Jean Asselborn, Discours au sujet du traité sur le commerce des armes, Chambre des députés

Här Präsident,

All Joër gi ronderem d’Welt Dausenden vun Zivilisten embruecht duerch Waffen déi skrupellosen Régimer verkaaf gin oder déi duerch Waffe-Brokeren u Krimineller an illegal Milizen transféréiert gin. Mir erënneren eis all un de rezente Massaker zu Houla, wou iwwert 100 Zivilisten, firun allem Fraen a Kanner, vum Assad sengen Truppen duerch Artillerie a Panzer Beschëss massacréiert gi sin. Trotz der Brutalitéit vum Assad sengem Régime während dem Konflikt iwwert déi lescht 15 Méint, wou 10.000 Syrer schon embruecht gi sin, gin nach emmer Waffen op Damaskus liwréiert.

Enger rezenter Etude vun Oxfam no goufe sait 2000 Waffen a Munitiounen am Wäert vun iwwer 2 Milliarden Dollar vu Länner importéiert déi während däer Zait enner 26 verschidden UNO, regional oder multilateral Waffenembargo’en stoungen.

Am Géigesaatz zu den Transfert’en vu chemeschen, biologeschen a nukleare Waffen, déi duerch international Conventiounen réguléiert sin, gin et bis haut nach keng international unerkannte Regeln fir de Staaten hir Entscheedungen iwwert Transfert’en vu konventionnelle Waffen z’orientéieren. D’Prolifératioun vu besonnesch de Klengkaliberwaffen awer bréngt alldeeglecht Leed a ville Régioune vun der Welt an alimentéiert Konflikter. Och déi legal international Transfert’en vun konventionnelle Waffen sin, trotz der Kriis, an de leschte Joren nach an d’Luucht gang. Amerika a Russland bleiwen déi gréisst Produzenten vun Waffen. Duerno si mer schon bei den Europäer mat Daitschland, Frankraich a Groussbritannien.

D’Staaten sin sech iwwert d’Joren hierer Responsabilitéit, fir d’international Transfert’en vu konventionelle Waffen ze réglementéieren, bewosst gin. Esou gouf 2006 op der Generalversammlung vun der UNO eng Résolutioun adoptéiert, déi vu Lëtzebuerg mat gesponsort gin as, an dei d’Memberstaate gefroot huet hier Siichten iwwert d’Faisabilitéit an d’Portée vun engem zukünftegen Waffenhandeltraité ze kommunikéieren. Dësen Traité – Arms Trade Treaty oder ATT op englesch – sollt universell a juristesch bindend sin, an déi héchstméigleg Normen am Beraich vum Import, Export an dem Transit vu konventionelle Waffen établéieren.

Doduerch as eng Dynamik op UN Niveau entstaan déi duerch e Comité préparatoire, deen zu New York reegelméisseg d’UN Member Staaten versammelt huet, zum Ausdrock komm as. 2009 dun huet d’Generalversammlung eng Résolutioun gestëmmt fir 2012 eng diplomatesch Konferenz vu 4 Wochen anzeberuffen, déi dësen Traité ausschaffe soll. Dës Konferenz fënnt elo am Juli statt an, grad esou wéi bei de Sessiounen vum Comité préparatoire, wäert Lëtzebuerg bei de Verhandlungen vertruede sin.

Här Président,

Loost mech e puer Wieder iwwert d’Objectiver, de Mekanismus an d’Elementer vum zukünftegen Traité soen.

D’Objectiver vum Traité solle sin:

  • datt d’Liwwerunge vu Waffen a Munitiounen an onstabel Régiounen limitéiert gin;
  • datt d’Menscherechter besser respektéiert gin;
  • datt de Fridden, d’Secherheet an déi regional Stabilitéit präservéiert gin;
  • datt d’Détournementer vun de Waffen verhennert gin;
  • datt d’Gestioun vun de Waffestock’en verbessert get;
  • fir méi Transparenz an de Waffentransfert’en ze suergen, a fir
  • d’Adoptioun vun nationale Kontrollsystemer fir den Export vu Waffen ze erlaaben. Dës Systemer sollten de bestoenden international Normen entspriechen an d’Emsetzung vu Mesuren vum Secherheetsroot vun der UNO erméiglechen.

Wann een vum Objectif vum Traité schwätzt as et wichteg z’ennerstraichen datt sech net all Staaten eens sin ob den Traité soll de légalen oder den illégalen Waffenhandel couvréieren. Während déi meescht Staaten – dorënner d’EU an d’Amerikaner – den Traité als Régulateur vum légalen Waffenhandel verstinn, esou hätten aner Länner, wéi den Arabesche Grupp, Cuba a Nicaragua, gäeren datt d’Haaptobjektif vum Traité d’Verhënnerung vun illegale Waffentransfert’en un net-staatlech Akteur’en soll sin. Russland schéngt sech och däer Positioun unzeschléissen.

