Luc Frieden, Discours à l'occasion de la présentation du projet de budget de l'État pour l'exercice 2010, Chambre des députés

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten,
Dir Dammen an Dir Hären,

Dëst ass e Budget an enger exzeptioneller Zäit.

Eng exzeptionell Zäit, déi caracteriséiert ass duerch eng weltwäit Wirtschaftskris, déi selbstverständlech och hir Repercussiounen op eist Land huet. Op eist Land, wat d’Économie ubelaangt, mä och op eist Land, wat de Staatsbudget ubelaangt.

Dat wirtschaftlecht Ëmfeld ass net einfach, och wann et liicht besser geet, esou geet et net gutt. An déi positiv Nouvellen, déi emol vun deem engen oder deem anere Land kommen, muss een ëmmer an der historescher Perspektiv gesinn, wou ee gesäit, datt de Wirtschaftswuesstem vill manner séier ass, wéi dat an deem leschte Joerzéngt de Fall war.

Dat refletéiert sech an de Chifferen, déi d’Grondlag si vum Budget fir d’Joer 2010. Ugefaangen natierlech mat dem Grondparameter, nämlech dem Wirtschaftswuesstem an der Eurozon, där Zon där mir ugehéieren, mat där mir ganz vill wirtschaftlech Relatiounen hunn. An do gesäit een direkt wat geschitt ass.

Mir haten 2008 an der Eurozon nach e positivt Wirtschaftswuesstem, mä dëst Joer geet d’Europäesch Unioun dovun aus, datt mir an der Eurozon en negative Wuesstem vu 4% hunn. 4% minus, dat ass e ganz staarke Réckgang vun der Économie.

A fir d’Joer 2010 ginn déi international, déi europäesch Organer dovun aus, datt de Wirtschaftswuesstem an der Eurozon bei ronn 1% géing leien. Et muss een also gesinn, datt dat, wann dat sollt esou sinn, nach guer kee staarke Wuesstem ass.

Ech weisen drop hin, datt den Internationale Währungsfong fir d’nächst Joer fir d’Eurozon nëmme mat engem Wuesstem vun 0,3% rechent. 0,3% Plus, 1% Plus, et ass ëmmerhi besser wéi dat, wat fir 2009 do läit, mä et ass net gutt.

Wat heescht dat fir Lëtzebuerg? D’Aschätzungen alleguer si fir de Moment ganz schwiereg, dat mierkt een, se ännere jo och ganz oft. Mir haten 2008 fir d’éischte Kéier eng negativ Entwécklung vun eisem Wirtschaftswuesstem, 2008 ass eise Wirtschaftswuesstem em 0,9% zeréck gaangen. Fir dëst Joer wäerte mir in etwa op där nämlechter Héicht leie wéi d’Eurozon, en negative Wuesstem vu 4%. Dat ass also och e ganz staarke Réckgang, nach eng Kéier, par rapport zu 2008.

D’Fro ass duefir, wéi gesäit d’Regierung de Wirtschaftswuesstem fir d’Joer 2010? Et ass schwiereg aschätzbar, well mir selbstverständlech vun hei an enger grousser, oppener Économie ganz vill ofhänke vun deem, wat an eisen Nopeschlänner, eise grousse Wirtschaftspartner geschitt.

Mir stelle fest, datt den FMI fir d’nächst Joer fir Lëtzebuerg en negative Wuesstem vun 0,2% virausseet. De Statec mengt awer, datt op Grond vun enger Rei Methoden, oder Mechanismen, déi si einfach berechnen op Grond vun den neieste Prognosen aus den Nopeschlänner, de Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg och kéint bei ronn 2% leien. D’Regierung ass der Meenung, datt dat ze vill optimistesch ass, a geet duefir als Grondlag fir de Budget vum Joer 2010 vun engem Wirtschaftswuesstem tëschent 1% an 1,5% aus.

Mä esouguer wann de Wirtschaftswuesstem, wat de Statec mengt, bei ronderëm 2% géing leien, dann ass dat vill, vill manner wéi dee Wirtschaftswuesstem wat mir am leschte Joerzéngt haten. Mir haten en Moyenne e Wirtschaftswuesstem hei zu Lëtzebuerg vu 5%. Wa mir also elo eent hu vun 1%, vläicht maximal 2%, dann ass dat vill manner wéi an der Vergaangenheet, an domat zesummen hänken natierlech eng ganz Rei vu Parameteren, déi mir an der Vergaangenheet jo als Basis gebraucht hu fir verschidde Saachen ze berechnen, notamment bei de Pensiounsregimer. Mä d’Regierung, wéi gesot, fir d’nächst Joer, huet als Basis geholl eng Hypothèse de croissance vun 1% bis 1,5%.

D’Inflatioun an dësem Joer ass eng ganz niddereg, 0,5% ronn. Mir ginn dovun aus, de Statec geet dovun aus, datt déi Inflatioun d’nächst Joer e bësse méi staark gëtt. D’Inflatiounshypothèse déi mir an dësem Budget zeréckbehalen hunn, ass 2%. Zeréckbehalen hu mir duefir och déi Donnée vum Statec, datt am Laf vum Joer 2010, héchstwahrscheinlech an der Mëtt vun deem Joer, eng Indextranche wäert erfalen, déi jo selbstverständlech direkt eng gréisser Repercussioun op d’Staatsausgaben huet, net nëmmen op d’Staatsausgaben, mä och op d’Ausgabe vun de Betriber, soudatt de Budget fir 2010 eng Indextranche fir en halleft Joer virgesäit.

