Déclaration sur la politique de coopération au développement 2011 (version originale luxembourgeoise)

Le 12 octobre 2011, la ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire, Marie-Josée Jacobs, a présenté la déclaration sur la politique de coopération et de l'action humanitaire 2011 à la Chambre des députés.

- Seul le texte prononcé fait foi -

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

"Chassez le naturel, il revient au galop."Als Kooperatiounsministesch, mä natierlech och als fréier Ministesch fir Chancegläichheet, erlaben ech mer meng Déclaratioun haut mat engem Hommage u véier Friddensnobelpräisträgerinnen unzefänken. Un éischter Stell d’Laureatin vun 2004, d’Madame Wangari Maathai, mat där d’Ëmwelt Enn September eng vun hire prominentesten Aktivistinnen verluer huet. 2011 goufen elo zwou weider afrikanesch Fraen an eng jemenitesch Fra fir hir Aarbecht an hiren Asaz fir eng méi staark Roll vun der Fra geéiert. Ech hat virun zwee Joer d’Éier d’Presidentin vu Libéria Ellen Johnson Sirleaf perséinlech kennen ze léieren a mech mat hir iwwer d’Situatioun an hirem Land z’ënnerhalen. Dëst Gespréich huet mech deemols a menger Iwwerzeegung bestäerkt, datt Froën vu Sécherheet an Entwécklung enk mateneen verknëppt sinn an datt een esou fragile Situatiounen am beschten mat enger regionaler Approche begéint. An eiser Stratégie sectorielle "Genre" ënnersträiche mir déi eminent wichteg Roll, déi de Fraen an esou Situatiounen, an am Développement am grousse Ganzen, zoukënnt. Den Zivilcourage, deen déi dräi Laureaten vun dësem Joer auszeechent, ass natierlech zentral, wann een als Fra an deene leschte Joren mat de Probleemer vu Libéria an vum Yemen ze kämpfen hat. De Friddensnobelpräiscomité huet dëst Joer mat senger Décisioun Wäisheet a Wäitsiicht bewisen.

Här President,

D’nächst Joer, 2012, ass zu Rio de Janeiro a Brasilien e wichtege Rendez-vous fir all déi, deenen d’nohalteg Entwécklung um Häerz läit. Da sinn et nämlech 20 Joer hier, datt 1992 – och zu Rio – de Weltsommet iwwer den Développement durable ofgehale gouf, mat Verspriechen an Orientatiounen, déi bis haut Entwécklungspolitike ronderëm d’Welt mat prägen. Zu Rio wäert d’nächst Joer versicht ginn, pertinent Äntwerten op déi global Erausfuerderungen vum 21. Jorhonnert ze fannen. Mir, déi bekannterweis nohalteg Entwécklung als eng gemeinsam, global Erausfuerderung gesinn, wäerten eis mat beschtem Wëllen, mat deenen eis disponibelen Moyenen an op Grond vun eisen Erfahrungen an déi Diskussioun abréngen. Fir d’lëtzebuerger Kooperatioun war d’Joer 1992 ëmmer duebel wichteg: 10 Joer nodeems 1982, mat engem éischte Gesetz, déi staatlech Entwécklungspolitik verankert gouf, huet 1992, zu Rio, den deemolege lëtzebuerger Premier Minister Jacques Santer ugekënnegt, datt eis ëffentlech Entwécklungshëllef bis d’Joer 2000 soll op 0,7 Prozent vum RNB klammen. En Objektiv, dat da jo och zilstriebeg vun deenen nofollgende Regierungen, ënnert dem Premier Minister Jean-Claude Juncker, a mat groussem Asaz vu menge Virgänger, Staatssekretären a Ministere vun der Kooperatioun, ëmgesat an esouguer erop gesat gouf. Mä 1992 war fir d’lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht net nëmmen wéinst dem quantitativen Zil wichteg, dat deemols gestach gouf. 1992 war och dat Joer, an deem mir Member vum Comité d’aide au développement, dem CAD vun der OCDE, gi sinn ; eng Memberschaft, déi zumools duerch déi regelméisseg Exame vun der Qualitéit vun der lëtzebuerger Kooperatioun, de Peer Reviews, rythméiert gouf. Zënter 20 Joer steet d’lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht deemno op deenen zwee onzertrennleche Pilierën vun, engersäits, zouverlässeger Quantitéit an, anerersäits, ambitiéiser Qualitéit, am Déngscht vun der Aarmutsbekämpfung. Dat ass eng zolidd Basis, op där mer eng etlech konkret Resultater konnte realiséieren, an op där eisen éierlechen an efficacen, internationalen Effort rout, dee mer och vun dobausse gebührend unerkannt kréien.

A propos konkret Resultater, erlaabt mer e puer Beispiller opzezielen, op déi mer an deene leschte Jore besonnesch houfreg konnte sinn. (Där Beispiller ginn et natierlech och aus deene Jore virdrun, mä et steet mer net zou, mech mat anerleits Fiederen ze rëschten !) – Ech wéilt duerno dat eminent wichtegt Thema vun der Politikkohärenz uschneiden, dann drop agoen, wéi eis Aarbecht aus internationaler Perspektiv gekuckt, gepréift an ageschat gëtt, ier ech d’Situatioun a verschiddene Partnerlänner kommentéieren a mat der humanitärer Hëllef géif ofschléissen.

Här President,

Zu de Resultater:

  • Um Cap Vert kruten 2011 573 Jonker op Grond vun hirer Beruffsausbildung e Stage an enger Entreprise. 2008 waren dat der just 57.
  • Am Senegal goufen 642 Dierfer, mat ronn 250.000 Awunner, un

Drénkwaasserversuergung an Ofwaasserbesäitegung ugeschloss.

