Jean-Claude Juncker, Transcription de la déclaration sur les implications institutionnelles en cas de refus du Grand-Duc de donner son aval à une éventuelle loi sur le droit de mourir en dignité

Dir Dammen an dir Hären,

A mengen regelméissegen Gespréicher mam Grand-Duc, huet de Grand-Duc mer virun e puer Méint matgedeelt, dass en sech net an der Lag gesait, falls et zu engem Gesetz iwwert d'Euthanasie géif kommen, dat Gesetz ze sanctionnéieren an ze promulgéieren.

Ech hun dem Grand-Duc viru Méint an och an deene leschten Deeg gesot, dass ech net mengen, op Grond vun eiser Verfassungspraxis, dass de Grand-Duc sech kéint dem Wëlle vum gewielte Parlament entgéintstellen.

D'Regierung an hierer Ganzheet huet dee Standpunkt, deen ech hier dee leschte Freideg viergedroen hunn, gedeelt.

Ech hun de Grand-Duc gebieden, d'Fraktiounscheffen geschter ze begéinen, fir dass en de Fraktiounscheffen seng Meenung a seng Absicht a seng Déterminatioun géif matdeelen. De Grand-Duc huet geschter d'Fraktiounscheffen alleguer begéint an hinnen dat gesot.

Et as net üblech, fir de Staatsminister – deem seng éischt Aufgab, och an der Verfassungspraxis, doranner besteet, sech virun de Grand-Duc ze stellen wann en eng Décisioun hëllt – aus senge Gespréicher mam Grand-Duc ze beriichten. Wann ech dat haut maachen, maachen ech dat just, well mer eis an enger exceptionneller Situatioun befannen.

Ech hu virum Grand-Duc de gréisste Respekt, fannen dass en seng Arbecht am Dingscht vum Land gutt mecht. Mir hunn hei awer, d'Regierung an ech, e graven Desaccord, am Fall wou de Grand-Duc – falls et zu deem Gesetz géif kommen – dat Gesetz net géif a Kraaft setzen, dass deen Désaccord esou grave ass, dass ech deen Desaccord virum Land net ka verstoppen.

Mir liewen an enger Zait déi sech auszeechent durech hier extrem Gravitéit. Mir hunn et mat enger grousser Finanzkris an enger grousser Wirtschaftskris ze dinn, déi déi beschten Energie vum Land bündelt a muss zesummeféieren fir aus där Kris no Méiglechkeet esou onbeschued wéi et nemme geet erauszekommen.

Et huet eis dofir geschéngt, dass een zu där Kris déi mer hun, an déi eng extrem Gravitéit huet, net eng institutionnel Kris kéint dobai sëtzen.

Fir d’Gewessenfraiheet vum Grand-Duc ze respektéieren, an d’Meenung vum Grand-Duc verdingt dee selwechte Respekt wéi d’Meenung vu jidderengem, si mer mam Grand-Duc an no Gespréicher mat de Fraktiounscheffen zur gemeinsemer Opfaassung komm, dass een eng Verfassungsännerung soll vierhuelen, déi doranner besteet, dass de Grand-Duc an Zukunft Gesetzer emmer nach promulgéiert, als Chef vun der Exécutiv-Gewalt, mee dass en d’Gesetzer net méi brauch ze sanctionnéieren, als een Deel vun der législativer Gewalt, well an deem Terme "sanctionnéieren" dat Wuert "approuvéieren" selbstverständlech averstaanen as.

Vu dass de Grand-Duc, falls esou e Gesetz kënnt, dat Gesetz inhaltlech net kann approuvéieren, well mer eng institutionnel Kris welle verhënneren, a glaichzaiteg dem Grand-Duc Recht op Meenungs- a Gewessenfraiheet araumen, straiche mer aus dem Artikel 34 vun der Verfassung den Terme, dass de Grand-Duc d’Gesetzer muss sanctionnéieren, mee mir loossen et dobai, dass de Grand-Dus d’Gesetzer promulgéiert, dat heescht se einfach, wann ech mech därf esou ausdrecken, technesch a Kraaft sëtzt.

Ech hu mech doriwwer zesumme mam Minister Frieden, Justizminister an dofir fir Verfassungsfroen direkt zoustänneg, mat de Fraktiounscheffen beroden, an dat wat ech Iech gesot hun reflétéiert d’Meenung vun alle Kräften déi an der Chamber vertruede sinn.

Ech bedauere stark dass mer zu deem Schrëtt hu misste kommen, mé wann een eng institutionnell Kirs wellt verhënneren, bleiwt keng aaner Méiglechkeet wéi déi vun enger Verfassungsreform. Déi gett esou séier wéi méiglech viergeholl.

Dee Vote iwwert d’Proposition de loi iwwert d’Euthanasie, dee fënnt statt, a virdrun fënnt eng Verfassungsrevisioun statt, déi eis et erlabt, eng institutionnel Kris ze verhënneren.

Ech soen Iech merci.

Dernière mise à jour