Déi wirtschaftlech Situatioun ass keng roseg, och wéi gesot, nach eng Kéier, wann et liicht besser geet. Mä mir wäerten och zäitversat spieren d’Wirtschaftskris, net nëmme bei de steierleche Recetten, ech kommen dorop zeréck, mä och wat den Emploi zu Lëtzebuerg ubelaangt.

De Statec geet dovun aus, datt de Chômage d’nächst Joer nach eng Kéier wäert em ronn 1% wuessen, op eppes 6,5% bis 7%. A well ganz vill Betriber keng Leit méi astellen, oder ofbauen, dat nächst Joer den Emploi zu Lëtzebuerg em ronn en halwe Prozent wäert falen.

Ech erënneren zum Beispill drun, datt mir 2008 eng Croissance vum Emploi zu Lëtzebuerg hate vu 4,7%. Wa mir also d’nächst Joer laut Donnéeë vum Statec eng Réckentwécklung vum Emploi vun 0,5% hunn, dann huet dat selbstverständlech och Repercussiounen op Einnahmen, huet dat Repercussiounen op vill aner Parameteren, déi d’Grondlag si vun dësem Budget.

Et ass also an dëser extrem schwiereger ekonomescher Situatioun, wou d’Regierung de Budget fir d’Joer 2010 opgestallt huet. Wéi gesot, mir gesinn, a si frou, datt et an der Économie liicht besser geet, datt héchstwahrscheinlech dat Schlëmmst vun der Weltwirtschaftskris hannert eis ass. Mä doraus dierf een net d’Conclusioun zéien, besonnesch net an eisem klenge Wirtschaftsraum, datt domat dat nächst Joer, an dat Joer duerno, erëm alles an der Rei wier. Déi puer Chifferen, déi ech Iech genannt hunn, beweisen de Contraire. Nidderege Wirtschaftswuesstem, Uwuesse vum Chômage, a Réckgang vum Emploi sinn nëmmen e puer Parameteren mat deene mir eis mussen, leider, fir eng gewëssen Zäit ausernee setzen.

An deem schwierege wirtschaftlechen Ëmfeld huet d’Regierung fir 2010 en Antikrisebudget opgestallt. En Antikrisebudget dee conform ass zu de Regelen an der Philosophie vum modifizéierte Stabilitéitspakt vun der Europäescher Unioun.

Wat seet dee Stabilitéitspakt? Dir wësst et. A gudden Zäite muss een en Iwwerschoss hunn, an a schlechten Zäite kann een déi sougenannten automatesch Stabilisateure spille loossen, dat heescht, et kann een temporaire Defizitter maachen, fir eng antizyklesch Politik ze maachen, fir domat ze evitéieren, datt een duerch de Réckgang, oder ze vill e staarke Réckgang, vun Dépensen géing d’Kris nach verschlëmmeren.

Duefir huet d’Regierung, déi virëscht Regierung, décidéiert gehat mat der Ënnerstëtzung vun der Chamber, fir e Konjunkturprogramm op de Wee ze ginn, dee seng Konsequenze fënnt am Budget vun dësem Joer, am Budget vum nächste Joer, an zum Deel 2011.

Déi nei Regierung ass determinéiert dee Konjunkturprogramm weider ëmzesetzen, an dee Konjunkturprogramm fënnt säin Nidderschlag am Budget 2010.

Dat heescht, mir wäerten an deem Budget héich Investitiounsausgaben hunn, dat ass wichteg fir d’Infrastrukturen hei am Land ze moderniséieren, et ass awer och wichteg fir all déi Betriber zu Lëtzebuerg, déi dee Konjunkturprogramm ëmsetzen, datt déi och Aarbecht hunn an domat kënnen hir Leit an der Beschäftegung halen.

Deen zweeten héije Volet, natierlech an dësem Antikrisebudget, sinn d’Ënnerstëtzung fir d’Leit, déi Affer gi vun der Kris. Ech denken insbesonders un déi, déi an der Kuerzaarbecht sinn, dat ass jo Chômagepreventioun. An dat fënnt een dann och duerch héich Ausgabe vum Fonds pour l’emploi erëm.

An drëttens wëlle mir an der Kris d’Kafkraaft vun de Leit héich loossen, duefir hu mir och all déi sozial Transferten net gekierzt, well dat si jo Suen, déi un d’Leit ginn, mat deenen d’Leit Ausgaben tätegen, Investitiounsausgaben tätegen, Konsumausgaben tätegen, an domat ënnerstëtze mir och d’Économie.

Héich Investitiounen, héich Ënnerstëtzung vun deene Chômagepreventiounsprogrammer, héich Ënnerstëtzung och duerch sozial Transferten, domat also eng staark Ënnerstëtzung fir d’Économie an déi Aarbechtsplazen déi zu Lëtzebuerg sollen erhale bleiwen.

Duefir och, well mir gären d’Kafkraaft vun de Leit erhalen, dann hu mir trotz Budgetsdefizit décidéiert, datt et am Joer 2010 keng Steieraugmentatioune gëtt, et gëtt och keng Steierreduktiounen, mä mir halen eise Steierregime bäi, souwuel fir d’Betriber wéi fir d’Privatleit. Et ass kee Sputt do fir Steierreduktiounen, mä mir mengen, datt Steieraugmentatiounen zu dësem Zäitpunkt antiekonomesch wieren, schlecht fir d’Kafkraaft vun de Leit, a schlecht fir d’Betriber, déi an enger ganz schwiereger Situatioun sinn.

