Jean-Claude Juncker, Discours à l'occasion de la réception de nouvel an pour la presse

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Ech wëll fir d’éischt dem Josy Merci soe fir déi gutt Wënsch. En huet mir Gesondheet gewënscht, dat war eng Suggestioun vun där ech net weess, u wiem seng Adress se sech genee riicht.

Mä ech hunn et dëser Deeg scho gesot, et geet net duer datt ee Gesondheet huet, et brauch een och Gléck. Kuckt emol déi Leit op der Titanic, déi waren alleguer gesond, mä si hate Pech.

An dofir muss ee Gesondheet, a Gléck, wann een am Ufank vun engem neie Joer steet, als eng Koppel gesinn, déi zesumme musse goen, well soss gëtt weder aus deem engen, nach aus deem aneren eppes.

No engem laange Journalisteliewen huet den Här Lorent dann elo e kritesche Bléck no hannen an no vir geworf. Wann een esou laang am Journalismus geschafft huet, kann ee sech dat och mat enger gewëssener Autoritéit erlaben.

Ech si bal esou laang an der Politik wéi den Här Lorent am Journalismus war, mä ech sinn awer nach net um Moment vum Réckbléck ukomm. Mä ech sinn awer nach zoustänneg fir e méi allgemengen Ausbléck.

A wann ee sech viru sengem geeschtegen A dat Joer 2012, wat mir elo ugefaangen hunn, ofspulle léisst, da kënnt ee relativ séier zur Conclusioun, datt dat Joer 2012, à moins datt mir enorm vill Gléck hätten, sech doduerch auszeechent, datt ee vläicht enges Daags seet, datt d’Joer 2011 besser war wéi d’Joer 2012.

Europa steet, notamment an der Eurozon, um Rand vun enger Rezessioun, vun där een net weess wéi ausgeprägt datt se wäert sinn. Jiddwerfalls deiten all mir zougänglech Daten drop hin, datt méi wéi eng Konjunkturofkillung amgaangen ass sech ze vollzéien. An dorop ass adäquat ze reagéieren, esouwuel um europäeschen- wéi och um lëtzebuergesche Plang.

Woubäi ech net déi gär hunn, déi an absolut Katastrofenszenarien ausweechen, fir hir Onkenntnis vun der richteger Situatioun ze verstoppen. Eng Iwwerdramatiséierung ass ni eng richteg Zeechnung, mä een net-kucken op dat Blat, wat schonn hallef vollgeschriwwen ass, ass awer och en ze kuerze Bléck, an ze enke Bléck op d’Wierklechkeet.

Mir musse kucken, wéi mir an deem Joer hei zu Rand kommen, an dem Wonsch och, oder vum Wonsch gedroen, datt mir essentiell Wäerter, déi mir haten, an zu engem groussen Deel och nach hunn, an déi sech ronderëm d’Kardinaldugende vun der sozialer Maartwirtschaft entfalen, bäibehale ginn.

Dat Wuert vu Solidaritéit, dat dierf kee Wuert gi wat keen Inhalt méi huet. D’Noutwennegkeet vun der Soliditéit, dat dierf net feelinterpretéiert ginn als e permanenten Opruff zur totaler Austeritéit.

Richteg ass et, datt an den ëffentleche Budgete muss gespuert ginn. Falsch wier et, op der falscher Plaz ze spueren, mä richteg ass et fir ze soen, datt, wa jiddweree seet, op der falscher Plaz spueren, datt d’Meenunge wäit ausernee ginn, wann et dorëms geet déi richteg Plazen ze fanne fir ze spueren.

Zum Beispill, et gëtt ëmmer erëm schlachtrufaarteg gesot a geschriwwen, de Stat misst seng Fonctionnementskäschten ënner Kontroll kréien. Wat e largement mécht, obschonn en dat net ëmmer a geballter Form duerzestelle weess. Mä et kann ee vill Fonctionnementskäschte spueren. Zum Beispill kënne mir dës Receptioun ofschafen, oder jiddwerfalls eis hei mat enger Bretzel zefridde ginn.

Mä wa mir dat maachen, da verkeeft och ee manner. Dat heescht, et gëtt immens vill Fonctionnementskäschten, déi eng wirtschaftlech Bedeitung, besonnesch bei deene klenge Betriber hunn. An dofir muss een do cum grano salis virgoen, wann een un déi Saachen erugeet.

Mir hunn zu Lëtzebuerg erlieft, datt de Sozialdialog net méi extrem gutt fonctionnéiert, an dat huet och vill Enttäuschunge provozéiert.

