Claude Wiseler, Discours prononcé à l'occasion de l'ouverture de la foire écologique

Léif Kollegen aus der Chamber, aus der Regierung.

Léiwe Lucien Lux, léiwen Eugène Berger als eis Virgänger an de Responsabilitéite vum Environnement.

Léif Frënn vun der Oeko-Foire, vum Mouvement Écologique.

Dir Dammen an Dir Häre Buergermeeschteren.

Léif Alleguer, léif Invitéeën.

Léift Blanche Weber.

Si hate mir gesot, déi Rieden hei op der Oeko-Foire wieren normalerweis méi sportlech, wann ee se géing halen. Dat, mengen ech nodeems ech elo nogelauschtert hunn, ass esou. Ech wëll awer just kloer soen, datt ech dat am Fong gär hu wann d'Saache kloer an däitlech sinn a wa mir eng Geleeënheet fanne fir dat och kloer an däitlech zum Ausdrock ze bréngen. Dat ass dat Éischt wat ech wollt soen: déi Form vun Dialog, och wann et eis heiansdo an Diskussioune bréngt, et ass gutt wa se franche a wa se direkt ass.

Dat Zweet wat ech wollt soen dat ass, datt ech frou sinn hei dierfen ze stoen, op der Oeko-Foire, fir déi Foire mat opzemaachen, well ech a sech extrem houfreg sinn déi Responsabilitéiten an den Nohaltegkeetsfroen, an den Ëmweltfroen uvertraut kritt ze hunn. An ech soen Iech, ech mengen ech hat Iech et scho gesot, datt et esou ass, datt, wéi ech gefrot gi sinn ob ech wéilt dat an engem grousse Ministère als Responsabilitéit mathuelen, et keng 2 Sekonne gedauert huet fir Jo ze soen, well ech mengen, datt et eng vun deene ganz groussen Erausfuerderungen ass déi mir an den nächste Joere wäerten an dësem Land, a wäit iwwer dat Land ewech, zesummen hunn.

Ech wëll Iech grob Erklärungen am Ufank ginn iwwer de Firwat vun der Zesummesetzung vun deem Ministère, well ech jo héieren, liesen, datt vill doriwwer geschwat gëtt, vill Kompetenzen déi hei zesumme lafe mat vill Problemer. An ech soen Iech, vill Problemer wäerte schonn an deem Ministère do zesumme kommen.

Mä et ginn eng ganz Rei Grënn déi eis dozou beweegt hu fir déi Kompositioun, déi Zesummesetzung vun deem Departement esou ze maache wéi et ass. Et ass hei versicht ginn eng Kompetenzebündelung ze kréie fir Saachen zesummen ze fügen déi zesumme gehéieren an déi eis an den Décisiounsfindungen, wa mir se kënne gemeinsam maachen, hëllefen an der Politik virun ze kommen. Viru kommen, Décisiounen huelen, déi Saache déi musse gemaach ginn an d'Realitéit ëmsetzen.

Elo kréie mir gesot, do sinn eng Rei Spannungsfelder do musst Dir selwer mat Iech eens ginn. Well déi Spannungsfelder déi musst Dir elo selwer léisen an dat ass och richteg. Ech soen och ganz kloer, datt an deenen Departementer déi mir elo zesummen an ee Ministère gefügt hu sécherlech Spannungsfelder wäerten do sinn, op där enger Säit an op där anerer. Ech mengen awer net, datt dat d'Fro ass, well déi Spannungsfelder an déi Décisiounen déi musse vun enger Regierung geholl ginn, ob et een oder 2 Ministeren ass oder 3 déi se huelen, d‘Décisioune musse geholl ginn. Elo hu mir se an ee Ministère zesumme geluecht well mir gemengt hunn, datt mir do an den Décisioune besser, méi schnell géinge viru kommen, an haaptsächlech awer och well d'Responsabilitéit vun der Décisioun bei engem, respektiv elo hei bei 2 Leit an deem selwechte Ministère läit an et net méi ka sinn, datt Verschiebunge vu Responsabilitéiten op déi eng oder aner Säit gemaach ginn.