Waat de Mekanismus vum zukünftegen Traité ubelaangt, esou wäert all Land d’Soen iwwert seng Arrangementer a Saachen Exportkontroll behaalen. Me et wäer juristesch gezwongen fir eng Evaluatioun vun de Risken ze machen éier et kann Lizenzen fir den Export vu konventionnelle Waffen ausstellen.

Dëse Risk Assessment soll anhand vu Critèren gemach gin déi op bestoenden internationalen Obligatiounen a Normen solle baséiert sin, wéi zum Beispill d’Charta vun de Vereente Natiounen, daat internationalt humanitärt Völkerrecht an d’Menscherechter. An anere Wieder misst den ATT kenne garantéieren datt keen Transfert erlaabt as wann e Risk besteet datt d’Waffen vum Keefer oder vum Utilisateur final benotzt gin fir schlëmm Menscherechtsverletzungen ze begoen.

Während de fënnef Sessiounen vum Comité préparatoire, déi zwëschen 2010 an 2012 stattfonnt hun a vum argentinesche Ambassadeur Roberto Moritán présidéiert gi sin, sin déi verschidden Elementer diskutéiert gin déi an den zukünftegen Traité komme sollen. Dëst gouf op der Basis vun engem Aarbechtsdokument gemach waat de Président Moritán a sengem perséinleche Numm présentéiert huet. Dëst Dokument proposéiert eng Struktur déi am zukünftegen Traité eremgeholl gin. Et as wichteg z’ennerstraichen, datt desen Draft Paper vum Président, deen an Zwëschenzait och veröffentlecht an um Internetsite vum ATT ze fannen as, keen Text as deen an engem juristeschen Language geschriwwe gin as, an och net onbedéngt als Struktur fir de spéideren Traité gebraucht get.

Déi drai wichtegst Elementer vum Traité déi zu New York discutéiert wäerte gin si folgend:

  1. D’Portée vum zukünftegen Traité, oder scope op englesch, waat d’Waffen ugeet déi sollen ennert d’Dispositiounen vum Traité faalen;
  2. D’Critèren déi zréckbehaal gin fir gewëssen Transfert’en vu konventionelle Waffen ze verbidden;
  3. D’Emsetzung vum zufünftegen Traité, firun allem waat de Reporting vun de Vertragsstaaten iwwert hiere Waffenhandel ubelangt.

Dës drai Elementer sin interdependent: waat d’Portée vum Traité méi grouss wäert sin, waat seng Emsetzung méi komplex wäert gin. Waat d’Critèren mei komplex sin, waat d’Emsetzung méi schwiereg get. Do riwwer eraus däerfe mer net vergiessen datt den Traité wäert mat Konsensus ugeholl gin. Dofir as et wichteg en ausgeglachent Resultat unzestriewen, daat berücksichtegt datt net all d’Länner déi selwecht administrativ Kapazitéiten hun an datt se ganz verschidden Ausgangpositiounen hun waat hir wirtschaftlech Basis, hiere legale Kader an hier Exportkontrollmekanismen ubelaangt.

Ech well awer och hei drun erënneren, waat den Traité net wäert couvréieren:

  • Et wäert keen Entwaffnungstraité sin, me een deen de legalen Waffenhandel wäert réguléieren;
  • Et wäerte keng Dispositounen dra sin iwwert déi national Legislatiounen a Saachen Waffebesëtz;
  • E wäert de Staaten hiert Recht zur legitimer Selbstverteidegung net affectéieren;
  • E wäert keng Auswierkungen hun op de Staaten hiert Recht fir op nationalem Niveau iwwert hir Exportkontrollmékanismen ze décidéieren.

Daat do sin, an de groussen Zich, déi verschidden Elementer esou wéi se vun den Diskussiounen vun den drai leschte Joren zu New York zréckbehaal gi sin.

Här Präsident,

Ech soen et net fir d’éischte Kéier an dësem Haus: et as eng vun den Haaptkomponenten vun der lëtzebuerger Aussepolitik fir de Multilateralismus ze fuerderen, a mir sëtzen eis traditionnel géint d’Prolifératioun vun all den Zorten vu Waffen an.

Ech sin der Opfaassung datt sech gemeinsam Regelen am Beraich vum Waffenhandel als kruzialen Enjeu fir d’Secherheet vun all de Länner imposéiert. Den ATT as fir eis vu grousser Wichtegkeet, dofir ware mir och bei de Sessiounen vum Comité préparatoire dobai. 2010, wéi d’Diskussiounen nach net wait fortgeschratt waren, huet Lëtzebuerg e Symposium iwwert den ATT op der Boston University finanzéiert, wou Regierungs- an Zivilgesellschaftsvertrieder d’Méiglegkeet haaten sech iwwert hir Vue’en vum ATT auszetauschen. Den Ausseministère hellt och am Conseil zu Bréissel um Aarbechtsgrupp deel, deen speziell geschaaf gin as fir der EU hier gemeinsam Positioun iwwert den zukünftegen Traité auszeschaffen, en vue vun der Konferenz am Juli.

