Mir sinn haut den 23. Juni, mir feiere Groussherzogsgebuertsdag, eisen Nationalfeierdag.
Et ass deen Dag am Joer, wou mir d’Geleeënheet hu fir iwwert eis selwer nozedenken, iwwert eis Geschicht, iwwert eis Identitéit an iwwert eis Zukunft.
Et ass en Ament vun der Rou, wou mer eis freeën iwwer d’Liewensqualitéit an eisem Land, iwwer Fridden a Sécherheet an iwwer d’Fräiheet, déi mer genéissen.
Mir hunn dëst Joer och 175 Joer Onofhängegkeet gefeiert.
Den 19. Abrëll 1839 gouf de Grondstee geluecht fir dat, wat mer haut sinn: E souveräne Staat, integréiert an d’Europäesch Famill, respektéiert vun eisen Noperen, international unerkannt, economesch a sozial erfollegräich - an eenzegaarteg op der Welt. Dës privilegéiert Situatioun hat hire Präis an der Geschicht.
Zanter dem Traité vu London 1839 war d‘Souveränitéit vu Lëtzebuerg méi wéi eng Kéier menacéiert an huet misse verdeedegt ginn. Et ass de Verdéngscht vu ville Leit, déi sech déi lescht 175 Joer engagéiert hunn, dass mer haut dat sinn, wat mer sinn – dass mer iwwerhaapt kënne „bleiwen, wat mer sinn" - an dass mer eis Zukunft kënnen an däerfe selwer gestalten.
Jonk Männer a Fraen, Kanner, Mammen, Pappen a Grousselteren hunn zu engem Ament vun hirem Liewen decidéiert, dass se misste Verantwortung iwwerhuelen a sech engagéieren – fir 2/3
sech selwer a virun allem och fir anerer. Si hu bewosst dee méi schwéiere Wee gewielt a fundamental Wäerter virun eegen Intérêtë gestallt. Et sinn zum Deel kuerz Amenter am Liewe vun dëse Mënschen, mä et si Pilieren an der Geschicht vun eisem Land.
Esou denke mer haut op Nationalfeierdag un dës staark Perséinlechkeeten, déi d’Fräiheet déi mer haut genéissen iwwerhaapt méiglech gemaach hunn.
Altesses Royales, Dir Dammen an Dir Hären,
An eiser Haaptstad ginn et vill bedeitend Plazen a wichteg Monumenter. Et gëtt eng Plaz, déi mäi Wee all Dag kräizt an déi op mech perséinlech ganz staark wierkt: d’Place Clairefontaine. Am Häerz vun der Stad geleeën, um hallwe Wee tëscht der Chamber an dem Staatsministère ass et eng Plaz, wou ee Leit begéint, wou een e puer Wuert matenee schwätzt, an den Dialog fleegt.
Et ass och hei, wou vill Touriste sech kräizen, wou ee sech een Ament an d’Mëtt vun der Plaz op ee vun den Träppleke sëtzt fir ze raschten an d’Gebaier ronderëm op sech wierken ze loossen.
An et ass d‘Plaz wou regelméisseg Manifestatioune sinn, wou d’Bierger demonstréieren a sech op dat fundamentaalt Recht an der Demokratie baséieren hir Meenung ze soen.
Fir mech steet d’Clairfontainesplaz a villen Hisiichte fir dat wat Lëtzebuerg ausmécht: E Land, wou Leit aus der ganzer Welt sech begéinen, eng modern Demokratie, wou matenee geschwat gëtt a wou ee seng Meenung ka soen.
Dominéiert gëtt d’Place Clairefontaine awer natierlech vun där bronze Figur vun der Grande-Duchesse Charlotte. Et ass d‘Erënnerung un eng Staatscheffin, déi an der däischterster Zäit vun eiser Geschicht d’Fräiheet an d’Onofhängegkeet vun eisem Land representéiert huet. Duerch hir Radiomessagen aus dem Exil gouf d’Grande-Duchesse zu der Leetfigur vun der Resistenz an domadder och zu engem Symbol fir eng Natioun an hiren Engagement.
An de Krichsjoren hunn d‘Lëtzebuerger sech kloer positionéiert a gewisen, dass Solidaritéit an Zivilcourage och zu eiser DNA gehéieren. Wa mer haut um 23. Juni traditionell de Gebuertsdag vun eisem Staatschef feieren, dann ass dat och en Éierendag fir all déi Leit, déi sech fir anerer, fir déi méi schwaach a fir eist Land agesat an dat dacks och mam Liewe bezuelt hunn.
De Reflex sech ze engagéieren, säi Liewen an den Déngscht vun aneren ze stellen ass och an eiser Zäit fundamental wichteg fir de Fonctionnement vun eiser Gesellschaft.
Esou hu mer haut d‘Éier op Nationalfeierdag och Mënschen ze wierdegen, déi net ewech kucken, wann et kriddeleg gëtt, déi sech responsabel fillen an upaken, wou eng Upak dréngend néideg ass. Wann haut hei am Kader vun dëser Zeremonie an och soss uechter d’Land Leit fir hiren Asaz ausgezeechent ginn, dann ass dat méi ewéi e symboleschen Akt. Et ass eng Unerkennung fir dës Leit selwer, mä si stinn och symbolesch fir jiddereen, deen Aussergewéinleches leescht – sief et an der Famill, an engem Veräin, oder op eegen Initiativ.
Dës Mënsche si Virbiller a mir brauche Virbiller – fir eis ze orientéieren a fir eis op dat ze besënne wat wierklech wichteg ass.