Mir feiere muer eisen Nationalfeierdag a mir maachen dat an aller Serenitéit, zesummen als Natioun, zesummen als Bierger vun dësem Land an zesumme mat der groussherzoglecher Famill.
Et ass en Dag vun der Eenheet, wou Gemeinsamkeeten dominéieren an d‘Ënnerscheeder an den Hannergrond réckelen.
Mir sinn den Ament an enger Phas vun noutwennege Reformen an néidegen Adaptatiounen. Eis Economie muss ajustéiert gi fir dass déi grouss Erausfuerderungen, déi virun eis leien och kënne gemeeschtert ginn. Eise Sozialsystem muss de Realitéiten ugepasst gi fir dass och an Zukunft déi Sécherheet garantéiert ass, déi eis Gesellschaft brauch.
Déi wirtschaftlech Entwécklung geet den Ament an déi richteg Richtung an et spiert een eng liicht Relance. Dat ass gutt a wichteg fir eist Land, well eng weider Tendenz no ënne wier schwéier ze verkraaften. Dass et elo nees biergop geet, heescht awer net, dass d‘Erausfuerderungen déi virun eis leien op ee Coup verschwannen. Mir mussen, am Contraire, derfir suergen, dass d’Staatsschold, déi an de leschte Joeren ëmmer méi grouss ginn ass, elo kann ofgebaut ginn. Mir mussen eis esou opstellen, dass Aarbechtsplaze kënne geschaf ginn, dass déi Jonk eng gutt Ausbildung an duerno eng Aarbecht fannen, grad, wéi och eeler Salariéeën, deenen hir Experienz net duerf verluer goen.
Lëtzebuerg wäert sech weider entwéckelen, punktuell och veränneren. Duerch eng iwwerluechten Evolutioun op ekonomeschem an op sozialem Niveau wäert eist Land laangfristeg profitéieren.
Och bei de Festivitéite vun Nationalfeierdag ginn et Changementer. Traditiounen, wéi mer se op Groussherzoginsgebuertsdag hunn, si wichteg fir eng Gesellschaft, well se eng Upak sinn, Stabilitéit duerstellen a Kontinuitéit garantéieren. Wann een Traditiounen awer wëllt erhalen, da muss ee se der Zäit upassen. Dat maache mer: Mir passen Traditiounen un, net fir se ofzeschafen, mä fir se ze erhalen.
Dir Dammen an dir Hären,
Mir hunn déi grouss Chance an engem immens schéine Land ze wunnen. All Joer kommen zech Dausenden Touristen aus der ganzer Welt fir déi eemoleg Landschaften op sech wierken ze loossen, fir d’Rou ze genéissen oder fir eis geschichtsträchteg Stied an Uertschaften ze entdecken. Mir kënnen houfreg sinn op eis Geschicht, a mer kënnen och houfreg sinn op eist Land.
Déi vill Leit, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen oder och vu wäit hir heihinner wunne kommen, wëssen déi kulturell Offer ze schätzen, d‘Sécherheet an d’Liewensqualitéit. Mir kënnen eis och glécklech schätzen an engem Land ze liewen, wou déi sozial Kohesioun fonctionnéiert an d’Konflikter d’Ausnahm sinn. Och dat ass eng Taditioun, déi mir wëllen erhalen.
Cher concitoyens,
À tous ceux qui vivent chez nous et viennent de plus loin.
Vous êtes une partie intégrante de notre pays. Le Luxembourg est un pays extraordinaire avec une démographie extraordinaire. Aujourd’hui, la moitié de la population du pays est non-luxembourgeoise et soixante pourcent des enfants nés ici ont, à côté du luxembourgeois, une autre langue maternelle.
Pour moi cette réalité ne représente guère de difficulté, un défi peut-être, mais encore plus une chance énorme et certainement un avantage économique et culturel. La réputation du Luxembourg comme pays cosmopolite nous a toujours porté du bien. Soyez sûrs que vous êtes les bienvenus et que nous sommes heureux et fiers d’avoir construit un pays capable d’attirer des gens du monde entier pour vivre chez nous.
Ech wënschen Iech a mengem perséinlechen Numm an am Numm vun der Regierung e schéinen Nationalfeierdag a vill schéi Momenter mat deene Mënschen, déi Iech wichteg sinn.