  • Zu Rundu an zu Katima Mullilo, an Namibien, profitéieren haut 86.000 Leit vun enger geregelter Planung vun hire Wunnquartieren. Dat bedeit Zougang zu Drénkwaasser an Ofwaasserservicer, mä och Zougang zu Microkrediter.
  • An der Hotelschoul zu Hué, am Vietnam, ginn all Joer 1.000 Schüler ausgebild.
  • Weider am Vietnam, erlaabt e Bewässerungssystem eng drëtt Räisrekolt. Pro

Hektar ass d’Akommes vun 300 op 1.000 Dollar d’Joer erop gaang.

  • Am Bezirk Dosso, am Niger, ass de Scolarisatiounstaux vun de Kanner am Schoulalter vu 67% op 75% erop gaangen, a wat nach méi wichteg ass: den Taux vun deene Kanner, déi hir éischt 6 Schouljoer och ofschléissen, ass vun 32% op 53 % geklomm.
  • An 13 Gemengen am El Salvador ginn haut 90% vun de Gebuerten duerch Hiewammen assistéiert. (D’nächst Woch wäerte mer Sujete wéi dëse mam Direkter vum UNO Populatiounsfong kënnen diskutéieren, wann en op Lëtzebuerg kënnt.)
  • Am Nicaragua an am Burkina Faso ginn et haut keng improviséiert Bluttransfusiounen tëscht Familljememberen méi. Virun e puer Joer huet dës geféierlech Behandlungsmanéier nach 50% vun den Transfusiounen ausgemaach. Zënterhier ass d’Kollekt vu Blutreserven am Burkina ëm bal 100% erop gaangen, am Nicaragua, ëm iwwer 50%.
  • Wéinst de Kantinsprogrammer an de Schoulen vum Burkina Faso schécken d’Pappen och elo hir Meedercher verstäerkt an d’Schoul. Mä d’Josette Sheeran, d’Direktesch vum Welternierungsprogramm, huet eis viru kuerzem nach eng aner iwweraus begréissenswäert Konsequenz vun eiser Hëllef op dësem Gebitt beschriwwen: wéinst enger Extraportioun Iesswueren, déi d’Meedercher eemol d’Woch ausgedeelt kréien, halen hir Pappen ëmmer méi staark drop, datt se méi laang an d’Schoul ginn. Dowéinst gi se dann och méi spéit bestued a kréie méi spéit Kanner; zum Beispill amplaz mat 14 Joer eréischt mat 16 oder 17, wann hiren eegene Kierper scho méi staark ass an si esou och méi gesond Kanner kënnen op d’Welt bréngen.
  • Am Kampf géint den Aids hunn haut 6 Millioune Patienten Accès zu antiretroviraler Behandlung, an d’Zuel vun der Iwwerdroung vun der Mamm op d’Kand as staark zréck gaangen. (Net méi spéit wéi muer ass de Michel Sidibé, den Direkter vun UNAIDS, hei zu Lëtzebuerg, fir iwwer d’Aidsproblematik an der Welt ze schwätzen. Et ass och eng Entrevue mat den zoustännege Chambercommissiounen virgesinn.)
  • Zënter datt mer am Burkina Faso hëllefen d’Biodiversitéit ze schützen, konnt an engem vun deene rare Bëscher vum Land d’Aartevielfalt vun 49 nees op 65 Espècen eropgesat ginn, an amplaz vu 96 Beem ginn der haut 490 pro Hektar gezielt.
  • Global Partnerschafte fir d’Ëmsetzung vun de Millenniumsziler huet Lëtzebuerg virun allem doduerch ënnerstëtzt, datt mer déi éischt waren, déi am Juni dëst Joer eis véier Haaptpartner am Multilateralen – den UNO-Développementsfong (PNUD), den UNO-Populatiounsfong (UNFPA), d’UNICEF an den UNO-Fong fir lokal Entwécklung a Mikrofinanz – dozou bruecht hunn, een an dee selwechten Accord-cadre mat eis ze ënnerschreiwen, am Sënn vun der Harmoniséierung vun de Prozeduren a fir et eise Partnerlänner am Süde méi einfach ze maachen, mat deene sëllechen Entwécklungsakteuren eens ze ginn. Vill vun eise Partnerlänner sinn elo grad genannt ginn. Natierlech sinn d’Resultater, déi ech opgezielt hunn, nëmmen an Zesummenaarbecht mat den nationalen Autoritéiten méiglech ginn. An deem Kontext géif ech och gären d’Ambassadeuren aus eise Partnerlänner begréissen, déi de Wee haut op Lëtzebuerg fonnt hunn, fir duerch hir Präsenz de Mëtteg an der Chamber de Geescht vum Partenariat ze bezeien, an deem mer zënter Joren matenee schaffen.

