Déclaration de politique étrangère 2011 (version originale luxembourgeoise)

Le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, a présenté la déclaration sur la politique étrangère et européenne du Luxembourg le 15 novembre 2011 à la Chambre des députés.

- Seul le discours prononcé fait foi -

Här President,
Dir Damen an Dir Hären Deputéiert,

Beim éischten Bléck kann een iwwerrascht sinn, wann een de Kontrast zwëschen den zwee Ufer vum Mëttelmier géigeniwwerstellt: am Norden ass een Europa, wat an der Krise an am Zweifel stécht; op der anerer Säit, am Süden, erwächt Nordafrika a verlaangert no Fräiheet an Hoffnung.

Op der enger Säit sinn alehrwürdeg Nationen, déi gelähmt schéngen an net am Stand sinn, sech aus engem Däiwelskrees ze befreien, deen se net verstinn an deen sech allen nach esou hoffnungsvollen Heelmëttelen ze entzéie schéngt.

Op der anerer Säit hunn couragéiert Populatioune géint Regierungssystemer rebelléiert, vun deenen ee gemengt huet, datt se fir all Éiwegkeet géinge bestoe bleiwen. Vëlker, deenen een fälschlecherweis ënnerstallt huet, datt se net emol d’Aspiratioun op Fräiheet haten, sinn op Initiativ vun hirer Jugend opgestanen an hunn hiert eegent Schicksal an d’Hand geholl.

Dës Duerstellung ass ze relativéieren, well ech iwwerzeegt sinn, datt Europa, trotz den aktuelle Problemer mat sech selwer, eng entscheedend Inspiratiounsquell war fir dat, wat mir gemengerhand "d’arabescht Fréijoer" nennen.

Natierlech sollt een net higoen an d’Evidenz ofstreiden: Europa stécht an enger schwéierer Kris, déi vill Facetten huet, an déi wäit iwwer d’budgetär Schwieregkeete vun deen engen an deen aneren erausgeet.

Dës Feststellung soll eis awer net découragéieren. D’Länner vun der Europäescher Unioun hu scho vill aner Krisen säit de 70er Joren duerchlieft, politescher, wirtschaftlecher an sozialer Natur. An d’Äntwert war ëmmer déi selwecht: Mir mussen no vir goen, an déi europäesch Integratioun weiderdreiwen, mat Courage an Oppenheet. Et war net ëmmer einfach. Et ass net ëmmer sou séier gaangen, wéi mer dat erhofft hunn. Mee et gouf am Endeffekt ëmmer fäerdeg bruecht.

Ech weess och, datt verschidde Leit eis haut iwwerzeege wëllen, datt dat Schnéi vu gëschter ass an datt d’Situatioun haut eng ganz aner wier. D’Léisunge vu fréier géifen net méi gräifen, heescht et, an sollten deemno verworf ginn. Jo, et läit am Trend ze behaapten, datt mer um Enn vun engem historeschen Zyklus ukomm sinn, an datt d’europäesch Integratioun – nodeems si hiren Héichpunkt erreecht huet – lo dozou verdaamt wier, ofzehuelen.

Ech kann nëmme virun esou Theorië warnen. Si déngen nëmmen deenen, déi méi oder wéineger oppen d’national Egoisme verdeedegen an sech deenen anere wëlle verschléissen a sech ofkapselen. Eng Form vu salonfäegem Nationalismus an Egoismus schläicht bekanntlech durch vill EU-Länner.

Wann déi nationalistesch Tendenzen sech géifen duerchsetzen, da wier dat eng schlecht Entwécklung fir all d’Memberstaaten, y compris fir déi, déi aus Nostalgie oder Selbstverblendung mengen, si kéinte sech eleng op der Weltbühn duerchsetzen. Fir eist Land wier sou eng Haltung déidlech, well eis Sécherheet an eis Prosperitéit op dem Erfolleg vun der Europäescher Unioun berouen.

Ech wiere mech géint déi, déi mengen, eis Aussepolitik géif sech zevill mat der Europäescher Unioun beschäftegen, an net genuch mat eisen eegenen Interessien. Den Erfolleg vun der Europäescher Unioun ass den éischte vun eisen Interessien! Sech verantwortungsvoll a solidaresch asetze fir d’Verstäerkung vun der Unioun, dat ass och sech asetze fir eist Land. Dozou gëtt et keng Alternativ.

Dësen Engagement ass och eng konkret Ëmsetzung vun eise Wäerter, wéi d’Demokratie, d’Mënscherechter an d’Solidaritéit. Et kann een also net zwou Aussepolitiken entgéintsetzen: eng, déi eis Interessie géif verdeedegen, an eng, déi eis Wäerter géif verkierperen. Et ass an der Moud, iwwerall wëllen ee Konflikt zwësche Realismus an Idealismus ze gesinn: Mee dës Virstellung ass falsch! An eisem Engagement fir d’europäesch Integratioun fléissen eis Interessien an eis Idealer zesummen, ob dat am Bereich vun de Mënscherechter, der Rechtsstaatlechkeet oder dem Multilateralismus ass.

Ech wéilt Iech versichen ze weisen, dass eis Aussepolitik - iwweregens an de grousse Linnen ni a Kontradiktioun mat der Chamber - eng Politik ass, déi responsabel a solidaresch eis Interessien a gläichzäiteg eis Wäerter verdeedegt.

Europäesch Unioun

D’Europäesch Unioun bestëmmt maassgeeblech d’politescht, d’ökonomescht an dat soziaalt Liewen zu Lëtzebuerg. Et ass ëmsou méi bedauerlech ze gesinn, datt wesentlech Acquise vun der europäescher Konstruktioun an der Lescht widderhuelt a Fro gestallt goufen.

D’Scholdekris huet d’Fundamenter vun der Wirtschafts- a Währungsunioun erschüttert an d’Stabilitéit vun der Eurozone a Gefor bruecht. Dës Kris ass sonnergläichen. Mir sti viru groussen Ëmwältzungen wat d’Gestioun an der Eurozone betrëfft. Muncheree wäerft der Unioun vir, d’Scholdekris net an de Grëff ze kréien. Ech verstinn, datt d’Gestioun vun der Kris als ze lues an onduerchsiichteg ëmfonnt gëtt, an datt ouni Zweifel am leschten annerhallwe Joer ze vill gezéckt a gedribbelt ginn ass anstatt ze handelen. Mee et dierf ee weder déi technesch nach déi politesch Komplexitéit nach d’Schwieregkeet vun dëser Aufgab ënnerschätzen. Déi politesch Responsabel vun haut mussen haut verschidde Versäumnisser behiewen, déi bei der Schafung vun eiser gemeinsamer Währung an den ‘90er Joren entstaane sinn. D’Scholdekris huet verschidde wesentlech Manktem an der Europäescher Konstruktioun ënnerstrach.

Fir d’Politiker, déi haut am Vierdergrond stinn, ass d’Kris ee stännege Balance-Akt. Et steet vill um Spill. D’Faillite vun engem Staat ass eng reell Gefor, déi wéi een Damoklesschwert iwwert de Käpp vu Millioune Bierger an Europa an hirer wirtschaftlecher Situatioun hängt. D’Zuel vun den implizéierten Acteuren ass duerchaus beandrockend: d’Regierungen aus der Eurozone, d’europäesch Institutiounen, d’national Parlamenter, d’Banken, d’Investisseuren an d’Finanzmäert, mee awer och d’Memberstaaten, déi net an der Eurozone sinn, oder extern Acteure wéi den Internationale Währungsfonds.

Ënnert deenen Ëmstänn geet et net duer, sech eng Kéier ze treffen, fir d’Froen ze regelen, vun deenen sou vill fir esou vill Leit ofhänkt. Et muss een sech ofschwätzen, sech beroden, verhandelen, sech nach emol ofschwätzen. Genau dat ass et, wat am Moment gemaach gëtt. Et gëtt non-stop dru geschafft, fir déi beschtméiglech Léisung ze fannen.

Et stëmmt, datt verschidde Moossnamen, déi am Kader vun der Kris hu misse getraff ginn, Ad-hoc-Moossnamen sinn, ewéi zum Beispill d’Schafe vum Europäesche Fong fir Finanzstabilitéit. Et ass verständlech, datt a Krisenzäite muss kënne séier gehandelt ginn. De gemeinschaftleche Geescht, den "esprit communautaire", muss awer de Basisprinzip vum Fonctionnement vun der Unioun bleiwen, an dat an alle Beräicher.

Déi nei Uniounsmethod, wéi se vu verschiddenen genannt gëtt, muss d’Ausnam bleiwen. Et brauch een net ze ënnersträichen, datt Lëtzebuerg – zesumme mat anere Memberstaaten – ëmmer erëm de Respekt vun der Gemeinschaftsmethod fuerdert, an där d’Europäesch Kommission eng zentral Roll spillt.

Staatsscholdekris

Am Kader vun den Efforten, déi ënnerholl goufen, fir d’Scholdekris ze iwwerwannen, huet sech eist Land vun zwee grousse Prinzipien leede gelooss: Solidaritéit a Soliditéit. Op där enger Säit muss d’Eurozone solidaresch si mat de Länner, déi Schwieregkeeten hunn. Op där anerer Säit ass et evident, dass déi Länner sech hierersäits mussen solidaresch mam Rescht vun der Eurozone erweisen, andeems si Moossname mussen ergräifen, fir hir eege Situatioun ze verbesseren an domat d’Soliditéit vun der Eurozone ze stäerken. An deem Zesummenhang goufen an de leschte Méint bedeitend Décisioune geholl.

Verschidde Länner hunn e schwaache Wuesstem, héije Chômage, héich Scholden a grouss budgetär Defiziter. Dëst zwéngt si, hir sozial Budgeten drastesch ze kierzen an d’Steieren ze erhéijen – Moossnamen, déi zu politeschen a soziale Spannunge gefouert hunn. D’Kombinatioun vun héijen Defiziter a Scholden an engem schwaache Wuesstem huet dozou gefouert, dass d’Finanzmäert d’Eurozone ganz kritesch betruechten a Griichenland, Irland a Portugal sech de Moment net méi um Finanzmaart refinanzéiere kënnen.

D’Memberstaate si sech voll a ganz bewosst, dass si ënnerenee musse solidaresch sinn: D’Defiziter an d’Scholde vun engem Land belaaschten och déi aner. Eng kollektiv Äntwert ass déi eenzeg méiglech Léisung, am Respekt vun den gemeinsame Regelen.

Eng global Äntwert op d’Scholdekris setzt sech aus verschiddenen Elementer zesummen: d’europäescht Semester, de reforméierten Stabilitéits- a Wuesstemspakt, den europäesche Fong fir Finanzstabilitéit (EFSF) an den zukünftegen europäesche Stabilitéitsmechanismus, grad wéi d’Hëllefsprogrammer, déi schonn ageriicht gi sinn, an d’national Reformpläng, déi ageleet goufen.