A jiddweree schreift, elo wier fir d’zweet eng Tripartite zu kengem Resultat komm, net wéi an den 1980er Joeren, gëtt geschriwwen, wou dat alles fonctionnéiert hätt. Quod non. Also, déi Formatiounscoursen, déi Dir do maacht, solle se vläicht och emol d’lëtzebuerger Sozialgeschicht méi intensiv ënner d’Lupp huelen. Da stellt ee fest, datt mir 1982 an 1983 och Tripartiten, ënner der Présidence vum Här Werner, ouni Succès ofgeschloss hunn; datt mir eng Indexmodulatioun an deene Joere gemaach hunn; datt déi begréisst ginn ass vun engem Generalstreik. A wéi alles gutt gaange war, a wéi d’Siderurgie soi-disant gerett war, dunn hu mir alleguer zesumme festgestallt, grâce dem lëtzebuerger Modell hätte mir déi Schwieregkeete vun den 1980er Joere gutt iwwerlieft.

Et war net grad esou.

An dofir, bei aller Enttäuschung déi ech och hunn iwwer déi schif Bunn, op déi de Sozialdialog komm ass, muss een dat historesch esou rekontextéieren, datt ee muss spieren, datt dat net d’Enn vum soziale Lidd hei zu Lëtzebuerg ass.

D’Regierung huet dunn, wéi dat esou feierlech heescht, hir Responsabilitéit iwwerholl. An dat ass erstaunlecherweis mat Iwwerraschung zur Kenntnis geholl ginn. Woubäi ech awer d’Geschäft vum Regéieren esou verstanen hunn, datt ee vun Zäit zu Zäit muss zu kräftegen Décisioune kommen. Mir hu leschten Enns déi Décisioun geholl, am Zesummenhang mat Index an de Folgen, déi mir an all deene Gespréicher als Regierungspositioun, well d’Regierung hat jo eng Positioun, beschriwwen haten, a fir déi mir eis agesat hunn.

Nun ass e Journalist jo e Schrëftsteller vum Alldag, an e Staatsminister ass e Schrëftsteller, an e Sazsetzer, och vum Alldag, deen eben net Zeitungsartikele schreift, mä Politik mécht, an dofir vill Sympathie entgéint bréngt deenen, déi net brauchen ze regéieren, mä déi awer d’Regéieren an d’Opponéieren, well dat ass och wichteg an enger Demokratie, begleeden, méi oder manner kritesch.

An dat Verhältnis tëscht Journalismus a Politik, tëscht den organiséierten, verfassungsméisseg organiséierte Pouvoiren an engem Land, an dem véierte Pouvoir, deen numeresch net korrekt d’Press beschreift, ass en Ëmgang dee schwiereg ass, mä awer, zumindest hei am Land, am Regelfall vu géigesäitegem Respekt gedroen ass. A géigesäitege Respekt dierf een net verwiessele mat Kumpanei.

Ech kennen der jo vill vun Iech ganz gutt, dofir kann ech dat bal net soen, mä dat geet zréck op e laangt Liewen, wou ee sech ëmmer erëm begéint. Mä ech si géint Kumpanei tëscht der Press an der Politik, well dat engem de Bléck op dat wat muss gesot a geschriwwe gi verspäert, a well dat och deem Politiker deen handelt d’Méiglechkeet ewech hëllt och Mediëkritik ze maachen. Well ech halen déi identesch wichteg wéi d’Kritik un der Politik, an um Gemengewiese wat mir hunn.

Ech soen hei all Joer, an dat ass mir och ëmmer esou gemengt, datt ech d’lëtzebuerger Journalisten en fait bewonneren, well se, am Géigesaz zu deem wat mir am Ausland erliewen, jo multi-Schrëftsteller sinn, a sech mat ville Sujete mussen auserneesetzen. A rar sinn déi an der lëtzebuerger Publizistik, déi just op engem Beräich schaffen. Dat kënnt mat der Zäit, an déi Zäit déi brauch laang Zäit, ier se sech voll entfale kann.

Dofir nach eng Kéier meng Unerkennung fir déi Aarbecht déi gemaach gëtt, an och mäin Hiwäis drop, datt ech, ähnlech wéi den Här Lorent, och fannen, datt Publizistik géif u Qualitéit gewannen, wa se u méi Déifgang géif gewannen. Dat zielt net nëmme fir d’Publizistik selbstverständlech, dat zielt och fir d’Politik, well déi gëtt jo och ëmmer méi iwwerflächlech, an déi mécht u sech dee medialen Immédiatitéitsterror mat, deen déi nei Medien am Regelfall eis imposéieren.

Virgäng ginn ze séier zu enger Noriicht erkläert, déi Noriicht gëtt net hannerfrot, si ännert 3 bis 4 Mol am Dag. A wann et esou wier wéi fréier, wou et just Zeitungen a Radio, an deelweis Televisioun zu Lëtzebuerg ginn huet, wiere vill Noriichten déi am Dag zirkuléieren ni an eng Zeitung komm, well se sech am Laf vum Dag schonn doutgelaf hunn, oder well se ersoff sinn, well se eigentlech keng Noriicht waren.