Déi meescht vun de Resultater koumen opgrond vu Projeten zoustanen, déi mer mat eiser Agence Lux-Development ëmsetzen. Vun dëser Plaz aus, e grousse Merci un de Generaldirekter Gaston Schwartz an u seng Equipe, mä och un d’Memberen vum Verwaltungsrot, fir hiren Asaz an hire Professionalismus. D’Aktivitéite vu Lux- Development ginn iwweregens am Moment engem Audit vun der Cour des comptes ënnerzunn. De Ministère steet der Agence an de Contrôleuren natierlech voll zur Säit. Et ass deem engen oder anere vun iech och sécher net entgaangen, datt d’Lëscht vun deene konkrete Resultater net zoufälleg esou opgestallt gouf. All dës Resultater entspriechen nämlech op d’mannst engem vun den aacht Millenniumsentwécklungsziler, wéi se am Joer 2000 vun de Staats- a Regierungschefe bei der UNO, zu New York, ugeholl goufen. Mir wëssen haut, datt mer dës Ziler leider net alleguerten iwwerall bis 2015 wäerte kënnen ëmsetzen. Dräi Joer virum Stëchdatum schéngt et mer duerfir emsou méi wichteg, preuve à l’appui, net nëmme kënnen nozeweisen, datt eppes geschitt, mä och wat geschitt a wat funktionnéiert. Op Grond vu positive Resultater wéi dësen, muss et méiglech sinn an deenen nächste Méint a Joren, d’Ëmsetzung vun de Millenniumsziler z’accéléréieren an och deenen Honnertdausenden, déi haut nach ausgeschloss sinn, esou séier wéi méiglech ze hëllefen.

Här President,

Et war mer wichteg, dësen Echantillon vu konkrete Resultater kënne virzedroen. Ech ginn nämlech dovun aus, datt d’Chamber – an d’Lëtzebuerger am grousse Ganzen – e Recht drop hunn, net nëmmen ze wëssen, wat mat de Lëtzebuerger Entwécklungsgelder geschitt – dofir maachen mir eise Rapport annuel – mä si hunn och e Recht drop ze gesinn, wat effektiv duerch eis Aktioune bewierkt gëtt a wat derbäi als nohalteg Entwécklung erauskënnt. Et ass och esou wéi ech d’Distinctioun verstinn, déi haut an der internationaler Discussioun tëscht Efficacité de l’aide an Efficacité du développement gemaach gëtt. Duerfir wäerte mir och an Zukunft, am Kader vun eiser Kommunikatiounsstrategie, méi dacks a méi detailléiert Resultater vun der lëtzebuerger Kooperatioun virstellen.

Och d’Resultater vun den Evaluatiounen, déi mer regelméisseg vun den Aktivitéite mat eise Partner – der Lux-Development, den ONGen an den internationalen Organisatiounen – an Optrag ginn, wäerten an Zukunft verstärkt ausgetosch ginn. D’Entwécklungszesummenaarbecht ass keng exakt Wëssenschaft, an och dee beschte Projet kann nach verbessert oder ausgebaut ginn. D’Recommandatioune vun den Evaluatioune weisen eis, engersäits, wou et néideg ass nozebesseren an, anerersäits, wat sech als gutt Praxis erwisen huet an derwäert ass, repliquéiert ze ginn. Am Kontext vun enger Evaluatiounsstrategie sollen dës Erfahrungswäerter kënnen erfaasst ginn an als Orientatioun an d’Gestaltung vun eiser Kooperatiounspolitik afléissen.

Mir wëssen, datt am Développement d’Suen eleng net duer ginn. D’Qualitéit an d’Eierlechkeet am gemeinsamen Effort sinn onemgänglech, fir nohalteg déi Changementer an enger Gesellschaft ervir ze bréngen, déi der grousser Zuel vun deene vernooléissegte Frae, Männer a Kanner, déi wéinst der Aarmut um Bord vun der Gesellschaft liewen, Zougang zu deenen elementarste Rechter a soziale Servicer ze ginn. Den Invest an déi mënschlech an an déi institutionnel Kapazitéite vun eise Partnerlänner ass op d’mannst esou wichteg wéi den Invest an Infrastrukturen an an technesch Equipementer. Dës Suerg ëm de Renforcement des capacités hu mir kierzlech, no engem Echange mat Lux-Development a mam Cercle de coopération des ONG, och a Form vun enger Stratégie sectorielle zu Pabeier bruecht. D’Beispiller, déi ech opgezielt hunn, illustréieren datt nohalteg Resultater méiglech sinn, wann de politesche Wëllen, dat finanziellt a mënschlecht Kapital an déi néideg technesch Mëttel gebündelt dozou agesat ginn, fir positiv Changementer erbäi ze féieren. Dat verlaangt ee laangwieregen Asaz an eng permanent Bereetschaft, d’Äerm net hänken ze loossen, och wann d’Resultater sech net ëmmer esou prompt astellen, wéi een sech dat kéint wënschen, a wann e Réckschlag wéinst engem Coup d’Etat oder enger Weltwirtschaftskris oder aus vill méi banale Grënn muss agestach ginn.

D’Lëtzebuerger Entwécklungs-ONGen, déi Dag fir Dag mat hire lokale Partnerorganisatiounen um Terrain schaffen, wësse vu wat ech schwätzen. Erlaabt mer op dëser Plaz, hiren Asaz, deen zum Deel jo scho méi laang Joren undauert wéi dee vun der ëffentlecher Säit, ze wierdegen an hinnen e grousse Merci ze soe fir déi konstruktiv Zesummenaarbecht mam Ministère, am Interessi vun deenen ärmste Populatiounen ronderëm d’Welt. Mir wëssen hir Begeeschterung fir d’Saach ze schätzen, grad ewéi hir Roll als proaktiven Deel vun enger engagéierter Zivilgesellschaft, déi legitimerweis hire Suergen, Iwwerleeunge, Propositiounen a Fuerderungen Ausdrock muss kënne ginn. Den Dialog mam Ministère leeft zënter Joren iwwer flexibel strukturéiert Weeër, siew et am regelméissegen Aarbechtsgrupp mam Cercle des ONG, am direkte Gespréich mat de Mataarbechter aus dem Ministère oder, wéi kierzlech nees, während den Assisen vun der Kooperatioun.