Et ass an deem Ëmfeld, wéi gesot, wou mir de Budget opgestallt hunn, an no deene Regelen, déi wéi gesot, konform sinn zum europäesche Stabilitéitspakt. An de Budget dee mir no den europäesche Regelen Iech haut hei virstellen, gesäit en ëffentlechen Defizit vu minus 4,4% vir. 4,4% dat sinn der méi wéi déi 3% déi am europäesche Stabilitéitspakt klassescher Natur virgesi sinn. Mä wéi gesot, wann een d’Stabilisateurs économiques spille léisst, dann ass dat e Chiffer dee sech an d’europäesch Philosophie areit.

Dee Chiffer ass en héijen Defizit, an Zuelen ausgedréckt si 4,4% ronn 1,6 Milliarden Euro. Defizit, ëffentlechen Defizit, dat heescht, de Staat als solchen, d’Sécurité sociale an d’Gemengen, et ass dee Chiffer, deen am europäesche Verglach gebraucht gëtt. Wann Dir d’Defizitter vun den Nopeschlänner an den Zeitunge kuckt, dann ass et dee Chiffer, dee bekannt ass, et ass dee Chiffer, dee verglach gëtt. Mat deem Chiffer vu 4,4% leië mir besser do wéi eis dräi Nopeschlänner. Däitschland, d’Belsch a Frankräich hu méi en héijen Defizit wéi Lëtzebuerg, no deene Chifferen déi fir de Moment disponibel sinn.

Dee Chiffer vu 4,4% setzt sech zesummen aus dräi Bléck. Deen éischte Block ass de sougenanntenen Zentralstaat, dat ass e bësse méi, wéi dee Budget deen d’Chamber stëmmt, well do dobäi kommen d’Ausgabe vun den Établissements publiques, vun enger ganzer Rei vun Ausgabe vun eise Fongen, mat deene mir Infrastrukturprojetë realiséieren. Den Defizit vum Zentralstaat, vun der Administration centrale, beleeft sech d’nächst Joer op 6,2%, ronn 2,2 Milliarden Euro a Suen ausgedréckt.

Mä wéi gesot, deen Defizit muss een ëmmer zesumme kucke mam Excédent vun der Sécurité sociale, well den Zentralstaat jo honnerte vu Milliounen an d’Sécurité sociale iwwerweist, an duefir gëtt an Europa jo och den ëffentlechen Defizit als Ganzt gekuckt, an net just dee vun der Administration centrale, well net jiddwereen d’Sécurité sociale nämlecht finanzéiert wéi mir dat zu Lëtzebuerg maachen.

4,4% Defizit, wéi gesot, dat ass vill. 6,2% beim Zentralstaat och. Dir gesidd duefir op engem vun deene Tableauen, déi Dir ausgedeelt kritt, dat wat den Zentralstaat ubelaangt, deen Iech hei an der Chamber am meeschten dierft an deenen nächste Wochen a Méint concernéieren. Mir hunn also fir de Budget vum nächste Joer Einnahme vun 10 Milliarden, mir hunn Ausgabe vun 12,2 Milliarden, dat heescht mir hunn en negative Sold vun 2,2 Milliarden. Elo muss een dat awer am Detail kucken, an och sech froen, wéi kënnt et dann zu deem Defizit? Niewent där Philosophie, déi ech Iech erkläert hunn, déi d’Grondlag as vun deem, wéi mir de Budget opgestallt hunn, nämlech en Antikrisebudget.

Mä den Antikrisebudget huet an deem wirtschaftlechen Ëmfeld zwee Elementer. Engersäits hu mir krisebedéngt manner Einnahmen. Et ass esou, an Dir gesitt dat, ech mengen, et ass op deem 4. Tableau deen ech ausgedeelt hunn, datt d’Recette fir d’nächst Joer em ronn 0,8% par rapport zu deenen erwaartenen Einnahme vun dësem Joer, falen. An an dësem Joer schonn eng Kéier falen d’Einnahmen em 4%.

Dat heescht, mir hunn eng negativ Entwécklung vun den Einnahmen, och wann déi a priori net als dramatesch erschéngt, well 0,8% ass net enorm vill, esou wëll ech an Erënnerung ruffen, datt all déi aner Joeren, an dat ass de groussen Ënnerscheed, d’Recette substantiell gestiege sinn. Mir sinn also elo an enger Situatioun ukomm, wou d’Recette falen, wougéint déi aner Joere mir Recetten haten déi geklomme sinn.

Wat d’Dépensen ubelaangt, esou hu mir Dépensen, déi klammen em 5,9% bei der Administration centrale, an dat erkläert sech duerch eng Rei Phänomener op déi ech méi am Detail aginn.

Mä d’Regierung wollt an engem Beräich direkt massiv spueren, an dat ass de Beräich vun de Fonctionnementskäschten. Et ass och deen eenzege wou se wollt spueren. An d’Fonctionnementskäschte vum Staat klammen am klassesche Staatsbudget d’nächst Joer nëmmen em 1,5%.

Do wou déi aner lafend Ausgabe steigen, dat sinn d’Peien, dat sinn d’Loyeren, dat sinn alles Facteuren, op déi mir ouni Gesetzesännerung net eng Influenz hunn, a wou mir och net wollte krisebedéngt elo, vun haut op muer, substantiell Reduktioune maachen, zum Beispill an deem mir d’Transferts sociaux, oder d’Peien duerch Gesetzesännerung gekierzt hätten. Dat war dat, wat ech virdru gesot hunn, dat géing d’Kafkraaft vun de Leit diminuéieren. Dat hu mir net gemaach, mä bei de Fonctionnementskäschten, zum Beispill d’Subsiden u Veräiner, an alles, all déi hu mir agefruer. Also déi lafend, klassesch Fonctionnementsausgabe vum Staat, hors Loyeren a Peië, wuessen nëmmen em 1,5%.

