Discours de Xavier Bettel lors de la séance académique "175e anniversaire de l’indépendance du Grand-Duché de Luxembourg"

©2014 SIP / Nicolas Bouvy, tous droits réservés
Xavier Bettel, Premier ministre, lors de son discours

Altesse Royale,

Léif Membere vun der groussherzoglecher Famill,

Här Chamberspresident,

Léif Kollegen aus der Regierung,

Dir Dammen an Dir Hären Deputéiert a Membere vum Staatsrot,

Léif Magistraten,

Léif Membere vum Corps diplomatique, Vertrieder vun den Europäeschen Institutiounen an der Gemeng Lëtzebuerg,

Dir Dammen an Dir Hären,

175 Joer Onofhängegkeet, Souveränitéit a Fräiheet.

Mir sinn haut beieneen, fir en Anniversaire ze feieren, a gläichzäiteg fir un all déi z’erënneren, déi sech am Laf vun der Lëtzebuerger Geschicht fir déi Fräiheet an Onofhängegkeet engagéiert, déi gekämpft a sech geaffert hunn. Et ass eng Geleeënheet, fir sech op essentiell Wäerter ze besënnen an dat an de Virdergrond ze réckelen, wat eis alleguerte verbënnt, wat eis undreift a wat eis Kraaft gëtt. Et ass eng Geleeënheet, fir sech bewosst ze maachen, datt Fridden a Fräiheet Privilegie sinn, an datt et derwäert ass, sech ëmmer nees fir déi Acquisen z’investéieren.

Et ass haut och en Anniversaire, deen d’Bierger vun eisem Land matenee verbënnt; déi verschidde Kulturen an déi verschidde Generatiounen. Eis groussherzoglech Famill steet symbolesch fir d’Diversitéit, déi eist Land ausmécht. Ech freeë mech dofir och besonnesch, datt de Grand-Duc Jean haut mat eis feiert. Dir, Monseigneur, sidd eisen „Zeie vum Joerhonnert“. Dir hutt de Centenaire vum Londoner Traité als jonke Prënz matgefeiert, just ier eng däischter Zäit fir Lëtzebuerg ugefaangen huet, Dir waart bei de Festivitéite fir den 150. Anniversaire als Staatschef dobäi an haut begleet Dir Är Kanner an Enkelkanner bei dëser Séance académique. Monseigneur, häerzlech wëllkomm.

En Anniversaire ewéi deen, dee mir haut feieren, ass och en Ament fir kuerz stallzehalen, fir ronderëm sech a fir zeréck ze kucken an z’iwwerpréiwen, ob een um richtege Wee ass.  Den 19. Abrëll 1839 gouf den Acte de naissance vun eisem Land gestempelt an ënnerschriwwen. Et waren d’Vertrieder vun den deemolege „grandes puissances“, déi de Vertrag, zesumme mat der Belsch a mat Holland, ausgehandelt a besigelt hunn. D’Schicksal vum Land a vu senge Bierger louch an der Hand vu Groussbritannien, Frankräich, Éisterräich, Preisen a Russland.  Si hunn e Konflikt no aacht Joer Negociatioun op en Enn bruecht, d’Grenze goufen nei gezeechent, d’Populatioun gedeelt, d’Land gouf méi kleng, mä onofhängeg. 

Vun deem Ament u war de Grand-Duché an engems gebuer, wéi och groussjäreg ginn – fräi a verantwortlech fir sech selwer. Dat si mir bis haut an dat wëlle mir och bleiwen. Gläichzäiteg ass de Mateneen ënnert de Länner op eisem Kontinent haut esou wichteg an esou wäertvoll ewéi nach ni. Duerch d’Experienzen, déi Europa an deem leschte Joerhonnert huet misse maachen, ass haut jiddwerengem kloer, datt eng Unioun, wéi 28 europäesch Staate se forméieren, vun onschätzbarem Wäert ass. Mir hunn d’Fräiheet, fir déi eis Virfuere gekämpft hunn, a mir hunn d’Sécherheet an de Fridden, dee mir eis gewënscht hunn. Wann an dëse Woche Rieds geet iwwer Europa, iwwer d’Limitte vun der Europäescher Unioun an d’Laaschten, déi eng Staategemeinschaft mat sech bréngen, da soll gläichzäiteg och ëmmer drun erënnert ginn, wat fir eng Chance eis Generatioun huet, fir Fridden a Wuelstand kënnen ze genéissen, net trotz, mä dank der Europäescher Unioun. Lëtzebuerg mat sengem Territoire vu ronn 2 500 km2 ass kee klengt Land an Europa, mä e Partner vu 27 anere Länner. Et gëtt keng grouss a kleng Muechte méi, ewéi nach 1839, mä eng eenzeg staark Unioun, déi och vu Lëtzebuerg mat geprägt gëtt.

Monseigneur,

Dir Dammen an Dir Hären,

Déi direkt Konsequenze vum Londoner Vertrag sinn also bis haut aktuell. Dat gëllt fir de politeschen, de philosopheschen, mä och fir de ganz prakteschen Aspekt.