Mir deelen d’Suerg vun den ONGen ëm d’Nohaltegkeet vum internationalen an och vun eisem nationalen Effort an der Entwécklungszesummenaarbecht, ouni déi d’Progrèsen bis haut an d’Perspektive fir muer riskéieren ze verdämpen. Mir deelen och d’Suerg vun den ONGen ëm d’Efficacitéit vun der Hëllef an ëm d’Kohärenz vun de Politiken, déi d’Efficacitéit vum Développement soll mat maximiséieren. Als Regierung kënne mer eis et natierlech net erlabe mat ëffentleche Gelder kontraproduktiv Politiken ze fueren. D’Gréisst an d’Organisatioun vum Regirungsverwaltungsapparat, grad wéi vun eisem ëffentleche Liewen am grousse Ganzen, erlaabt eis et wuel, datt déi lénks Hand weess, wat déi riets Hand mécht. Kohärenz vu Politiken kann een deemno zu Lëtzebuerg gutt organiséieren; et kann een se allerdéngs net décrétéieren. Fir d’Diskussioun ëm d’Kohärenz vun de Politike fir den Développement ze féieren, hu mer en héichrangege Comité interministériel, deen – wéi d’Gesetz et virgesäit – vun der Regierung agesat gouf an deen den Optrag huet, zu alle Froe ronderëm d’Kooperatioun – also och zur Kohärenz vun de Politiken fir d’Entwécklung – Stellung ze huelen an Avisen un d’Regierung ofzeginn. Zënter engem gudde Joer huet dëse Comité och regelméisseg en Austausch mat den ONGen, an den Direkter vun der Kooperatioun, als President vum Comité interministériel, suergt fir dee korrekte Suivi vun all Fall vu Politikinkohärenz, deen der Entwécklung am Süden kéint schueden. De Comité hëllt awer keng Décisiounen. Seng Compte-rendue ginn u mech a sinn iwweregens och um Internet nozeliesen. Wann néideg – dat heescht, wa méi wéi ee Minister betraff ass – gesinn ech et als meng Pflicht, de Sujet um adäquaten Niveau opzewerfen; wann et muss sinn, am Regierungsrot.

Hei e Beispill, fir z’illustréieren, wéi dat an der Praxis ka goen: Viru genee véier Méint, den 12. Juli, hunn d’ONGen, am Gespréich mam Comité interministériel, bedauert, datt Indien an de Verhandlungen mat der EU Commissioun ëm en Accord de libre échange bis elo refuséiert huet, eng Klausel iwwer "Développement durable" mat anzebauen. E Fall vu Politikinkohärenz, deen effektiv d’Suerg ëm d’nohalteg Entwécklung an Indien kéint verwässeren. Deemno d’Fro vun den ONGen un d’Regierung, zu Bréissel z’intervenéieren, fir hirer Revendicatioun, déi och eis absolut legitim schéngt, Nodrock ze ginn. – Net méi spéit wéi de 26. September, beim nächste Ministeschconseil iwwer den Aussenhandel, huet de lëtzebuerger Vertrieder, zesumme mat Dänemark an Holland, dëse Punkt gemaach, wourop den zoustännege Commissaire Karel de Gucht sech engagéiert huet, dës Fro nees mat den indeschen Autoritéieten opzewerfen an drop z’insistéieren, wéi wichteg e Verweis op nohalteg Entwécklung der EU an engem internationale Vertrag iwwer Aussenhandel ass.

Deemno as haut net nëmme scho virgesinn, datt hei zu Lëtzebuerg d’Ministèren an d’Verwaltungen, grad ewéi d’Zivilgesellschaft, Froe vu vermeintlecher Politikinkohärenz am Kontext Développement kënnen an engem zoustännege Gremium opwerfen; mä et besteet och – wéi d’Beispill et weist – eng efficace Prozedur, fir Fäll vu konkreter Inkohärenz ze behandelen an ze tranchéieren. Dëst ass mir als Kooperatiounsministesch ëmsou méi wichteg behaapten ze kënnen, well de Comité d’aide au développement vun der OCDE eis 2008 ugeroden hat, eis ëm eng efficace Manéier ze beméien, fir d’Kohärenz vun de Politike fir den Développement ze garantéieren.

En anert Beispill, bei deem d’Kohärenz vu lëtzebuerger Politiken a Fro gestallt gëtt, well negatif Auswierkungen op den Développement vun den Entwécklungslänner ze fäerte wieren, ass de Kampf géint de Klimawandel. Ech kréien do verschiddentlech ënnerstallt, näischt verstanen ze hunn, an d’Kooperatiounspolitik no de Prioritéite vun anere Politikberäicher ze gestalten. Abee, dat stëmmt net. De Minister fir nohalteg Entwécklung geréiert de Kyoto-Fong an net de Kooperatiounsminister; grad wéi den Aussenhandelsminister d’lëtzebuerger Wirtschaft am Ausland promouvéiert an net de Kooperatiounsminister. Den Immigratiounsminister an de Familljeminister këmmere sech zu Lëtzebuerg ëm d’Flüchtlingen an net de Kooperatiounsminister. – De Kooperatiounsminister par konter definéiert déi grouss Stoussrichtungen vun der Entwécklungshëllefpolitik. Mir bedeelegen eis an deem Kontext ganz aktiv un den internationalen Diskussiounen, wéi se an der EU, an der OCDE, bei der UNO an anerwäerts gefouert ginn, a mir huelen international Engagementer, wéi zum Beispill dat ëm Politikkohärenz, net liichtfankeg. Eemol d’Joer stinn ech dem Chamberplenum och zu dësen Engagementer, an net nëmmen zu Froe vum Budget an der Zuel vun Zil-Länner, Ried an Äntwert. D’Membere vun der Chambercommissioun gesi mech nach méi dacks; nämlech op d’mannst all Kéiers ier en neie PIC mat engem Partnerland soll ënnerschriwwe ginn oder wa soss wichteg Dossiere, wéi d’Konferenz vu Busan, op déi ech nach zréckkommen, um Dësch leien. Et ass och mëttlerweil eng etabléiert Praxis, datt héichrangeg Gäscht aus Partnerlänner oder Partnerorganisatioune sech bei d’Chambercommissioun virstelle ginn an déi zentral Froe vun hire Politiken a Mandater presentéieren. D’Kooperatiounspolitik gëtt och vum Public en général vu ganz no suivéiert. Dofir suergen d’ONGen; an dat ass hirt gutt Recht. Mir si frou iwwer dee groussen Interessi un der Saach.