Ech hu gesot, d’Steiere falen. Ech géing nach vläicht ee Wuert do erëm soe fir Iech ze weisen, an de grousse Steierkategorien, wat par rapport zum Budget vum leschte Joer fällt. Ech hunn Iech gesot, d’Recette par rapport zum erwaartene Resultat vun de Recette vun dësem Joer, ass minus 0,8%, soe mir minus 1%. Par rapport zum Budget, deen Dir dat lescht Joer hei deposéiert kritt hutt, falen déi Recetten natierlech méi, well mir déi Recette méi héich agesat haten, wéi herno eraus komm war.

Obschonns datt der jo vill fonnt hunn, datt ech 10 Joer laang d’Recetten ze virsiichteg agesat hat, esou hate mir se d’lescht Joer, wat normal war, well mir de Budget deposéiert hate virun där Kris, hate mir d’Recetten ze héich agesat.

D’Recetten am Budget fir d’nächst Joer par rapport zum Budget dee mir d’lescht Joer hei deposéiert hunn, falen em ronn 9%. Dat ass substantiell. An ech hunn Iech déi grouss Steierkategorien erausgepickt:

  • d’Kierperschaftssteier, déi déi bezuelt gëtt vun de Betriber, a virun allem de Banken, fällt an dem Budget d’nächst Joer no eiser Aschätzung em 15%, op 1,2 Milliarden;
  • d’TVA, déi netto TVA, déi déi mir an de Staatsbudget kréien, fält och em eppes 15% op 1,9 Milliarden;
  • an d’Taxe d’abonnement, déi Steier déi d’Fongen bezuelen, déi relativ grousse Fluctuatiounen ausgesat ass, besonnesch wann d’Boursë géckeg fonctionnéieren, déi fält och em eppes 15%.

Déi eenzeg Steier, déi mir an dëser klassescher Kategorie vun de grousse Steierkategorien d’nächst Joer liicht méi héich agesat hunn, ass d’Gehältersteier, well duerch eng ganz Rei Automatismen am Privatsecteur an am ëffentleche Secteur, plus déi normal Evolutioune vum Personal, as do eng liicht Croissance par rapport zu deem, wat mir d’lescht Joer agesat haten. Croissance och par rapport zum Fait, datt an dësem Joer déi Steier positiv evoluéiert huet.

Ech maache vläicht eng ganz kleng Klammer an deem Kontext. Et war schwiereg fir de Moment ze soen, wou mir Enn dës Joers mat de Steiere stinn. Ech kann Iech awer soen, datt op de Steiere fir de Moment mir eppes 150 Milliounen ënnert deem Montant leien, dee mir d’lescht Joer zum gläichen Zäitpunkt an der Staatskees erakritt haten. Dat ass eng Momentopnahm, doraus kann een net all Conclusiounen zéien, mä mir leien also bei eise Steierrecetten ënnert deem Montant, dee mir d’lescht Joer Enn August, wat déi lescht Chiffere sinn déi mir hunn, haten.

Mir wäerten also och fir dëst Joer en Defizit vum Staat hunn, och deen erëm eng Kéier bedéngt, manner Einnahmen, loossen awer besonnesch d’Investitiounsausgabe wéinst der Kris lafen, soudatt mir am Laf vun de Budgeten och en Difizit wäerte kréien, quitte datt mir dovun ausgi fir de Moment, datt deen Defizit ënnert den 3% vun den europäesche Stabilitéitscritèrë wäert sinn. Mä dat musse mir iwwer déi nächst Méint weider Woch fir Woch genee suivéieren, wat mir jo och mat der Finanzkommissioun vun der Chamber wäerte maachen.

Ech kommen zeréck zu den Ausgaben. Ech soen also d’Recette gi méi niddereg wéi dat Joer virdrun, méi niddereg wéi am Budget. D’Ausgabe klammen em 5,9%. Ech rappeléieren, d’Fonctionnementsausgabe klamme ganz wéineg, d’Investitiounsausgabe klamme staark. D’Investitounsausgabe klamme staark, well dat d’Konsequenz ass vun dem Konjunkturprogramm, an d’Gesammtinvestitiounsausgabe vun der Administration centrale belafe sech d’nächst Joer op 1,9 Milliarden Euro. Dat ass eng Croissance vun 11%, an dat mécht ongeféier 5% vum Bruttoinlandprodukt aus.

Mir haten traditionnel e ganz héije Prozentsaz vum Bruttoinlandprodukt fir Investitiounsausgaben, dat loung normalerweis bei eppes 4%, dat ginn elo 5%, och bedéngt natierlech, datt mir méi ee klenge PIB hunn, duefir gëtt dee Ratio anescht. Mä mir halen also d’Investitiounsausgaben op engem héije Prozent, a si klammen nach eng Kéier em 11%. Et ass also nach keng Entreprise déi ka soen, mir kréie manner Opträg vum Staat, duefir musse mir Leit entloossen, ganz am Géigendeel, ganz vill Betriber liewe quasi nach ausschliesslech vun den ëffentlecher Investitiounsausgaben, an duefir hu mir déi op engem héijen Niveau gehalen, 1,9 Milliarden.