De Marco Schank an ech, mir si fir eng ganz Rei Décisiounen an deene Spannungsfelder aleng, zu 2 aleng responsabel. An ech mengen, dat ass eppes wat eis virun hëlleft ouni awer déi verschidde Problemer, déi verschidde Froen déi sech op där enger an op där anerer Säit stellen auszeloossen. Mir si voll responsabel fir Décisiounen déi mir elo huelen an dat war ee wichtegt Element och vun där Décisioun.

En anert Element ass, datt mir an deem Ministère hei eng ganz Rei Moyene krute fir eng Politik ëmzesetzen. Mir krute Moyene vun der Planung iwwer den Aménagement du territoire; Moyene vun der Exekutioun iwwer den Transport an iwwer d‘Travaux publics; Moyene vun den Décisiounen iwwer all déi Ëmweltsuergen déi an déi Exekutioun, déi Décisiounen an déi Planung déi mir hunn era fléissen; a schlussendlech Moyene vun der Gestioun vun enger ganzer Rei Projeten an dee selwechte Grapp geluecht. Dat heescht, all déi Decisiounen déi mir an eiser Responsabilitéit mussen huelen, mussen d'Widderspijelung vun deem noutwennegen Equiliber sinn a vun deene Spannungsfelder déi einfach an der Gesellschaft existéieren. An ech mengen, dat ass et der Wäert fir et ze probéieren. An ech mengen, datt mir keng 3, 4, 5 einfach Joere wäerten hunn, mä Joere wou ech awer alles wäert dru setzen, zesumme mam Marco, datt mir weider kommen op enger ganzer Rei vun wesentleche Gebitter.

Dat Eenzegt wat de Problem ass, dat ass, datt et vill Aarbecht ass. Dat hunn ech schonn an deene leschte Méint gemierkt an dofir sinn ech ganz frou, datt mir déi Aarbecht zu 2 kënne maachen. Dat ass och de Grond, fir wat mir zu 2 an deem Ministère sinn. Ech muss soen, wéi mir dat mam Staatsminister duerchgeschwat hunn, an och d'Fro ob de Marco Schank an ech dat kéinten zesumme maachen, hunn ech och keng 2 Sekonne gebraucht fir him dozou Jo ze soe fir mat him zesummen ze schaffe fir déi Problemer gemeinsam ze léisen. An elo hoffen ech, datt hien duerno a senger Ried net eppes Aneschtes seet.

Ech wëll Iech och soe wéi mir dat wëllen ugoen. Et ass kloer an däitlech, datt déi politesch Richtlinnen an déi politesch Zilsetzunge gemeinsam vun eis 2 als Équipe definéiert ginn, als Équipe och gemaach ginn. Dat ass esou, dat geet och net anescht, dat maache mir och zesummen. Et ass awer och esou, datt mir net kënnen an der dagdeeglecher Aarbecht alles zesumme maachen, well soss hätt déi Opdeelung an déi duebel Besetzung an deem Ministère net vill Sënn. Mir trieden haut hei op der Oeko-Foire zu 2 op, maache mir och gär, well et déi éischte Kéier ass, mä ech mengen, an Zukunft deele mir eis, hei wéi iwwerall, eis Aarbechten an, fir rationell un déi vill Aarbecht déi eis erwaart kënnen erun ze goen. Déi Andeelung vun der Aarbecht ass eis och net ganz schwéier gefall. Well deen, deen eis zwou Liewensgeschichten, dem Marco a meng, kennt, dee weess, datt mir ganz anescht sinn, eng ganz aner Liewensgeschicht hunn an dofir och relativ schnell an der Opdeelung an deem wéi mir eis Aarbecht gestalten, wéi mir d'Gestioun vun deem grousse Ministère wëlle gemeinsam maachen, eens gi sinn. Mä ech mengen, iwwer déi genau Opdeelung wäerte mir a spéideren Zäiten nach eng Kéier mat Iech ze schwätze kommen.

Ech wëll och elo net ze vill Zäit verléieren an ech wëll Iech soe wéi ech elo de Rescht vun der Ried wëll halen: kuerz 6 Punkten enumeréieren an 3 Gedanken enumeréieren no de 6 Punkten. 6 Punkten, och net fir de ganze Programm hei duerch ze goen, well soss géing dat net an dëse Kader era passen, mä fir de Programm vun de Prioritéiten déi an deenen nächsten 3, 4 Méint op eis zoukommen kuerz unzedeiten an Iech ze soe wéi mir wëlles hunn et an den nächste Méint unzepaken. Dofir, wann dat elo net komplett ass wat ech soen, dann ass dat aus zäitleche Grënn.

