Françoise Hetto-Gaasch, Discours à l'occasion de la présentation de la campagne médiatique "Bass du Mega?"

Seul le discours prononcé fait foi!

Dir Dammen an dir Hären,
Léif Schüler !

Dat heien ass matt Sécherheet di flottsten Pressekonferenz déi ech als Ministesch bis elo mattgemaach hun. Et get flott Musek an ech hunn e super Publikum! Merci un Iech all, datt Dir do sidd. Merci och un är Proffen an e Grousse Merci un ären Direktor, den Härr Wagner deen dëst alles méiglech gemaach huet!!

Mee fir unzefänken direkt mol eng Fro un Iech all: Ech kommen haut bei Iech als Ministesch vun der Chancegläichheet. Wësst Dir wat dat fir ee Ministär ass? Wat mecht dee genau?

(...)

Also, de Ministär fir Chancegläichheet schafft drun, datt Gläichheet vu Fraen a Männer an eiser Gesellschaft iwwerall erreecht get. Dat geschitt natiirlech duerch Gesetzer, mee awer och duerch politesch Mesuren oder Sensibiliséierungsaktiounen fir d’Leit a speziell och fir Iech. An dofir sinn ech haut och hei.

Vlaïcht soe verschiddener vun Iech, domadder hunn ech näischt um Hutt a wirwat nach Aktiounen maachen wann d’Gesetzer jo dofir do sin, fir datt jiddereen d’selwecht behandelt get?

Oder et ginn der och déi soen : Wat e Quatsch, mir sinn dach gläich, wat soll dat! An nach anerer stänkeren iwwer de "Feministeclub".

De Ministär fir Chancegläichheet mecht vill Saachen déi Iech lo betreffen oder an nächster Zukunft, wann Der aus der Schoul kommt, betreffe wäerten. An dat souwuel d’Jongen wéi och d’Meedercher.

Huele mir zum Beispill dat wat Dir elo léiert, oder wat Der eventuell Loscht hutt nom Lycée ze studéieren.

Dir méngt vläicht, do géif nëmmen är perséinlech Entscheedung mattspillen, mee et spillen och Clichéen matt, viirgefaaste Meenungen, Traditiounen, also Villes wat Iech vläicht och guer net mol sou bewosst ass.

An dat huet virun allem matt traditionnelle Rollebiller vu Meedercher a vu Jongen ze dinn.

Huele mer zum Beispill di Meenung d’Meedercher interesséiern sech net fir Technik. Et ass effektiv esou, datt op Technik vill manner Meedercher sinn. Ass dat elo well Meedercher näischt matt Technik unzefänke wëssen? Oder leit et och dorunner, datt viirgefaaste Meenungen d’Meedercher vun Ufank unn dovunner ofhalen fir an eng technesch Richtung ze goen? Dat selwecht gëllt fir d’Jongen. Wirwat sinn nët méi Männer herno am soziale Beräich oder Gesondheetsektor?

Um Girls’Day a Boys’Day wou verschiddener vun Iech vläicht och scho mattgemaach hunn, gët jo just probéiert, mol aner Alternativen vu Beruffer fir Jongen a fir Meedercher opzeweisen.

Em wat geet et? Et geet drem, nët vu vireran ze soen "Dat do ass näicht fir e Meedchen oder dat do ass näicht fir e Jong", dat sinn viirgefaaste Meenungen an do wëlle mir dru fréckelen.

Bei de Studien nom Lycée weist sech och en Ennerscheed tëscht Meedercher a Jongen. Bal d’Halschend (ëmmerhin 48%) vun de Studentinnen wielt Humanwëssenschaften, den Enseignement, Literatur, Sproochen oder Konscht. Bei de Studenten geet den Trend an di aner Richtung: 42% wielen wëssentschaftlech Fächer. An do sin et dann nëmmen 14% vun de jonke Fraen, déi sech fir Mathé oder Wëssenschaften interesséieren.

Mee lues a lues kommen och méi Meedercher op de Goût vun esou Studien. Dat weist jo awer, datt d’Wiel nët ofhängt vun enger ugebuerener Fähegkeet déi éischter Jongen oder Meedercher hätten.

D’Mentalitéiten änneren nëmmen ganz lues, an esou eng Aktioun wéi déi haut matt där ganzer Kampagne hannedrun, matt Museksconcours an Internetsite, soll positiv ureegen fir nozedenken. Dat ass eist Zil.

A propos Mentalitéiten: déi gi natiirlech beaflosst vun deem wat mir all Dag gesinn: am Fernseh, am Kino, um Internet, an de Videoen, an de Medien am algemengen. Och do gi mir all – an dir och - vu Rollebiller mattgeformt.

Ee Beispill aus Spuenien: A Spuenien waren esou vill jonk Meedercher anorektesch gin (dat heescht si hu bal guer näischt méi giess fir nëmmen nët déck ze ginn!) datt e Gesetz gemaach gouf fir ze verbidden, datt ze dënn Meedercher kënnen eng Karrière als Modell kréien/machen. Do gesid Dir, wéi wäit Virbiller kënnen eist Liewen an Handelen beaflossen.