Et ass natierlech esou, datt do och muss gekuckt gi wou sinn déi eenzel Projeten. Ech wëll drop hiweisen, wéinst der Kris, datt mir gesot haten, mir géinge virun allem och Projeten ënnerstëtzen, déi vu Kleng- a Mëttelbetriber gemaach ginn, dofir steigen och d'Ausgaben ënnert anerem vun dem sougenannten Entretien- a Renovatiounsfong vum Staat vun 42 Milliounen dëst Joer op 56 Milliounen d'nächst Joer, well dat ebe Sue sinn, déi relativ séier kënnen a Renovatiounsaarbechte goen. Grouss Projete brauche logescherweis méi Zäit.

Déi eenzel Fonge wäerte mir am Detail an der Chamber diskutéieren. Et sinn déi Projeten, déi Dir grosso modo kennt. D'Regierung huet keng nei Projeten dozou gesat. Et ass net de Moment vun neie Projeten a mir musse selbstverständlech kucken, datt mir et fäerdeg bréngen, iwwert déi nächst Joren d'Investitiounsausgaben héich ze halen, mä se net permanent weider no uewen uwuessen ze loossen, well den Defizit riskéiert soss ze vill grouss ze ginn. An dofir ass et d'Zil vun der Regierung déi Investitiounsausgaben an den nächste Joren op ongeféier där Héicht wéi mir fir 2010 hunn ze plafonnéieren an dëser Legislaturperiod. Plafonnéieren heescht awer, datt een net all Projet ka realiséieren, wéi et och ëmmer an de Käpp, an den Iddien, an de Projete steet.

D'Regierung wëllt an deenen nächste Méint all déi eenzel Investitiounsprojeten nach eng Kéier kucken op hire Käschtepunkt, op hiren Datum vun hirer Realisatioun a fixéiert dofir finanziell Objektiver an et muss no deene finanziellen Objektiver gekuckt ginn, wat dat konkret fir déi eenzel Projeten heescht. Net fir 2010, do hu mir se am Budget genee opgelëscht, mä fir déi Joren 2011 bis 2014. Dat ass also nach eng ganz intensiv Aarbecht déi déi eenzel Kollegen an der Regierung dozou musse maachen, mä d'Regierung gemeinsam huet d'finanzielt Zil vun den Investitiounsausgabe fir déi nächst Joere fixéiert.

De lëtzebuerger Budget 2001 ënnerstëtzt och ganz staark d'Investitioune vun der Économie duerch all Zorte vu Bäihëllefen. D'Bäihëllefe an enger ganzer Rei vu Ministèren, wéi dem Wirtschaftsministère, dem Ministère vun de Kleng- a Mëttelbetriber, vum Tourismus, vun der Agrikultur, déi klammen d'nächst Joer am Budget ëm 13% op 160 Milliounen, Bäihëllefen also déi mir de Betriber hei zu Lëtzebuerg ginn an déi an der Kris och sécherlech Investitioune sollen encouragéieren, datt se och gemaach ginn, fir datt déi Betriber konkurrenzfäeg och sinn no der Kris, well och no der Kris muss ee kämpfe fir seng Parts de marchéeën ze behalen.

Fir no der Kris ass och wichteg, datt mir de Fuerschungsbudget héich halen. Ween haut fuerscht huet mar Produkter déi konkurrenzfäeg sinn. An dofir klëmmt och de Fuerschungsbudget vum nächste Joer vun haut 203 Milliounen op 210 Milliounen d'nächst Joer, dat ass den ëffentleche Fuerschungsbudget. Domatter ass den Deel vun der Recherche publique am PIB bei 0,58%. Mir hunn déi, wéi Dir wësst, iwwert déi lescht Legislaturperiod Joer fir Joer erhéicht. Mat 0,58% hu mir do eis substantiell par rapport zum Ufank vun der leschter Legislaturperiod verbessert. Deen Effort muss och an der Kris weidergoen. An deem Kontext, géing ech och mentionéieren, d'Dotatioun un d'Universitéit, dat ass eng nei Uni, dofir wiisst dee Kredit. Dee wiisst d'nächst Joer op 91 Milliounen, dat ass eng Augmentatioun vu 26%, dat ass substantiell, mä dat huet domat ze doen, wéi gesot, datt déi Projeten do richteg zum Droe kommen, datt déi Uni an enger Wuesstumsphase ass an domatter plange mir och un der Zukunft vun eisem Land.

Bei den Investitiounsausgabe géing ech och nach wëllen ervirhiewen, datt mir héich Investitiounen hunn an den Infrastrukturen, esouwuel am Fong vun de Schinnen, dem Fonds du rail, wéi am Stroossebaufong. Ech ginn Iech just do déi zwee Chifferen. Mir wäerten d'nächst Joer Depensë vum Fonds du rail hunn vun 320 Milliounen a vum Fonds des routes vun 140 Milliounen. Zesumme sinn dat also 460 Milliounen, dat ass eng Augmentatioun vu ronn 8% par rapport zu deem wat mir 2009 haten. Dat ass also och substantiell wat mir an den Infrastrukturen maachen, dat huet ze doe mat de Mobilitéit, mat der Liewensqualitéit vun de Leit déi hei am Land wunnen, mä och mat der wirtschaftlecher Attraktivitéit vun eisem Land.