Dernieft ass am exzeptionelle Fall vu Griichenland d’Bedeelegung vum Privatsekteur a Form vun engem Scholdeschnëtt an eng Rekapitalisatioun vu betraffene Banken virgeholl ginn.

Gläichzäiteg muss d’Eurozone hire Fonctionnement verbesseren. Déi gemeinsam Währung setzt viraus, dass all Land d’Regelen anhält. Am anere Fall fält d’Gerüst an de Koup. Kee Land soll ausgeschloss ginn, an d’Länner a Schwieregkeete profitéiere vu Bäistandsmechanismen. Mä d’Eurozone ka just als Ganzt funktionéieren.

Europäescht Semester

D’"europäescht Semester" huet zwee Zieler. Dat éischt Ziel ass, dass d’Politiken, déi fir budgetär Disziplin (d’Stabilitéits- a Konvergenzprogrammer) respektiv fir méi e grousst Wuesstem a manner Chômage (d’national Reformprogrammer) suerge sollen, besser openeen ofzestëmmen. Dat zweet Zil ass eng Verstäerkung vun der wirtschaftlecher Gouvernance, andeems d’budgetär Politiken an der EU besser iwwerwaacht an ofgestëmmt ginn.

Dank dësem neie Kader ginn d’Politiken an Zukunft an den éischte sechs Méint vum Joer, also virun de Budgetsdécisioune vun de Memberstaate fir dat Joer drop, openeen ofgestëmmt. Säit Juli leeft "d’nationaalt Semester". Heibäi ginn d’Recommandatioune fir d’Ausschaffe vum nationale Budget fir 2012, deen den nächste Mount hei an der Chamber wäert diskutéiert ginn, berücksichtegt. Esou wäert de Vote vum Budget, eng vun de wichtegste Kompetenze vun der Chamber, vill méi kloer wéi bis elo an engem europäesche Kader, stattfannen. Dës Mossnam soll an de nächste Joren zu enger verstäerkter Integratioun vu nationale Budgetspolitike féiren.

Just heizou wéilt ech mat Nodrock betounen, dass een "haircut" vun de Sozialleeschtungen oder een Zerschloen vun eiser Kultur vum sozialen Dialog net kann an däerf d’Zil sinn.

D’Reform vum Stabilitéits- a Wuesstemspakt gouf am September adoptéiert. Si soll zu enger méi strenger Iwwerwaachung féieren, andeems si wäitgehendst automatesch Sanktioune virgesait wann d’Regelen net respektéiert ginn. Eng gemeinsam Währung bedeit och eng gemeinsam Solidaritéit.

Well awer d’Scholdekris net nëmmen an alle Fäll duerch gréisser Budgetsdefiziter verursaacht gouf, wéi d’Beispiller Irland a Spuenien weisen, gëtt deen reforméierte Stabilitéits- a Wuesstemspakt complétéiert duerch déi sougenannten "Prozedur vun den exzessiven makroekonomeschen Ongläichgewiichter". Dës Prozedur gesäit viir, dass d’Memberstaaten mussen Moossnaamen ergräifen, déi zu enger gréisserer realer Konvergenz vun den Economië féiren.

Décisiounen vum 21.10.2011

De 26ten Oktober huet d’Eurozone sech kënnen eens ginn iwwert aner, wichteg Punkten ewéi d’Ëmstrukturéierung vun der griichescher Schold, d’Rekapitaliséierung vun de Banken an d’Verstäerkung vum Europäesche Fong fir Finanzstabilitéit. No 11 Sommeten an den leschten 20 Méint, hunn déi 17 Eurolänner et fäerdeg bruecht déifgräifend Moossnamen ze huelen, fir aus der Kris erauszekommen. Si hunn sech awer och engagéiert, d’Wirtschafts- a Währungsunioun ze kompletéieren an d’Léieren aus der heiteger Kris ze zéien.

De President vum Europäeschen Rot krut d’Mandat, Mesüren ze definéieren, fir d’wirtschaftlech Union ze stäerken an se op den Niveau vun der Währungsunioun ze bréngen. Ännerunge vum Traité sinn net auszeschléissen, obwuel een sech muss bewosst sinn op wat fir ee Risiko een sech hei aléisst. Bis Ënn des Joers soll ee Pabeier virleien, wou eise Premier als President vum Eurogrupp mat implizéiert ass, deen d’Marschroute dozou soll festleeën: natierlech am totale Respekt vun de Prerogativë vun den jeeweilegen Institutiounen. An der Zwëschenzäit ass de Sommet vun der Eurozone jo schonns institutionaliséiert ginn: mindestens zweemol am Joer soll en zesumme kommen. D’Kommissioun an den Eurogrup mussen an Zukunft iwwert all wichteg Ännerung an der Budgetspolitik vun engem Land informéiert ginn, an dat nach ier dës Ännerung adoptéiert gëtt.

Waat d’Ëmsetzen vun den Décisiounen vum 26.10. ugeet sollte mer dru gleewen, dass déi néi griechesch Iwergangsregierung esou séier wi méiglech de Rettungspak mat de betreffenden Mossnaamen adoptéirt an dem Griichesche Vollék de Wee aus dem Tunnel préparéiert.

An de leschten Deeg sinn och d’Suergen ëm Italien, ëmmerhinn déi drëttgréisst Economie (17% vum PIB) vun der Eurozone, gewuess. Italien huet eng héich Staatsschold an en nidderege Wuesstem. Dat ass scho méi laang gewosst, grad esou wéi et gewosst ass, dass déi politesch Situatioun an Italien net einfach ass. An “normalen�? Zäiten war déi Situatioun zwar ni zefriddestellend, mee d’Soutenabilitéit vun den italienesche Staatsfinanzen war awer ni bedrot. Mir sinn awer elo net méi an “normalen�? Zäiten, an deemno muss Italien elo schnellstens déi Moossnamen ëmsetzen, zu deenen et sech verflicht huet, an déi derzou bäidroen sollen, dass seng aussergewéinlech héich Staatsschold erofgeet. De Récktrëtt vum Premier Berlusconi soll derzou bäidroen, dass d’Vertrauen an d’italienesch Politik erëmkënnt, an en Ausufere vun der Kris ka verhënneren. Dem Här Mario Monti gëtt zougetraut, datt hien an Italien den Iwwerbléck fënnt, fir géigenzesteieren.

Ratingagencen

Et schéngt mir och wichteg, nach eng Kéier un déi negativ Roll vun de Ratingagencen ze erënneren, dëst besonnesch nodeems wat d’lescht Woch mat Frankräich geschitt ass. Si niren net nëmmen d’Spekulatioun op de Finanzmäert, mee droen och dozou bäi, dass d’Scholdekriis nach ëmmer méi schlëmm gëtt. D’Ratingagencen hunn d’Bonitéit vu Griichenland, Spuenien a Portugal an anere Länner erofgesat, obwuel dës Länner couragéis Reformen ënnerholl hunn fir hir ëffentlech Finanzen ze sanéieren. Länner ze bewäerten, déi an engem Strukturupassungsprogramm sinn, ass ganz einfach onsënneg. Et fiert ee jo och net an de Contrôle technique, wann den Auto an der Garage ass, fir gefléckt ze ginn!

De Ratingagencen hir Legitimitéit gëtt duerch hir Oligopol-Roll geschwächt, duerch hier Onfäegkeet, fir Fehler, déi si an der Vergaangenheet gemaach hunn, riischtzestoen, duerch hire Manktem un Transparenz an den Timing vun hire Beuerteelungen. An et ass och inakzeptabel, dass Ratingagencen d’Qualitéit vun engem demokratesche Prozess bewäerten. D’Bonitéit vun den USA gouf wéinst der Politik eroofgesaat, wéinst de Republikaner an den Demokraten, déi sech géigesäiteg am Kongress blockéiert hunn, an net wéinst der wirschaftlecher a finanzieller Situatioun u sech. Eng Ratingagence huet kee politescht Uerteel iwwert ee Land ofzeginn!

Dofir schéngt et mir héich Zäit, dass den aktuelle System, deen de Ratingagencen eng iwwergrouss Muecht gëtt a si an de Mëttelpunkt vum Finanzsystem setzt, reforméiert gëtt. D’Propositiounen, déi d’Kommissioun haut op den Dësch geluecht huet, ginn an déi richteg Richtung a kënnen op eis Ënnerstëtzung zielen.

Conclusioun

Mir brauchen elo eng staark a gemeinsam Politik, déi vun enger kloerer Zukunftsvisioun inspiréiert ass. D’Rekapitaliséierung vun den Eurozone-Banken an dem Ariichte vun enger Schutzmauer, déi zolitt genuch ass, fir déi aner Länner virun der Ustiechungsgefor ze schützen, ass primordial. D’Gläichgewiicht tëschent der Budgetsconsolidatioun an dem wirtschaftlechen Opschwong muss fonnt ginn, fir sozial Onrouen ze verhënneren. D’Scholdekris huet Regierungen un d’Fale kritt: an Irland, a Portugal, an Italien, a Griechenland an an der Slowakei. Regierungen sinn ze ersetzen, wa se abriechen. Den Euro dierf net abriechen, well en net ze ersetzen ass!

Den Euro ass ee Produkt vun der Coopération renforcée an der EU. D’EU huet als "Image de marque" d’Solidaritéit, also d’Inklusioun. De Géigendeel ass d’Exclusioun, d’Oofstoussen. Et därf net d’Ziel sinn drop hinzeschaffen fir Länner aus der Eurozone auszestoussen. Ënnert der Bedingung, datt ee Land sech hëllefe léisst a sech och esou verhält, muss déi Charakteristik sech ëremspigelen, déi un der Wéi vun der EU stung: politesch Solidaritéit, haaptsächlech a méi schwéieren Zäiten.

Erlaabt mer och hei d’Wierder vum Jean-Claude Juncker a Saachen "Kär-Eurozone", un där Däitschland, Frankräich, Finland, Éisterräich an de Benelux dru bedeelegt wieren, ze gebrauchen: "Dëst ass eng domm Iddi". Domm an deem Sënn, datt hei mam Euro, also mam Schicksal an der sozialer Ofsécherung vun 100ten Millioune Leit gespillt gëtt.

* * *

Finanziell Perspektiven

Net nëmmen d’finanziell Situatioun vun de Memberstaaten mee och de finanzielle Kader vun der Unioun no 2013 ass e wichtegt Thema, wou mir weider musse solidaresch handelen. D’EU bereet d’Ëmsetzung vun hirer Politik fir d’Period vun 2014 bis 2020 vir, fir weider zum Wuelstand vun hire Bierger bäizedroen an donieft d’Ziler vun der Strategie EU2020 z’ënnerstëtzen.