Nohalteg Entwécklung huet nun ebe mol Aspecten aus dem Economeschen, dem Sozialen an dem Entweltpoliteschen; dofir och déi heefeg Iwwerschneidungsmomenter tëscht Kooperatiounspolitik an anere politesche Felder. An natierlech gëtt et och eng kollektiv Responsabilitéit vun der Regierung, fir de Regierungsprogramm ëmzesetzen.

Mä eis Aarbechtsopdeelung an d’Aktivitéiten déi drunhänken, berouen op kloren a gesonde politesche Choixen, zu deene mer stinn. Et kann an et soll net jiddereen alles maachen. Mä Regierungsverantwortung heescht fir mech selbstverständlech och, net a streng getrennte Siloen ze denken an ze schaffen. Quierverbindunge mussen net nëmme méiglech sinn, mä si solle proaktiv identifizéiert an zum gréissere Gudden agesat ginn; wéi zum Beispill an der Mikrofinanz, wou d’Zesummenaarbecht tëscht ONGen, Ministèren an dem Finanzsekteur eng alternativ Quell fir de Finanzement vun Entwécklungsaktivitéiten am Süden opgedinn huet. Et geet dach drëm, datt sektoriell Kompetenzen a Politike vun enger Regierung, a vun aneren Akteuren, sech géigesäiteg stäerken an net schwächen, och a virun allem am Sënn vun der Entwécklung.

Dann ass et nämlech op eemol méiglech, datt d’lëtzebuerger Kooperatioun (no bestehende CAD-Regelen) mat de Partnerlänner Projete fir Clean Development Mecanisms identifizéiert, formuléiert an duerno dem Kyoto-Fong fir de Finanzment vun der Ëmsetzung ënnerbreet. Am Senegal hu mer zum Beispill vu Kooperatiounssäit e Projet positiv aviséiert, fir eng Zockerfabrik esou ze sanéieren, datt se manner Zäregasen ofstéisst. Wa bei der Aktioun um Enn och nach Emissiounszertifikater fir Lëtzebuerg erausfalen, dann hu mer menger Meenung no dräifach gutt geschafft, well doriwwer eraus och d’nohalteg Entwécklung vum Partnerland ënnerstëtzt an net verwässert gëtt, a well d’Integritéit vun eisem Entwécklungshëllefeffort doduerch net ugekraazt gëtt.

Här President,

D’nächst Joer am Mäerz leeft de fënneften Examen par les pairs un, deem sech d’lëtzebuerger Kooperatioun ënnerzitt zënter mer 1992 dem CAD bäigetruede sinn. Och da wäert Rieds vu Politikkohärenz sinn. Mir kucken deem Exercice mat där Zort vu konstruktiver Spannung entgéint, déi et eis och schonn an der Vergaangenheet erlaabt huet, net nëmme retrospektiv eng gutt Zensur ausgestallt ze kréien, mä eis och d’Méiglechkeet gëtt, d’lëtzebuerger Entwécklungspolitik, mat all hire Facetten, Instrumenter, Aktiounsgebitter a Partnerrelatiounen, am Sënn vun enger ëmmer méi grousser Efficacitéit an der Aarmutsbekämpfung auszebauen. An eiser Interventiounsstrategie stelle mer eis an den Déngscht vun enger Welt ouni Aarmut an Honger, ouni Gewalt an Angscht an ouni Ongerechtegkeet an Diskriminatioun.

D’Recommandatiounen aus der Peer Review vum CAD wäerten dozou bäidroen, eis esou opzestellen, datt mer dësem extrem ambitiéisen Zil Stéck fir Stéck méi no kommen. Eis intern Organisatioun, eis Manéier fir ze schaffen an eis Interaktioun mat eise Partner aus dem Norden an dem Süden gi während esou engem Examen op Häerz a Niere gepréift. De quantitativen an de qualitativen Effort vun der lëtzebuerger Kooperatioun gëtt genee ënnert d’Lupp geholl ; éischtens fir ze gesinn, ob mer eis Politik an eis Aktiounen no deenen international gültege Regelen a Referenze gestalten an, zweetens, fir ze préiwen, ob mer se dann och dementspriechend an der deeglecher Praxis ëmsetzen. Dofir wäerten d’Examinateuren an d’Sekretariat vum CAD sech an enger éischter Phase op Lëtzebuerg déplacéieren, fir sech mat eis an allen aneren Akteure vun der Kooperatioun – also och mat der zoustänneger Chambercommissioun – auszetauschen. Dono as eng Missioun, ouni eis direkt Bedeelegung, an engem vun eise Partnerlänner geplangt, fir sech virun allem e Bild doriwwer kënnen ze maachen, a wéi engem Mooss d’lëtzebuerger Kooperatioun op der Plaz no de politeschen a sektoriellen Entwécklungsprioritéiten vum Partnerland handelt. Duerno maachen d’Examinateuren dann hire Rapport, zu deem ech am November d’nächst Joer an der Plénière vum CAD wäert Stellung huelen.