Elo kann ee sech froen, an déi Fro stellt Dir bestëmmt, spéitstens de Mëtten an der Finanzkommissioun, firwat wiisst de Budget dann niewent den Investitiounsausgaben och nach esou vill? Dofir géif ech Iech och gären e puer aner Chifferen nennen an do géing ech Iech just Augmentatioune mentionéieren, datt Dir gesitt, wou kënnt de Rescht vun der Croissance vun den Ausgabe vum Budget hir. Ech géing der e puer mentionéieren: dat éischt dat ass d'Augmentatioun vun enger ganzer Rei vun Transferts sociaux, déi net duerch nei Moossname bedéngt sinn, mä einfach doduerch, datt d'Zuel zum Beispill vun de Kanner, par rapport zum leschte Budget an d'Luucht gaangen ass. Dofir hu mir zum Beispill ronn 53 Millioune méi fir de Finanzement vun den Allocations familiales, mir hu ronn 13 Millioune méi fir de Finanzement vun de Prestations de maternité. Mir hunn an dem ëffentlechen Transport, net Investitiounen, also am Fonctionnement, 60 Millioune méi duerch eng ganz Rei zousätzlech Linnen déi an deem leschte Joer bäikomm sinn. Mir hunn zousätzlech Plaze fir Kanner an de Crèchen, an de Maisons relais, all déi Frais de Fonctionnement wou de Staat partizipéiert, wuessen am nächste Budget ëm 25%. De Gesamtkäschtepunkt iwwregens, wëll ech an deem Kontext soen, vun der Participatioun vum Staat un de Fraisë vun der Garde d'enfant beleeft sech d'nächst Joer op 134 Milliounen Euro, dat ass ee Plus vu 26%. Domatter wäerte mir et fäerdeg bréngen, um Enn vum nächste Joer 31.500 Plaze fir Kanner an den eenzelne Strukturen hei zu Lëtzebuerg ze hunn.

Selbstverständlech wuessen dann och am Budget vum nächste Joer Ausgabe vun dem sougenannte Kyotofong. Déi wuessen d'nächst Joer ëm 67 Milliounen. Am Budget vum nächste Joer wuessen och d'Ausgaben déi mir hu fir de Remboursement vun den Zënse vun der Schold. Wann een een Defizit huet oder wann een extra Operatioune mécht a Sue léint, da muss een dat och zeréckbezuelen. Et muss ee virun allem awer kuerzfristeg och Zënse bezuelen. Mir hunn d'nächst Joer 150 Milliounen Euro am Budget déi mir brauche fir d'Zënsen zeréckzebezuelen, dovu 70 Milliounen nei, déi mir am leschte Budget net haten, duerch Zësen déi mir musse bezuelen, op deen Emprunt dee mir opgeholl hate fir am Kapital vun enger Bank eranzeklammen am Kader vun de Rettungsoperatioune vun Enn 2008. Déi 70 Millioune ginn natierlech direkt un d'Lëtzebuerger, well deen Emprunt ass gréisstendeels vu Résidente souscrivéiert ginn, esou datt och d'Leit duerch dee Remboursement vun deenen Zënsen, déi awer eng Depense, eng substantiell Depense am Budget duerstellen, och domat finanzéiert. 150 Milliounen, also d'Gesamtausgab fir d'Zënslaascht d'nächst Joer.

Ee Wuert vläicht zum Sozialbudget als Ganzt. De Sozialbudget dat ass also eng ganz Rei Ministèren, Famille, Santé, Logement, Travail, Sécurité sociale, Egalité des chances, wann ech dat alles zesummenhuelen, dat wat mir klassesch als Sozialbudget nennen, da bleift deen esou wéi déi Jore virdrun op 45% par rapport zu dem Gesamtstaatsbudget an dat sinn a Chifferen ausgedréckt ronn 4,4 Milliarden Euro.

An deem Kontext vun de sozialen Transferte géing ech och wëlle mentionéieren, datt mir weiderfueren, och an der Kris, mat der Ënnerstëtzung vun de Leit wa si an eng Wunneng investéieren, eng Wunneng kafen. Alleng de Montant vun de Primen déi mir de Leit ginn, Subventiounen, Bonifikatiounen, belafe sech am Budget vum nächste Joer op 65 Milliounen Euro, wat also Primë sinn fir de Wunnengsbau an Acquisitiounen z'ënnerstëtzen.

Solidaritéit ass de Sozialbudget, Solidaritéit heiheem. Solidaritéit an der Welt bleift och am Budget 2010. Och a wirtschaftlech méi schwieregen Zäiten heiheem geet et ville Länner op der Welt a ville Mënschen op der Welt vill vill méi schlecht wéi eisem Deel vun der Welt, an dofir huet d'Regierung decidéiert am Budget vum nächste Joer d'Entwécklungshëllef op 1% vum Bruttoinlandprodukt ze fixéieren, dat sinn 299 Milliounen Euro wat eis Entwécklungshëllef am Joer 2010 betrëfft.

Ech hunn et virdru gesot, datt no europäesche Chiffere mir een Defizit hu vu 4,4%, dat ass den ëffentlechen Defizit, esou wéi en international gerechent gëtt. D'Chamber awer, wéi gesot, stëmmt jo net de Budget vun de Gemengen, d'Chamber stëmmt net de Budget vun der Sécurité sociale, d'Chamber stëmmt dee Budget, dee klassesche Budget ouni d'Ausgabe vun de Fongen. D'Chamber stëmmt also nëmmen een Deel vun den ëffentlechen Ausgaben, well notamment déi Depensen och déi iwwert d'Fonge gemaach ginn, déi ginn bei eenzelne Projete gestëmmt, mä net am Joresbudget. Ech hunn Iech selbstverständlech awer, well dat een Objet ass vum Gesetz, de klassesche Budget wéi mir e fréier gemaach hunn, wann ech dat esou däerf ausdrécken, och hei ausgedeelt, deen huet een Defizit vun 1,3 Milliarden Euro. Mä wéi gesot, deen ass net ze vergläiche mat Chifferen déi op europäeschem Niveau gebraucht ginn.