Enn Juni huet d’Kommissioun eng ganz zolitt Basis fir de kommende Verhandlungsprozess virgeluecht, an déi éischt politesch Diskussiounen hu schonns stattfonnt. Lëtzebuerg wënscht sech, dass d’Verhandlungen iwwert de finanzielle Kader vun enger enker Zesummenaarbecht tëschent dem Conseil, dem Parlament an der Kommissioun geprägt ginn.

D’EU muss sech déi néideg Mëttel ginn, fir hir Ambitiounen ëmzesetzen. Dës Mëttel musse sech op déi wichtegst Prioritéite konzentréieren, d’Wäertsteigerung, d’Resultat an d’Qualitéit vun den europäeschen Ausgaben. Mä et muss een an enger Zäit vu Spuermoossnamen a budgetärer Disziplin och ënnerscheeden tëschent deem, wat méiglech ass, an dem, wat wënschenswäert ass.

D’Diskussiounen iwwert den neie finanzielle Kader hunn ënnert polnescher Présidence ugefaangen a wäerten ënnert dänescher Présidence weidergefouert gin mam Zil fir Enn nächst Joer ënner zypriotescher Présidence ofgeschloss ze gin. Mir wäerten also nach Geleeënheet hunn fir op dëst Thema zréckzekommen, am Kader vun desem Discours d’nächst Joer.

Schengen

Am Juni 2010 hu mir nach feierlech de 25. Anniversaire vum Schengen-Accord gefeiert. E puer Méint méi spéit koumen déi éischt Versich, fir dësen Accord a Fro ze stellen. Eng Afrostellung, déi mat de Migratiounen als Konsequenz vum arabesche Fréijoer direkt a Verbindung bruecht ginn ass.

De Schengen-Raum ass ee vun de wichtegsten Acquise vun der europäescher Konstruktioun: e Raum, an deem sech iwwer 400 Millioune Mënsche fräi beweege kënnen; e Symbol fir Rechter a Fräiheet, deen och zum Opschwong vun eisem Land bäigedroen huet; e Symbol carrément vun den Avantagë vun der EU, ëm dat déi ganz Welt eis beneit!

Dës Konstruktioun gouf a leschter Zäit e puer Mol op d’Prouf gestallt. Op där enger Säit ginn et Meenungsverschiddenheeten iwwert d’Partizipatioun vu Bulgarien a Rumänien um Schengen-Raum. Op där anerer Säit unilateral Initiativen, wéi vun der fréierer Regierung aus Dänemark, déi d’Prinzipie vum Schengen-Raum a Fro stellen.

Dowéinst bedaueren ech populistesch Tendenzen déi d’Zil hunn, d’Grondprinzipien a Fro ze stellen op denen de Schengen-Raum opgebaut ass. Mir brauche gemeinsam Politiken, déi d’Mënschen zesummeféieren an d’europäesch Iddi no vir bréngen, virun allem an dëse schwieregen Zäiten. Dowéinst freet et mech besonnesch, dass déi nei Regierung an Dänemark hirem Virgänger seng Decisioun, d’Grenzkontrolle mat Däitschland a Schweden erëm anzeféieren, réckgängeg gemaach huet. Stellt Iech just kuerz mol d’Konsequenze vir, wann d’Awunner vu Lëtzebuerg grad ewéi d’Frontalieren an aus der Groussregioun net méi vun hire Rechter a Fräiheete profitéiere kéinten, déi hinnen de Schengen-Raum garantéiert.

Mä och wa Lëtzebuerg zënter laangem d’Kontrollen op senge Grenzen ofgeschaf huet, heescht dat net, dass mir net solidaresch si mat deene Memberstaaten, déi schwéier Problemer hunn, d’Baussegrenzen vun der Unioun ze kontrolléieren. Wéi mir wëssen, gëtt dëse Schutz am aktuelle Kontext ëmmer méi schwiereg. Aus deem Grond huet Lëtzebuerg 2011 u verschiddene Missioune vun der europäescher Agence Frontex deelgeholl.

Traité vu Lissabon

Nach ëmmer vum Traité vu Lissabon ze schwätze schéngt vläicht onpassend oder esouguer anachronistesch, vu datt schons vun senger Iwwerschaffung Rieds geet. Et huet sech effektiv erausgestallt, dass den Traité, deen hätt sollen e stabilen institutionelle Kader aféieren, deelweis net komplett ass, fir d’Défie vun der Scholdekris an de Grëff ze kréien. Dëst ass erkannt ginn, wéi d’Decisioun geholl ginn ass, den zukünftegen Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM) an d’Liewen ze ruffen – den Nofolger vum Europäesche Fond fir Finanzstabilitéit (EFSF). Dës Instrumenter befanne sech ausserhalb vum institutionellen europäesche Kader vum Traité. An deem Sënn huet d’Regierung e Gesetzesprojet deposéiert deen d’Decisioun vum Conseil européen ratifizéiert, mat där den Artikel 136 vum Traité geännert gëtt. Dësen erméiglecht d’Ariichte vum permanenten europäeschen Stabilitéitsmechanismus.

Dernieft geet d’Ëmsetzung vum Traité vu Lissabon weider an d’EU-Institutioune gi Schratt fir Schratt verstäerkt. Et gouf beschloss, den Europäeschen Auswäertegen Déngscht anzeriichten an d’Europäesch Biergerinitiativ an d’Weeër ze leeden. Dank de Perspektiven, déi d’Traitéen erméiglechen, gin d’europäesch Politiken a wesentleche Beräicher erneiert a verstäerkt, virun allem bei der Sécherheet, der Fräiheet an der Justiz.

Wann den Europäeschen Auswäertegen Déngscht komplett asazbereet ass, wäert hien d’Visibilitéit an d’Effizienz vun der Unioun op internationalem Plang verbesseren. Net nëmme wäerte seng Messagen a säin Afloss verbessert ginn, mä och d’Memberstaate wäerten op eng aner Manéier vun dëser Evolutioun profitéieren. Dat ass virun allem de Fall fir Memberstaate mat engem éischter bescheidenen diplomatesche Réseau. Mir mussen deemno speziell dofir suergen, dass eng wierklech Kultur vu Kooperatioun an Informatiounsaustosch tëschent de Memberstaaten an dem Aussendéngscht entsteet.

Europäesch Biergerinitiativ

D’Europäesch Biergerinitiativ ass eng nei Form, fir d’Bierger un der Elaboratioun vun den EU-Politiken deelhuelen ze loossen. Si ass en éischt Element vun direkter Demokratie an der EU.

D’Reglement fir d’Europäesch Biergerinitiativ gouf de 16. Februar 2011 adoptéiert a wäert den 1. Abrëll 2012 a Kraaft trieden. Ab dësem Datum kënnen déi éischt Initiativen no enger genee definéierter Prozedur bei der Europäescher Kommissioun eragereecht ginn. De Gesetzesprojet fir d’Ëmsetzung vum europäesche Reglement gouf am August 2011 an der Chamber deposéiert an ech sin iwwerzeegt, dass d‘Chamber dat Gesetz geschwën kann adoptéieren. Bei där Geleeënheeet kënne mir, wann Dir wënscht, méi am Detail op des Initiativ agoen.

Politique du Siège

Eist Engagement vis-à-vis vun der Europäescher Unioun manifestéiert sech natierlech och an eiser Politik als "Etat hôte" vu villen europäeschen Institutiounen. D’Regierung wäert och weider alles drusetzen, fir den europäeschen Institutiounen hei zu Lëtzebuerg eng grouss Liewensqualitéit an optimal Aarbechtskonditiounen ze bidden, fir dass si op eng efficace a kohärent Manéier funktionéiere kënnen.

Projete wéi den Ausbau an d’Renovatioun vum Konferenzzentrum um Kierchbierg, dee bis d’Sessioun vum Conseil am Abrëll 2012 misst ofgeschloss sinn, den zweeten Ausbau vun der Cour des Comptes, d’Renovatioun an den Ausbau vum Europäesche Parlament oder d’nei Gebaier fir d’Kommissioun sinn eng Chance, fir ze weisen, dass Lëtzebuerg trotz enger ëmmer méi grousser Konkurrenz als Stad an als Sëtz vun den Europäeschen Institutiounen à même ass, dës ënnert de beschte Bedéngungen opzehuelen.

Niewent den Immobilieprojeten probéiert den Ausseministère natierlech och, d’Liewe vun den europäesche Beamten, déi an eisem Land liewen a schaffen, ze vereinfachen. Aus dësem Grond wëlle mir nei Legitimatiounskaarte fir si aféieren an e Projet de loi gouf am Ufank vun dësem Joer an der Chamber deposéiert.

Wéi de Virstouss vum Parlament, d’Agenda vu senge Sessiounen ëmzeänneren, weist, ass d’Fro vum Sëtz ni endgülteg geléist. An dësem Kontext huet Lëtzebuerg e Mémoire als Ënnerstëtzung vu Frankräich agereecht an och soss wäert Lëtzebuerg sech dofir asetzen, dass d’Traitéen an dësem Zesummenhang agehale ginn.

* * *

Déi verschidde Schwieregkeeten an Erausfuerderungen an der Europäescher Unioun, déi ech Iech beschriwwen hunn, kéinte pessimistesch stëmmen. Fir munch ee Pessimist sinn dëst Zeeche vun engem Déclin vun Europa vis-à-vis vun aneren dynamesche Regiounen an der Welt. Deem kann a wëll ech net zoustëmmen.

Et muss ee just iwwert d’Grenze vun der Europäescher Unioun erauskucken, fir festzestellen, dass Europa nach ëmmer een Ideal verkierpert.

Dank dem traditionellen europäesche Engagement an de grousse multilateralen Instanze fannen mir lues, awer sécher déi richteg Usätz fir global Äntwerten op déi dréngendst Problemer vun der Weltgemeinschaft. Ee staarkt europäescht Engagement ass esou néideg wéi nach ni, wéi d’Beispiller vun der Welthandelsorganisatioun oder dem Kampf géint de Klimawandel et weisen.

* * *

OMC

Mir setzen och weiderhin op de Multilateralismus beim internationalen Handel zu Genf bei der OMC. Scho säit zéng Joer engagéiert sech Lëtzebuerg indirekt iwwert d’Europäesch Unioun fir eng Conclusioun vun der Doha-Ronn. Leider ass et fir eng Rei wichteg Akteuren an der jëtzeger Situatioun net méiglech fir engem Kompromess zouzestemmen. "Firwat dat Ganzt also"? frot Dir mech. Firwat verhandele mir weider, wann aanerer d’Doha-Ronn blockéieren?

Aus dem einfache Grond, well mir iwwerzeegt sinn, dass an dëse Krisenzäiten, an Zäite vu protektionisteschen Tendenzen a wou d’Solidaritéit a Fro gestallt gëtt, mir mam gudde Beispill virgoen mussen. Mir sollten eis Idealer verdeedegen an den am mannsten entwéckelte Länner hëllefen, fir dass och si kënne vun der Globaliséierung profitéieren. Genee dowéinst engagéiert sech Lëtzebuerg am Kader vun der Doha-Ronn fir d’Integratioun vu den Entwécklungslänner an den internationalen Handelssystem.