Ech probéieren ëmmer de Kollegen an der Regierung ze soen, si sollen net op all Noriicht reagéieren, ier si wëssen, datt et wierklech eng Noriicht ass. An da muss ee jo nach iwwer déi Noriicht e bëssen nodenken.

Ech hat d’lescht Joer, dat ass mir jo nëmmen ageschränkt gelongen, hei ugekënnegt, ech misst et och léieren am Joer 2011 de Mond ze halen, net op alles direkt ze sprange wat ass. Dat geléngt mir net ëmmer, wéi Dir festgestallt hutt. Mä ech ruffen awer keen u fir ëm ze soen, et géif him Béises geschéien, well dat géif jo souwisou, obscho mir jo hei an der absoluter Diktatur ukomm sinn, gleewen, datt him eppes kéint geschéien. Éischter geschitt engem Minister eppes, wéi datt engem Journalist eppes geschitt. An dat bréngt mat sech, datt een ebe keng Kumpanei soll mat der Press bedreiwen, mä e respektvollen Ëmgang.

Dat zielt och fir den Ëmgang mat der Wirtschafts- an der Finanzkris – keng Kumpanei – an och den Hiwäis drop, datt do méi grëndlecht Nodenken heiansdo gutt wier fir d’Politik, a fir d’Publizistik, ier ee sech äussert, schrëftstelleresch oder verbal. Well oft d’Wierder hir Bedeitung verléieren, doduerch datt relativ harmlos Virgäng behandelt ginn, wéi wann et sech ëm absolut Austeritéitspolitik géif handelen, oder do wou richteg Austeritéitspolitik virgeholl gëtt, déi beschriwwe gëtt als déi noutwenneg zäertlech Ajustementer, déi misste geschéien.

D’Situatioun ass eescht genuch, fir datt ee sech net dem Spaass vun der Wortklauberei soll higinn, mä datt ee soll sech grëndlech iwwerleeën, wéi een e Virgang, dee komplizéiert a multi-stratificationnel ass, annähernd richteg beschreift, fir datt d’Mënsche versti wourëms et geet.

Wann ech dat soen, soen ech dat net nëmme fir d’Press, mä ech soen dat och fir d’Politik a fir mech selwer, well ech fannen, datt mir alleguer zesummen eng Verantwortung hunn déi grouss ass, a si ass och grouss wat den Ëmgang mat der Sprooch ubelaangt.

Ech gehéieren zu deenen, onofhängeg vu Bildungsreformen – hanner deenen ech stinn, a fir déi ech antrieden – déi fannen, datt d’Sprooch sech doduerch auszeechent, datt se fir alles wat ee gesäit, a wat ee spiert, ee Wuert huet, wat iwwer Joerhonnerten ciseléiert ginn ass, wat geschnëtzelt ginn ass, wat skulptéiert ginn ass. An da soll een och fir dat ze soe wat ee mengt dat Wuert gebrauche wat et dofir gëtt, an net e falscht Wuert gebrauchen, well dat léisst ganz oft de Verdacht zou, datt een net weess wat ee mengt, mä awer eppes seet, oder awer eppes schreift.

Ceci dit, wënschen ech jiddwerengem vun Iech, an där Kategoriséierung déi ech am Ufank hei gezeechent hunn, Gesondheet, besonnesch dem Här Lorent, an awer och Gléck. Gléck ass en individuelle Virgang. Et gëtt keng glécklech Natioun, ech hunn dat ëmmer fir eng maasslos Iwwersteigerung vun engem kollektiven Zefriddenheetszoustand ëmfonnt. Mä eng Natioun muss, oder e Land muss säi Wee fannen.

Dee Wee gëtt ëm deelweis opgezwongen duerch dat wat an de Landschafte ronderëm de Fall ass, mä zu engem groussen Deel awer och ginn d’Stroosse gebaut mat deene Pavésteng, déi ee selwer an d’Hand hëllt. Mir musse léieren, déi Pavésteng déi mir hu richteg ze leeën, a mir musse léieren, déi Strooss déi mir bauen esou auszeriichten, datt se an dat internationaalt Verkéiersnetz e liichten Zougang fënnt.

Dofir brauch een ebe Gesondheet, well soss kann een net bauen, an et brauch ee Gléck, individuellt Gléck.

Dat wënschen ech jiddwerengem, an deene Leit mat deenen Dir frou sidd, an déi rar Leit déi mat Iech frou sinn, déi sollen och an deem Joer 2012 gutt iwwer d’Distanz kommen. Ech wënschen Iech all Guddes.

An am Géigesaz zu der historescher Disparitioun vum Josy Lorent bei dësen Zeremonien hunn ech d’Freed Iech unzekënnegen, datt ech d’nächst Joer erëmkommen.

All Guddes!

Membre du gouvernement

JUNCKER Jean-Claude

Organisation

Ministère d'État

Date de l'événement

04.01.2012