Message du Premier ministre Jean-Claude Juncker à l'occasion de la fête nationale 2013

Dir Dammen an Dir Hären,
Gudden Owend,

Den Nationalfeierdag ass – wéi d’Wuert et seet – den Dag vun der Natioun, d’Fest vun der Natioun, d’Zesummekommen, d’Beieneeréckele vun alle Leit déi hei zu Lëtzebuerg doheem sinn. Den 23. Juni ass keen abstrakten Datum ouni Sënn, kee sënnlosen Dag mee een Dag op deem sech dat nei fënnt wat heiandsdo ausgesäit wéi wann et géif ausernee lafen. Et ass net den Dag vum béise Sträit – dees hu mer de Moment éischter zevill wéi net genuch. Et ass ee Moment vum gudde Mateneen, net vum radikale Géinteneen.

Zum gudde Matenee gehéiert d’Fassong wéi mer mat de Konsequenze vun der Finanz- a Wirtschaftskris ëmginn. D’Situatioun am Euro-Raum huet sech – vergläicht ee se mat där vu virun engem Joer – nohalteg

berouegt, mee et gëtt Réckfallgeforen. D’Euro-Länner sinn a Rezessioun – Lëtzebuerg net, awer bal –, d’Wuestumsperspektiven heiheem sinn net brillant, d’Aarbechtslosegkeet klëmmt, d’Kafkraaft ass iwwer Jore betruecht zwar stabil awer eise materiellen Ambitioune si Grenze gesat. Dëst ëmsou méi wéi eise finanzpolitesche Parcours op fest Barrièrë stéisst déi een net per Mausklick aus dem Wee raume kann. Mir musse spueren a konsolidéieren, jo, mee awer net esou datt d’wirtschaftlech Entwécklung abrécht an de Chômage nach méi an d’Lut schéisst.

Op eis waarde grouss Ëmstellungen. Dat ass a besonneschem Mooss wouer fir eis Finanzplaz déi mat der Ëmstellung vum Bankgeheimnis op den automateschen Informatiounsaustausch virun neien Erausfuerderunge steet déi se zwar meeschtere wäert mee déi awer Ustrengung verlaangen. Och d’Regierung muss sech mat konzentréierter Kraaft an den europäesche Verhandlungen déi elo komme behaapte kënnen. Einfach gëtt dat net. Imaginatioun a Kompetenz si gefrot.

Déi sinn och gefrot fir d’Aarbechtslosegkeet vun deene Jonken zeréckzedrécken. Et kann net sinn an et däerf net sinn datt déi nei Generatiounen d’Hoffnung an d’Liewensfreed verléiere well mir hinne keng Chancen a keng Perspektiven ubidden. Regierung, Parlament a Sozialpartner hunn d’Flicht dëse grave Problem mat resoluter Determinatioun unzegoen. Eng Gesellschaft ass nëmmen dann eng fair Gesellschaft wa se jiddferee mat op de Wee an d’Zukunft hëllt.

Op deem Wee an déi nei a komplizéiert Welt vu mar musse mer all eis Energië sammelen. De Grand-Duc – Deem Säi Gebuertsdag mir op Nationalfeierdag offiziell feieren – ass eis dobäi eng wäertvoll Stäip. Hien notzt den Afloss deen En dobaussen huet fir d’Virukommen heiheem. Déi Unerkennung déi E genéisst mënzt En ëm zum Gudde vum Land. Hie gëtt dobäi ënnerstëtzt vun der Grande-Duchesse a vum Ierfgroussherzog Guillaume Deen duerch Seng intensiv Promotiounsaarbecht der weiderer Diversifizéierung vun eiser Wirtschaft op d’Spréng hëlleft. Den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin Stéphanie ginn eisem Land no bannen an no baussen nei Faarwen.

À tous ceux qui viennent de plus loin pour enrichir notre communauté par leur travail et leur façon de partager notre quotidien, à tous ceux qui me regardent au-delà des frontières j’aimerais dire que notre Fête nationale est aussi la leur.

Iech alleguer wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag.

Vive de Grand-Duc!
Vive eis ganz groussherzoglech Famill!
Vive eist Land!

Dernière mise à jour