Säitdem d’Doha-Ronn blockéiert gass, féiert d’EU parallel bilateral Verhandlunge mat Drëttstaaten. Esou ass d’Fräihandelsofkommes tëschent der EU a Südkorea den 1. Juli a Kraaft getrueden. De Gesetzesprojet ass Enn August an der Chamber deposéiert. E Fräihandelsofkommes ass och viru kuerzem mat Kolumbien a Peru ofgeschloss ginn. Et betrefft net just Handelsfroen, mä och d’Rechter vun den Aarbechter an nohalteg Entwécklung. Ähnlech Verhandlunge lafen och mat der Ukraine, Indien, Kanada, Singapur an anere Länner. Si sinn en Zeechen dofir, dass sech d’EU fir oppen an ausgeglachen Handelsbezéiungen asetzt. Op där enger Säit kréien d’lëtzebuergesch Betriber op dës Manéier Zougang zu neie Marchéen, op där anerer Säit verlaangt Lëtzebuerg awer och, dass Ëmweltnorme strikt agehale ginn an dass, falls néideg, dës Accorde Klauselen iwwert eng nohalteg Entwécklung enthalen.

Russland trëtt geschwënn der OMC bäi. Alles deit dorop hin wéi wann dat bis Enn des Joers géif geschéien. Dat wier eng positiv Entwécklung. D’OMC baséiert op Rechtsprinzipien fir dass Handelsbezéiunge méi sécher a méi previsibel ginn. Si assuréiert, dass Divergenzen onparteiesch geregelt ginn.

D’EU verhandelt och asymetresch Accorden iwwert eng wirtschaftlech Partnerschaft mat regionale Gruppéierungen aus Afrika, der Karibik an dem Pazifik. Dëst soll de betraffenen Staaten erlaben, un hirem privilegéierten Accès zu eise Mäert festzehalen a gläichzäiteg d’Solidaritéit ze förderen. Vu hir historesch Roll an dëse Regiounen ass d’EU dëse Länner dat schëlleg. Am Kader vun de Verhandlunge mat anere Partner wäert sech Lëtzebuerg och weider fir d’speziell Situatioun vun den AKP-Länner asetzen, dëst am Sënn vun enger méi kohärenter EU-Politik an de Beräicher Entwécklung an Handel.

Et geet net drëm, dëse Länner e Liberaliséierungsprogramm opzedrängen. Sie sollen no hirem Rhythmus an op eng verantwortlech a solidaresch Manéier an de Welthandelssystem agebonne ginn. Hir Entwécklung soll hir eegen Ziler a Spezifizitéite berücksichtegen.

Klimawandel

Wat de Kampf géint de Klimawandel ugeet, sinn d’EU-Memberstaaten zwéngend Engagementer agaang, fir d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren. D’EU sëtzt alles drun, fir dass op der Konferenz zu Durban zum Schluss vum Joer decidéiert gëtt, d’multilateral Regelungen méi streng ze maachen. Dodriwwer eraus droen d’EU a Lëtzebuerg am Kampf géint de Klimawandel hiren Deel zu engem séiere Finanzéierungsmechanismus bäi. Loosst mech ënnersträichen, dass dës Mëttel am Fall vu Lëtzebuerg nei sinn an eis Entwécklungshëllef ergänzen.

An dëse schwieregen Zäiten däerf sech Europa a selbstverständlech och eist Land net ängschtlech an egoistesch zréckzéien. Esou eng Astellung géif aus eis en Deel vum Problem maachen, wou mir dach d’legitim Ambitioun hunn, en Deel vun der Léisung ze sinn.

Erweiderungspolitik

Fir sech vun de groussen Erwaardungen un Europa ze iwwerzeegen, muss ee just e Bléck op eis direkt Noperschaft werfen. Dozou gehéiert de westleche Balkan, eng Regioun, an där d’EU a Lëtzebuerg sech scho säit ville Jore staark engagéiert hunn.

A mir wäerten och weider di euroäesch Vocatioun vun dëser Regioun voll a ganz ënnerstëtzen. Op där enger Säit kënnen d’strukturell Problemer vum westleche Balkan just an der Europäescher Unioun laangfristeg geléist ginn. Op där anerer Säit si Fridden a Stabilitéit an dëser Regioun entscheedend fir d’Europäesch Unioun an hir Memberstaaten. Ech brauch hei net weider ze ënnersträichen, wéi d’Entwécklungen an dëser Regioun eis direkt betreffen.

Lëtzebuerg huet dëst Joer fir d’éischte Kéier a Bosnien, an de Montenegro an a Serbien Ambassadeuren, mat Residenz zu Lëtzebuerg, noméiert. Domatter setze mir e staarkt Zeeche vun eisem Interessi an eisem Engagement an der Region vum Balkan.

Mir brauchen eis keng Illusiounen ze maachen: Och wann et scho Fortschrëtter ginn, bleift nach vill ze machen. D’EU-Memberstaaten, dorënner selbstverständlech och Lëtzebuerg, musse sech weider engagéieren a solidaresch weisen. Mä den Unnäherungsprozess setzt och eng engagéiert a verantwortungsbewosst Astellung an de Balkanlänner viraus. Dofir sinn och d’Autoritéiten an de concernéierte Länner gefuerdert, konkret Fortschrëtter ëmzesetzen. Hei kéint de Bilan besser sinn.

Déi lescht Méint waren effektiv schwiereg fir dës Regioun.

Kroatien

Positiv ass, dass Kroatien de leschte Juni seng EU-Bäitrëttsverhandlungen ofgeschloss huet an um Enn vun dësem Joer de Bäitrëttsvertrag ënnerschreiwe wäert. Wann d’kroatescht Vollek zoustëmmt, wäert Kroatien den 1. Juli 2013 als 28ten Memberstaat der EU bäitrieden. Den EU-Bäitrëtt vu Kroatien ass e Beweis dofir, dass d’EU-Erweiderung en dynamesche Prozess bleift.

Ech hoffen, dass Kroatien eng Inspiratioun ass fir déi aner Länner an der Regioun, déi nach vill Efforte musse maachen, fir kënnen der EU bäizetrieden. Trotzdem ënnersträichen ech, dass all d’Länner vum westleche Balkan zënter 2003 eng europäesch Vocatioun hunn, an dass Lëtzebuerg si voll dobäi ënnerstëtzt, fir d’Reformen ëmzesetzen, déi néideg sinn fir Member vun der EU ze ginn.

Trotz den erfollegräiche Verhandlunge mat Kroatien an der Wichtegkeet vun dësem Erfolleg fir de westleche Balkan däerfe mir net vergiessen, dass d’Erweiderungspolitik net just dës Regioun betrëfft.

Tierkei

Sou sinn d’Entwécklunge fir e Bäitrëtt vun der Tierkei manner spektakulär wéi bei Kroatien, mä trotzdem gräifbar. D’Parlamentswale viru kuerzem sinn no de Regelen vun enger moderner Demokratie oofgelaaf. Esou dierft et och méiglech sinn, dass d’Tierkei an d’EU eng Léisung fir déi Dossiere fannen, déi bis elo d’Verhandlunge wéinst enger ganzer Rei vu Punkte blockéiert hunn. D’Türkei huet an de leschte Jore grouss Fortschrëtter gemaach an d’tierkesch Gesellschaft ass net méi déi selwecht wéi virun 20 Joer, an och net méi wéi viru 7 Joer, wou an der EU eestëmmeg de Grondsteen fir d’Memberschaftsverhandlunge geluecht gouf, um Conseil européen zu Bréissel. Et ass natierlech nach e wäite Wee, an d’EU muss och weider Reformen encouragéieren an hir tierkesch Frënn drun erënneren, hir Verflichtungen aus dem Ankara-Protokoll a gewëss Aspekter bei de Mënscherechter anzehalen.

D’Thema EU/Tierkei ass scho bal op enger politesch-philosophescher Stuf unzesidelen. Et gëtt den EU-interne Prozess, mat den zeréckhalende Positioune vum jetzegen franséische President, dann déi gespléckten Zréckhaalung vun der Däitscher Regierungskoalitioun, genee wéi d’Bedenken vu Griichenland an Zypern. Dann, déi genee ëmgedréinte Positioun vu Groussbritannien. Hei gëtt eleng déi strategesch Wierklechkeet vun der Tierkei gekuckt.

Lëtzebuerg positionnéiert sech ganz kloer an der ganz grousser Majoritéit vun de 27 déi:

  1. soen, dass d’Verhandlungen net därfen ausgesaat ginn, mee bis zu Enn musse gefouert ginn;
  2. soen, dass d’EU ee formidabele Motor war a bleiwt fir d’Reformprozesser an der Tierkei am Intérêt vum tierkesche Vollek a senge Grondfräiheete virunzedreiwen.
  3. soen, dass d’Tierkei net eleng ee risegt Maartpotenzial bedeit, dat weider wuesse wäert, mee och dee heiteg EU mat där Regioun verbënnt, déi sou kruzial fir de Weltfridden an dësem Jorhonnert ass.

Entweder wëll d’EU Afloss hunn, oder se wëll nokucken an erdroen. Fir eis Kanner, deenen hiert Liewen duerch dëst ganzt 21. Jorhonnert féiere wäert, sollte mir hei déi richteg Optioun net verbauen!

Island

Mat Island konnte mir eis scho bei zwee Verhandlungskapitelen eenegen. Island huet duerch säi Bäitrëtt zum Europäesche Wirtschaftsraum an de leschte 15 Joer natierlech scho grouss Deeler vum Acquis communautaire ëmgesat. Et muss ee sech deemno virun allem op déi méi schwiereg Sujete wéi d’Fëscherei, d’Landwirtschaft an d’Finanzdéngschtleeschtunge konzentrieren. Ech sinn och frou iwwert de Start vun enger Informatiounscampagne an Island, fir d’islännesch Bierger objektiv iwwert en EU-Bäitrëtt vun hirem Land ze informéieren. Et ass wichteg, hinnen d’Virdeeler, mä awer och méiglech Nodeeler vun engem EU-Bäitrëtt ze weisen.

Montenegro

Bei den anere Kandidaten huet Montenegro an de leschte Méint grouss Fortschrëtter gemaach a kënnt engem EU-Bäitrëtt méi no. Dem alljäerleche Rapport vun der Europäescher Kommissioun no ass Montenegro prett fir Bäitrëttsverhandlungen. Lëtzebuerg deelt der Kommissioun hir Analys a mir wäerten eis dofir ausschwätzen, dass d’Bäitrëttsverhandlunge mat Montenegro 2012 ufänken.