Éischt grouss Prioritéit ass a mengen Aen evidenterweis all déi Froen am Kader vun dem Klimachangement déi an den nächste Méint duerch de Kalenner an d'Diskussioune vu Kopenhagen op eis zou kommen. De Klimachangement wäert an den nächste Méint, mä och an de Joeren duerno eng vun deene gréisste Froen, ee vun deene gréisste Problemer sinn déi hei zu Lëtzebuerg a wäit iwwer Lëtzebuerg eraus unzepake sinn. Do stelle sech zentral Froen, an deene musse mir all eis Konzentratioun an den nächste Méint an duerno och nach ginn. D'Regierung huet an der Regierungserklärung eng Rei Linnë gesot déi mir eis wëlle ginn, well déi Konferenz vu Kopenhagen muss e Succès ginn, déi muss e Succès ginn, a mir wäerten alles dru setze fir och dee lëtzebuerger Deel do bäizedroen, datt mir mat engem Succès do eraus kommen. A mir wäerten och als Lëtzebuerg an als lëtzebuerger Regierung eis Responsabilitéiten mat huele fir aus deem Sommet do e Succès kënnen ze maachen, esou wäit et an eise Kräfte läit. Mir hu manner wéi 3 Méint fir dat ze maachen, well dee Sommet ass am Dezember. Déi 3 Méint wäerten nach gutt gefëllt ginn. An deenen 3 Méint geet et och net drëm, dat just am Ministère auszeschaffen, mä mir mengen, datt et wichteg wier vun där Zäit elo ze profitéiere fir zesumme mat der Chamber – a mir haten eng Diskussioun an der Commission du Développement durable, wou ech de President Fernand Boden an nach eng Rei Memberen hei begréissten, wéi mir dat sollten organiséieren, well et an eisen Aë wesentlech ass, datt och déi esou genannte Société civile, d'Associatiounen an all déi Leit déi concernéiert sinn och zu Wuert kommen an der Preparatioun. Mir wäerten eis relativ kuerzfristeg elo genau soe wéi mir déi Diskussioun wëllen organiséieren. Mä datt mir se mussen hu virum Dezember schéngt eng Evidenz ze sinn. Ech mengen och, datt mir e gréisseren Debat doriwwer an der Chamber sollen organiséieren, fir datt och alles dat wat diskutéiert gëtt, an d'Enjeuen haaptsächlech, eraus kommen, do sinn och all Fraktiounen domatter averstan. Ech mengen einfach, dee Sujet ass et der Wäert, datt mir e grouss uginn. An duerno kënnt am Fong geholl dat Wichtegst: Wa mir da bis d'Resultater vu Kopenhagen wëssen, da geet et jo drëm eis zu Lëtzebuerg ze froen, wéi maache mir dat elo fir an der Realitéit an eisen Alldag déi Resultater do ëmgesat ze kréien. Do, mengen ech, musse mir genau dee selwechten Exercice maachen, an engem Plan d'action festsetzen, zesumme mat Iech alleguer a mat all deene Leit déi concernéiert sinn, wat fir eng konkret, detailléiert Schrëtter mir bereet sinn hei zu Lëtzebuerg an deenen nächste Joeren ëmzesetzen, fir datt och dat Zuelematerial wat zu Kopenhagen eraus kënnt sech duerno an der lëtzebuerger Realitéit widderspijelt. Dat ass elo einfach gesot, mä ech mengen dat gëtt eng vun deene gréissten Diskussiounen an deenen nächste Joreen déi d'Welt an d'Société civile politesch wäert paken.