Dir gesitt, deen Exercice ass duerchaus eecht ze huelen, wann ee wëll, wéi d’lëtzebuerger Regierung, bei deene sinn, déi d’Entwécklungszesummenaarbecht héich halen an no héchsten international unerkannte Standarden praktizéieren. Dozou gehéiert natierlech och eng adäquat gesetzlech Grondlag. Déi législativ Prozedur, fir eist Gesetz vum 6. Januar 1996 iwwer d’Entwécklungszesummenaarbecht ze iwwerschaffen, leeft, a mir hoffen, datt mer virun der Peer Review en neit Gesetz hunn, dat op der Erfahrung aus deene leschte 15 Joer fousst, déi néideg Upassungen beinhalt an d’Flexibilitéit huet, fir adäquat op en Ëmfeld an der Entwécklungswelt kënnen ze reagéieren, dat kaum méi wiesselhaft kéint sinn. Och de globale Kontext an deem mer eis dagdeeglech mat eiser Aarbecht beweegen, ännert sech um Rythmus vun den internationale Bezéiungen am grousse Ganzen a vun de Verhandlungen iwwer Entwécklungsprioritéiten a -Modalitéiten am Speziellen. De CAD huet an der Zäit d’Gesetz vu 1996 als eent vun deene modernste Gesetzer iwwer Kooperatioun gelueft. Ech wënsche mer dat selwecht Qualitéitsurteel fir deen neie Gesetzestext. De Ministère steet der Chamber fir deen néidegen Austausch an dësem Dossier zu all Zäit zur Verfügung.

Här President,

Ier de CAD mat sengem Examen vun der lëtzebuerger Kooperatioun ufänkt an eis eng frësch Zensur ausstellt, wollt ech d’Geleeënheet awer och net verpassen, fir drop hinzeweisen, wéi mer och nach vun anerersäits begutacht an agestuft ginn. D’lescht Woch huet déi international bekannten hollänesch ONG "ActionAid" hiren drëtte Rapport erausginn, an deem d’Donateurslänner op de reelle Wäert vun hirer Entwécklungshëllef ënnersicht ginn."ActionAid" définéiert reell Hëllef als eng Hëllef, déi net u Conditioune gebonnen ass, weder kommerzieller, nach anerer Natur; eng Hëllef, déi et dem Partnerland erlaabt, um Chauffeurssëtz vun senger Entwécklungspolitik ze sëtzen; eng Hëllef, déi dem Partnerland och keng onerwënschten Assistance technique opzwéngt. An deem Rapport ass ze liesen, datt Lëtzebuerg sech och no dëse Critèren am Spëtzegrupp vun den Donateuren erëmfënnt, siew et nom Prozentsaz vu reeller Hëllef par rapport zur Gesamthëllef oder zum nationale Reichtum, siew et mat engem nidderegen Undeel vun Assistance technique oder mat enger Hëllef, déi net u kommerziell Interessie gebonnen ass. Et schéngt mer wichteg ze gesinn, datt positiv Appreciatiounen iwwert d’Qualitéit vun eiser Entwécklungszesummenaarbecht aus verschiddenen Ecke kommen an net nëmmen vun eise Partner oder vun Organisatiounen, an deene mer Member sinn.

Dat dréit zur Kredibilitéit vun eisem Effort bäi. Em Glafwierdegkeet wäert et och Enn November um 4. Internationale Forum iwwer d’Efficacitéit vun der Hëllef, zu Busan a Korea goen. No deene wichtege Rendez-vouse vu Paräis am Joer 2005 an zu Accra 2008, op deenen d’Donateuren an d’Bénéficiaire vun der Hëllef sech dozou engagéiert haten, fir d’Wierksamkeet vun der Hëllef ze vestäerken, gëtt zu Busan elo Bilan gezunn. D’lëtzebuerger Kooperatioun huet an deene leschte Jore grouss Efforte gemaach, fir eisen Engagementer aus der Déclaration de Paris gerecht ze ginn, dat heescht: fir eis besser op d’Prioritéite vun de Partnerlänner ze alignéieren, fir de Partner ze erlaben sech d’Hëllef unzeeegenen, fir d’Prozedure mat aneren Donateuren ze harmoniséieren, op Resultater hinzeschaffen an eisen Deel vun der Responsabilitéit fir d’Entwécklung an de Partnerlänner ze droen. Mir hunn dofir zum Beispill an der drëtter Generatioun vun eise Programmes indicatifs de coopération, de PICen, méi wéi jee de politeschen a sectorielle Prioritéite vun eise Partnerlänner Rechnung gedroen. Mir hunn eis Agence Lux-Development gefrot, hir intern Prozeduren, do wou et méiglech ass, op déi national Finanzmechanismen a Prozedure vum Partnerland ofzestëmmen. Mir si mat aneren Donateuren op de Wee vu Coopérations déléguées gaangen, fir esou wäit wéi méiglech eis respektiv Virdeeler zum Droen ze bréngen.

Konkreet heescht dat zum Beispill, datt mer am Norde vum Mali, zu Kidal, trotz der aktueller Sécherheetssituatioun, op Demande vun der Regierung, als ee vun deene leschte Partner am Beräich vum Développement local täteg bleiwen. Dat heescht och, datt mer eis um Cap Vert virsiichteg un den Appui budgétaire sectoriel am Beräich vun der Berufsausbildung eruntaaschten. Dat heescht weider, datt mer zum Beispill am Laos eise Programm am Gesondheetsberäich konnten ausbauen, well déi Belsch Kooperatioun sech aus deem Land zréckzitt an eis hire Reschtbudget uvertraut huet.