No der Schoul an de Studien geet et an de Beruf.

Et ginn haut nach ëmmer soi-disant tpyesch weiblech oder männlech Beruffer. Hei fällt op, datt d’Fraen sech a bestemmte Beruffszweiger konzentréieren an nët esou vill, wéi d’Männer, an enger méi breeder Palette vu Beruffer schaffen. Och do wier et awer gutt, wann an de Beruffer insgesamt méi en Equiliber wier tëscht Fraen a Männer. Dat beräichert d’gesellschaftlecht Liewen an géif verschidde Beruffer och méi valoriséieren.

Wierwat soll et beispillsweis nët méi Schoulmeeschter ginn a méi Infirmieren? Wirwat ginn et nët méi Informatikerinnen?

Wat fir Iech no der Schoul och wärt wichteg ginn: d’Päi déi Dir wäerd verdingen.

Op ech e Meedchen sinn oder e Jong soll jo keen Afloss dorober hunn, ob ech manner oder méi an der Päi kréien, wann ech di selwecht Aarbecht maachen.

Dat ass och zënter 1974 (also laang virun ärer Zäit) gesetzlech verankert.

Trotzdem gët festgestallt - net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee eigentlech an allen Europäesche Länner -, datt Fraen fir di selwecht Aarbecht, an der selwechter Situatioun, manner verdingen an dat bis zu 14-15%. Dat ass vill an nët novollzéibar. Och dat ass een vun den Ziler vum Chancegläichheetsministär fir dat ze änneren.

A wann dir herno eng Famill hutt, wéi steet et dann matt der Gläichstellung?

Jonk Fraen sinn haut grad sou diploméiert wéi d’Jongen, mee wa bis Kanner do sinn, dann ass et méi oft d’Fra déi mol eng Paus am Beruf mecht, oder déi dann hallef schaffe geet.

Dat ass natiirlech e perséinleche Choix, deen jidderengem iwwerloos gët.

Mee et gët awer éischter vun der Fra erwaart, datt si de Stoot mam Beruf ënner een Hutt kritt. Do wier et dach gutt, wann an enger Koppel d’Hausaarbecht an d’Kannerbetreiung géife besser opgedeelt ginn, oder nët?

Haut sinn och schon vill jonk Männer, déi sech welle méi ëm hier Kanner këmmeren. Mee, op där aner Säit kréie Männer op der Aarbecht oft nach domm Remarke gemaach, wann si wëllen e congé parental huelen. Et kënnt viir, datt si indirekt gesot kréien: "wanns de e Pappecongé hëlls, kanns de déng Carrière vergiessen".

Dat ass nët fäir a nët normal, an esou Meenungen kënnen ärt Liewen herno immens beaflossen.

Op jidde Fall wëll de Ministär fir Chancegläichheet dorunner schaffen fir d’Mentalitéiten an esou e Rollendenken ze änneren. D’Regierung huet sech dëst Zil fixéiert an an hierem Nationalen Aktiounsplang festgeluecht. Mee fir eppes ze bewegen, muss jiddereen matthellefen a speziell Dir als di nächst Generatioun vun Erwuessenen: Är Meenung an är Ureegungen si gefrot. Dir wärt mattentscheeden wéi ärt Liewen ausgesäit, ob Fraen a Männer gleichgestallt sinn an eng gerecht Partizipatioun an alle Beräicher vum Liewen hunn oder nët.

Eng Affiche, en T-shirt oder e Sticker ass ganz flott, mee dat eenzegt, mengen ech, wat wirklech eppes bréngt ass den Dialog.

Mir setzen an dëser Saach ganz staark op d’Diskussioun.

An ech méngen, dëss Campagne kéint en Ustouss ginn, fir méi iwwert d’Gläichheet vu Meedercher a Jongen an der Klass ze schwetzen.

Dat ka jo an engem Geschichtscours sinn, an der Instruction civique oder och an der Literatur, wirwat nët? Et ass wichteg, datt d’Meedercher an d’Jongen d’Gelegenheet kréien iwwert hier Rollen an der Gesellschaft nodenken an ze schwetzen.

Dat well net heeschen, datt elo alles soll komplett emgedréint gin. Mee, oft ass et dach sou, datt d’Kanner dat léieren wat hiere Papp oder Mamm als Beruf huet. An der Emfro 2008 vun den Enquêtes forces de travail koum beispillsweis eraus, datt ronn d’Halschend vun de Jungendlechen an der Berufsspart wéi hiere Papp schaffen.

Sou riskéiere mir natiirlech och an traditionnelle Rollebiller stieche ze bleiwen.

Ech hun eigentlech elo alles gesot, wat mir wichteg erschéngt huet. Lo lossen ech awer rëm d’Musek kuurz zu Wuert kommen, éier et da weidergeet matt den Explikatiounen zu der Kampagne. Duerno géif ech mech fréen, wann Dir nach Froen hätt a wa mir nach kéinten diskutéieren.

Merci fir ärt Nolauschteren!

Dernière mise à jour