Zweete Punkt vun der Prioritéit dat deen deen Dir elo ugeschwat hutt, Madame Presidentin, d'Simplification administrative. Dat ass fir eis e wesentleche Punkt. Mir hunn och e Staatsminister dee sech selwer dorëm bekëmmert mat enger delegéierter Ministesch. Et ass awer u jiddwer eenzelnem Departement, notamment um Departement vun der Nohaltegkeet, fir eng ganz Rei Efforten an deem do Kader ze maachen, well vill vun deene Prozeduren an Texter déi hei sollen adaptéiert gi leien am Kompetenzberäich vum Här Schank a vu mir selwer. Déi Simplification administrative ass net gemaach gi fir elo Critèren ënner den Dësch ze kieren oder ënner den Teppech ze kieren, dat ass net d'Zilsetzung vun enger Simplification administrative déi mir wëllen ëmsetzen. D'Zilsetzung vun där dote Prozedur ass, eng ganz Rei Gesetzestexter ze harmoniséieren, ass Koordinatioun an de Prozeduren ze maachen, ass Delaië kloer festzesetzen, wéini mir an der Décisiounsfindung weider kommen, an ass duerch kloer an däitlech Prozeduren och d'Akzeptanz vun deem ganzen administrativen Deel ze steigeren. Do kënnt dobäi, datt an eisem Androck evident ass, wa mir dat maachen, datt och déi Hëllefstellung, déi muss ugebuede gi fir deene Leit déi an de Prozeduren de Wee wëlle goen, datt déi och vill méi muss ausgebaut gi wéi dat schonn haut de Fall ass, datt d'Leit sech besser an der Administratioun erëm fannen. Mir wëllen also net déi Critèren ënner den Teppech kieren oder ënner den Dësch geheien, mir wëlle se transparent maachen, mir wëllen Hëllefstellung bidden, fir datt een duerch déi administrativ Prozedure kënnt, a mir wëlle kucken, datt mir se a raisonabelen Delaien alleguer duerch kréien. Dat ass d'Zilsetzung. An da kréie mir och all déi Contrainten, déi jo mussen heiansdo gesat ginn, déi kréie mir och vill, vill besser dobaussen akzeptéiert.

Drëtte Punkt ass dee vun der Mobilitéit. E wesentleche Punkt a mengen Aen, Dir hutt et schonn ugeschwat. An do ass d'Haltung vun der Regierung a sech an der Continuitéit vun deem wat déi lescht Regierung gemaach huet. Mir wäerten och an dëser Regierung – a mir kommen elo aus Budgetsdiskussiounen eraus, déi sinn zwar nach net ofgeschloss – mä et ass kloer, datt d'Zilsetzung ass, datt mir eng Prioritéit op e performanten ëffentlechen Transport wëllen an deenen nächste Joere leeën. Eng d'Prioritéit op den ëffentlechen Transport mat der Suerg, datt déi Mobilitéitsketten tëscht deenen eenzelnen Deeler vum ëffentlechen Transport – déi mir musse schafe fir datt déi ëffentlech Mobilitéit hei fonctionnéiert, ob dat elo de Bus oder ob dat den Zuch oder ob dat an Zukunft den Tram, d'Mobilité douce ass – déi Relatioun, déi Koordinatioun muss kënnen hiergestallt ginn, an et ass dat och ee vun de wesentlechen Aspekter vun engem zukünftegen, ëffentlechen Transport. Den ëffentlechen Transport ass prioritär. Den Tram gehéiert zum ëffentlechen Transport an zu der Prioritéit déi den ëffentlechen Transport ausmécht a mir sinn amgaangen, am Transportministère, an den Travaux publics, zesumme mat der Stad Lëtzebuerg och un deem Dossier weider ze schaffen. Do stinn elo eng Rei gréisser Décisiounen, och Finanzdiskussioune mat der Stad Lëtzebuerg an den nächste Wochen um Ordre du jour, well mir einfach wëllen un deem Dossier weider schaffen, well en an de Kader vun deem Dossier vum ëffentlechen Transport, dee prioritär ass, gehéiert.