Politesch a philosophesch gouf 1839 net nëmmen d’Gebuert vun eisem Land gefeiert, mä och de Grondsteen geluecht fir e Nationalgedanken. Dat 19. Joerhonnert war allgemeng e Joerhonnert vum Nationalismus an dat hat och säi Wierken op Lëtzebuerg. Duerch den neie Statut huet jiddwereen, deen nom 19. Abrëll 1839 an der Belsch gelieft oder geschafft huet, awer um Territoire vum neie Grand-Duché gebuer war, sech misse fir déi belsch Nationalitéit decidéieren. Ëmgedréint huet dat och fir d’Bierger vum Groussherzogtem geheescht, datt si elo Lëtzebuerger waren, obschonns se déi Säit vun der neier Grenz op d’Welt komm sinn. Eréischt am Ufank vun eisem Joerhonnert gouf et hei, esouzesoen, en neien Ament. Duerch d’Aféiere vun der duebeler Nationalitéit kënnen haut vill Bierger aus der belscher Province de Luxembourg och e Lëtzebuerger Pass ufroen, an domadder déi zwou Nationalitéite vun hire Virfueren unhuelen. Dat ass eng Evolutioun, fir déi am 19. Joerhonnert nach eng Revolutioun néideg gewiescht wier.

E weidert praktescht Beispill vun Nowierke vum Londoner Traité vun 1839 an eis haiteg Zäit, sinn déi gosseise Grenzmarken, déi een an der Belsch-Lëtzebuerger Grenzregioun beim Spadséiere begéint. 1843 gouf an engem separaten Traité des limites de genaue Verlaf vun der neier Grenz festgehalen. Op déi Zäit ginn déi 287 konesch geformte Bornen zeréck. Verschiddener si bei der Exploitatioun vun de Minièrë verschwonnen, anerer hu misse Plaz maache fir d’Areler Autobunn. Et stinn der awer nach eng etlech do a se sinn duerch hir speziell Form quasi zu enger Touristenattraktioun mutéiert. Se sti fest verankert am Buedem an zéien am Summer Touristen un, déi sech derwidder stäipen an dat am Bild festhalen. Dobäi stéiert keen Drot, keng Mauer, keng Barrière a keen Douanier de Panorama. D’Grenze si verwëscht, d’Grenzmarke sinn nach do – si trennen awer net méi. Och dat ass eng Evolutioun, fir déi am 19. Joerhonnert eng Revolutioun néideg gewiescht wier.

Déi national Identitéit huet sech zu Lëtzebuerg nëmme ganz schleefend an ouni vill Enthusiasmus entwéckelt. No 1839 huet sech lues a lues eng Eegestännegkeet erausgeschielt, déi duerch weider Etappe gestäerkt gouf. Dat war ënnert anerem den zweete Londoner Vertrag vun 1867, woumat Lëtzebuerg zu engem neutrale Staat gouf an d’Festungsstad no baussen hin opgemaach gouf. Et waren awer och sëllechen Tëschenetappen, déi d’Identitéit gestäerkt hunn. Esou ass 1843 e Gemengegesetz an der Chamber gestëmmt ginn. D’Verwaltung um Territoire gouf strukturéiert a méi no un d’Bierger bruecht.

Och 1843 gouf e Schoulgesetz am Parlament votéiert an domadder eng allgemeng Schoulflicht agefouert. Eng generell Alphabetiséierung ass bannent enger Generatioun zu der Normalitéit ginn an esou konnt eng Wëssensgesellschaft entstoen, geprägt duerch den Atout vun der Méisproochegkeet, wouvunner mir bis haut profitéieren.

De Grand-Duché huet sech ofgegrenzt vu sengen Noperen an seng eege Plaz an Europa gesicht an och fonnt. Tëscht deene groussen Noperen huet Lëtzebuerg sech wirtschaftlech behaapt a politesch als Mediateur gewierkt.

D’Geschicht weist eis esou och de Wee no vir. Ee vun eise gréissten Atoute war eis Upassungsfäegkeet an eis Fäegkeet, fir sech ëmmer nees nei z’erfannen. Haut steet eist Land virun neien Erausfuerderungen. Déi grouss Welt ass zesummegewuess an de Grand-Duché muss sech net méi an enger Regioun, mä op engem weltwäite Marché behaapten. Déi economesch Regelen hu sech an de leschte puer Jore verännert a wäerte sech och weider veränneren. Mir mussen eis also och adaptéieren, eis Kapazitéiten ausbauen, wou et Sënn mécht, flexibel bleiwen a virun allem motivéiert sinn, fir weider dat ze verdeedegen, wat Generatioune virun eis opgebaut hunn.

Monseigneur, Dir Dammen an Dir Hären,

Mir hunn an deene leschten 175 Joer och ëmmer nees bewisen, datt mir e grousst Talent hunn, fir Leit vun ënnerschiddlechen Nationalitéiten a Kulturen an eis Mëtt ze huelen, mat hinnen zesummen no vir ze kucken an un enger gemeinsamer Zukunft ze schaffen. Och dat soll e Charakterzuch vu Lëtzebuerg bleiwen. Wa mir haut Onofhängegkeet feieren an d’Gebuertsstonn vun eisem Land, da solle mir eis och froen, wéi e Lëtzebuerg mir eise Kanner iwwerloossen. Wéi soll d’Land ausgesinn, wann den 200. Anniversaire vum Londoner Vertrag gefeiert gëtt? Et gëllt déi Jalonen haut ze setzen, fir datt et e Land vun der sozialer Kohäsioun ass, e Land, wat fonctionnéiert a wou et Perspektive ginn, wou et Freed mécht ze liewen, wou et friddlech ass a wou ee kann houfreg sinn op dat, wat geleescht an erlieft gouf.

Dernière mise à jour