Wéi finanzéiere mir elo deen Defizit? De lëtzebuerger Staat freet d'Chamber d'Autorisatioun fir d'nächst Joer Sue léinen ze goen. Mir ginn dovun aus, datt mir d'nächst Joer 1,5 Milliarden Euro wäerte musse léine goen. Dovunner ronn 1,3 Milliarden fir de klassesche Budget an 200 Milliounen, dat huet awer nëmme mat eise Gesetzer ze doen, 200 Millioune ginn direkt affectéiert an de Fonds du rail an an de Fonds des routes, mä dat ass eng technesch Operatioun. Wichteg ass och de Chiffere, datt d'Regierung dovun ausgeet, datt si am Laf vum Joer 1,5 Milliarde wäert léine goen.

Elo muss een déi 1,5 Milliarde gesi par rapport zu den Investitiounsausgabe vum Staat. Mir ginn also manner léinen, contrairement zu eisen Nopeschlänner, wéi dat wat mir an Investitiounsausgaben ausginn. De Staat huet 1,9 Milliarden Investitiounsausgaben, mir léine viraussichtlech 1,5 Milliarden. Mir finanzéieren also d'Investitiounsausgaben zum Deel iwwer Suen déi mir léine ginn. Mir wäerte versichen esou spéit wéi méiglech déi Sue léinen ze goen an enger Form déi ech als Finanzminister wäert am Laf vum Joer definéieren. Esou spéit wéi méiglech well mir eng Trésorerie hunn, mat där mir kënnen eng ganz Rei Ausgaben nach finanzéieren, a fir domat d'Zënslaascht fir de Staat esou niddereg wéi méiglech ze halen.

Wa mir déi 1,5 Milliard léine ginn, da komme mir um Enn vum Joer 2010 op ronn 7 Milliarden ëffentlech Schold. An där ëffentlecher Schold vu 7 Milliarden do sinn och d'Scholden dra vun de Gemengen, déi musse mir mat no europäesche Regele berechnen, dat heescht mir hätten ee Gesamtscholdemontant vun 19,5% par rapport zum Bruttoinlandprodukt. Mä wéi gesot déi 19,5% sinn net nëmmen d'Schold vum Staat, et sinn och d'Scholde vun de Gemengen, et sinn och d'Scholde vun den Etablissements publics, et sinn also och d'Scholde vun enger Rei vu Fongen, wéi dat no europäesche Regele gerechent gëtt. Mä et ass dee Chiffer awer deen ass wat en ass. Dat heescht 19%, dobäi wëll ech mentionéieren, datt 2 Milliarde vun deene 7 Milliarden eng atypesch Schold sinn, well 2 vun deene 7 Milliarde sinn déi Suen déi mir an d'Kaptial vun der BGL bezuelt hunn. Déi Sue sinn also erëm eng Kéier ze realiséieren, deen Ament wou mir no der Kris dat Kapital verkafen. Déi aner 5 Milliarde si klassesch Schold, mat deene mir Investitioune finanzéieren, also Infrastrukturprojete finanzéieren. Et ass méi wéi dat wat mir an der Vergaangenheet haten, well mir haten an de Joere 2004 bis 2007 eng Schold vu ronn 6%, elo kréie mir d'nächst Joer viraussiichtlech eng Schold vun 19%. An dofir ass et an den An vun der Regierung absolut noutwenneg, datt mir weder den Defizit weider wuesse loossen, nach d'Scholde weider wuesse loossen. Op jiddwer Fall wëlle mir net op deen Niveau kommen, wéi et an der Europäescher Unioun erlaabt ass, wat jo 60% vum Bruttoinlandprodukt ass, well ee klengt Land vill méi schwiereg d'Kéier kritt. Et ass jo och nämlech esou, datt wann ee Schold mécht, déi Schold muss een eng Kéier zeréckbezuelen an dat kann, an dat gesi mir an enger Rei vu Länner, zu massive Steieraugmentatioune féieren. Mir mengen datt dat wirtschaftlsschiedlech wier, datt dat schlecht wier fir d'Leit an dofir menge mir, datt ee muss kucken iwwert déi nächst Joeren d'Schold esou raisonnabel wéi méiglech, dat heescht esou niddreg wéi méiglech ze halen.

An dofir ass de Budget 2010, deen éischte vun dëser Legislaturperiod, een Antikrisebudget, ee Budget dee wëllt reagéiere géint d'Kris an dofir d'Betriber an d'Leit ënnerstëtzt. An dofir ass et an eisen An grad esou noutwenneg, datt mir mat Zäit an Europa an heiheem iwwert déi sougenannten Exitstrategie diskutéieren, dat europäescht Wuert wat jo net méi heescht wéi ze kucken, wéi komme mir aus dem Defizit eraus, wéi ka sech de Staat erëm lues a lues erem aus der Economie zréckzéien, och aus dem Finanzsecteur, mä virun allem och aus den Defiziter. An der Kris ënnerstëtze mir d'Kafkraaft an d'Investitiounen, an der Kris wëlle mir d'Steierlaascht net änneren.