Här President,

Iwwer dem internationalen Développementsagenda dierfen natierlech eis bilateral Relatioune mat eise Partnerlänner net ze kuerz kommen. Ouni hei e kompletten Tour d’horizon maachen ze wëllen, schéngt et mer trotzdem wichteg, op dräi Fäll méi spezifesch anzegoen, ier ech nach e puer Wuert zu der humanitärer Situatioun wollt soen. Wéi mei Virgänger Jean-Louis Schiltz et schonn 2009 op dëser Tribune ugekënnegt hat, leeft eise bilaterale Kooperatiounsprogramm an Namibien dëst Joer aus. Dat geschitt natierlech an Ofsprooch mat der namibescher Regierung. Namibien ass zënter Joren net méi op der Lëscht vun deenen ärmste Länner, wat fir eis keen absolute Grond ass, fir d’Kooperatioun auskléngen ze loossen, mä trotzdem mat an d’Décisoun eragespillt huet.

Fir d’Clôture vun eisem Programm an Namibien ofzeronnen, schléissen ech et net aus, nach een oder deen anere multilaterale Programm dohannen ze ënnerstëtzen. Aus Grënn vu Kohärenz géif ech dat awer éischter an engem sous-régionale Kontext gesinn. Sécher ass, datt d’lëtzebuerger Kooperatioun – an a mat Namibien – vun deene leschten 18 Joer enger ex-post Evaluatioun ënnerzu wäert ginn, fir mat deem richtege Recul, e kritesche Bléck op verschidde strategesch an operationnel Décisiounen ze werfen.

D’lescht Joer am Mäerz hat ech a menger Ried virun der Chamber d’Hoffunung ausgdréckt "datt de Niger esou séier wéi méiglech zréck fënnt op d’Schinn vun der demokratescher Legitimitéit". Ech sinn zefridden, haut feststellen ze kënnen, datt dat mëttlerweil geschitt ass. No engem Joer Militairejunta, déi géint den Ex-President Tandja geputscht hat, nodeems dësen 2009 d’Verfassung violéiert hat, ass am Januar no faire Walen de Mahamadou Issoufou als neie President ervirgaangen an zënter Ufanks Abrëll am Amt. D’Verfassungskris, déi d’Land während 18 Méint politesch gelähmt huet, war domat eriwwer an déi international Donateuren hunn hir Aktivitéiten nees opgeholl. Och d’lëtzebuerger Kooperatioun, déi während där Zait all nei Projeten op Äis geluecht hat, kann elo nees mat der Identificatioun an der Formulatioun vun neien Aktiviéiten uknëppen. Dat mécht mer emsou méi Freed, well et mer schéngt, datt d’Populatioun laang genuch duebel gelidden huet: eemol ënnert schlechter politescher Leedung, an zweetens wéinst der Aarmut an der Liewensmëttelonsécherheet, deenen dëst Land aus dem Sahel bal chronesch ausgesat ass, an déi säin Développement ëmmer nees bremsen. Enn dës Mounts fiert eng lëtzebuerger Delegatioun, un där sech och de Finanzminister bedeelegt, an de Niger, fir sech a Gespréicher mat den neie politesche Responsabelen iwwer d’Manéier ze ënnerhalen, op déi Lëtzebuerg am nëtzlechsten hëllefe kann.

D’Suergen vum Niger si laang net eriwwer an de Réckfloss vun nigereschen Immigranten, déi a Libyen hir Aarbecht verluer hunn, grad wéi eng Flut vu Waffen, déi och vun do ongehënnert an illegal no Süde fléisst, si just déi rezenzst vun enger ganzer Rëtsch Erausfuerderungen, déi sech dem Land stellen.

Am Norden vun der Sahara, an Tunesien, wierken d’Konsequenzen vum "arabesche Fréijor" sech glécklecherweis méi positiv aus. Nom Départ vum ale Régime, waarde mer gespaant op d’Wale fir eng Assemblée constituante, déi elo fir den 23. Oktober ugesat sinn. Am Verglach mam Niger, kann Tunesien natierlech vun engem aneren Ausgangspunkt duerchstarten. Trotzdem sinn d’Problemer net ze ënnerschätzen, déi sech zumools bei der Entwécklung vun de Géigende bannen am Land weise wäerten, déi an der Vergaangenheet staark vis-à-vis vun de Küstegebitter vernoléissegt goufen. D’Gespréicher vun enger lëtzebuerger Delegatioun mat den tuneseschen Autoritéiten hu gewisen, datt ganz staark op Hëllef vu bausse gezielt gëtt. Op Ufro vun der Europäescher Investitiounsbank si mer am gaangen ze kucken, a wéi engem Mooss mer der BEI hir Hëllef fir de Mikrofinanzsecteur an Tunesie kënnen ënnerstëtzen. Eng konkret Demande ass och un eis erugedro ginn, fir d’bonne gouvernance ze festegen. Vu Säite vun der Zivilgesellschaft gëtt eng tunesesch Kulturwoch fir den éischten Anniversaire vun der Jasminrevolutioun geplangt. Mir hunn och hei eisen Appui zougesot. Parallel dreiwe mer awer och d’Iddi vun enger trilateraler Kooperatioun tëscht Lëtzebuerg, Tunesien a Partnerlänner aus der Sahelzone am Beräich Beruffsausbildung weider.