Véierte Punkt ass den Aménagement du territoire. Mir hunn eng Rei Plans sectoriels déi am Moment ausgeschafft sinn, deelweis och presentéiert sinn, mä nach net en vigueur sinn. An elo soen ech ganz kloer, datt fir dee Ministère du Développement durable dee mir do hunn, fir eis déi Plans sectoriels, wa se da bis eng Kéier en vigueur sinn, e wesentlecht Aarbechtsinstrument sinn. Wann ech den Departement vum Transport oder vun den Travaux publics kucken – ob dat elo fir de Schinnebau oder de Stroossebau ass – dann ass et a mengen Aen evident, datt ech en Instrument wéi de Plan sectoriel du Transport einfach brauch, ofgestëmmt mat deenen anere Plans sectoriels, ob dat dee vum Logement, vun de Zones d'activité oder vun de protegéierten Zonen ass, fir kënnen eng crédibel Politik an Zukunft ze maachen, fir datt mir wësse wou mir an den nächsten 3, 5, 10, 15 Joer an der Mobilitéitspolitik histeieren. Ech brauch dat Instrument, ech hätt et och gär. Fir et esou schnell wéi méiglech ze kréie wëlle mir och kuerzfristeg, Marco, bis Enn Oktober d'Gesetz vun 1999 iwwer den Aménagement du territoire an der Chamber deposéiere fir eis eng besser Grondlag ze ginn fir mat deene Plans sectoriels an de Prozeduren weider ze kommen an en esou schnell wéi méiglech als Aarbechtsinstrument hunn.

Mir hunn och – fënnefte Punkt – am August de Plan national du développement durable an der Chamber deposéiert. Fir eis e wichtegt Instrument, ausgeschafft vum Lucien Lux an de leschte Joeren, an der Continuitéit elo deposéiert an an der Continuitéit muss dat och elo diskutéiert ginn. Do ass also eng ganz kloer an eng däitlech Invitatioun, d'Chamber huet se schonn opgeholl, fir mat an déi Diskussiounen déi an den nächste Méint wäerte stattfannen iwwer de Plan national du développement durable ze kommen, wou eng ganz Rei vun deene Problemer déi Dir ugeschwat hutt och wäerten thematiséiert ginn a richtungsweisend festgeluecht ginn.

Sechste Punkt, dat ass den Dossier vun der Efficience énergétique, vun de ganzen Energiefroen. Ech hat, mengen ech, iergendwou eng Kéier gelies, Dir hätt gesot, datt an dee ganze Ministère och nach d'Engerige géing gehéieren. Et kann een alles argumentéieren, mä ech soe mir hunn Aarbecht genuch a mir hunn och en Deel vun den Energiefroen, zumindest déi déi ëm de Bau dréinen, zu engem groussen Deel och bei eis am Ministère dran. Ob dat elo de Marco ass, dee se am Ministère du Logement huet, dee se do och aleng traitéiert – mir consideréieren dat ganzt inklusiv mam Logement als eng gemeinsam Politik déi mir mussen ëmsetzen – oder ob dat am Departement vun den Travaux publics ass, wou all déi Froen vun der Energieeffizienz vun den ëffentleche Gebaier sech stellen. Mir wäerten an den nächste Joeren de ganze Programm vun der Altbausanéierung, dee mir ugefaangen hunn, och weider féieren. Mir wäerten och kucken, datt à partir vun 2010 all déi ëffentlech Gebaier, ob se vum Staat gebaut oder subsidiéiert ginn, Nidderegenergiestandardë mussen entspriechen. Mir wäerten och Modeller kucken hinzekréie wou mir ëffentlech Gebaier mat Positivenergie als Modellgebaier hikréien an den nächste Joeren. Alles dat wäert immens vill Aarbecht ginn an elo hunn ech net geschwat iwwer Naturschutz, net iwwert d'Protection de l’environnement humain, net iwwer Geräischer, iwwer Offäll, iwwer d'Loftqualitéit, iwwer chemesch Produkter a Substanzen an esou weider. Ech fänken dat och elo net un, well d'Zäit soss vill ze vill laang géing ginn, mä och dat sinn Dossieren déi mussen ugepakt ginn.

Ech wëll just nach ganz kuerz 3 Gedanke maachen déi mir einfach um Häerz leien. Ech stelle fest, ech menge grad esou wéi Dir, well ech hunn den Artikel deen Dir publizéiert hutt, gëschter och gelies, datt deen Ëmweltsouci dee mir alleguer gemeinsam hunn, och eppes ass wat sech awer an de leschte Méint an an deene leschte Joere wesentlech méi bei alleguer de Leit do baussen ageprägt huet. Ech stelle fest, bei ganz einfache Saachen, mir haten eng Diskussioun iwwer d'Autosprimë virun e puer Deeg, wann ech kucke wat d'Zuele si vun Autoen déi kaaft ginn a wann ech analyséiere wat fir eng elo kaaft ginn, datt de Prozentsaz vun deenen déi méi ëmweltschounend si wéi anerer, déi ënner 120 Gramm sinn, duerch eng Rei Moossnamen awer wesentlech erop gaangen ass, sech wesentlech méi wéi verduebelt huet an deene leschte Joeren, dank enger Rei Primen, dank enger Rei anere Politiken, dank der Conscience vun de Leit an och de Garagisten déi sech agesat hu fir Massepublizitéit ze maachen, eng prise de conscience déi bei de Leit do ass. Et geet jo elo drëm, datt mir alleguer, Dir als Mouvéco, mir als Regierung an all déi Leit déi sech mat drëm bekëmmeren, hei zum Beispill d'Garagisten an engem anere Beispill sinn et anerer, datt mir gemeinsam déi do Saach probéieren ëmgesat ze kréien.

Zweete Gedanken ass deen, datt ech och gelies hunn, datt Dir festgestallt hutt, datt gréisstendeels deen Ëmweltprogramm deen Dir liest an der Regierungserklärung, dee verteidegt de Mouvement Écologique zu 90%, soen ech. Ech fannen dat immens vill, ech sinn och ganz frou driwwer. Mä d'Regierungserklärung ass momentan Pabeier. Wat heescht dat? Ma dat heescht, datt mir a sech déi Saachen déi mir elo festgehalen hunn als Prinzipen, och musse vum Pabeier an d'Realitéit ëmsetze mussen. An ech soe kloer an däitlech, datt dat net aleng geet, datt mir Är Hëllef brauchen. Dir hutt Hëllef virdrun ugebueden, ech weess, datt mir heiansdo zolitt Diskussioune wäerte kréien, mä ech huelen elo emol d'Hëllefsugebued u fir an den nächste Joere gemeinsam ze schaffen, niewent all den Diskussiounen déi mir da matkréien.

Drëtte Gedanken, an dat ass dee leschten, mä ech wëll dat awer trotzdem eng Kéier kloer an däitlech soen, den Ëmweltminister, den Ëmweltministère, hunn ech gelies, krut ech gesot, ass elo ofgeschaf. Esou ass et awer net. D'Ëmwelt wier de Baggeren ausgeliwwert, dat ass dann well de fréieren Travaux publics-Minister dat iwwerholl huet. Esou ass et net. Ech soen dat ganz kloer. Esou ass et net. An déi Leit déi dat esou soen, déi kennen de Marco Schank a mech schlecht. Fir eis ass et kloer, datt d'Ëmwelt an d'Nohaltegkeet solle méi wéi jee an allen eisen Entscheedungen déi mir huelen afléissen, eng Influenz hunn a se matdroen. Ech wëll vun dëser Geleeënheet profitéiere fir dat esou kloer an däitlech ze soen.

An zum Schluss, well et meng éischt Ried ass, bieden ech Iech dann och, well Dir mir et ugebueden huet, och eng fair, korrekt, sportlech Kollaboratioun an den nächste Joeren un. Ech wëll dovunner och profitéiere fir mengem direkten, eisem direkte Virgänger dem Lucien Lux och Merci ze soe fir déi Aarbecht déi hien an de leschte 5 Joer geleescht huet. Mir fueren an där Aarbecht, an deem Geescht och weider. Ech hunn en erlieft déi lescht 5 Joer, en huet vill geschafft, en huet sech vill agesat, en huet sech an déi Problematik verdéift. Ech hoffen, da profitéieren ech och vun där Geleeënheet, datt en als LSAP-Fraktiounspresident och do déi néideg Ënnerstëtzung fir all déi Projeten déi mir do bréngen eis wäert ginn, an als Koalitiounspartner sinn ech 100%eg sécher, datt en dat mécht.

An da soen ech Iech alleguer villmools Merci fir d'Invitatioun an ech wënschen där wonnerschéiner Oeko-Foire hei Bonne chance an den nächsten Deeg.

Dernière mise à jour