Mazedonien

Och d’Fréier Jugoslawesch Republik Mazedonien ass gutt am Rennen. Mä fir dass d’Verhandlunge kënnen ufänken an d’Land bei senger euroatlantescher Integratioun ka weiderkommen, mussen se onbedéngt mat Griichenland eng Léisung wéinst dem Sträit vum Numm fannen.

Belgrad a Pristina

Lëtzebuerg ass net deen eenzege Memberstaat vun der EU dee kloer gesäit, dass Serbien um Balkan de Schlëssel fir d’Stabilitéit a fir de Wee op Bréissel ass. Dofir ass Lëtzebuerg bereet fir Serbien ze hëllefen, de Kandidatstatus ze kréien. Dass d’schrëttweis Normaliséiere vun de Relatioune mat Pristina dann allerdéngs Realitéit muss ginn, sou sinn ech iwwerzeegt, ass och fir Belgrad eng logesch Konsequenz. Anerefalls riskéiert een um Kandidatestatus sëtzen ze bleiwen.

Belgrad a Pristina mussen un de Verhandlungsdësch zréckkommen an op all Zort vu Provokatioun verzichten. Just e konstruktiven Dialog mat konkrete Resultater erlaabt hinnen, eng gutt Noperschaft opzebauen. Eng gutt Noperschaft ass eng formell Bedéngung fir eng Unnäherung un d’EU. Gewalttäteg Zwëschefäll wéi viru kuerzem am Nordkosovo um Grenziwwergank zu Serbien kënne mir net akzeptéieren. Si destabiliséieren d’Sécherheet vun der ganzer Regioun. An dësem Kontext wëll ech d’lëtzebuergesch Zaldoten a Poliziste extra ervirsträiche fir hir Aarbecht, déi sie am Kader vun de KFOR- an EULEX-Missioune vun der NATO an der Europäescher Unioun am Kosovo maachen. Si engagéiere sech all Daag fir d’Sécherheet vum Land an fir d’Aféierung vun engem Rechtsstaat.

Zënter Abrëll 2000 huet Lëtzebuerg mat 795 Zaldoten, opgedeelt op 35 Kontingenten, un de Friddensmissiounen deelgeholl.

Ech wëll och nach drop hiweisen, dass d’EULEX-Missioun am Kosovo ass mat hire bal 3.000 Vertrieder déi gréissten zivil EU-Missioun. Hir Aufgabe wäerte sech änneren an d’Beräicher Justiz an Douane wäerten ëmmer méi wichteg ginn. Fir dës vill Disziplinen ze berücksichtegen a fir sech niewent der Police anere Fonctionnaireskategorien ze erschléissen, gouf d’groussherzoglecht Reglement iwwert d’lëtzebuergesch Bedeelegung un dëser Missioun geännert. Mir wärten och weiderhin eisen Deel bäidroen, dass dës Regioun, déi vill Leed erlieft huet, hir Plaz an der euro-atlantescher Famill ka fannen.

Mir bleiwen esou laang am Kosovo, wéi et muss sinn. Eis Präsenz ass eng wichteg Basis fir d’europäesch Diplomatie, fir tëschent Belgrad a Pristina Bezéiungen opzebauen. Dës Bezéiunge géifen dëser Regioun, déi vill Leed erlieft huet an net wäit ewech ass, erlaben, hir Plaz an der euro-atlantescher Famill ze fannen.

Albanien & Bosnien-Herzegowina

Wat déi aner Länner an dëser Regioun ugeet, ass och hei de Bilan gedeelt. An Albanien mussen d’Regierung an d’Oppositioun onbedéngt konstruktiv matenee schwätzen a weisen, dass d’Land politesch räif genuch ass, fir der EU méi no ze kommen. A Bosnien-Herzegowina gouf säit de Walen am Oktober 2010 ze vill Zäit verluer. Fir Reformen anzeleeden, déi néideg si fir d’Stabilitéit an de Fortschrëtt am Land, ass et wesentlech, dass esou séier wéi méiglech eng nei Zentralregierung gebilt gëtt.

* * *

E konkret Element, wou d’Länner aus der Regioun vum Anhale vun all de Critèrë profitéiert hunn, ass d’Liberaliséierung vun de Visaen. Direkt Kontakter tëschent de Bierger aus den EU-Memberstaaten an de Westbalkan-Länner sinn essentiell.

Ech insistéieren natierlech och op d’Verflichtunge vun deenen, déi vun dësen neie Privileger profitéieren. Et gëtt vill Mëssbrauch a Länner wou viru kuerzem d’Visae fir d’Westbalkan-Länner ofgeschaaft goufen. Dëse Mëssbrauch an de massiven Undrang vun "falschen Demandeurs d’asile" mussen ophalen, fir dass d’Liberaliséierung vun de Visae weider ka bestoe bleiwen.

* * *

Östlech Partnerschaft

De Westbalkan ass net déi eenzeg Regioun, déi hir Hoffnungen op Europa setzt. Dat ass och de Fall fir déi sechs Länner, déi duerch di östlech Partnerschaft un d’Europäesch Unioun gebonne sinn, nämlech Armenien, Aserbaidschan, Wäissrussland, Georgien, Moldawien an d’Ukraine.

Dës Partnerschaft ass esouwuel fir si wéi och fir d’EU wichteg, well eng wierklech Zesummenaarbecht opgebaut ginn ass, fir Erfahrungen a fir eng gutt Praxis a verschiddene Beräicher auszetauschen. D’Bierger vun de sechs Länner wëllen net onbedéngt der EU bäitrieden, mä si wëllen Europa méi no kommen, fir vu méi Wuelstand, mä och vun déif europäeschen Acquise wéi Demokratie, Meenungsfräiheet, Rechtsstaatlechkeet a Sécherheet ze profitéieren.

D’östlech Partnerschaft ass fir Lëtzebuerg vu grousser Wichtegkeet an hiert bedeitend Potential muss genotzt ginn. Mir wëlle voll a ganz zu der Realiséierung vun den ambitiéisen Ziler bäidroen, déi am Ufank vun dëser Initiativ 2009 festgeluecht goufen.

Mä d’Critèren, déi mir zesumme mat eise Partner entwéckelt hunn, mussen agehale ginn. Eis Noperen am Osten kënnen net méi vun der EU verlaangen, wa si selwer net bereet sinn, hir Gesellschaften ze reforméieren, virun allem a Beräicher wéi Demokratie oder Rechtsstaatlechkeet. Et wier esouwuel illusoresch wéi och net legitim, drop ze hoffen, dass si der EU just opgrond vu materieller Hëllef, oder well den europäesche Maart fir si opgemaach gouf, kënne méi no kommen. Och si musse prett sinn, sech fir d’Wäerter, déi fir de Bau vun Europa wesentlech sinn, opzemaachen.

Südlech Noperschaftspolitik

Och am Süden kucken d’Noperen op d’Europäesch Unioun

Wien hätt viru manner wéi engem Joër geduecht, dass de Verzweiwlungsakt vun engem eenzege jonke Mann an Tunesien, wéinst engem Mangel u Perspektive, esou eng politesch a sozial Lawin mat sech brénge kéint? Den onwahrscheinleche Changement an Nordafrika, dee säitdem geschitt ass, huet revolutionäre Charakter.

Ënnerdréckte Vëlker sinn erwächt, deenen hir anscheinend Passivitéit verschidde Leit gleewe gedoen hat, dass si net, wéi aner Vëlker och, wéilte fräi sinn. Si hu bewisen, dass si keng Ausnam sinn. Mir mussen dës Demonstratioun vu Courage, Dynamismus an Ausdauer begréissen, déi schlussendlech d’Regimer Ben Ali, Mubarak a Gaddafi gestierzt huet.

Als Europäer si mir natierlech bei esou Evenementer gefrot, déi sech virun eisen Aen ofspillen, a Länner, déi duerch d’Geschicht an d’Geografie un Europa gebonne sinn. Ech si voll dovun iwwerzeegt, dass dës ganz ënnerschiddlech Mënschemasse vu Fraen a Männer, Moslemen a Chrëschten, duerch e Verlaangen no Wäerter ugedriwwe goufen. Wäerter, déi och d’Wäerter vun Europa sinn: de Wëllen, d’Rechter an d’Dignitéit vun all de Leit respektéiert ginn, dass Ënnerdréckung a Korrupptioun ophalen an de Stolz endlech fir säin eegent Schicksal verantwortlech kënnen ze sinn.

D’Erwaardungen sinn elo enorm. An et wäert och d’Aufgab vun den Europäer sinn, fir eng Äntwert heirop hëllefen ze fannen. Den Europäer hir Erfahrunge beim Opbau vun engem Rechtsstaat, beim Iwwergank zu Demokratie a Mënscherechter ass an dësem Fall e grousse Virdeel, vun deem ee profitéiere soll. Réckschléi, déi géifen dës Hoffnung zerstéieren, musse partout evitéiert ginn. Mä eist Handele kann just eng Hëllef si fir d’concernéiert Vëlker. Et ass virun allem un hinnen, déi nächst Schrëtt op deem Wee ze maachen, dee si goe wollten.

Et kann hiert Zil net sinn, eng Diktatur duerch eng aner ze ersetzen. Si hunn d’Fräiheet gespuert a wäerten elo och net méi drop verzichte wëllen.

D’Hëllef vun der EU wäert a muss och wirtschaftlecher Natur sinn.

Op där enger Säit muss d’EU dëse Länner finanziell Hëllef ubidden, well hir schwiereg wirtschaftlech a sozial Situatioun kann all Zort vun antidemokrateschem Populismus hervirbréngen.

Op där anerer Säit wäert sech d’Europäesch Unioun am Kader vu hirer neier Noperschaftspolitik am Süden an de bilateralen Accordsverhandlunge fir fräien Handel dofir asetzen, och mat hire Mëttelmier-Partner ambitiéis Accorde fir e liberaliséierten Handel ofzeschléissen. Dëst erlaabt hinnen, eng méi efficace an transparent Wirtschaftspolitik ze maachen, fir den Handel an d’Investitiounen erëm unzekuerbelen. Och wäert d’Europäesch Unioun hiren Zougang an d’Perspektiv op eng progressiv Integratioun an den europäesche Maart, eng Verbesserung vun hirer wirtschaftlecher Performance an eng politesch Stabiliséierung ënnerstëtzen.

Trotz dëse gemeinsame Punkten ënnerscheede sech hir jeeweileg Situatiounen awer vuneneen.

Tunesien

An Tunesien goufen d’Wale vun der internationaler Communautéit unerkannt a sinn dat éischt konkret Resultat vun der Transitioun. Op dëser Basis muss eng Assemblée constituante geschafe ginn, déi di grouss Verantwortung wäert hunn, d’Institutioune fir en neit Tunesien opzebauen, an d’Fundamenter vun der Demokratie an de Mënscherechter ze leën. Esouwuel op bilateralem Niveau wéi och am Aktiounsgrupp, dee vun der EU zesumme mat den tuneseschen Autoritéiten an d’Liewe geruff ginn ass, huet Lëtzebuerg säi Wëlle bewisen, bei dëser Transitioun ze hëllefen.

Egypten

An Egypten bleift d’Situatioun weider onsécher. D’rezent Evenementer weise leider, dass et nach e laange Wee ass, bis datt d’Rechter vun de Minoritéite respektéiert ginn, an bis dass d’Gewalt an der Politik keng Roll méi spillt. Et sollt een allerdéngs optimistesch sinn, dass d’Parlamentswahlen, déi den 28. November virgesi sinn, ee Schrëtt no vir bedeiten.

Den Haaptproblem an Egypten ass déi grouss Aarmut fir vill Milliounen vun den iwwer 80 Milliounen Awunner. Am Géigendeel zu Libyen huet Egypten kee Petrol a kee Gas. Hei ass d’EU wuel am meeschte gefuerdert fir de wirtschaftlechen Opbau z’ënnerstëtzen an esou ville Leit eng sozial Perspektiv ze bidden.

Libyen

A Libyen war e bluddege Konflikt néideg, fir dass d’libesch Populatioun d’Tyrannei stierze konnt, déi si iwwer 40 Joer ënnerdréckt huet. Dëst war just mat der aktiver Ënnerstëtzung vun der internationaler Communautéit méiglech a mir waren bei den Éischten, déi fir eng Interventioun vun der internationaler Kommunautéit, am Kader vun de Regelen vun der UNO-Charta waren, fir d’Massakeren ze stoppen.

Den UNO-Sécherheetsrot huet Verantwortung bewisen an eng militäresch Interventioun zum Schutz vun de bedrote Bierger erlaabt. D’NATO huet op dësen Appel reagéiert. Et ass wichteg ze ënnersträichen, dass hir Missioun vun der Arabescher Liga ënnerstëtzt ginn ass an dass verschidden arabesch Länner aktiv dru bedeelegt waren.

D’Europäesch Unioun an hir Memberstaaten hunn och eng aktiv Roll gespillt: Si hu wirtschaftlech Sanktiounen iwwert den ale Regime verhaang an der Populatioun humanitär Hëllef zoukomme gelooss. Lëtzebuerg huet 1,8 Milliounen Euro bäigedroen.

Mir hu mat den anere Benelux-Länner un de Versammlunge vun der internationaler Kontaktgrupp deelgeholl, déi fir Libyen agesat ginn ass, an och un direkte Kontakter mam libeschen Iwwergangsrot (CNT). Dës direkt Kontakter hu schliisslech dozou gefouert, dass déi dräi Benelux-Länner d’Legitimitéit vum CNT unerkannt hunn.

Mir hoffen, dass den CNT mat der Hëllef vun der internationaler Gemeinschaft d’Erwaardunge vum libeschen Vollek an sengen internationale Partner erfëlle kann. Hie muss eng demokratesch Gouvernance opbauen, wéi et an der Geschicht vum Land nach keng ginn ass. D’Ausmooss vun dëser Aufgab däerf net ënnerschat ginn. Et muss kloer sinn, dass de Iwwergangsrot eng absolut Null-Toleranz a Saache Verletzen vun de Mënscherechter garantéiren muss. Et muss grad esou kloer sinn, no dem groussen Asaatz vun der internationaler Gemeinschaft fir een neit Libyen, dass a Saache Mënscherechter de Respekt vun der Charta vun de Vereenten Natiounen d’Basis muss sinn.

An anere Länner widdersetzt sech den alen, mä wackelege Regime weider dem Striewe vun der Populatioun no Fräiheet. Et kann ee just hoffen, dass am Jemen de President Saleh wäert endlech d’Bedéngunge fir en Accord, dee vun de Länner aus der Regioun ausgehandelt ginn ass, acceptéieren an esou de Wee fräimaachen, fir dass d’Gewalt ophält an d’Land méi stabil gëtt. Och d’humanitär Situatioun mécht eis grouss Suergen. Lëtzebuerg huet bis elo 700.000 Euro un humanitärer Hëllef opbruecht.

Syrien

A Syrien huet de Regime net gezéckt, fir d’Arméi a Panzeren anzesetzen, fir d’Protester nidderzeschloen. Bis haut sinn iwwer 3’500 Lait ëmkomm, 35’000 sëtzen der ënnert schwieregsten Conditiounen am Prisong. D’EU huet direkt un en Enn vun der Gewalt appeléiert an huet Sanktioune verhang fir Persounen an Institutiounen, déi eppes mam Assad-Regime ze dinn hunn. Lëtzebuerg ënnerstëtzt voll a ganz d’Efforten op internationalem Plang fir eng adäquat Äntwert op d’Situatioun a Syrien ze fannen: un éischter Stell fir dem Leiden vun der Populatioun een Enn ze setzen. Gläichzäiteg wees een, dass den Drock vun der Arabescher Liga ausgoen muss – waat jo och geschitt a wou gëschter am Ausseministerrot zu Bréissel eng unanime Unerkennung fir dës couragéiert Positioun festzestellen war.

Iran

Eng vun de schwéiersten Aufgaben, déi d’international Communautéit ze meeschteren huet, ass den Ëmgang mam Iran. Eng 10-Joër-aal Erausfuerderung déi sech zouspëtzt. Kloer gëtt et ëmmer méi, dass de Régime zu Teheran sech ausserhalb vum internationale Recht begëtt an aus séngem Recht, fir zivil Nuklearprogrammer ze entwéckelen, sech d’Recht hëllt fir nuklear Waffen ze bauen.

Den Board of Governors vun der AIEA zu Wien wärt dës Woch nom Rapport vum Directeur général Amano déi aktuell Laag duerléen. Als Konsequenz ass mëttelfristeg gesinn eng nei Ronn vun Sanktiounsdebatten am Sëcherheetsrot ze erwaarden an an der EU kuerzfristeg méi staark Sanktiounen, speziell um ekonomesche Plang. Mossnaamen, déi sonner Zweifel de Régime schwächen, allerdéngs och op d’Käschten vun der iranescher Populatioun ginn. Et gëtt allerdéngs kaum eng Alternativ dozou, wann den Iran net gewëllt ass mat der AIEA zu Wien a mat den EU3+3 (USA, Russland, China, Groussbritannien, Frankräich + Däitschland) ze verhandelen. Et ass am Fong schwéier viirtsellbar, dass Russland a China um Enn vum Daag hinhuelen, dass den Iran Atomwaffen zur Verfügung huet. Vu Saudi Arabien an aaner Länner an der Regioun net ze schwätzen!

Et muss een d’Angscht an d’Suerg vun Israel verstoen, well sie sech viséiert fillen. Och d’Golfstaaten, wéi déi meescht arabesch Staaten, sinn nervös.

Mam US-Verdeedegungsminister Panetta sollt een awer soen däerfen, dass ee Militärschlaag keng Optioun ass. D’Konsequenzen wieren onkontrolléierbar an d’Zil géif net kënnen erreecht ginn, bien au contraire.

Bleift eng Politik vun den diplomateschen a wirtsschaftlechen Drockmëttel fir d’EU an d’Hoffnung, dass am Iran vu bannen een Ëmbroch kënnt.

Noost

D’Historiker wäerten enges Daags kënne beuerteelen, wéiwäit d’Tragedie vum Noost-Konflikt zum "arabesche Fréijoer" bäigedroen huet. Wat awer elo scho feststeet, an der ëmgekéierter Richtung, ass datt déi Evenementer een direkten Impakt op d’Situatioun am Noen Osten hunn.

D’arabescht Fréijoer huet mat Sécherheet d’Astellung vun enger Rei Staaten aus der Regioun Israel géigeniwwer geännert. Israel kann net méi op vergaange Gewëssheeten zielen. Eng nei strategesch Lag wäert sech ofzeechnen.

Ënnert dësen Ëmstänn hätt ee kënnen hoffen, datt déi israelesch Regierung d’Noutwennegkeet vun engem Stopp vun hirer Siedlungspolitik géif agesinn an un de Verhandlungsdësch zeréckkomme géif fir, op der Basis vun de Grenzen vun 1967, iwwert eng Zwou-Staaten-Léisung ze verhandelen; eng Léisung, déi et deenen zwee Vëlker géif erlaben, an Sécherheet an Dignitéit niewenteneen ze liewen.

Dovun ass awer näischt ze gesinn: D’Mauer an de pickegen Drot dränge weider an de palästinenseschen Territoire eran a maachen, datt et all Dag méi schwéier gëtt, fir dass een zukünftege palästinensesche Staat iwwerhaapt ka bestoen. All Dag wiisst d’Demütegung, all Dag ginn d’Frustratioune méi grouss, all Dag niert sech den Haas, deen onweigerlech zu neie Gewaltdote wäert féieren.

Déi Politik, déi haut vun der israelescher Regierung verfollëgt gëtt, wäert als fatal Konsequenz hunn, datt d’Sécherheet vum israelesche Vollek wäert ofhuelen – genau déi Sécherheet, déi d’Regierung jo behaapt, wëllen ze verdeedegen. Dës Politik ass e Steen am Wee fir eng Zwee-Staaten-Léisung, déi eenzeg, déi d’laangfristeg Sécherheet vun Israel kéint garantéieren. Wann een dat seet, dann ass een net israelfeindlech. Am Géigendeel: Et ass d’Flicht vun all deenen, déi, wéi mir, wëllen, datt och d’Sécherheet vum israelesche Staat garantéiert soll sinn, virun där Gefor ze warnen.

Meng Entrevuë mam President Abbas, mam Premierminister Fayyad a mam Ausseminister Malki am September zu New York hu mech iwwerzeegt, datt d’palästinensesch Autoritéit éierlech gewëllt ass, fir de Wee vun oppene Verhandlungen ze goen. D’Progrèsen, déi d’palästinensesch Autoritéit vollbruecht huet, fir staatlech Strukturen anzeféieren, si remarkabel. Mee virun der Realitéit vun de Liewensbedingungen vu ville Palästinenser zu Ramallah, an nach méi an der Gazasträif, wou ech selwer Zeie vum Leed vun der Populatioun war, virun dëser Realitéit kann ech nëmmen ënnersträichen, datt et dréngend a wichteg ass, de Friddensprozess weiderzedreiwen.

Virun dësem Hannergrond ass d’palästinensesch Démarche, fir an der UNO opgeholl ze ginn, net erstaunlech. Et kann een dat net – wéi allzevill Leit dat maachen – als Ausdrock vun engem unilaterale Schrëtt duerstellen. Am Géigendeel: Et handelt sech ëm ee legitimen Akt par excellence, wëll e jo dat Organ befaasst, dat am multilaterale System de Garant vum Fridden a vun der Sécherheet ass, nämlech de Sécherheetsrot.

Ech wënsche mir, datt d’Europäesch Union eng gemeinsam Positioun an där wichteger Fro fënnt. Mee déi Geschlossenheet kann awer net eng Passivitéit géigeniwwer de legitimen Aspiratioune vum palästinensesche Vollek bedeiten. Sollt am Sëcherheetsrot de Moment de Prozess fir d’UNO-Memberschaft gestoppt ginn – an esou gesäit et aus – da setzt Lëtzebuerg sech an der EU dofir an, dass an enger Resolutioun vun de 27 viirun der UNO-Vollversammlung de Palästinenser de Statut vun engem Beobachter-Staat zougestaan gëtt.

D’Zukunft vu Palästina ass et, seng Plaz an der multilateraler Institutioun, déi d’UNO jo ass, anzehuelen. Lëtzebuerg ënnerstëtzt Palästina weiderhin an séngem Bestriewen, fir seng Rechter an seng Würd gëllen ze loossen. Lëtzebuerg ënnerstëtzt natierlech och d’Efforte vum Quartett, fir direkt Verhandlungen zwëschen den zwou Parteien ze relancéieren.

* * *

Eisen Engagement an der Géigend beschränkt sech net nëmmen op den eminent politeschen Dossier vum Noost-Konflikt. Et muss ee feststellen, datt eis Relatioune mat de Länner aus der Géigend sech ëmmer méi diversifiéieren an och am wirtschaftleche Beräich ëmmer méi wichteg ginn. Genau aus dësem Gronn wäerte mir an e puer Deeg eng nei Ambassade an de Vereenten Arabeschen Emiraten opmaachen, déi vun engem Ambassadeur mat Residenz zu Lëtzebuerg wäert geleet ginn. Et geschitt dëst am Kader vun der stänneger Upassung vun eisem diplomateschen Réseau, deen ech d’Éier hat, d’lescht Joër op dëser Tribün virzestellen.

* * *

Afrika

D’Lëtzebuerger Diplomatie an Afrika ass een Engagement, wat sech verdéift an ëmmer méi breed gefächert ass.

Afrika ass e Kontinent, deen an der voller Entwécklung stécht, deen e grousst Potential huet an deem seng Realitéit wäit ewech ass vum Afro-Pessimismus vun nach virun e puer Joër. Et geet net dorëms, d’Schwieregkeeten an d’Erausfuerderungen, déi de Kontinent muss ugoen, ze vertuschen, mee et gëtt och Grënn, fir sech iwwert seng Evolutioun ze freeën, wéi zum Beispill d’Progressioun vun de Wäerter, déi eis wichteg sinn a fir déi mir eis engagéieren, virun allem d’Demokratie an de Rechtsstaat. Et muss ee just d’beispilllos demokratesch Transitioun am Niger ernimmen, mä och de méi rezente politesche Muechtwiessel a Sambia. Natierlech erënnert eis d’Beispill vun der Kris no de Walen op der Côte-d’Ivoire, dass d’Demokratie fragile ass, mä dës Kris konnt schlussendlech mam Triumph un den Urnen iwwerwonne ginn. Och erënnert dës Kris drun, dass d’Demokratie net just doraus besteet, Walen ze organiséieren, mä dass déi verschidde politesch Acteuren och mussen d’Walresultater unerkennen.

Als engagéierten, verantwortungsvollen a solidaresche Partner vun Afrika gëtt sech Lëtzebuerg net domat zefridden, vun Demokratie ze schwätzen. Mir engagéieren eis aktiv, fir d’Demokratie laangfristeg op dësem Kontinent ze verankeren. Esou si mir, säit hierem Bestoen, an der Commission de consolidation de la Paix vun der UNO aktiv a schaffen notamment konkret un der demokratescher Transitioun an der Guinée-Bissau an och an der Guinée mat. Op Demande vun den Autoritéiten aus der Guinée hu mir och d’Présidence vun der "Formation Guinée" vun der Commissioun, déi am Februar gegrënnt gouf, iwwerholl.

Eng aner positiv Evolutioun op politeschem Plang an Afrika ass d’Gebuert vun engem neie Staat, d’Republik vum Südsudan, déi Lëtzebuerg nach de selwechten Dag vun hirer Onofhängegkeet, den 9. Juli, unerkannt huet. Et kann ee sech freeën iwwert d’Onofhängegkeet vun dësem neie Staat, deen an engem Onofhängegkeetsreferendum décidéiert ginn ass, souguer wann ee sech den Erausfuerderungen, deene sech dësen neie Staat stelle muss, bewosst soll sinn.

Afrika spillt a wäert eng ëmmer méi wichteg Roll op internationalem Niveau spille mussen, ob am wirtschaftleche Beräich oder op diplomateschem Plang. Et ass un der Zäit, sech un dës nei Realitéit unzepassen an d’Konsequenzen doraus ze zéien, an awer gläichzäiteg kohärent ze bleiwen an eiser Ambitioun, fir Afrika en engagéierten, verantwortungsvollen a solidaresche Partner ze sinn.

Lëtzebuerg ass scho säit ville Joren ëm eng méi diversifiéiert a méi engagéiert Partnerschaft mat der Subsahara beméit. Mir hunn decidéiert, eis Bezéiunge mat Afrika ze renforcéieren an den traditionelle Volet vun der Kooperatioun mat engem

(a) politesch-diplomateschen Deel, mä och mat engem
(b) wirtschaftlechen
an (c) kulturelle Beräich ze verbannen.

Sou si mir der europäescher Linn trei, déi eng ëmmer méi strategesch Partnerschaft mat Afrika opbaue wëll.

Vum politesch-diplomatesche Standpunkt ass d’offensichtlechst Zeeche vun eisem Engagement vis-à-vis vun Afrika sécherlech déi nei diplomatesch Vertriedung zu Addis Abeba an Äthiopien, déi net nëmme Lëtzebuerg permanent bei der Afrikanescher Unioun representéiert, mä och als bilateral Ambassade an Äthiopien funktionéiere wäert.

Addis Abeba huet sech an de leschte Joren als Haut Lieu vun der internationaler Diplomatie erwisen. Eng modern Diplomatie, déi sech den neie geopolitesche Realitéite bewosst ass, muss sur place representéiert sinn. Eis Ambassade zu Addis Abeba wäert eis erlaben, eis Bezéiunge mat der Kommissioun vun der Afrikanescher Unioun zu verstäerken, matt där mir schonn eng Kooperatioun ageleet hunn, virun allem fir de Sécherheetssektor ze reforméieren. Sou wäerte mir och eis Bezéiunge mat aneren afrikanesche Länner, déi op der Plaz vertruede sinn, verstäerke kënnen, vu dass et net méiglech ass, an all afrikaneschem Land vertrueden ze sinn.

Eng engagéiert, verantwortungsvoll a solidaresch Diplomatie muss proaktiv sinn an de Kontakt mat eisen afrikanesche Partner sichen. Dofir ass et wichteg, dass sech eis Diplomatie deplacéiert an d’Initiativ ergräift, eis Partner an hire Länner ze treffen. An dësem Kader sinn ech a vill afrikanesch Länner gereest a wäert dat och d’nächst Joër maachen, fir d’géigesäitegt Verständnes ze förderen.

Och wat d’Wirtschaft ugeet, hu mir eis Engagement an Afrika verstäerkt. E Beweis heifir ass déi éischt Wirtschaftsmissioun d’lescht Joër an Angola an eng weider an Algerien, mä och de Fait, dass eis Entreprisen ëmmer méi Interessi fir den afrikanesche Kontinent weisen. Et ass evident, dass verstäerkte Bezéiunge mat Afrika net eleng iwwert d’Politik opgebaut kënne ginn, mä och duerch en Engagement vum Privatsektor.

Och däerf een de kulturellen Aspekt an eiser Bezéiung mat Afrika net vergiessen. Gëtt Äthiopien, wou mir wëllen eng physesch Präsenz assuréieren, net als Wéi vun der Mënschheet bezeechent? D’afrikanesch Kultur gëtt ëmmer méi bekannt a beléift. Et gëtt sécher vill Potential, dat et auszeschöpfen gëllt. E Beispill ass eisen Accord fir eng kulturell Kooperatioun mat Cap-Vert.

Eng Diversifikatioun vun eiser Bezéiung mat Afrika berout op der Iwwerzeegung, dass d’Beräicher Entwécklung, Diplomatie an Défense vun eiser Auswäerteger Action sech géigesäiteg kompletéieren a verstäerken.

An dësem Kontext ass d’Horn vun Afrika dat beschte Beispill. Dës Regioun brauch wéinst der immens grousser Dréchent ganz dréngend humanitär Hëllef. Et muss een och begréissen, wéi séier d’lëtzebuergesch Kooperatioun reagéiert huet, fir der Populatioun an der Nout ze hëllefen. En engagéierten, verantwortungsvollen a solidaresche Partner däerf sech allerdéngs net op enger Äntwert am Fall vun humanitärer Nout ausrouen. Fir de Problem laangfristeg ze léisen, mussen och der Situatioun hir politesch Ursaache ugepaakt ginn. Et muss een agesinn, dass d’schrecklech Konsequenze vun der Dréchent net just op d’Klima zréckginn, mä och mat der schlechter Sécherheetslag a Somalia ze dinn hunn, ob am Land oder virun der somalescher Küst. Dës Feststellung mécht eist Engagement am Kader vun der EU-Militärmissioun als Bäitrag fir d’Ausbildung vu somalesche Sécherheetskräften (EUTM Somalia) nach méi pertinent, mä och eis Bedeelegung un der Missioun ënnert der Leedung vun der EU, fir d’Piraterie am Indeschen Ozean ze bekämpfen (EU NAVFOR ATALANTA).

* * *

Grouss Partner

D’Actioun vun der Europäescher Unioun am Ausland beschränkt sech net nëmmen op hir Verantwortung, déi souwisou scho grouss ass, fir op d’Erwaardunge vun de verschiddene Nopeschlänner a -regiounen ze äntweren. D’Unioun féiert och e strategeschen Dialog mat hire grousse Partner an der Welt, bei deenen si d’Wäerter an d’Interessie vun der Unioun verdeedegt. Eppes, vun deem natierlech och Lëtzebuerg a senge Bezéiunge mat dëse Länner profitéiert.

D’transatlantesch Bezéiung bleift esouwuel fir d’EU wéi och fir Lëtzebuerg zentral an onersetzbar. Et handelt sech net just ëm Relatiounen, déi duerch d’Geschicht an d’Kultur entstane sinn. Et handelt sech och ëm gemeinsam Wäerter, déi d’Europäer an d’Amerikaner zesumme verdeedegen. D’aktuell wirtschaftlech a finanziell Problemer op béide Säite vum Atlantik sinn e Beweis, wéi enk déi zwee Deeler vun der Welt vuneneen ofhänken. Nëmmen eng enk Kooperatioun wäert eis erlaben, eng Léisung fir d’Problemer, déi an der Zwëschenzäit d’ganz Welt betreffen, ze fannen.