An aner Regioune vun der Welt ass eis Hëllef éischter a Form vun Aide humanitaire gefuerdert. D’Situatioun am Har vun Afrika bleiwt dramatesch – iwwer 12 Millioune Mënsche leiden hei un Honger, akuter Ënnerernierung a Krich. Als Chance am Ongléck muss een héchstwahrscheinlech wäerten, datt d’Zuel vun den Doudesaffer an de Länner ronderëm Somalien net esou héich ass, wéi dat a virechte Krisen de Fall war. Preventiv Mesuren, ënner anerem vum Programme alimentaire mondial an den ONGen op der Plaz, schéngen hei gehollef ze hunn, dat Schrootst ze vermeiden. D’lëtzebuerger Hëllef fir d’Affer vun der Hongersnout beleeft sech haut schonn op 3,5 Milliounen Euro; 1,5 Millioune si virgesinn fir Rehabilitatioun no der Kris. Ech war frou während den Assisen vun der Directrice exécutive vum PAM Josette Sheeran ze héieren, datt och an dëser Situatioun d’Hëllef vu Lëtzebuerg bei deene rapidste war.

Här President,

Méi rapid Hëllef versprieche mer eis natierlech och duerch de Projet emergency.lu. Ech wollt iech haut kuerz iwwer d’Fortschrëtter vun dëser origineller a villverspriechender Initiative informéieren. A kuerze Wierder geet et heibei drëm, mat Know-how vu Lëtzebuerg, e neie Bausteen zum Dispositif vun der internationaler humanitärer Hëllef bäizedroen ; nämlech d’Telekommunikatioun am Fall vun enger humanitärer Katastrof nees esou séier wéi méiglech hierzestellen. Ouni modern Telekommunikatioun gëtt et nämlech keng efficace Koordinatioun an engem Krisegebitt, an domat versträichen zevill dacks déi 72 éischt nëtzlech Stonnen no enger Katastrof, an deenen een nach Mënscheliewe rette kann.

De lëtzebuerger Know-how besteet an dësem Fall aus dem Wëssen, der Erfahrung an de Kapazitéite vun drei Operateuren aus dem Privatsecteur - engersäits, de Firmaen HITEC an SES Astra TechCom, am Beräich Telkommunikatioun a Satellit an, anerersäits, der Luxembourg Air Rescue. No der Erdbierwekatastrof op Haiti huet de Ministère d’Initiative geholl, fir dëst Fachkënnen a –Wësse beieneen ze zéien an eng Äntwert op ee Besoin ze fannen, deen och schonns vun internationaler Säit erkannt gi war; op deen et awer bis elo keng zefriddestellend integréiert Äntwert gouf. Zënter datt ech Iech an der Chamber fir d’éischt am Mäerz 2010 heivu geschwat hat, goufen an Dosende vun Réuniounen heiheem an dobaussen mat internationale Partner déi Négociatioune gefouert, déi eis et erlaabt hunn, dëst Joer am Abrëll e Kontrakt mat de Partner aus dem Privatsecteur ze ënnerschreiwen, fir de Projet weider ze entwéckelen a bis Enn des Joers operationnel ze hunn.

Et ass eis Intentioun, der internationaler humanitärer Communautéit emergency.lu während deenen nächsten dräi Joer als global public good zur Verfügung ze stellen, fir en um Terrain ze testen, ze préiwen an ze verfeineren. Deen héige Käschtepunkt vu 17 Milliounen Euro iwwer véier Joer aus dem Kooperatiounsbudget, gëtt doduerch ofgefiedert, well emergency.lu vu vireran als public private partnership geduecht war.

Dat heescht :

  • Um Ufank steet déi ëffentlech Missioun vun der humanitärer Hëllef, mat ëffentleche Fongen.
  • Privat Kapazitéiten erlaben et, dës Missioun méi efficace ze maachen an engem objektiven Besoin entgéint ze wierken.
  • Déi technesch Infrastrukturen a Kapazitéiten, déi vun der ëffentlecher Hand finanzéiert goufen, kënnen tëschent Urgencesituatiounen un aner ëffentlech oder privat Akteuren mat Développements- oder humanitärem Mandat verlount ginn an déi droen iwwert e Loyer zum nohaltege Finanzement vun der initialer ëffentlecher Missioun bäi.

Vum PAM, dee bei der UNO federführend fir Telekommunikatioun an der Urgence ass, krute mer gesot, datt d’Natur vun hirer Aarbecht net wäert changéieren, mä datt se wéinst emergency.lu hir Aarbecht elo wäerte besser a méi séier maache kënnen. Op den Assisen vun der Kooperatioun virun engem Mount war d’Direktesch vum PAM formell: "This will save lives!" D’nächst Woch stelle mer der EU-Kommissärin Georgieva emergency.lu vir, duerno am Europaparlament an am Dezember beim UN Coordinatiounsbureau fir humanitär Hëllef zu New York.

Här President,

D’Entwécklungszesummenaarbecht ass an däerf kee Selbstzweck ginn. Esou wichteg et och ass, datt mer zesummen als international Gemeinschaft an och heiheem um nationale Plang, déi richteg Regelen a Referenzen, déi néideg Moyenen a Kontrollen definéieren, duerch déi mer no méi Efficacitéit a besser Effizienz vun der Kooperatioun striewen, dierfe mer ni iwwert de Prozesser vergiessen, fir wee mer schaffen. Ob mer an Afrika, Asien oder Latäinamerika mat de Partnerlänner iwwer hir Entwécklungsprioritéiten schwätzen; ob mer eis zu New York, Genève oder Paräis fir méi a besser Hëllef asetzen oder ob mer deemnächst eist neit Gesetz schreiwen a stëmmen; et mussen zu all Ablack d’Kanner, d’Fraen an d’Männer, déi Dag fir Dag ënnert den terrible Konsequenzen vun der Aarmut ze leiden hunn, am Mëttelpunkt vun eisen Iwwerleeungen, Décisiounen an Aktioune stoen.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour