaterale Foren, wéi der ASEM. Zesumme representéieren déi 43 europäesch an asiatesch Länner déi an der ASEM vertruede sinn ongeféier 50% vum weltweitem PIB, 58% vun der Weltbevëlkerung an 60% vum Welthandel.

Et ass virun allem wichteg, datt mir mat esou Länner wei China, Indien a Japan, mee awer och Singapour oder Indonesien zu de villen Défien (zum Beispill zur aktueller Finanzkris, dem Klimawandel, asw.) déi mir hautdesdaags ze bewältegt hunn, eng gemeinsam Approche probéieren ze definéieren.

Fir daer strategescher Wichtegkeet vun dëse Länner gerecht ze ginn, ass Lëtzebuerg och mëttlerweil mat 4 Ambassaden um asiatesche Kontinent present, an zwar zu New Delhi, Peking, Tokyo an zënter kuerzem och zu Bangkok. Dës Ambassaden decken dann och oft eng Réi vun hiren Nopeschlänner mat of an droe vill dozou bei datt d’lëtzebuerger Interessen an deene Länner verteidegt ginn.

Afganistan a Pakistan

Ech géif an deem Kontext och nach gären drun erënneren dat et 2 Länner ginn déi fir Europa um sécuritairen Plang vun extremer Wichtegkeet sinn: Afganistan a Pakistan.

D’Situatioun am Afganistan ass am Moment sécherlech net einfach: d’Land bereet sech momentan op nei Presidentschaftswale vir, déi fir d’nächst Joër geplangt sinn, an dat ënnert extrem schwierege Sëcherheetskonditiounen. Et sinn am Ufank sécherlech e puer Feeler begaange ginn.

Wéi schonn oft gesot, sinn d’Erausfuerderungen, déi sech am Afghanistan stellen, a groussem Mooss globaler Natur: Terrorismus, reliéisen Extremismus, Drogen…. an si sinn dofir net vun haut op muer ze bewältegen.

Et ass wichteg, datt déi international Communautéit, an domat och Lëtzebuerg, weiderhin engagéiert bléiwt – an dat souwuel am politeschen, am militäresche wéi am humanitären Beräich. Mir mussen dozou bäizedroen, datt den normalen afghanesche Bierger och an eng Zukunft blécke kann, an daer Fridden a Prosperitéit herschen, an an daer och déi elementar Mënscherechter respektéiert ginn.

Déi international Konferenz iwwert den Afganistan, déi am Juni zu Paräis stattfonnt huet, huet an deem Kontext och wichteg Akzenter gesat wéi d’Situatioun am Afganistan an nächster Zukunft kéint verbessert ginn.

Wann een iwwert Afganistan schwätzt, da muss een och Pakistan erwähnen well déi zwou Situatiounen enk matenee liéiert sinn. Séit September ass zu Islamabad eng nei Regierung un der Spëtzt.

D’Léisung vun de Problemer am Afganistan hunn, wéi mir all wëssen, och eng regional Dimensioun an et ass dofir wichteg, dat mir als international Communautéit – a virum allem och d’Afganen – enk mat daer neier Regierung zesumme schaffen.

Pakistan, daat eenzegt muslemëscht Land wat am Moment d’nuklear Waff besëtzt, huet an den läschten Joëren vill Schrëtter am Demokratisatiounsprozess gemach. Pakistan huet iwwerdeems och eng ganz wichteg Roll ze spillen am Beräich vun der internationaler Terrorismusbekämpfung.

D’EU huet dofier och wëlles an den nächsten Joër d’Kooperatioun mam Pakistan an desëm Beräich ze intensivéieren.

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären,

Just déi lescht Déeg hun gewisen, mam Sommet vum G-20 zou Washington, datt déi international Politik endlech agesinn huet, datt d’Globaliséierung kéen Théma ass fir un éischter Platz Dissertatiounen ze schreiwen, mée fir sech um internationale Plang esou opzestellen datt déi fundamental gemeinsam Interessen och eng struktureiert global Entwert brauchen.

D’Reform vum UNO-Secherhéetrot, wou net aleng déi fennef Länner op der Welt déi offiziel nuklear Waffen hun, sech permanent a mat Vetorecht bréet machen kennen, mée nach anner wichteg Länner vun allen Kontinenter hier Platz missten hunn, ass batter notweneg.

De G-7, den sech mei mat sech selwer wéi mat der Welt beschäftecht, ass kéen Instrument méi mat dem d’Erausfuerderungen vum 21. Jorhonnert a globaler Form ze méschteren sinn. Eng besser struktureiert Form an eng Erweiderung sinn och héi an Zukunft absolut ubruecht.

De sougenannten "Westen" huet anzegesinn datt seng absolut Dominanz gebrach ass. D’Welt get an Zukunft net méi alleng vum Westen dirigéiert an opgestallt, wéi et zum Beispill nach bei Bretton Woods de Fall war, wou Amerikaner an Englänner alles entschéden konnten.

Wann den Westen och desen Monopol verluer huet, behält en selbstverständlech seng Muecht, sain groussen Afloss a seng Responsabilitéit.

Den G-20 Sommet zou Washington kann en Ufank sinn, fir eng Welt wou d’Länner vum BRIC (Brasilien, Russland, Indien, China), genausou wéi opstriewend Länner, wéi Südafrika, Indonésien oder Saudi-Arabien zum Beispill, méi global Matbestëmmung engersaits zu Recht verlangen, annerersaits méi konstruktiv Verantwortung mussen bereet sinn ze iwerhuelen.

Wann een dest virun Aen huet, dierft et net all ze schweier sinn sech als Lëtzebuerg an der EU anzesetzen fir datt a Richtung méi international Glaichgewichter a besser Strukturen hingeschafft get.

D’Ziel vun der Aussenpolitik ass et d’Nervositéit um Globus ofzebauen fir se duerch d’Asicht ze ersetzen datt d’Rieder vun den internationalen Interessen anenéen greifen mussen fir der Stabilitéit, dem Fridden an der Menschlechkéet eng Chance ze ginn.

Lëtzebuerg ass eent vun den rare Länner op der Welt, datt zënter méi wéi 60 Joer vu Krich, Honger, Duscht an Angscht verschount bliwen ass. Dese Privilég welle mir fir jidderéen op der Welt verwirklechen. Duerfir ass a bleiwt eis Aussenpolitik inspireiert vum Déelen, also vu Solidaritéit an Engagement a vun Kooperatiounsbestriewen; daat heescht dem Zesummenbrengen statt dem Ausenaanerdivideieren vun den Interessen.

Merci.

Dernière mise à jour