Waat déi verschidden Elémenter ubelaangt, esou hätte mir gäeren datt:

  • Dem Traité seng Dispositiounen fir all konventionnell Waffen gëllt, daat heescht och fir d’Klengkaliberwaffen an d’Munitioun. Mir sin also fir déi sougenannten "7+1+1" Formel, déi fir déi 7 Kategorien vun den haapt konventionnelle Waffen steet déi am Moment am UN Register of Conventional Arms (UNROCA) stin an déi d’Staate kennen op fraiwëlleger Basis notifiéieren, plus d’Klengkaliberwaffen plus d’Munitioun.
  • Den Traité soll staark Critèren firgesin déi d’Staaten mussen a Betruecht zéien éier se en Export vu Waffen erlaaben. Niewt dem Respekt vun de Waffenembargo’en an den internationalen Engagementer, sollt den ATT preziis Dispositiounen hun iwwert de Respekt vum internationale Recht, a firun allem am Beraich vun de Menscherechter a vum humanitäre Völkerrecht.
  • Mir wëllen des weideren datt den Traité all Typen vun Transaktioune viséiert, daat heescht net nëmmen d’Importer an d’Exporter, me och d’Transiten, den Transhipment, d’Verléinen an d’Lounen vu Waffen, an de Brokering.

Här Président,

Wei mer hei bannen alleguer wëssen as Lëtzebuerg kee Waffeproduzent. Eis stellen sech also net déi Froen dei sech aner EU Memberstaaten – Daitschland, Frankraich, Groussbritannien natierlech, me och zum Beispill Schweden, Italien, an d’Belsch sech musse stellen wann et drëm geet, de Waffenhandel international ze réglementéieren. An eisem Nopeschland Frankraich zum Beispill geet et em e Wirtschaftssecteur, deen 165.000 Aarbechtsplaatze schaaft an 2010 iwwer 5 Milliarden Euro schwéier war. Zu Lëtzebuerg gin just vun Zait zu Zait all puer Joër aal Waffen, déi vun der Arméi ersaat gin, an Drëttlänner exportéiert. Déi sougenannten biens à double usage, déi genau esou fir zivil wéi fir militäresch Zwecker benotzt kenne gin, an vun deenen der eng Partie hei zu Lëtzebuerg produzéiert gin, faalen net ennert d’Dispositiounen vum Traité.

Déi Critèren, déi d’Aarbechtsdokument vum Président Moritán firgesait, an déi mussen erfëllt gin fir datt e Waffenhandel ka stattfannen, gi vu Lëtzebuerg schon ugewandt. An der Europäescher Unioun hu mer nämlech schon e legale Kader fir d’Kontroll vun den Exportatiounen vu Militärquipementer an Technologien. D’Position commune déi 2008 an deem Beraich adoptéiert gin as a juristesch bindend as fixéiert 8 Critèren déi fir den Export vu konventionelle Waffen mussen erfëllt sin. D’Critèren aus dem Draft Paper an déi aus der Position Commune vun der EU iwwerschneiden sech zu engem groussen Deel. Des weideren établéiert d’Position Commune en Informatiounsmekanismus fir d’Refus’en fir Lizenzen auszestellen an eng Transparenzprozedur.

Et get also schon en Acquis am Domaine vum Waffenhandel, deen d’EU Memberstaaten, an och Lëtzebuerg, emsetzen, an dofir schon eng gewëssen Experienz an der Kontroll vun de Waffenexporter errongen hun.

Waat en vue vun der spéiderer Emsetzung vum Traité fir Lëtzebuerg mei e wichtege Punkt as, as den Transit vun de konventionnelle Waffen, deen och misst vum zukünftegen ATT couvréiert sin. Och hei schreiwt d’Position Commune vun 2008 scho fir, datt Lizenzen fir den Transit ausgestallt gin. Den aktuellen Language, esou wéi en elo am Draft Paper steet, gesait fir datt d’Lizenzen, déi vum Exportland ausgestallt gi sin, op Demande beim Transit musse virgewise gin. Me wéi scho gesoot as den draft paper just eng Propose vum Président vum Comité Préparatoire : déi Dispositiounen déi e firgesait gin net onbedéngt an däer Form duerno am Traité baibehaalen. Mir mussen also d’Enn vun der diplomatscher Konferenz oofwarden fir genau ze wëssen watt op eis duer kennt a Saachen national Emsetzung.

Här President,

Fir wirksam ze sin, muss den ATT esou universell wei méigleg sin, an déi grouss Produzenten an Keefer mussen en ratifizéieren. Mir verlaangen e staarken Traité, me en Traité, dee genuch ausgeglach as datt e kann vun der gréisst méiglecher Unzuel vu Länner adoptéiert gin. D’Rüstungskontroll as wesentlech fir den internationale Fridden an déi international Secherheet, a mir hoffen datt d’Konferenz am Juli en Traité adoptéiere wäert deen eis denen Objektiver e Stéck mei no bréngt.

Ech soen Iech Merci.

Membre du gouvernement

ASSELBORN Jean

Date de l'événement

27.06.2012