D’Bezéiunge mat Russland maache konkret Fortschrëtter – op europäeschem Plang, wou demnächst d’Verhandlunge fir en neie globalen EU-Russland-Accord ofgeschloss wäerte ginn, mä och op lëtzebuergeschem Niveau. Ech konnt bei menger leschter Visite zu Moskau viirun zwou Wochen eng ganz Rei wichteg Fortschrëtter feststellen, virun allem, wat d’bilateral Wirtschaftsbezéiungen ugeet, déi sëch ganz zefriddestellend entwécklen.

D’séier wirtschaftlech Entwécklung vu China grad wéi seng Verflechtung mat der europäescher an der amerikanescher Wirtschaft geet weider. Säin ëmmer méi grousst wirtschaftlecht, politescht a militärescht Gewiicht bréngt natierlech och eng ëmmer méi grouss Verantwortung mat sech. Ech hu keen Zweiwel drun, dass d’Autoritéiten zu Peking sech dëser Tatsaach bewosst sinn.

Ech wëll hei och kuerz en anert Land ernimmen, dat och ee vun eise grousse Partner ass, an zwar Japan. Bei der Naturkatastrof, déi dëst Land getraff huet an där hir Konsequenz den Drama vu Fukushima war, huet Lëtzebuerg an och d’Lëtzebuerger et net verpasst, sech solidaresch ze weisen. Séier koum och Bewonnerung fir de Courage vun der japanescher Populatioun a fir d’stoesch Onerschütterlechkeet, mat där si op dës Katastrof réagéiert huet. Mir wëssen, dass d’Japaner dem Opbau vun hirem Land op jidder Fall gewuess sinn.

Ech wëll och dës Geleeënheet notzen, fir dem Personal vun eiser Ambassade zu Tokio Merci ze soen, dat de lëtzebuergesche Bierger a Japan während dëser Kris gehollef huet.

Dës Katastrof huet eis d’Risike vun der Atomenergie erëm eng Kéier bewosst gemaach a mir mussen d’Konsequenzen aus dëser Kris zéien, och an eiser Regioun. Esouwuel op europäeschem wéi och bilateralem Plang ënnerstëtze mir aktiv d’aktuell Efforte fir eng méi grouss Sécherheet an den europäeschen Atomzentralen.

NATO

Här President,

Déi engagéiert an solidaresch Approche, déi d’Aussepolitik vun eisem Land auszeechent, ass natierlech och an der atlantescher Allianz – Häerzstéck vun eiser Sécherheet – erëmzefannen. Eis Bedeelegung u verschiddene Missiounen a Programmer vun der Allianz sinn déi konkret Verwierklechung dovunner.

Ech sinn schonn op d’KFOR-Missioun am Kosovo ze schwätze komm. Ech wéilt op dëser Plaz also de Schwéierpunkt op eiser Präsenz am Afghanistan am Kader vun der ISAF, der International Security Assistance Force, leeën.

Mat dem Accord vun der Chamber an ënnert UNO-Mandat, huet d’Regierung sech bereet erkläert, der ISAF am Afghanistan bis 2014 zur Säit ze stoen. Zu deem Zäitpunkt sollen d’Afganen selwer hir Sécherheet an d’Hand huelen. D’Transitiounsphase, fir dat Zil ze erreechen, ass schonn dëst Joër ugelaf an déi éischt Provënze goufen den afghanesche Kräften iwwerreecht. Virun e puer Wochen huet eis den 10. Joresdag vun den Attentater vum 11. September un déi grujeleg Origine vun eisem Afghanistan-Engagement erënnert. Mat dësem Engagement, am Aklang mat der UNO-Charta, gouf den Artikel V vum Traité vun der atlantescher Allianz an d’Praxis ëmgesat: sécher ze stellen, datt dëst Land ni méi een sécheren Hafe fir d’Terroriste gëtt.

Dëst Zil kann natierlech nëmmen erreecht ginn, wann mer et fäerdeg bréngen, ee laangfristegt Partenariat mam Afghanistan opzebauen. D’Europäesch Unioun, d’NATO an d’USA bereeden sech drop vir. Et ass sëcher falsch ze behaapten, datt 2014 de Schluss vun der internationaler Präsenz am Afghanistan géif alauden an datt d’Land sengem eegene Schicksal géif iwwerlooss ginn. D’Präsenz an den Engagement vun der internationaler Gemeinschaft am Afghanistan wäerten aner Formen unhuelen, mee si wäerte weiderhin hir Pertinenz behalen.

Am Dezember wäert d’Bonner Konferenz – déi gemeinsam vun der afghanescher an däitscher Regierung organiséiert gëtt – op een Neits ënnersträichen, datt d’Efforte vun der internationaler Gemeinschaft dorops aus sinn, d’Land ze stabiliséieren an ee laangfristegt Partenariat an alle Beräicher mam Afghanistan opzebauen.

Ech wéilt och ënnersträichen, datt d’Aktioun vu Lëtzebuerg am Afghanistan säit laangem zukunftsorientéiert ass, op dat am Kader vun eise Projeten am Beräich vun der Entwécklungshëllef ass, oder wat eise Beitrag fir d’Finanzement vun den afghanesche Sécherheetskräfte betrëfft, op deenen d’Sécherheet vum Land an sengen Awunner an Zukunft berout.

Och hei wéilt ech der Chamber, grad ewéi fir de Kosovo, méng Unerkennung fir d’Presenz an den Asatz vun de Lëtzebuerger Zaldoten um Kabuler Flughafen zënter 2003 ausspriechen. Keng einfach Missioun, keng ongeféierlech, mee eng noutwenneg! Zënter 2003 hunn 239 Zaldoten, opgedeelt op 36 Contingenten zu Kabul Dingscht geleescht an eisem Land all Éier gemaach.

Méi generell huet den NATO-Sommet vu Lissabon d’Ziler an d’Erausfuerderunge vun der Allianz fir déi nächst Jore skizzéiert. Ech sinn zefridden, datt d’NATO bei dëser Geleeënheet d’Wichtegkeet vum Partenariat mat Russland bestätegt huet. Dëst berout op enger Vertrauensbasis, déi eng aktiv Concertatioun erlaabt bei deene Punkten, bei deene mer eis eens sinn, awer och een éierlechen Dialog erméiglecht bei deene Punkten, bei deene mer eis nach net eens sinn, wéi z. B. bei der Rakéitenofwier. Dëse Projet, deen elo, am Géigesaatz zu viirdrun, ee Projet vun der ganzer NATO ass, muss vun der Allianz am Geescht vun enger richteger Kooperatioun mat Russland gefouert ginn.

D’NATO ass an verschiddenen Operatiounen implizéiert. Dëse militäreschen Effort bleift nach ëmmer eng Noutwennegkeet. Leider, muss ee soen. Lëtzebuerg bleift fest dovun iwwerzeegt, datt mer mussen eis eegen Sécherheet, déi vun eisen Alliéierten a vun der internationaler Gemeinschaft mat der klengstméiglecher Quantitéit vu Waffen, garantéieren, op dës konventionell oder nuklear sinn.

Mir ënnerstëtzen also weiderhin all Initiativ, déi d’Ofrëschtung an d’Limitatioun vun de Waffen erreeche wëll. Eist dynamescht Engagement ass vun eisem Bestriewen no enger sécherer, also enger manner bewaffneter Welt gekennzeechent. Dës besser Welt musse mir zesumme mat eise Partner opbauen, mee awer och, a virun allem, mat deenen, déi eis Wäerter net onbedengt deelen. Dës Realitéit mécht, datt mir musse Kompromësser agoen, Konzessioune maachen a Gedold hunn. Mee si wäert eis Regierung net dovun ofbréngen, hir Ambitioun, déi si mat der Chamber an eiser Populatioun deelt, vun enger Welt ouni atomar Waffen unzestriewen.

Mir loossen eis net vu Blockagen decouragéieren, wéi bei der Ofrëschtungskonferenz oder vun der net Ratifizéierung vum Traité d’interdiction complète des essais nucléaires (TICE). Mir wäerten eis weider dofir asëtzen, fir datt dëst Schlësselelement vun der Ofrëschtung a vun der Net-Proliferatioun vun atomare Waffen a Kraft triede kann.

Eist Engagement géint Streebommen a Landminne bleift selbstverständlech intakt. Mir hunn eng exemplaresch Gesetzgebung an deem Beräich adoptéiert a finanzéiere konsequent Déminage- an Entsuergungprojeten an deene Géigende vun der Welt, déi am meeschte betraff sinn.

All dës Efforte wieren ëmsoss, wa mir et net fäerdeg bréngen, duerch eng besser Verdeelung vun der wirtschaftlecher Entwécklung, strukturell Konditiounen ze schafen, déi Fridden an Sécherheet fir all d’Mënsche garantéiere kënnen. Eis Entwécklungspolitik ass deemno gläichzäiteg eng moralesch Flicht an ee gutt verstanen Investissement an eis eegen Zukunft. Ech sinn houfrëg, ënnersträichen ze kënnen, dass Lëtzebuerg eent vun de wéinege Länner ass, déi hir Efforte trotz der Kris bäibehalen, an ech erënneren och meng Gespréichspartner an der Welt dodrun. D’Konferenz vu Rio, déi 2012 den 20. Anniversaire vum Sommet vu Rio iwwert eng nohalteg Entwécklung feiere wäert, ass eng weider Geleeënheet fir eist Land, an engem internationale Kontext a virun der ganzer internationaler Gemeinschaft säi Wëllen a seng Kapazitéit ënner Beweis ze stellen, säi Bäitrag fir dës fundamental Cause ze leeschten.

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären Deputéiert,

Et gëtt sécher nach vill ze soen, mä ech wollt virun allem betounen, wéi eis Aussepolitik, duerch d’Kohärenz vun hire verschiddenen Dimensiounen an duerch e responsabelt a solidarescht Engagement, sech gläichzäiteg fir eis Wäerter a fir eis Interessien asetzt.

Eis Kandidatur fir en net permanente Sëtz am Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen schléisst ganz un d’Traditioun vun dëser Approche un. An e bësse manner wéi engem Joër gëtt zu New York ofgestëmmt, an ech kann Iech versécheren, dass all d’Efforte weiderginn, fir eis Partner an der internationaler Gemeinschaft, net nëmmen vun eiser Kapazitéit ze iwwerzeegen, dës Verantwortung am Dëngscht vun der internationaler Kommunautéit ze iwwerhuelen, mee och vun der Solidaritéit a vum déifgräifenden Engagement dee Lëtzebuerg a séng Bierger charakteriséiert.

Ech soen Iech Merci fir Är Opmierksamkeet.

Dernière mise à jour