Mir mengen, datt et eng gemeinsam Flicht vun der Chamber an der Regierung wär ze kucken, iwwert déi nächst 12 bis 24 Méint, fir deen Defizit ze reduzéieren an dofir hu mir an der Regierungserklärung 3 Pisten indiquéiert. Déi éischt ass, an déi hu mir schonn am Budget 2010 gemaach, d'Fonctionnementskäschten dierfen net substantiell wuessen, dierfen also nëmmen dat wuesse wat déi normal Präisentwécklung ass. D'Investitiounsausgaben dierfen net esou wuesse wéi dat an deene leschte Joren virgesi war, well wa mir einfach all Projete realiséiert hätten, kéime mir 2011 op een Investitiounsvolume vun 2,5 Milliarden. Dat kann net goen an dofir soe mir, mir musse bei 1,9 – 2 Milliarden d'nächst Joer bleiwen. Mir mussen also op engem héijen Niveau d'Investitiounsausgaben halen, mä si kënnen net permanent klammen. An drëttens musse mir bei deene sëllechen a vu vill vun eis gedroene sozialen Transferte kucken, wéi kënne mir déi op eng sozial gerecht Aart a Weis bremsen andeem mir méi sozial Selektivitéit aféieren. Dat ass méi liicht gesot wéi gemaach. Mä et ass sécherlech, datt verschidde Leit Transferts sociaux méi brauche wéi anerer an datt de Staat verschidde Leit, déi méi op d'Solidaritéit ugewise sinn, méi muss ënnerstëtze wéi déi aner.

An doriwwer musse mir Diskussioune féieren, doriwwer musse mir Consultatioun féieren, mä eist Zil ass kloer, mir wëllen um Enn vun dëser Legislaturperiod net vun de Scholden erdréckt ginn a mir wëllen no der Kris an enger europäesch stabilitéitspaktkonformer Situatioun sinn. Net well mir dat vun Europa virgeschriwwe kréien, mä well mir dru gleewen, datt et noutwenneg ass, datt wann een ze héijen Defizit huet, datt ee senger Économie a senge Leit en fait esouvill muss ewechhuelen, andeem een d'Steieren erhéicht, datt mir domatter net méi konkurrenzfäeg wären, an zu Lëtzebuerg d'Aarbechtsplazen net méi kënnte weider geschafen ginn.

Mir ware besser wéi déi aner bis elo, well mir gutt Infrastrukturen hunn, well mir ee gudde Sozialsystem hunn. Dee wëlle mir net futti maachen, mä et muss een akzeptéieren an der Kris, an engem schwierege wirtschaftlechen Ëmfeld, datt déi eng oder aner Schrauf muss kuerzfristeg geännert ginn, grad esou wéi verschidde Schrauwe laangfristeg mussen ajustéiert ginn, insbesondere wat d’Pensiounsreform betrëfft, déi an den nächste Méint wäert diskutéiert ginn, déi jo ee laangfristegen Effet huet op de Budget, mä net ee kuerzfristegen Effet op d’Staatsfinanze kann hunn.

Iwwert déi Strategie de sortie wëll ech als Finanzminister an deenen nächste Wochen eng ganz Rei Gespréicher féieren. D'Regierung selbstverständlech ass déi déi wäert dem Parlament Propositiounen am Laf vum nächste Joer en Vue vum Budget 2011 an 2012 maachen, mä d'Regierung weess, datt hei ee kollektiven Effort verlaangt ass. An dofir wëlle mir esouwuel iwwert d'Ziler wéi Mëttele mat alle Fraktiounen am Parlament, mat alle Gewerkschaften, mat alle Patronatsverbänn diskutéieren, fir ze kucke wéi kréie mir zesummen dëst Land op eng Positioun, datt mir besser do sti wéi eis Noperen. Och elo sti mir besser do wéi eis Noperen, well mir hu manner Defizit wéi eis Noperen. Och elo sti mir besser do wéi eis Noperen, well mir hu manner Chômage wéi eis Noperen. Och well de Staat massiv d'Entreprisen ënnerstëtzt huet. Mä laangfristeg dierfe mir net deen Defizit weider uwuesse loossen. Dëst ass een Defizit dee just tolerabel ass an der Kris, en ass net tolerabel no der Kris. An dofir mengen ech sinn déi Debatten an d'Analyse vun dësem Budget, op deen ech mech hei an der Chamber freeën, an déi mir de Mëtten an der Finanzkommissioun ufänken, datt mir doriwwer diskutéieren. D'Regierung hält näischt dovun, fir an engem Hauruckverfahren, vun haut op mar, ouni Consultatioune géint wirtschaftlech a sozial Interête vun dësem Land d'Ausgaben ze kierzen, mä d'Regierung ass determinéiert fir mëttelfristeg, dat heescht no der Kris, aus dem Defizit erauszekommen an de Budget 2011 a virun allem de Budget 2012 muss deem Zil gerecht ginn.

Dat waren, Här President, de Moie vill Zifferen, dat hei war jo keng Budgetsried, mä eng Mëschung vun Erklärung, Pressekonferenz an Einleitung zu den Aarbechten déi dëst Parlament an den nächste Wochen an der Finanzkommissioun an duerno am Plenum féiert. An dofir sinn ech gäre bereet, zesummen och mat de Kollegen aus der Regierung déi hei ganz vill Ausgabe jo an hiren eenzelnen Departement hunn, fir doriwwer mat der Finanzkommissioun respektiv och deenen anere Kommissiounen am Parlament an deenen nächst Woche Ried an Äntwert ze stoen.

Merci.

Dernière mise à jour